Home > Gesellschaft, Politik > Alternativ zur Konsumgesellschaft?

Alternativ zur Konsumgesellschaft?

October 20, 2009 Leave a comment Go to comments

Wat wier eng realistesch Alternativ zu eiser Konsumgesellschaft?

Well wat mech perséinlech zb stéiert ass, dass jidereen MUSS konsomméieren, an zwar ordentlech, fir d’ass d’Economie rullt, Läit hier Aarbechtsplazen behalen oder neier kreien, an déi dann duerch hier Salairen och nees konsomméieren kënnen fir sou d’Geschicht um Rullen ze halen.

Wann een par conter sech dem Konsum verweigert oder einfach just spuere wëll, schued een usech der Economie a wann sech suguer vill Läit giffen sou verhalen, dann hätt een d’Situatioun nees, wou Butteker missten zoumaachen, wou Läit missten entlooss ginn (déi dann och manner konsumméieren kënnen well am chômage sinn), etc.

Wa natierlech jidereen genuch Suen huet an ‘am richtegen Mooss’ konsumméiert, ass dat natierlech e perfekten System (d’Emweltbelaaschtung mol ausgeklammert). Mee wann awer op eemol Läit ophalen ze konsumméieren, soit aus ekonomesch, soit aus ideologeschen Grënn, da kënt de System awer och séier un seng Limiten …

En plus gesäit een och ferme ennerscheeder op d’Läit (oder Client’en) zb beim Staat oder am Privé schaffen. Die am Privé mussen em hier Plazen zidderen, déi beim Staat par conter kënnen sech erlaben ze soen: ‘Krise? Wat fir eng Krise? Ech hunn die selwecht Paie, mee kann méi konsomméieren, well d’Präisser rofginn’. Fir sie ass et eng win-win Situatioun.

Halen sie, duerch hieren stablen (voire erhéijten) Konsum, d’Economie mat um Rullen?

A wat wier wann jidereen eng stablen Plaz mat engem stablen Akommen hätt? Wier dat besser oder méi schlecht? Ugeholl et wier iwwerhaapt realisabel? Oder giff dat op eng Planwirtschaft erauslafen?

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. October 20, 2009 at 12:12 pm

    Mi geet dat Gediss vu Staatsbeamenten esou op de Wecker. Et kann jo jiddfereen den Statsexamen maachen wann en wëll! Mä dat wëllen jo déi mannsten – ma da sollen se och de Bak halen an net meckeren. Ausserdeem verdéngt een an der Privatwirtschaft méi ewéi beim Staat – dofir mussen se zumols bei méi “décken” Plazen oft kämpfen fir Kandidaten ze kréien, well déi léiwer bei e private Patron ginn wou se méi verdéngen. Dass dat Geld méi och heescht de Risiko agoen entlooss ze ginn ass jo dann hier Décisioun.

    Ech weess net, ewéi et zu Lëtzebuerg ass. Mä hei ginn d’Präisser erop.

    Ech gesinn dee ganze Problem vill méi an der Inflatioun. Firwat kréien ech vun der Bank Suen “geschénkt” (spréch: Zënsen) déi néirens existéieren? Et ass Geld ouni real Valeur. Et géingen schon vill Probleemer geléist ginn, wann dat Geld dat als 0en an 1en op iergendwelche Serveren existéiert exakt géing deem entspriechen, wat am Emlaf ass. Da bräichten mer keen Index (deen d’Spiral jo souwisou emmer nemmen weiderdreiwt) an et géinge keng Spekulatiounen bedriwwen ginn mat Geld wat guer net do ass (sprëch Aktienmärt).

  2. denjclaude
    October 20, 2009 at 1:02 pm

    Sech dem Konsum ze verweigeren geet net. Mat Ausnahm Du bass Selbstversorger wat d’Liewensmettelen / Kleeder / Hygieneartikel ugeet. Wann net muss Du dei akaafen. D’Liewensmëttelgeschäft bezillt dann mat dengen Suen den Bauer. Deen bezillt dermatt sein neien Trakter. D’Traktersfabrik bezillt den Arbeschter an deen geet dann erem Liewensmëttel kafen. Ob all deenen Transaktioune fällt TVA un a mat deer gett den Staatsbeamten bezuelt deen dei Suen och alt erem an den Butteck dreit.

    Hannert deem Ganzen steet eng interessant Iddi. Persoun A bezillt Persoun B fier eppes wat sie net oder net esou gudd selwer ka machen. Domadder gett d’Arbescht fun Persoun B honoreiert. Dat wat produzeiert an erschaft gett steet ob der eischter Platz. Wat daat Produkt besser ass oder wat een mei derfun hierstelle kann wat een mei derfier kritt. Deen finaziellen Ureiz ass et jo deen d’Leit derzou brengt mei ze leeschten ewei se mussen. An et ass och den Grond weisou den Kommunisums net funktioneiert.

    An deer ganzer Ketten sinn awer elo Leit dei neischt produzeieren, den Liewenmëttelhändler an den Staatsbeamten zum Beispill. Dat ass usech keen Problem, sie bidden den Produzenten Servicer un fier dei dei bereed sinn ze bezuelen. Vue datt mer awer emmer manner produzeieren kenne well mer emmer manner konkurrenzfäheg sinn geet den Staat hin a fördert dei Servicer. Dat Ganzt ass also schons eng fum Staat orchestreiert Planwirtschaft. Just dass daat Ganzt emm mei enger emgedreinter Pyramid ähnelt. Ennen dei puer Produzenten an en riesen Iwerbau fun Servicer.

    D’Wirtschaft ass jo usech weider neischt ewei en gigantescht Gebild wat d’Leit fier hier Arbescht belount. A genau do hakt et momentan. A verschiddene (am fong net wichtegen) Deeler fun der Wirtschaft get am meeschten verdingt. Dat stellt dat ganzt logescht Konzept zweschen Arbescht a Wirtschaft awer elo a Fro. Vue dat mer awer emmer manner selwer produzeieren mussen (Industrialisatioun/Robotik) a kennen (aaner Länner sinn einfach mei gënschteg) bleift eis neischt anescht iwwereg ewei dat Gebild wat mer gebsatlet hun um Liewen ze halen.

    Wat elo d’Staatbeamten an den Konsum ugeet. och hier Payen gin ob d’Privatwirtschaft zrëck. Sie mierken d’Krise just net direkt well sie net direkt fun der Wirtschaft ofhänken. Doduerch dat Steirrecetten ereischt an Zukunft werten erof goen an Reserven genotzt ginn, sinn sie eng Art Puffer fier den Konsum.

    Dat Ganzt am Kontext fun Lëtzebuerg ze kucken ass net esou einfach. Eis Wirtschaft baseiert quasi just ob Servicer. Duerch eis speziell Situatioun mat den Frontalieren schaffen prozentual gesinn vill mei Lëtzebuerger beim Staat ewei dat an aneren Länner de Fall ass. Dat erklärt eventuell weisou een fun der Krise hei manner matkritt huet ewei an aneren Länner. An trotzdeem, et brauch een sech just eis Arbechtlosenzuelen unzekucken…

  3. denjclaude
    October 20, 2009 at 1:10 pm

    Dein leschten Abschnitt geif awer den Doudestouss fier Lëtzebuerg, New York oder d’City bedeiten. Genau do derfun liewen mier nämlech hei an der westlecher Welt.

  4. October 20, 2009 at 2:08 pm

    Thierry:

    Meng Intentioun woer et net fir Staatsbeamten ze dissen. Ech hunn just en Fait beschriwwen: d’Stabilitéit vun hierer Paye an hierer Plaz erlaabt et den Staatsbeamten méi konstant, och à la longue, ze konsumméieren wéi Läit, déi net wëssen op se an engem halwen Joër nach en Job hunn. En plus profitéieren sie, wann och indirekt a net gewollt, vun sou enger Krise an deem Sënn, dass hier Kaafkraaft eropgeet.

    Ech hunn och just festgestallt, dass en Staatsbeamten am Fong den idealen Client oder Consommateur ass: stablen, ziemlech héijen Revenue = garantéiert an ziemlech héich Konsommatioun. Sou eppes hällt d’Economie um Lafen. Et muss jo kaaft ginn.

    Duerfir meng Fro: wat, wann jidereen an esou Verhältnisser giff schaffen? Giff dat der Economie, an dem Chômage, hëllefen oder net? En Nodeel wier allerdëngs sécher d’Kreativitéit, déi jo och duerch Konkurrenz etc entsteet (mee zu engem Präis).

    (Ps. Et ginn awer net all zevill Läit am Privé, déi opmanst souvill verdéngen wéi Staatsbeamten mat ähnlecher Ausbildung. En plus hunn d’Staatsbeamten Jobgarantie, héich Pensiounen, etc. Mee dësen Post sollt lo keng Diskussioun zu dem Thema ginn)

  5. October 20, 2009 at 2:11 pm

    JC:

    Meng Intentioun woer och net fir guer net méi ze konsomméieren! Ech hu just festgestallt, dass mer konsomméieren MUSS, an VILL konsomméieren muss fir eis Economie um Lafen ze halen. An dass bei deem VILLEN Konsomméieren vill iwwerfléssegen Schrott dobäi ass, deen een sech kéint spueren. Wann een awer zevill spuere giff, dann hätt dat Auswierkungen op de Verkaf, op d’Produktioun a schlussendlech op d’Aarbechtsplazen. Dat ass menger Meenung no en Dilemma.

    An verstéi mech net falsch, ech fannen de Prinzip, dass een eng Persoun A fir en Objet B oder Service C bezuelt ganz an der Réi an legitim. An trotzdem schéngt awer irgendwéi eppes schiefzelafen, wann op eemol muss egal wat kaaft ginn just fir d’Economie (an domadder och d’Gesellschaft) virum Zesummenbruch ze bewahren.

  6. denjclaude
    October 20, 2009 at 6:02 pm

    Grommel, ech hat weder bei Dir gelies dats Du geint den Konsum un sech nach geint den Prinzip fun der Bezuelung fier Leeschtung bass. Ech hun en bessen ze weit ausgeholl gehat mengen ech ganz.

    “An trotzdem schéngt awer irgendwéi eppes schiefzelafen, wann op eemol muss egal wat kaaft ginn just fir d’Economie (an domadder och d’Gesellschaft) virum Zesummenbruch ze bewahren.”

    Gesinn dat d’selwecht, firun allem wann daat och nach keng Produiten sinn mee Servicer dei zeitlech quasi niescht fun hierer Valeur behalen. Verglach Auto geint Vakanz. Ech gesinn awer och dat mer keng aaner Wiel hun. Mier sinn quasi verdaamt derzou ze konsumeieren an zwar emmer mei absolutt onneideg Produiten a Servicer. Wat sollen mer soss och machen. Fun eppes musse mer liewen also musse mer och eppes verkaafen, ob d’Leit et brauchen oder net ass dobei egal.

  7. G.
    October 20, 2009 at 7:20 pm

    Naja, dat do ass och nees eng Hypothes vun dier.
    Ech kennen net wirklech Lait dei Saachen konsumeiren nemmen fir den System um laafen ze haalen. D’Lait konsumeiren fir hiert “Gleck” ze steigern. Sie mengen sie brauchen dei Produiten dei sie konsumeiren.
    An jo natierlech wann eng Saach net mei konsumeiert get, geet entweder d’Firma faillite oder se mescht aner Produiten.
    Konsumeiren ass jo amfong och naischt schlemmes, den Problem ass eben dat Milliounen Lait guer net konsumeiren kennen, mol net dat wat se fir d’Liewen brauchen. Dat ass dat perverst um System. Den Problem vun der freier Marktwirtschaft ass dat net jiddereen drun deel dierf huelen.

  8. October 20, 2009 at 7:36 pm

    G:

    Wou sot ech, dass d’Läit just konsomméieren fir de System um Lafen ze halen? Ech soot et gesäit sou aus, wéi wann d’Läit MISSTEN konsomméieren, a vill konsomméieren, fir de System um Lafenden ze halen.

    Wat mengs de wat gescheien giff, wann d’Läit all op eemol nëmmen nach HALLEF sou vill konsomméieren giffen? Wann se hieren Auto net no 3 mee no 10 Joeren réischt giffen wiesselen etc?

    Da giff d’Economie zu engem gudden Deel zesummenbriechen an d’Aarbechtlosegkeet Rekordmarken erreechen …

  9. October 20, 2009 at 7:41 pm

    JC:

    > Fun eppes musse mer liewen also musse mer och eppes verkaafen, ob d’Leit et brauchen oder net ass dobei egal.

    Jo, an dat ass jo irgendwéi dat Absurd bei der Saach.

  10. October 22, 2009 at 2:23 pm

    G:

    Nach do?

  11. G.
    October 22, 2009 at 10:03 pm

    Huele mer un deng Hypothes geif stemmen, (an ech muss soen se klengt logesch) dann misst et jo amfong am Interêt vun der privat Economie sin Paien stabel ze haalen. Dat maan d’Firmen awer net. Beim Personal get emmer als eischt gespuert. Wisou? Well dat schengt mer net logesch. Aarbeschtsloser sin keng Kaafkraaft an konsumeiren manner wei een zefriddenen Aarbeschter.

  12. October 23, 2009 at 10:55 am

    D’Firmen ginn ëmmer dovunner aus, dass déi Läit, déi SIE erausgeheien, keng grouss Differenz man. Mee well awer jidereen esou denkt, gët et op eemol eng kritesch Mass …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: