Home > Religion/Philosophy, TV > FateForward.

FateForward.

October 17, 2009 Leave a comment Go to comments

Ech si jo amgaang FlashForward ze kucken, allerdëngs huet d’Serie mech nach net ganz iwwerzeegt. Obwuel die aktuell Episode (‘Black Swan’) menger Meenung no besser woer, wéi die virdrun mam alen Nazi. An ‘oh, so quiet’ am Ufank woer cool.

Een vun deenen interessantesten Aspekter vun der Serie ass natierlech deen, dass se op Froen opgebaut ass, déi die aal Griechen sech och schon gestallt hunn, à la  ‘Huet all Mënsch e Schicksal, dem en net entkommen kann?’.

Usech ass et jo eng Variant vum Ödipus senger Geschicht: egal, wat en och probéiert fir sengem Schicksal ze entkommen, erfëllt et sech awer. Oder grad dowéinst.

D’selwecht hei, wou d’Läit duerch hieren FlashForward gesinn, wat se x Méint an der Zukunft wäerten maachen an dowéinst dann, falls hinnen dat, wat se gesinn hunn, net gefällt, probéieren ze vermeiden, se trotzdem awer an Situatiounen kommen, wou se mierken, dass d’Zukunft net opzehalen ass. Opwuel se wéi verzweifelt dogéint struewelen (et ass allerdëngs nach net kloer, op d’Dogéint-Struewelen en effet näischt changéiert).

Déi Läit, deenen hieren FlashForward allerdëngs positiv woer, sinn komplett zefridden an erreechen doduerch och eng Rou, Zouversiicht oder Motivatioun, déi se virdrun net haten, wat ‘indirekt’ natierlech och dozou bäidréit, dass hier Zukunft sech dann en effet sou realiséiert.

Mee wéi bei allen Geschichten oder Gedankenexperimenter, wou d’Linearitéit vun der Zeit net respektéiert gët, ginn et natierlech x logesch Paradoxen, déi Kappwéi kënnen verursaachen. Mee bon, dat mëcht et jo och interessant.

Categories: Religion/Philosophy, TV
  1. pa
    October 17, 2009 at 4:45 pm

    Bis ëlo hu se nach net gewisen, op een d’Zoukonft kann veränneren. Ech huelen dat awer staark un. Wat ass, wann engem séng Zoukonft net gefallen huet an een séch duerwéngst ëmbréngt? Da ka së jo net antrieden a gouf demno verännert.

    Wat ech onlogesch fannen, ass, datt së eng Zoukonft weisen an där de Blackout geschidd ass (Visioun vum Wall of Mosaic). Besser wir eng Visioun vun enger Zoukonft gewiescht, déi geschidd wir, wann ët kee Blackout gin hätt. Wéll sou gin ët jo lauter sélwer erfëllend Prophezeiungen, déi een dann awer rem kinnt verhënneren an d’Zoukonft veränneren, mee da wiren d’Visiounen rem aaneschters gewiescht an ët hätt ee rëm aaneschter réagéiert, wat d’Zoukonft rem aaneschters verännert hätt, an…

    Merde, lo hun ech ë Kramp am Gehiir.

  2. October 17, 2009 at 5:37 pm

    Haha, jo, don’t mess with the time continuum!😉

    > Bis ëlo hu se nach net gewisen, op een d’Zoukonft kann veränneren. Ech huelen dat awer staark un.

    De Möchtegern-Gangster ass jo mol mat sengen Drogen agebucht ginn … dat reduzéiert d’Wahrscheinlechkeet, dass säin FlashForward real gët … obwuel natierlech ëmmer nach eppes an deene 6 Méint kéint gescheien, dass en awer ebe just real gët.

    > Wat ass, wann engem séng Zoukonft net gefallen huet an een séch duerwéngst ëmbréngt?

    Die mannst wäerten dozou bereet sinn, well d’Hoffnung jo ëmmer als läscht stierwt😉 Mee en (Selbst-)Mord wier en effet den ‘einfachsten’ Wee ze beweisen, dass den FF net MUSS real ginn. Allerdëngs si mer jo hei an enger Telésserie, do däerf een net ëmmer zevill logesch denken …

    Well et ginn jo Paradoxen drop an derwidder: den Fiennes hat seng Visioun, huet do seng Tafel gesinn an fänkt DOWEINST un déi Tafel, in the first place, ze crééieren. Hätt en säin FF net kannt, dann hätt en et jo wuel kaum nach genausou gemaach, resp. opmanst net aus deenen selwechten Motiver. *brainmelt*

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: