Home > Sport > Les Bleus.

Les Bleus.

November 19, 2009 Leave a comment Go to comments

Die Blo schéngen nach ëmmer méi schwaarz ze ginn, wann een d’Spiller vun der Equipe kuckt … Just eng Feststellung, keen Urteel.

Dovunner ofgesinn sinn se allerdéngs nees onverdéngt weider komm. Mat dem Fund wäerten se jo da lo Weltmeeschter ginn.

Categories: Sport
  1. November 19, 2009 at 6:48 pm

    Wat ass dann dat fir een rassistesche Kommentar?! Wanns de hieren Sieg fir spilltechnesch onverdéngt hälls kanns de dat jo och festhalen, ouni iwwer Hautfaarwen ze schwätzen. Dass et iwwerhaapt nach Leit, ginn, déi op Hautfaarw kucken mécht mech emmer erem traureg.O_o

  2. Tom
    November 19, 2009 at 7:06 pm

    wann ech et richteg matkritt hunn, haaten eis franzéisch Nooperen awer kuerz virdrun en 100% 11-meter net kritt, vun dohier…

    …an d’Iren haate genug Méiglechkeeten an den 90 Minutten schons de Saack zou zemaachen. An dann ass et wéi et am Fussball eben ass: wanns du kee Goal méchs, mecht däi Geigener se. Lächerlech fannen ech eigentlech dass d’Iren lo wellen dass de Mätch fresch gespillt gett, wuel nach nie d’Regel 5 vum Fussball gelies. -_-

  3. November 19, 2009 at 7:43 pm

    Jeje, mir ass just opgefall, wéi ech eng Foto vun der Equipe gesinn hunn, dass se an der Tëschenzäit quasi uniforme schwaarz ass. Dat woer, wéi ech schon gesot hu, eng Feststellung. Keen Urteel.

    An et deet mer leed, mee sou eppes fällt nach ëmmer op. Die grouss Majoritéit vun Frankräich ass nach ëmmer wäiss, also fällt et schon op wann die grouss Majoritéit vun hierer Nationaléquip schwaarz ass. Mee die Bescht sollen jo spillen. An dat schéngen jo dann net die ‘traditionell’ Fransousen ze sinn. Dat woer meng Feststellung, dat ass alles.

    Dat huet awer alles näischt mat dem zweeten Paragraph ze dinn, wou jo och steet ‘dovunner ofgesinn’. Den Henri huet sech awer net dichteg verhal, dat ass einfach sou. An dobäi spillt keng Roll op en schwaarz oder wäiss ass.

  4. November 19, 2009 at 7:45 pm

    Ech sinn dofir, fir generell den Videobeweis wéi am American Football zouzeloossen. Da wieren suwuel den 11m wéi d’Handspill kloer gewiescht.

  5. Tom
    November 19, 2009 at 7:49 pm

    Videobeweis jo, mee dann w.e.g. mam Zousaatz wéi am Tennis, dass all Equipp an dësem fall nemmen eng gewessen zuel kritt (2 oder 3 mol am mätch) wou se e Videobeweis dierfen fuerderen. soss gett all 2 Sekonnen no engem Videobeweis geruff an dat mech menger Meenger no de Football dann och erem futti.

  6. November 19, 2009 at 7:50 pm

    Jo, sou eng Limitatioun mëcht Sënn.

  7. November 19, 2009 at 11:06 pm

    Wat ass dann een “traditionellen” Fransous? Bal d’Hallschent vun der Bevölkerung ass net-wäisser Ofstamung!

    It is currently estimated that 40 percent of the French population descends from these different waves of migrations, making France the most ethnically diverse country in Europe.

    (a href=”http://abcnews.go.com/International/story?id=1280843″>Qell)

  8. November 20, 2009 at 2:19 am

    näischt fir ongutt. an ech sinn och net fir dem Chris seng Systematesch Antireaktiounen géint dech, well ech villes hei respektéieren, an ech fannen dass de Chris heiansdo e bessen impulsiv ass.

    Mee: hues du scho mol iwwer professionnell Hellef noogeduecht?

  9. November 20, 2009 at 9:13 am

    An dat heescht, dass den Duerchschnettsfransous lo en Schwaarzafrikaner ass … ?

    Well an der aktueller Formatioun sinn 7 vun 11 Spiller schwaarz. An dat ass fir mech KEE Problem! Vu mir aus kéinten do 11 Marsmännercher spillen. Ech stellen just fest, dass die Schwaarz an der franséischer Nationaléquip par rapport zum gesellschafltechen Duerchschnett iwwerrepräsentéiert sinn (während se op aneren natierlech ënnerrepräsentéiert sinn).

    Genau sou erstaunt sinn ech, wann ech, zb, eng südafrikanesch Equip (Sportart X) gesinn, wou majoritär Wäisser sinn. Dat ass alles.

    Kee Grond ëmmer direkt mat der Rassismus-‘Keule’ ze kommen …

  10. November 20, 2009 at 9:14 am

    Huh?

    Professionell Hëllef? Fir wat fir e Problem?

  11. Tom
    November 20, 2009 at 3:45 pm

    Trotzdem gett et nach e wéideren Problem mat dem Videobeweis. Football gett iwwerhall d’nämlecht gespillt! Et huet een jo schons d’Obreechung bei den eenzelnen Verbänn gesinn, wéi an Däitschland en Arbitter 2 giel Kaarten gläichzäiteg gewissen huet. Do koumen nawell vill Ureff un den DFB, d’FIFA an d’UEFA ob dat eng néi Regel wäer.
    Also wann de Videobeweis agefouert gett, kann een net soen: “dat gett nemmen bei internationale Mätcher gemaach”, wann dann iwwerall. An do ass schons de Problem. Wéi wells du zB zu Lëtzebuerg e Videobeweis aféieren. Den RTL schafft et alt mol fir all Woch op eng 2 Footballsterrainen mat je 1 Kamera zegoen. A wa mer esou e “Problem” schon am Härz vun Europa hunn, wéi wells de et dann a Südamerika oder Afrika emsetzen?
    De Videobeweis ass gudd, wäert och irgendwann eng Kéier kommen… mee momentan ginn et eben nach vill zevill Problemer fir dat Ganzt emzesetzen.

  12. Tom
    November 20, 2009 at 3:47 pm

    well de Kommentar iwwert d’Hautfaarf vun de Spiller nawell zimlech krass, an eigentlech iwwerflesseg war/ass?

  13. November 20, 2009 at 5:05 pm

    Wat ass dorunner krass festzestellen, dass die franséisch Nationalequipe emmer méi schwaarz gët? Dat ass einfach e Fait, eppes wat mer opgefall woer. Well et numol sou ass. Et woer keen Urteel. Wéi ech schon am Post geschriwwen hat.

    Ass all Bemierkung, déi mat Hautfaarw zesummen hänkt, automatesch rassistesch oder wéi?

    An villes op der Welt ass usech iwwerflësseg. Wa mer sou ufänken huet jidereen wuel besser de Bak ze halen😉

  14. G.
    November 22, 2009 at 8:05 pm

    An wat huet lo d’Hautfaarw vun den franseichen Nationalspiller domadder ze din dat sie onverdingt (?) gewonn hun?

  15. November 23, 2009 at 11:39 am

    Ween huet gesot et hätt eppes domadder ze dinn?

  16. November 30, 2009 at 3:44 pm

    Ech hoffen, dass Frankraich gewennt. An dass se dann dei nächst zwee Meint bei dir am Gaart feieren. : )

  17. November 30, 2009 at 3:47 pm

    Firwat hoffs de dat?

    Well dat mech nerven géiff? Dat giff et mech en effet. Zumools wann d’Frontalieren net méi giffen ophalen mat téinen …

    A nach eng Kéier: ech hu näischt géint Les Bleus per se (egal op se wäiss, schwaarz, gréng oder blo sinn). Ech hu just eppes géint Fuddler (egal op se wäiss, schwaarz, gréng oder blo sinn).

  18. Bob
    November 30, 2009 at 6:20 pm

    An den Franzous fuddelt, well do vill Schwaarzer spillen? Well de Neger ass jo vun Natur aus méi staark, en hallewt Déier esouzesoen, mä awer och en Fuddler.

  19. November 30, 2009 at 6:32 pm

    Bob:

    Huet irgendeen dat behaapt? Wann jo, da wéis wgl wou!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: