Home > Gesellschaft, Video, Wëssenschaft > Wat ass normal?

Wat ass normal?

October 22, 2009 Leave a comment Go to comments

Radiolab huet nees en neien, brillianten Podcast op hiere Site gestallt: ‘New normal?‘ (en passt och an die rezent Genderdebatte, déi hei um Blog stattfonnt hat).

Wéi sou oft besteet hier Show aus dräi Reportagen:

  1. E Grupp Pavianen verléiert seng Alphamännercher a changéiert säi Verhalen radikal. An behält dat bäi, iwwer Joerzengten. An trotz dem Influx vun neien, friemen männlechen Pavianen, déi hier erléierten Verhalensweisen verléieren. Wierklech erstaunlech. An positiv.
  2. E kléngt, konservativt Kaff reagéiert extrem progressiv. An aus interessanten Grënn.
  3. Wëll Déieren kënnen erstaunlech séier domestizéiert ginn a veränneren doduerch och, obwuel dat net de But woer, hier Morphologie. Interessant Parallelen zu den Mënschen.

Dat huet mech och un dat Experiment (villäicht ass et och eng Legend, mee egal) ërennert, wou se 3 Aafen an engem Käfeg hunn. An der Mëtt ass eng kleng Trap, déi zu engem Podest féiert. D’Wëssenschaftler loossen dann eng Banann op dee Podest falen. D’Aafen sinn firwëtzeg an een geet sech d’Banann sichen a grad, wéi en se wëll huelen, ginn déi aner zwee Aafen naass gesprëtzt (an dat hunn se guer net gär). Dat Spill widderhëllt sech e puermol bis d’Aafen verstan hunn, dass, wann een d’Banann siche geet, die aner naass gesprëtzt ginn. Wa lo ee probéiert d’Banann sichen ze goen, stierzen sech déi aner op en an halen en dovunner of.

An da kënt de Clou: d’Wëssenschaftler tauschen een Aaf aus. Et kënt nees eng Banann, de neien Aaf probéiert se ze huelen, mee die aner zwee stierzen sech op en an halen en dovunner of. Dat geet dann puermol sou bis och deen Neien dat verstan huet. Dann gët nach een ‘originalen’ Aa ausgetosch géint e neien. De gesäit nees d’Banann, probéiert se ze huelen, die aner zwee halen en dovunner of. Dat geet nees e bëssen sou weider bis dann deen drëtten, an läschten, original Aaf ausgetosch gët. De neien Aaf probéiert och nees d’Banann ze huelen, mee gët vun deenen aneren zwee ofgehalen! Wuel gemierkt: vun zwee Aafen, déi SELWER nie naass gesprëtzt gouffen an duerfir och guer net ‘wëssen’ firwat een d’Banann net däerf huelen.

Et ass halt just ëmmer sou gemaach ginn …

  1. October 23, 2009 at 10:54 am

    Ech huelen un, et huet keen de Podcast gelauschtert?😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: