Home > Gesellschaft > Robert Enke.

Robert Enke.

November 15, 2009 Leave a comment Go to comments

Och wann ech et net ganz verstinn, mee et ass schon faszinant, wat an der däitscher Gesellschaft ofgeet, zënter dem Suicide vum Robert Enke. Lo gët suguer eng Trauerfeier fir hien, aus engem vollbesetztenen Stadion mat Museker déi optrieden, live op der Tele gewiesen. Wéivill Läit woussten virun 3 Méint ween den Robert Enke woer?

Mee villäicht sinn dat normal Reaktiounen fir eng Gesellschaft, wou den Doud, an och Ursaachen, déi zu em féieren wéi halt schwéier Depressiounen, normalerweis tabuiséiert ginn. Sou en publiken Suicide konfrontéiert d’Läit och mat der eegener Mortalitéit an erlaabt et hinnen, Themen unzespriechen, déi jo soss ëmmer verschwiegen ginn.

Well et geet jo manner em den Robert Enke als Persoun, opwuel seng Geschicht natierlech tragesch ass, wéi em d’Fragilitéit vum Liewen usech. Den Enke symboliséiert dat just, gehollef duerch seng Berühmtheet. Well et bréngen sech jo all Dag x Läit ëm an dat kritt quasi keen mat an duerfir pickt dat och die mannsten. Obwuel all Selbstmord tragesch and traureg ass.

Mee et deet der Gesellschaft wuel gutt, wann  se mol eng Kéier iwwert aner, méi deif an fundamental, Saachen nodenkt, wéi just iwwert irgendeng nei Reality Show an wat den Dieter Bohlen nees gesot huet.

Et ass awer irgendwéi bizarre, dass dësen Suicide lo vun deenen verschiddensten Parteien (Privatläit, Politiker, Journalisten, etc) sou ‘gehyped’ gët … ech ennerstellen awer do mol keng schlecht Motiver! Et ass just bëssen surreal …

Categories: Gesellschaft
  1. November 16, 2009 at 10:08 am

    Ech fannen et surreal dass ech innerhalb vun 2 Stonnen 5 verschidde Robert Enke Reportagen hun missen erdroen. An nemmen an enger vun deenen (wann et och nemmen een Satz wor) gouf den aarmen Zuchchauffer erwähnt, deen elo wesentlech mei ze erdroen huet ewei all di aaner; Fraa Enke ausgeholl.

    Waat ech hei absolut inaktzeptabel fannen ass dass den Enke elo als Held dohinner gestallt get… E get elo absolut an den Himmel geluewt fir daat waat en gemaa huet an waat en duerchgemaa huet ass een absolute Drama. Souvill souguer dass den Equippepsycholog gemengt huet se missten elo verstärkt op d’Spiller oppassen.

    Erem, net EEN EENZEGT, an ech widerhuelen NET EEN EENZEGT WUERT, get doriwwer verluer, waat een Verbriechen den Enke vis-a-vis vum Zuchchauffer begaangen huet. Deen Mann huet elo den volle Programm viru sech. Joerelaang Therapie an mat Scholdgefiller eens gin. An wann heen et net packt, dann huet en Existenzproblemer, well dann kann en sain Job net haalen an mat der heuteger Krise kennt den Rest schnell noo.

    Ech haalen et fir gudd dass den Enke depressiv war an dee ganze Blödsin, mee dei Persistenz mat der d’Presse probeiert sain Image oprecht ze erhaalen ass fir mech einfach nemmen fir roosen ze gin. An Depression rechtfertegt nach laang net waat en gemeet huet. Ech huelen mer main Recht eraus fir ze soen dass den Enke mat senger letzter Decisioun en richtegt A*lach war. En Auto an een Baam hätten et o gedoo, an dei Leid di do botzen schaffen freiwelleg. Klengt haard, mee et ass awer esou!

    Wei ech schon engem aanere soot: giff d’Presse net probeieren, su vehemment sain Image ze erhaalen an esou extrem ongerecht vis-a-vis vun den wierklechen/aaneren Affer vun der Geschicht sin, ging ech och net su “krass” driwer schwetzen. Zumools den eenzegen Problem deen ech mam Enke hun effektiv just d’Decision war virun een zuch ze sprangen. Dei eigendlech Aasgeier, sin d’Medien.

  2. November 16, 2009 at 10:24 am

    Also Depressiounen ass scho näischt Witzeges, dat muss ee schon soen! A Läit, déi sech suicidéieren sinn a mengen Aan aarem Schwäin (déi natierlech duerch hieren Akt awer och hieren Familjen vill Leed zoufügen, mee dat ass a mengen Aan kee Choix). Duerfir fannen ech et gutt, dass dat Thema méi an de Blëckpunkt kënt. Mee die Zelebratioun ass einfach over the top an irrational.

    Wat den Zuchchauffeur ugeet, sou misst deen die Saach awer och bëssen méi rational gesinn: et woer NET seng Schold. Wat hätt en dann kéinten man? Näischt. Also soll een dat och esou acceptéieren a net allzevill ‘opféieren’. Ok, dass een bëssen geschockt ass, ass jo normal. Mee awer och kee Grond fir lo joerelaang traumatiséiert ze sinn …

    Wat d’Medien ugeet, sou ass dat deelweis ennert aller Sau: http://www.bildblog.de/13771/werben-mit-robert-enke/ , http://www.stefan-niggemeier.de/blog/lebt-er-noch/ an et gouff nach en aneren Link, deen ech lo net rëmfannen, wou x Firmen mam Enke an der Trauerfeier ‘gelackelt’ hunn …

  3. November 16, 2009 at 5:43 pm

    Hei och nach en Artikel zum Thema an dem ‘Werther’-Effekt: http://www.stefan-niggemeier.de/blog/ueber-enke-und-werther/

  4. denjclaude
    November 16, 2009 at 5:44 pm

    Selbstmord ass a mengen Aaen en Recht wat jidereen huet. Allerdings ass et wahrscheinlech dat egoistescht wat een kann a sengem Liewen machen. Wann een sech schons wellt embrengen, dann dach esou dat een esou weineg ewei meiglech Onschëlleger mat eran zitt.

    Wat den Zuchchauffer ugeet, jidereen huet schons ongewollt een Deier mam Auto iwerrant an et konnt een neischt machen. Da stellt Iech elo emol fier dat passeiert Iech mat engem Mënsch. Rationaliteit hin oder hier, ech hun Zweifelen dat ech duerno nach je keint a weilt fueren.

    Den Robert Enke huet d’Bühn ob dei mier en gehuewen hun an ob deer en stung an en Koup geheit. Mier gesinn elo dohannert an dat wat mer gesinn gefällt eis nët. Een Mensch mat esou vill Erfolleg a Suen muss dach zefridden a glëcklech sinn! Hien huet mat sengem leschten Akt en Deel fun eisen Hoffnungen geholl an eis Illusioun zersteiert.
    Och dat ass net rational, mee firwat gin dann Staren esou ugehimmelt? Well jidereen wellt sinn wei sie. Deem geet et dach bestemmt esou vill besser ewei mier, denken der vill. D’Medien gauckelen eis dat dann och nach fier. Vergiess gett wat esou en Erfolleg un Ustrengung, Wëllen an perseinlechen Opfer kascht.

  5. November 16, 2009 at 5:48 pm

    jclaude:

    > Allerdings ass et wahrscheinlech dat egoistescht wat een kann a sengem Liewen machen

    Wahrscheinlech. Opwuel alles irgendwéi egoistesch ass. Mee et ass wuel och mat dat verzweifelst, wat ee maachen kann.

    > Rationaliteit hin oder hier, ech hun Zweifelen dat ech duerno nach je keint a weilt fueren

    Am Ufank, jo, kann ech mer virstellen. Mat der Zäit vergeet dat awer nees. De Mënsch gewinnt sech un alles an all Schrecken verléiert mat der Zäit un Intensitéit. Ass jo och gutt sou.

    > Hien huet mat sengem leschten Akt en Deel fun eisen Hoffnungen geholl an eis Illusioun zersteiert

    An d’Mënschen traueren lo em déi Illusioun oder wéi? Ech gesinn net d’Relatioun tëschent deem do an dem Verhalen vun de Läit … ?

    > Vergiess gett wat esou en Erfolleg un Ustrengung, Wëllen an perseinlechen Opfer kascht.

    Dat stëmmt absolut! Fir all Star ginn et der dausenden, déi op der Streck bleiwen! Mee vun deenen schwätzt jo keen … resp. déi tauchen och oft an den Suicide-Statistiken op. Just, dass dat keen wees an keen interesséiert.

  6. denjclaude
    November 16, 2009 at 6:09 pm

    “An d’Mënschen traueren lo em déi Illusioun oder wéi? Ech gesinn net d’Relatioun tëschent deem do an dem Verhalen vun de Läit … ?”

    Ech wees et net. Et ass dei eenzeg Erklärung dei mier agefall ass fier dat Verhalen ze erklären.

  7. Arlesienne
    November 17, 2009 at 3:37 am

    Grommel, ech sinn der Meenung dat d’Zäit leider net all Wonnen heelen kann, och wann et am Sproch esou heescht an dat och de beschten Therapeut keng Wonner ka bewiirken.
    Soss hätt den Enke sech net virun den Zuch gehäit.
    Traumatesch Erliewnësser kënnen nach no Joeren a Joerzingten mat derselwechter Intensitéit héichkommen, dat as secher individuell verschidden, awer si begleeden de betraffene Mensch bis zum Enn.
    Verschidde Leit ginn domat fäerdeg, anerer leider net.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: