Home > Luxembourg, Politik > Robert Weber: jo oder nee?

Robert Weber: jo oder nee?

October 17, 2009 Leave a comment Go to comments

Hat de Mëtten en interessanten Interview um RTL (‘Background’) mam Robert Weber, dem Präsident vum LCGB an Deputéierten vun der CSV héieren. Zumools ganz um Ufank, wou et em de rezenten Vote zum Gesetzesprojet 5846 gaangen ass, deen hien jo verpasst hat well en am Ausland op enger Reunioun woer. Déi woer jo anscheinend schon zënter Méint op deen Dag festgeluegt ginn, duerfir ass dat usech jo legitim. Mee et ass him awer och ganz geleën komm, well en sou selwer net huet missen Faarw bekennen!

De Journalist huet hien dorops hin e puer Mol gefrot, wéi hien dann ofgestëmmt hätt, wann hien dann do gewiescht wier. An dat wollt en partout net soen obwuel suwuel seng Kollegen vun der Partei, wéi och seng Kollegen vun der Gewerkschaft géinge wëssen, wat seng Positioun wier. Ma wann dat esou ass, wat huet en dann ze verstoppen a firwat seet hien et net?

Mee en ass natierlech an engem Dilemma. Seet en ‘jo’ wennt en sech géint seng Gewerkschaft, seet en ‘nee’ wennt en sech géint d’Linn vun senger Partei. Wat d’Fro opwërft, op een gläichzäiteg soll Deputéierten AN Präsident vun enger Gewerkschaft däerfe sinn …

Trotzdem ass et relativ null an onserieux fir net kloer an däitlech ze soen, wat en gewielt hätt. Ass en dat senge Wieler/Memberen net schëlleg?

Categories: Luxembourg, Politik
  1. Cartman
    October 17, 2009 at 7:37 pm

    Dee Mann geet guer net. E Feigling par excellence. Deen wosst schon firwat en net do war. Mee haaptsach den 1. Mee rem gutt géint d’Patronat blärren.

    Mee och déi aaner Gewerkschaftler wéi Spautz oder Kaes sinn net besser. Virun der Dier vun der Chamber gëtt sech mat den Kollegen aus der Gewerkschaft solidariséiert, da geet et an d’Chamber an fir de Projet gestëmmt. Wann ech an där Gewerkschaft Member wier, kéim ech mir nawell gewalteg verarscht fir a géif meng Memberskaart zréckschécken.

    Souvill dann och zum Thema onofhängeg Chamber, wou all Députéierten no guddem Gewessen ofstëmmt. Guer näischt, et ass just e Gehilfe vun der Regierung. Si hu keng Ahnung iwwert wat se genau ofstëmmen an stëmmen dann sou wéi hier Fraktioun et verlangt. (cf. En Kommentar vun engem Députéierten am Tageblatt dës Woch) Firwat wiele mir dann iwwerhaapt nach Kandidaten statt just nach Parteien? Da kënne se direkt dohinner schécken, wee se wellen.

    P.S. Pour info: Ech si Gemengebeamten, dat dierft deemno main Ierger e bessen erklären.

  2. October 17, 2009 at 7:44 pm

    An et ass jo wuel kloer, wat en gestëmmt hätt: JO.

    Hien wier jo wuel kaum als Eenzegen géint seng Partei gaang. En plus wier fir géint dat Gesetz ze stëmmen, no baussen, jo och näischt Schlechtes oder Schlëmmes gewiescht! Et hätt just gewiesen, dass hien zu senger eegener Meenungen steet, etc.

    En JO par conter giff seng Credibilitéit bei sengen ‘MatkämpferInnen’ komplett ruinéieren a seng Hypokrisie (oder d’Onméiglechkeet fir gläichzäiteg Deputéierten an Gewerkschaftspräsident ze sinn) opwéisen.

    Well och keng Äntwert ASS eng Äntwert. An déi schéngt an dësem Fall ziemlech eendéiteg.

    Wat d’Gewerkschaften usech ugeet, sou geet mir hier onsophistikéiert Kritik um Patronat an hiert stännegt Geblärrs och op de Geescht.

  3. Cartman
    October 17, 2009 at 7:53 pm

    Wann di puer Gewerkschaftler schlau gewierscht wieren, hätte se mat Nee gestëmmt. D’Gesetz wier awer duerchgang, mee si hätte gudd do gestaan. En plus hätten hier Parteikollegen dat bestëmmt verstaan.

    Mee du sees et, keng Äntwert ass och eng Äntwert. En ass schein an d’Schweese komm, wéi de Journalist ëmmer nees déi Fro gestallt huet, wéi en da gestëmmt hätt.

    Méi schlëmm wéi d’Gewerkschaftler sinn awer just nach d’Vertrieder vun der Fedil a co. Do behaapt jo net wierklech ënnert der Woch den Här Soisson de Mindestloun wier ze héich hei zu Lëtzebuerg. De gudde Mann wees wuel net, datt een hei am Land domadder net weit leeft. An dem Kontext hunn ech iwwregens naischt vu Weber a Kollegen heieren.

  4. October 17, 2009 at 8:02 pm

    > Wann di puer Gewerkschaftler schlau gewierscht wieren, hätte se mat Nee gestëmmt. D’Gesetz wier awer duerchgang, mee si hätte gudd do gestaan. En plus hätten hier Parteikollegen dat bestëmmt verstaan.

    Jo.

    > Mee du sees et, keng Äntwert ass och eng Äntwert. En ass schein an d’Schweese komm, wéi de Journalist ëmmer nees déi Fro gestallt huet, wéi en da gestëmmt hätt.

    Stell der vir dat wier op der Tele gewiescht😉

  5. Cartman
    October 17, 2009 at 8:06 pm

    Stell der vir dat wier op der Tele gewiescht

    Da wier ech frou gewierscht, datt RTL sai Programm nach net an HD iwwerdréit😉

  6. October 17, 2009 at 8:07 pm

    En plus woer och säi Versuch ofzelenken erbäermlech. Och wann den Gybérien onglaafwürdeg ass an Fehler gemaach huet, mech dat seng eegen net besser …

  7. Cartman
    October 17, 2009 at 8:14 pm

    Dat ass ee vum ADR jo och net anescht gewinnt: Haaptsaach dogéint, och wann een onglafwierdeg ass.

  8. October 19, 2009 at 11:39 am

    Hei nach den Link zum Background-Interview mam Robert Weber: http://news.rtl.lu/news/background/45217.html

  9. Tom
    October 19, 2009 at 7:00 pm

    Wann den Robert Weber an der Chamber gewierscht wäer, hätt hien zimlech sécher mat “Jo” gestemmt. (och wann e sécherlech frou war deen Dag net am Land zesinn) Schold dorunner ass de Parteizwang, deen zwar laut eiser Verfassung op eng gewessen Art a Wéis verbueden ass, an sech eigentlech all Politiker strofbar mécht wann hien fir e Project resp. géint e Project stemmt, deen hien eigentlech ennerstetzt resp. ofléent, mee trotz dësem Verbued gett de Parteizwang bei allen ausgeübt. Sou laang mir deen Zwang, deen géint d’Verfassung verstéisst, net komplett zu Lëtzebuerg obhiewen kommen sou Saache nach méi dachs fier.
    A wann den Zwang bis opgeléist ass, kann och e Gewerkschaftler Députéierte sinn an d’Stemm vun de Memberen vu sénger Gewerkschaft an der Chamber sinn. Bis dohin leider net.

  10. October 19, 2009 at 7:51 pm

    Menger Meenung no hätt en nët just wéinst engem eventuellen dem Parteizwang ‘Jo’ gewielt hätt, mee och einfach well en duerch en ‘Nee’ seng Parteikollegen virun de Kapp gestouss hätt an däitlech gemaach hätt, dass d’CSV, senger Meenung no, falsch gehandelt hätt. Domadder hätt hien seng Partei bloussgestallt. Dat wier eng penibel Situatioun fir die zwou Säiten gewiescht.

    An egal op en lo ‘Jo’ oder ‘Nee’ gewielt hätt, ech fannen et weiderhin extrem feig vun him fir déi pertinent Fro net ze beäntwerten. Senger Crédilitéit schued dat op alle Fall. Well hien stung weder zu sengen Wieler, nach zu sengen Memberen.

  11. G.
    October 19, 2009 at 9:11 pm

    Et kann een och unhuelen dat dei Lait dei en gewielt hun, en net gewielt hun fir Deeler vum öffentlech Sektor ze privatiseiren.

  12. October 19, 2009 at 9:19 pm

    Dann hätt hien also géint seng Partei stëmmen sollten?

  13. Pol
    October 19, 2009 at 11:31 pm

    Neen wann en do gewiecht wier hätt en Nee stemmen sollen, et wielt keen CSV deen erwaart daat se sech politesch mei dirigisteg verhält wei dLSAP oder dei greng.

    Daat en net kloer gesoot huet daat en devir gestemmt hätt ass awer wuer een mettelgroussen PR Feeler

  14. October 20, 2009 at 8:12 am

    Mee wann ee géint seng Partei wielt, dann seet een jo kloer an däitlech, dass een der Meenung ass, dass all die aner aus der Partei falsch gewielt hunn. Dat ass jo awer och keng ideal Situatioun, weder fir den Robert Weber nach fir d’CSV?

  15. Pol
    October 20, 2009 at 10:51 am

    pardon et wuel ze speid geschter…. :-S ech wollt schreiwen daat en JO haett stemme sollen, bzw soen sollen daat en jo gestemmt hätt…

    da mecht de rescht vu mengem comment och mei senn.😉

    kee mensch geif em ofkaafen daat en anescht gestemmt hätt wei 54 aner deputeierten… an sou denkt just nach seng partei daat en net hannert der entscheedung steet well en et net gesoot huet

  16. K (Christian Kirpach)
    October 31, 2009 at 10:15 pm

    hat den interview selwer heirn

    war einfach nemmen lächerlech
    de robert weber ass een deen
    am fong ni konkret entferten

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: