Home > Luxembourg, Wired world > LuxDSL.

LuxDSL.

November 17, 2009 Leave a comment Go to comments

Freck, Lëtzebuerg ass jo wierklech lues an deier … am Verglach. Bei eis kritt een fir dee Präiss 2 Mbit?

Categories: Luxembourg, Wired world
  1. November 17, 2009 at 2:48 pm

    Dozou muss een awer soen, datt déi Geschwinndegkeeten an Däitschland net onbedéngt real sinn. Dat sin theoretesch Volumen. Vill Ubidder schwätzen och vun “bis zu 16 Mbit” Ech sinn zB bei Tele2, bezuelen eng 1600er Leitung, kréien awer gréisstendeels just 800 eraus. Zu Letzebuerg get awer zumindest dat agehal, wats de bezills, oder? Mee natierlech sinn Präisser am Verglach zum Ausland immens deier.

  2. November 17, 2009 at 4:32 pm

    Ech bezuelen £5 de Mount fir eng 10MBit/s Leitung. Dat ass dat LUESTEN wat een hei kritt. An ech lueden konstant mat 1,2 Megabyte/s erof. Wien méi eng lues Leitung hätt, wier awer hei och vun allem ausgeschloss, well all déi (gratis) On Demand Plattformen vun de Fernsehsenderen esou Leitungen eben verlaangen. Du kanns der keng HD Telé iwwert eng 2Mbit/s Leitung streamen. An du léins der och keen Film online aus, wanns de muss véier Stonnen waarden bis en erofgelueden ass.

    Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Innovatioun. Et ass technologesch gesinn een drëtt Welt Land. Dofir sinn Apple, Amazon an all déi aner och garantéiert direkt fort, soubal d’Direktiv a Kraft trëtt an et keng steierlech Virdeeler méi zu Lëtzebuerg ginn.

  3. Pol
    November 17, 2009 at 8:54 pm

    also zu letzebuerg kann och dPost nii dei versprachen 2Mbit brengen (also bai mier = Kanton Veianen)
    an Daitschland sen ech bai Vodafone, an do ass et sou daat ech och dei “bis zu 16Mbit” hun. Dei kann ech awer nii ereeschend 8Mbit moies sen realisteg, owes vlaischt na 2Mbit… fir 20eur dei eischt 12 meint (duerno 30)

  4. pa
    November 18, 2009 at 11:28 pm

    An der Staad hun ech bei VO (also och rem Post) 8 Mbit. Déi erreechen ech zwar net oft, mee sin awer méiglech (speedtest.net). Mee de Präiss ass wirklech net ohne, am Verglach mam Ausland.

    Wann ee (RTL?) ging den VideoIwwertInternet ausbauen (net nëmmen de Webstream) oder d’Post mat hirer Telé ging Konkurrenz kréien, da gingen d’Vitessen bestëmmt och ausgebaut gin.

  5. November 19, 2009 at 1:21 pm

    Thierry, mir sinn hei bei Virgin an kréien am Duerchschnëtt 1,8 Mbit raus. Wat eis Leidung wierklech soll brengen wees ech mol nët, mä et geet awer effektiv nach vill méi lues wéi 10 Mbit hei am Land, ausser du hues just vun England selwer geschwat. An et geet souguer nach duer fier 4 Leit, och wann een oder zwee Leit iPlayer (HD) kucken.

  6. November 19, 2009 at 1:23 pm

    Sorry, hun nach eppes vergiess:

    “Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Innovatioun. Et ass technologesch gesinn een drëtt Welt Land. Dofir sinn Apple, Amazon an all déi aner och garantéiert direkt fort, soubal d’Direktiv a Kraft trëtt an et keng steierlech Virdeeler méi zu Lëtzebuerg ginn.”

    Denk drun, dass dat wat mir als Privatleit kréien nach laang nët dat ass wats de als Firma ugebuede kriss.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: