Home > Luxembourg, Wëssenschaft > Impfen. Jo oder Nee?

Impfen. Jo oder Nee?

October 28, 2009 Leave a comment Go to comments

Ech hat zwar mol gesot, ech giff mech net impfen lossen, mee an der Tëschenzäit froen ech mech firwat eigentlech net?

Natierlech ass dat Ganzt en Hype an wahrscheinlech ferme iwwerdriwwen, an natierlech huet d’Pharma-Industrie hier Hänn bei dëser Hysterie mat am Spill, an ech wëll esou eppes net ennerstëtzen mee wat giff ech wierklech riskéieren, wann ech mech giff impfen lossen? Just fir op Nummer Sécher ze goen (keeft een jo och soss Assurancen …)?

An der Tëschenzäit hunn dat jo awer eng Rëtsch Läit weltwäit gemaach an et si jo quasi keng (wann iwwerhaapt?) Niewenwierkungen do?

An de Virdeel ass jo, dass een dann die Gripp net kritt (ok, villäicht awer eng Mutatioun dovunner). Wat méch giff arrangéieren, net well se lo souuuuu geféierlech wier, mee well et einfach nervt an langweileg ass fir e puer Deeg flaach ze leien.

Wat wieren also lo die konkret Argumenter GEINT eng Impfung? Oder sie die Géigenargumenter och usech vill Hype an waarem Loft?

Categories: Luxembourg, Wëssenschaft
  1. October 28, 2009 at 11:53 am

    Ech loosen mech prinzipiel net geint eppes schëtzen wu main Kierper selwer dermadd färdeg gët. An falls net, loosen ech et ereischt behandelen wann et net aanescht geet.

    Insofern ass meng vue vun enger optionaler Impfung relativ einfach. Brauch ech net, maan ech net. Speziell graad eben well di Grippe su harmlos ass. Di Panikmache “an waat wann en muteiert” ass rengen Blödsin, well dann hëlleft d’Impfung ennert Emstänn och net.

    Ech schëtzen mech och prinzipiell net extra geint Bazillen. Keint een mengen ech ging meng Gesondheet op d’Spill setzen… Falsch!
    Ech gin nämlech seelen krank. Ech war an den letzten 5 Joer v’lait wann et gudd geht 2-3 krank (sprich. grippalen Infekt) an eng keier an mengem Liewen (mat 14 oder sou) haat ech eppes anstänneges, wu ech awer net gesoot kruut waat et war.

    Di nei Grippe léist mech also souzesoen ziemlech kaal.

  2. October 28, 2009 at 11:57 am

    Kléngt raisonnabel.

    Mee meng eigentlech Fro woer: wat (wann iwwerhaapt) GIFF een RISKEIEREN, wann een sech giff impfen loossen?

  3. October 28, 2009 at 12:39 pm

    Ech loosse mech net impfen, (net just an desem Fall, mee prinzipiell) well d’Niewewierkungen vun der Impfung méi schro sinn ewéi d’Gripp. Och wann d’Wahrscheinlechkeet méi grouss ass, eng Gripp ze kréien an e puer Deeg am Bett ze leien, ewéi eng schwéier Niewewierkung ze kréien, ginn ech ebe léiwer de Risiko an, am Bett ze leien, ewéi deen aneren.

    Hei e puer intressant Links:

    Grippe porcine : vacciner ou pas: http://www.rolandsimion.org/IMG/pdf/Vacciner_ou_pas.pdf

    Pandemrix Infos fir de “Verbraucher”: http://www.emea.europa.eu/humandocs/PDFs/EPAR/pandemrix/H-832-fr1.pdf

    Pandemrix Info fir den “Expert”: http://www.impfkritik.de/upload/pdf/fachinfo/Pandemrix-EMEA-H1N1-2009-09.pdf

  4. October 28, 2009 at 12:56 pm

    Manuel:

    Wann ech dat richteg verstan hunn, dann ass de gréissten Risk, dass een e bëssen Féier kritt, temporären Kappwéi oder e klengen Hautausschlag? Oder wat hunn ech verpasst? Ech froen just, well ech béid Säiten wëll verstoen an mateneen vergläichen.

    Wat sinn déi ‘schweier Niewewierkungen’ an wéi oft sinn déi bis lo opgetrueden resp. wéi grouss ass de Risk, dass déi optrieden?

    Oder ass et, well een net am Viraus onbedengt wees, op een un en Komposant vum Vaccin allergesch ass?

  5. October 28, 2009 at 6:19 pm

    Also ech wees elo net wéi et hei konkret ausgesäit, mee Impfungen hunn jo an der Vergaangenheet emmer erem zu ganz schroen Niewewierkungen gefouert.

    Kuck der emol dat hei Dokument un, also déi Abstracts: http://sokrates.lu/stuff/conference%20autism%20materials.pdf

    An hei:

    La notice « à l’attention du grand public » (4) publiée par la European Medecines Agency informe sur les effets secondaires les plus répandus (plus d’une personne sur 10): maux de tête, des muscles ou des articulations, fièvre et vomissements, fatigue, durcissement, gonflement ou rougeur du point d’injection.

    La notice pour experts (5) ajoute à cette liste :

    Plus d’une personne sur cent : gonflement des ganglions lymphatiques, Schüttelfrost, saignements ou réactions au point d’injection, maladies similaires à une grippe,

    Plus d’une personne sur mille : insomnie, vertiges, paresthésie, diarrhée, douleurs abdominales, nausée, vomissements, démangeaisons, éruptions cutanées,

    Ce ne sont que les indications officielles au sujet de Pandemrix. Or, d’autres effets secondaires potentiellement graves (maladies auto-immunes) pourraient bien s’ajouter à cause de la présence des conservateurs et d’adjuvants à risque : le thiomersal, le squalène ou d’autres comme l’ont d’ailleurs révélé certaines « affaires » postvaccinales passées :

    USA 1976 : vaccination contre la « grippe porcine » et grand nombre de cas de Guillain-Barré, vaccinations des soldats lors de la 1ère guerre du Golfe (syndrome de la guerre du Golfe), affaire de la vaccination hépatite B en France et survenue de nombreux cas de sclérose en plaque et de maladies auto-immunes, affaire Thiomersal dans les vaccins aux Etats-Unis et augmentation fulgurante des cas d’autisme, etc.

    Selon l’OMS elle-même, le taux d’enregistrement des effets secondaires atteindrait à peine 5-10% des effets secondaires réels.

    Actuellement les vaccins antigrippe H1N1 aux Etats-Unis restent exempts des « adjuvants » utilisés en Europe.

  6. October 28, 2009 at 6:45 pm

    Bon, et wäert een jo wuel kaum lo, an eisem Alter duerch eng Impfung autistesch ginn …

    An sinn déi Geschichten wéi Schüttelfrost oder Insomnie etc temporär oder ginn déi chronesch?

    Ech hunn nach ëmmer net wëlles mech wierklech impfen ze loossen (woubäi ech awer zb Impfungen géint Polio etc komplett ennerstëtzen), mee et schéngt mir wéi wann op béiden Säiten vill Hype an waarem Loft wier … an och fir mat Donnéeën vun 1976 ze kommen ass irgendwéi net wierklech iwwerzeegend.

    En plus misst een, fir wierklech eng Ausso kënnen ze trëffen kucken, wéivill Läit wéinst Impfungen schwéier krank gi sinn a wéivill der schwéier krank gi sinn well se net geimpft gouffen.

    Hei gët op béiden Säiten mat vaguen Chiffren hantéiert. Fannen dat vu kenger Säit iwwerzeegend.

    En plus sinn an der Tëschenzäit jo weltwäit x-tausend Läit geimpft ginn, wann do lo grave Niewewierkungen opgetrueden wieren, da wier dat jo wuel schon an de Medien gewiescht? Oder kommen déi réischt vill spéider?

  7. October 28, 2009 at 7:08 pm

    Also ech denken, dat d’Problematik eischter eng Fro no Laangzäitfolgen à la auto-immun Erkrankungen ass, ewéi vu kuerzfristegen Niewewierkungen. Autismus betrefft natierlech net eis selwer, mee eis Nokommen. Do get et jo och déi toll Mormonen-Studie aus den USA, déi ech awer elo net méi richteg am Kapp hunn, fir se erem ze ginn. Mee et ass iegendwei sou gewiert, datt d’Mormonen sech aus reliéise Grenn net impfe loossen an et gläichzäiteg bei hinnen keen Autismus get. Während deems beim Recht vun der amerikanescher Bevelkerung den Autismus mat den Impfungen massiv an d’Luut gaang ass. An déi eenzeg Fäll vun Autismus bei de Mormonen, dat war bei Leit, deenen hir Elteren trotz hirer Relioun geimpft goufen. Mee wéigesot, et wier elo méi sennvoll, dat aus enger méi verlässlecher Quell nozeliesen ewéi aus mengem Gedächnis🙂

  8. October 28, 2009 at 7:29 pm

    Wat Impfungen am Allgemenge betrefft, kuck alleng deen éischten Abstract vun dir Konferenz. Hei e puer Zitater:

    However the national statistics of developed countries contradict the prevailing vaccination myths. The “Vital Statistics of the United States” show that death numbers due to major infectious diseases markedly declined before the introduction of vaccines against these diseases, due to improved hygiene, nutrition and living standards of the population.
    […]
    Vaccines challenge the immune system to produce antibodies, but may also cause its dysregulation and autoimmune diseases. They often contain toxic additives, such as thimerosal (mercury compound), aluminum salts, formaldehyde, foreign proteins and genetic materials, among others, which might poison vulnerable children and cause irreversible developmental injuries or severe life-long diseases.
    […]
    The alarming increase of neurodevelopmental disorders and chronic diseases, which appear to be directly related to iatrogenic effects of vaccinations, demand urgent attention of the governments as well as national and international health organizations, and reevaluation of true benefits and costs of current vaccination programs. It became evident, that in developed countries the risks now far outweigh the benefits.

  9. October 28, 2009 at 8:58 pm

    Dat do ass op alle Fall mol net oninteressant!

  10. October 28, 2009 at 9:36 pm

    ech lossen mech net impfen well ech ze faul sin an och een bessen angscht virun spretzen hun.😉
    auserdeem kreien ech (knock on wood)normalerweis d’grippe net.
    mee ech ” gleewen” un science behind vaccination.
    hei een interessanten article.
    http://www.wired.com/magazine/2009/10/ff_waronscience/

  11. October 28, 2009 at 9:44 pm

    Haha, jo, ze faul kënnt bei mir och nach dobäi!😉

    Ech brauch ënnert normalen Emstänn schon Eiwegkeeten bis ech mech opgerappt ze kréien bei en Dokter ze goen, wann et mer eng Kéier net gudd ass …

    A wat d’Impfen ugeet, sou ginn et Argumenter op béiden Säiten, deelweis hängt et och vun der Situatioun of. Fir zb Saachen wéi Polio ze eradikéieren muss halt einfach jidereen geimpft sinn, soss kann dat nët errecht ginn. An dat ass de Problem, meeschtens ginn just en Deel geimpft, mee sou kann d’Krankheet nie ausgerott ginn. Halfhäerzeg Versich sinn zum Scheiteren verurteelt. A verschidden Krankheeten sollen halt einfach ee fir allemol verschwannen! Zumools wann Tonnen Läit/Kanner doduerch leiden oder dru stierwen … wat awer bei enger Schwëngsgripp halt net de Fall ass.

  12. Arlesienne
    October 29, 2009 at 4:31 am

    Wéi ech vu mengem Dokter héieren hat dat si verstärkt sollen op Guillain-Barré Symptomer oppassen, hunn ech meng Décisioun getraff.
    Grommel@: eng Impfung schützt net 100% mee héchstens zu 70% maximal 80%, also wanns De Pech hues…
    Ech géif mech zwar impfe lossen mam Celvapan, well wat fir d’Bundeswehr an d’Merkel gudd as *grins*….
    Meng Niewewiirkungen vun der saisonaler Impfung waren: 3 Deeg den Arem wéi, sou dat ech net konnt drop schlofen, Kribbelen an Hänn a Been, mat engem Gefill wéi entschloof, nee, zum Gléck keng Lähmung, mega Kappwéi, Hëtzwellen, déi hat mäi Maan iwwregens och, an deen as ganz secher net an de Wiesselsjoeren. Hien léisst sech trotzdem och nach impfen géint den H1N1, halen iech dann hei um Lafenden😉
    Ech hu mer Mondschutzmasken besuergt an Désinfectant fir d’Hänn ënnerwee. Da kukke mer mol weider.

  13. October 29, 2009 at 10:55 am

    Arlésienne:

    “Does this mean it is safer not getting vaccinated? Absolutely not. First, there is the risk of swine flu killing you. Second, what few people know is that flu itself is far more likely to cause Guillain-Barré than any flu vaccine.

    A 2009 study found that out of every million people who get flu, between 40 and 70 develop Guillain-Barré. So your best chance of avoiding Guillain-Barré is to get vaccinated, a conclusion backed by a 2007 study.

    The vaccine risk is also diminishing. Cases of Guillain-Barré in the US have fallen 20 per cent since 1996, and cases reported after flu vaccination have fallen by 60 per cent. Intriguingly, this coincides with a fall in infections by the food poisoning bacterium Campylobacter, thanks to improved meat hygiene. Guillain-Barré usually follows infections, and Campylobacter is the main cause. It is also endemic among chickens, and flu vaccines are grown in chicken eggs. So the occasional contamination of flu vaccines with Campylobacter proteins might explain the link with Guillain-Barré, according to a 2004 study.”

    source

  14. Arlesienne
    October 30, 2009 at 12:44 am

    Jo Grommel@, sou ähnlech hat ech dat och schon am Scientific American gelies.
    Wéi gesot, de Celvapan, ok, mee deen aner – no way.
    Souwisou waarden ech mol of, wat de Virus mecht, wann e schnell mutéiert, as déi hei Impfung fir d’Kaatz an dräi Impfungen = 3 Chancen fir de Guillain-Barré, Gripp = nëmmen 1.
    Wat géif den Adrian Monk wuel maachen? Decisions, decisions…

  15. October 30, 2009 at 9:18 am

    Jo, deenen Verstärker trauen ech definitiv och net. Nujee, ech loossen die Saach lo mol einfach kommen … a wann ech krank sollt ginn, kann ech ëmmer nach bei den Dokter goen.

  16. Arlesienne
  1. November 12, 2009 at 2:05 am

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: