LP.

October 31, 2009 Leave a comment Go to comments

Ech hu mer lo d’LP Versioun vun ‘The Doors: 40th Anniversary  Mixes’ am iTunes kaaft an fannen de Format nawell mol guer net sou schlecht! Schéin präsentéiert, Fotoen, Liddertexter, Hannergrondinfo, e puer Video’en. Bréngt wierklech deen LP Feeling eriwwer. Ass och en idealt Format fir den ‘iTablet’ deen demnächst erauskommen wäert (an iwwer AppleTV kann een se jo och lo ofspillen).

Mol gespaant, wat lo nach fir Alben an dem Format erauskommen wäerten.

Categories: Musek, Wired world
  1. October 31, 2009 at 11:53 am

    Gi meng Kommentarer hei eigentlech nach emmer geblockt?
    Net schlecht dat doten, net schlecht. Sinn Apple eigentlech dei eenzeg, deen aus der Raubkopéirerrei geléiert hunn?
    Ech mengen e Extras bei en Album dobäi ze man ass am éischten Moment jo näischt besonnech opwändeges, mee dann ass et awer immens dass se et man.
    Kaschten déi dat selwecht? Wéi déi normal Alben?
    Ech froen mech nämlech grad:
    Ech wor duermol méi wéi welleg, fir £40 fir eng Limitéiert Ausgab vun der Radiohead LP hinzeklaaken. Déi huet bestan aus 2 Heavy-Vinyl LPs, 2 CDen, engem Billerbuch, dem Booklet mat den Lyrics, an dat ganzt an enger genialer Box zesummengefaasst. An ech lieben se.
    Mee ech froen mech grad, op ech bereed wier, vill méi Suen fir eng iTunes LP op den Desch ze klaaken.
    Well en Deel vum LP Gefill ass fir mech de Vinyl upaaken, de Fakt amplaaz 12cm en Cover vun 12″ ze hunn an d’Zeremonie vum Plakk opleen. Wann ech sou iwwerleen sinn £40 fir en Album deen een duermols konnt legal gratis rooflueden, eigentlech zimmlech vill:-/

  2. October 31, 2009 at 11:59 am

    Nee, ginn se net méi.

    > Ech mengen e Extras bei en Album dobäi ze man ass am éischten Moment jo näischt besonnech opwändeges, mee dann ass et awer immens dass se et man.
    Kaschten déi dat selwecht? Wéi déi normal Alben?

    Sie sinn 2 Euro méi déier. An 500 Mb méi schwéier😉 Haaptsächlech wuel wéinst Video etc.

    An wéi gesot, zumools wann een se op der Tele (iwwer AppleTV oder wéi och ëmmer) oder engem iTablet kucken kann, fannen ech dat wierklech e plus zu engem normalen Audiofichier.

    ps. Aaaaah, den Stereomood-Dëngens ass sou gudd. Vill besser wéi lëtzebuergeschen Radio lauschteren!😉

  3. October 31, 2009 at 12:44 pm

    2 Euro ass okay.
    Jo, ginn der Recht. Fein Geschicht.

  4. denjclaude
    October 31, 2009 at 12:49 pm

    Wei geseit et dann do mat der Backupmeiglechkeet aus? Ech iergere mech zou Doud iwert dei aal iPod Lidder dei ech muss ob CD brennen a se dann erem fun Hand an mp3en emwandelen. Dei mp3en kann ech dann backupen an plusminus zukunftssecher machen.
    Wann ech eng Plalk fum Camillo well lauschteren dat drei Handgrëffer sinn an da leeft se genau esou gudd ewei firun 40 Joer. Wei daat an 40 Joer mat CD/mp3 ass well ech guer net wessen.

  5. October 31, 2009 at 3:11 pm

    jc:

    Wéivill Läit hunn dann nach e Plakkespiller a wat mëss de wann däi mol futti geet? A la longue och net souuuuuu praktesch😉

    Wat deng aal Lidder ugeet: du kanns dach am iTunes einfach deng AAC Dateien uwielen > rietse Mausklick > ‘create mp3 version’ klicken?

    ps. AAC kompresséiert méi kléng wéi MP3, ass awer opmanst sou gutt an der Qualitéit. Wat d’Zukunft bréngt wees natierlech keen … ech ginn awer dovunner aus, dass Apple nach e bëssen wäert do bléiwen😉

  6. October 31, 2009 at 6:12 pm

    Quote thorben: Sinn Apple eigentlech dei eenzeg, deen aus der Raubkopéirerrei geléiert hunn?

    Sorry ech sin kaal an garnzeg 😉
    Mee ech mengen d’Fro misst éischter sinn hunn d’leit dann guer neischt vun deem ganzen file sharing geleiert.
    Wei kann een eng monopoly ewéi Itunes ënnerstëtzen? Huet dann jiddereen Amnesie?
    Déi ganz Entertainment Industrie hatt missen ënnergoen gelooss ginn. An dann een neien System opgebaut gin an net esou eng Blödsinnegkeet an closed system ewéi itunes.
    Ech well eng monthly fee bezuelen an dann downloaden an kucken wei an wat ech well, an royalties sollen dann un déi eenzel Artisten/Studios goen. Awer net deen itunes scheis.

    An et soll elo keen soen „ma apple woren déi eenzeg déi mat eppes opkomm sinn“….apple woren een vun deenen deen alles gemaach huet dat nëmmen keen aneren däerf mat eppes neies kommen

    ech wor jo derbei (heheh ech pullen elo en Al Gore)
    Ahhh lo geet et mir besser.
    Sorry vir den hijack🙂

  7. denjclaude
    October 31, 2009 at 6:27 pm

    Dat mam Plakkespiller ass natirlech wouer. Ganz ofgesinn do derfun dat mer ganz seelen no Camillo Plakken ass😉.

    Create mp3 geet net, dat sinn nach deer aaler Dateien an do kennt dei protectes files cannot be converted to other formats Fehlermeldung.

    Apple geet esou seier net enner. Schons eleng hier Kontrakter mat der Musëcksindustrie an mat den Handysprovideren sinn eng richteg Goldgrouf. Allerdings kreien sie emmer mei Konkurrenz.
    Wat nach ass, hier Produkter sinn net wirklech Windows kompatibel. Den iTunes ass mat dat schweierfällegst mat deem ech mech muss erem ploen. Am normalen notzen ech souwisou den Songbird mat diversen plugins (last.fm, SHOUTcast, LyricMaster a mashTape) an dat Dengen funktioneiert wonnerbar. Fier ab und zu legal enzwouch eenzel Lidder ze kafen gett et leider hei zou Lëtzebuerg och keng mier bekannten Alternativ zum iTunes Store, esou dat ech net derlanscht kommen.

  8. denjclaude
    October 31, 2009 at 6:33 pm

    “Ech well eng monthly fee bezuelen an dann downloaden an kucken wei an wat ech well…”

    Dat gëtt et, just net hei zou Lëtzebuerg!
    Den System/Programm heescht Rhapsody an ass fun Real Networks (sinn dei mam Realplayer). By the way dei hun hieren Haptsëtz ironescherweis och zou Lëtzebuerg. Wei Amazon och, trotzdeem kann een deenen hieren mp3 Shop och net fun hei aus notzen.

  9. October 31, 2009 at 6:47 pm

    De Real Player ass mat dee krätzegsten Programm, deen ech je gesinn hunn. Bei mir kënt näischt méi vun Real op de Computer.

    An mir perséinlech geet den iTunes déck duer, fir dat wou ech en brauch. An d’Interaktioun mam iPod leeft och reiwungslos (wat jo keen Wonner ass, vu dass déi zwee vun der selwechter Firma kommen).

  10. denjclaude
    November 1, 2009 at 1:35 am

    Den Realplayer war an der Zeit emol dat Bescht wat et ginn ass. Dun hun se ugefangen gefillten 1000 Zousatzprogrammer mat ze installeieren an en huet deelweis guer net mei funktioneiert. Ech hun dei lescht Joeren och neischt mei fun hinnen probeiert.

    Et geet mer och net em deen Player mee et war just als Iddi geduecht. Woubei mech och liicht nerft, dat dei Firmaen hieren Sëtz hei hun an et net färdeg brengen dat hier Systemer och hei funktioneieren. Mee dat renteiert sech wahrscheinlech net fier dei puer lëtzebuergesch Clienten en extra Ofkommes mat der Musëcksindustrie ze machen.

  11. November 2, 2009 at 8:19 am

    Jo nee, ass schon okay wats de seess. Du hues jo och iergendwou recht. Trotzdem gesinn ech keen aanert Beispill, wou esou vill Innovatioun dohannert wor wéi bei Apple.
    De System ass zou, mee emmerhin säit enger Zäit DRM-fräi. Mir wier och léiwer ech hätt eng Flatrate fir meng Musék, mee déi hunn ech nunmol net.
    An natierlech ass Apple net deen eenzegen, dee legal Downloads ubidd, et ass awer d’Ausnahm dass Saachen wéi déi LPs ubidden.

  12. denjclaude
    November 2, 2009 at 10:22 am

    Mier ass leider keng aner legal Quell fier Downloads bekannt dei och zou Lëtzebuerg funktioneiert. Wier do frou ze wessen falls et nach eng gëtt.

  13. November 3, 2009 at 7:48 pm

    Ech krut bis elo nach alles wat ech wollt op iTunes, nie e Problem gehat.

  14. denjclaude
    November 3, 2009 at 9:08 pm

    Problem hat ech do och nach keen, wier just frou eng Alternativ ze hun.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: