Home > Gesellschaft, Wëssenschaft > Impfen oder net?

Impfen oder net?

October 20, 2009 Leave a comment Go to comments

Ass jo mol alles am groussen Still virbereed:

Am Dienstag, den 27. Oktober, beginnen die Impfungen gegen die sogenannte Schweinegrippe. In einer ersten Phase, die sich über die kommende Woche erstreckt, werden jedoch nur bestimmte Personengruppen in den sieben Impfzentren geimpft. In jedem Zentrum werden rund 40 Personen dafür sorgen, dass die Impfungen schnell und effizient über die Bühne gehen.

Déi mussen jo wierklech mat engem riesen Undrang rechnen. Si mol gespaant op dat sech och esou erfëllt.

Well immens berouegend sinn Kommentarer wéi dei hei net:

Bei den 11- bis 17-Jährigen und bei den über 60-Jährigen ist zurzeit noch unklar, ob der Impfstoff in zwei halbe Dosen aufgeteilt werden muss.

Uh, kléngt wéi wann se dat alles jo super getest hätten!

Mee bon, Haaptsaach mol rem Tonnen Impfungen kaaft. D’Pharmaindustrie reiwt sech d’Hänn. Wou stinn eigentlech déi Massen vun ongebrauchten Impfstoffer vun der viireschter Pandemie-Hysterie?

Ech wäert mech net impfen lossen. An et sollt och kloer gesot ginn, dass dës Schwëngsgripp manner eng Gefor ass fir d’Gesondheet (déi normal Gripp ass méi schlëmm) a méi eng, opmanst potentiell, fir d’Economie (wann op eemol giffen extrem vill Läit zesummen fir e puer Deeg krank ginn). An da kann jo jidereen entscheeden op en et riskéieren wëll fir 3 Deeg doheem ze bléiwen an dann nees schaffen ze goen oder op en sech wëll impfen loossen. Mat eventuellen Niewenwierkungen.

(source)

  1. October 20, 2009 at 8:44 pm

    Ganz kloer net, an ech géif och jidderengem am Interet vu senger Gesondheet dovun ofroden.

  2. Sandra
    October 22, 2009 at 1:57 pm

    Daat ganzt ass eng Sauerei.
    Ech als Mamm vun enger Pupelchen an engem 2,5 Joer aalen wees net waat ech soll maan. Mengem Gefill no géif ech si éier net impfen looßen. Di Saach as déi: ech well meng Kanner nett als Versuchkaningchen hiir gin.

  3. October 22, 2009 at 2:22 pm

    Souwäit ech et verstanen hunn, ass d’Impfen och manner well d’Grippe sou geféierlech wier (wat se jo net ass), wéi dass een verhënneren wëll, dass zevill Läit gläichzäiteg giffen ausfalen (an der Schoul, op der Aarbecht, etc).

    Op een sech lo dowéinst mengt impfen missen ze loossen, muss wuel jidereen selwer decidéieren …

  4. Arlesienne
    October 23, 2009 at 10:51 pm

    Ech hu mech mol géint déi saisonal Gripp impfe geloss. Mäin Hausdokter sot, hie géif sech net géint den H1N1 impfe lossen an dat d’Dokteren ugewise gi sinn op Fäll vu Guillain-Barré Syndrom uechtzeginn. Majo dann…
    Wann den H1N1 mutéiert da wiirkt déi aktuell Impfung wahrscheinlech net, dat géif heeschen dat een sech nach eng 3. Kéier misst impfe lossen. Op den Immunsystem dat esou gudd verkraft as eng aner Fro. Dozou eng intressant Sendung um WDR (Hart aber fair) : http://www.wdr.de/themen/global/webmedia/webtv/getwebtv.phtml?p=4&b=241

  5. October 24, 2009 at 10:36 am

    Merci fir dee Link.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: