Home > Design, Konscht, TV, Video > Villäicht déi bescht Intro ever vun enger Serie.

Villäicht déi bescht Intro ever vun enger Serie.

October 17, 2009 Leave a comment Go to comments

Ass net néi, mee ëmmer rem genial:

Categories: Design, Konscht, TV, Video
  1. pa
    October 17, 2009 at 9:06 pm

    Ech hun d’Serie nach net gesin, mee bei deem Intro geet mer d’Héngerhaut aus. Immens an Szene gesat. Alldeeglech Saachen wirken iergendwéi “creepy”.

    Dat muss ee wirklech kënnen, mat enger Intro vun enger halwer bis annerhalwer Minutt de Charakter vun enger ganzer Serie zë beschreiwen. Leider hun d’Serien hautzudags ëmmer manner Intro, just eng Kéier 5 Sekonne laange de Numm vun der Serie. LOST ass z. Bsp. net schlecht, mee awer keen interessanten Intro.

    Nach aaner gudd Introe sin
    Mad Men: http://www.youtube.com/watch?v=WcRr-Fb5xQo
    True Blood: http://www.youtube.com/watch?v=Wet5OM7RR8Q
    IT Crowd: http://www.youtube.com/watch?v=CJY4N5Csd1w

    An du bass schold, datt ech lo eng hallef Stonn op YouTube Introen gekuckt hun. Ech hun an engem Forum Linke fonnt: Duck Tales, Chip’n’Dale Rescue Rangers, Gummy Bears, MacGyver, Parker Lewis Can’t Loose, A Team…
    Nostalgie pur!

  2. October 17, 2009 at 9:20 pm

    Jo, die Art a Weis wéi alldeeglech Saachen creepy präsentéiert ginn ass einfach genial!

    D’Konscht vum Intro gët wéi d’Konscht vum Trailer wuel oft ënnerschat. An et ass en effet schued, dass vill Serien keng richteg Intro’en méi hunn (ech mengen LOST woeren mat déi éischt, déi sou radikal kuerz woeren), op der anerer Säit verléieren se natierlech no e puer Kéieren hieren Reiz an ‘hënneren’ nëmmen nach …

    Deng 3 Beispiller sinn definitiv exzellent (hunn se zwar schon kannt, mee woer flott se nees eng Kéier ze kucken) an grouss Konscht. Verschiddener gefalen mer besser wéi die eigentlech Serie😉

    An, uh, sorry …😉

  3. October 17, 2009 at 9:20 pm

    An du kenns jo bestëmmt déi hei Parodie: http://www.youtube.com/watch?v=KcmM7Jh2Y3k ?

  4. October 18, 2009 at 1:55 pm

    pa: Du muss der Dexter onbedengt ukucken. Dat ass bei Wäitem eng vun de beschten Serien déi momentan lafen! Den Intro ass kaum d’Spëtzt vum Äisbierg.🙂

    Grommel: Ech fannen et virun allem och genial, wéi den Intro vun Dexter an der 4. Staffel selwer op d’Schëpp geholl gëtt nodeems hien zanter Deeg kee Schlof hat.🙂

  5. October 18, 2009 at 1:57 pm

    Thierry:

    Jo, dat stëmmt. Mee die ganz Baby-Komponent nervt mech perséinlech, well ech keen riesen Babyfan sinn😉

    Och sinn ech nach net komplett vun der Serie iwwerzeecht (hunn réischt eng Episode gekuckt) an ech muss och sulues e Choix man, ech kann se net all kucken😉

  6. Arlesienne
    October 19, 2009 at 8:57 pm

    Wou leeft déi 4. Staffel dann? Ech kréie sou lues Entzugserscheinungen.
    Apropos genialen Serien-Intro, hei as nach een:

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: