Home > Gesellschaft, Wired world > Informationen essen Aufmerksamkeit.

Informationen essen Aufmerksamkeit.

November 18, 2009 Leave a comment Go to comments

A mengen Aan en liesenswäerten Artikel: ‘Mein Kopf kommt nicht mehr mit‘.

Ich will sagen: Weder bin ich der Amish des Internet-Zeitalters noch ein technologischer Einsiedler. Aber etwas stimmt nicht mehr. Mein Kopf kommt nicht mehr mit. Zwar bilde ich mir ein, dass ich meinen Gesprächspartnern ebenbürtig bin, und ich habe nicht den Eindruck, dass ich heute weniger von der Welt verstehe als früher.

Aber das Problem ist meine Mensch-Computer-Schnittstelle. “Das Hirn ist nichts anderes als eine Fleisch-Maschine”, hat leicht verächtlich Marvin Minsky, einer der ersten Forscher auf dem Gebiet der künstlichen Intelligenz, schon vor Jahrzehnten gesagt. Und meine “Fleisch-Maschine” ist offenbar nicht mehr besonders gut.

Wir alle, die wir auf die gläsernen Bildschirme starren, sind Menschen bei der Fütterung; wie die stolzen Besitzer von Terrarien, die Nahrungswolken auf die unsichtbaren Tiere in ihren Glaskästen herabregnen lassen. Es ist eine Eile dabei, als könnte etwas verhungern. Ich habe das Gefühl, dass die Menschen, die ich kenne, immer schneller erzählen, gerade so, als könnten sie nicht damit rechnen, dass genug Zeit bleibt, ihnen zuzuhören, weil die Informationskonkurrenz so gewaltig ist.

Net dass dat lo eng ganz nei Erkenntnis wier! Mee et schéngt nach ëmmer schlëmmer ze ginn. A ween huet dat nach net selwer schon sou erliewt? Ok, die ‘Jonk’ villäicht nach net … well sie domadder opgewuess sinn. Oder die ganz Aal well déi an hierer eegener, vergaangener Welt liewen. A souwiesou hunn déi schon ëmmer gesot, dass alles méi séier gët! Mee nach nie haten se sou Recht wéi haut.

Interessant ass och déi Iwwerleeung hei:

Schulen müssen Computer als Instrumente integrieren, die Schüler nicht nur benutzen, sondern über die sie nachdenken müssen. Sie müssen erkennen lernen, dass die verführerische Sprache der Computer nur Instrumente bereithält, dafür da, um dem Menschen Denken und Kreativität zu ermöglichen.

Categories: Gesellschaft, Wired world
  1. November 18, 2009 at 7:16 pm

    Ech mengen, ganz vill Leit hunn et verléiert, Rou ze fannen. D’Mënschen kënnen net méi ouni deen Informatiounsfloss liewen. Jo, ech genéissen deen Informationsfloss, an awer ass et esou angenehm muenchmol een Dag den Computer einfach auszeloossen, trëpplen ze goen, en Buch ze liesen, oder einfach nemmen do ze setzen an iwwert säi Liewen nodenken. Mäi Gehier kéim wahrscheinlech och net méi mat, wann ech em net emmer erem géing eng Paus gönnen.

    Ech hunn als klengt Kand Hörpsiller op Placken gelauschtert, krut dunn iergendwann fir Ouschteren eng Kéier en Kassetterekorder, dunn een Discman (d’Battrie huet et knapps duerch eng CD gepackt!), dunn een MiniDisc an schlußendlech een iPod. Ech kann also duerchaus behapten: ech hunn de komplette Spektrum matgemaach, ech sinn mam Fortschrëtt opgewuess. An och wann ech mech net un eng net-technologesch Zäit kann erënneren: muenchmol ass et zevill. Ech hunn mech bal en ganzt Joer zréckgezunn vum Bloggen, Twitteren etc. An eréischt dunn hunn ech geléiert, moderat mat deenen Medien emzegoen. An d’Saach ass: déi meescht Leit huelen sech déi Zäit net, fir ze léieren mat eppes Neiem emzegoen. An et ass keen do, deen hinnen et géing bäibréngen.

  2. November 18, 2009 at 7:30 pm

    Jo, ech hunn Schwieregkeeten Rou ze fannen. Ech gi mer se awer heiandsdo gezielt sichen (soit duerch Spazéieren goen oder, méi extrem, en Weekend am Klouschter). Allerdëngs muss ech dann och wierklech keen Zouganz dozou hunn, soss sinn ech nees tentéiert …

    A Bicher liesen ech och extrem gären. Mee do kënt och schon bal bëssen Stress op. Et ginn esou vill interessant Bicher, dass ech se éischter verschlëngen, wéi genéissen … ëmmer op der Sich no Neiem. An et kéint een jo eppes verpassen.

    De Problem mat ‘sech Zäit huelen ass’, dass een (ech opmanst) d’Gefill huet, dass wann een sech Zäit léisst, da giff een sou vill aner ‘wichteg’ Saachen ongenotzt laanschtzéien loosse oder et kéint een dach sou vill aner interessant Saachen amplaz man etc.

    Kee Choix ass schlecht.
    E bëssen Choix ass gutt.
    Zevill Choix ass nees schlecht. Well et soit paralyséiert oder onzefridden mécht.

    Den Trick läit wuel doranner fir irgendwéi säin eegenen Choix ze begrenzen, domadder zefridden sinn an dann ze genéissen …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: