EU-Präsident?
Wéi soll dat lo eigentlech goen? Wéini kontaktéiert zb en Obama lo den Van Rompuy a wéini d’Merkel, den Sarko oder den italieneschen Playboy resp. wéini an concernant wat fir Sujet’en schwätz den EU Präsident lo fir déi aner?
Advertisements
Categories: Politik
Ma Grommel wat kanns du do fir Froe stellen? Haaptsaach ass dach, mir hu lo e Präsident. Wat deem seng Aufgabe sinn, dat kucke mir speider.
En ass souwisou just e Frühstücksdirektor. Dofir hunn Sarkozy, Brown a Merkel jo gesuergt. E schwache Mann, deen de Bak hällt. Dogéint huet eise Jean-Claude 2 Feeler: En huet eng eege Meenung an e mecht dei och nach publik.
War alt nees keng Reklam fir Europa. Nemme gemauschels a keng Transparenz. Jidderee kuckt just no nationalen Interessen statt nom grousse Ganzen. Kee Wonner datt d’Bierger d’Flemm mat Europa hunn.
Den EU-President resp. den EU “Ausseminister” sinn déi 2 Stemmen déi Europa an der Welt solle vertrieden. Also wäert den Obama schons dem Van Rompuy an dem Cathy Ashton séng Telefonsnummeren a säi BlackBerry späicheren 😉
An de Van Rompuy kruut wahrscheinlech gréisstendeels d’Ennerstetzung vun Sarkozy a Merkel, well hien wéi sie kategoresch géint en Beitrett vun der Tiirkei ass. Mee bon, Charisma huet weder den Van Rompuy, nach d’Cathy Ashton an och kee Jean-Claude Juncker gehaat.
Gudd Fro, wert ob d’Fro ukommen dei en huet. Wann en Truppen brauch, wert nach wie vor den Telephon zou London oder Warschau rabbelen. Wann e Suen brauch rabbelten en zou Frankfurt. Huelen dann emol un bei deenen aneren wichtegen Froen wert en dann beim Van Rompuy nofroen lossen.
Muss soen ech sinn liicht entäuscht. Ech hat d’Hoffnung net ganz obginn dat et awer en bessen mei en starken Charakter geif gin. Et ass sech, wei ugedeit ob den klengsten gemeinsamen Nenner geenegt gin. Neischt geint de Van Rompuy, mee wei soll deen sech geint Sarko, Brown, Merkel oder eisen Juncker duerchgesaat kreien? Me et ass jo och fleischt just dorems gangen, datt et een gett deen esou mann ewei meiglech zum Onwee ka machen…
Och wann d’Press et fir d’Frecken net kapéiert: Mir hunn weder en EU President nach een EU Ausseminister. A weder dem van Rompuy nach der Ashton hier Positioun ass eng nei. Derzäit hunn mer den Burzek an de Solana an deene Positiounen.
Wann een et ewéi de Kennedy hëllt, bleiwt alles beim Alen, deen sot nämlech deemols, den High Representative (wat eben momentan nach den Javier Solana ass) wier d’Änwert op d’Fro wien den Telefon géing ophiewen wann Amerika Europa urifft.
Usech ass et schon en EU-Ausseminister, en dierf just net sou genannt ginn 🙂 De Buzek ass Präsident vum Europäesche Parlament, hei geet et jo awer em de Rotspräsident.
Déi 2, déi mer elo do setzen hunn, sinn op allefall u Profillosegkeet kaum ziwwerbidden. Do ass eise JCJ jo e richtege Rockstar dogeint. Mee ech denken, dat war duerchaus esou gewollt. Wat d’EU Personalien méi zreckhalend sinn, wat Sarkozys, Merkels & co nach emmer méi ze soen hunn, an dorems ass et hinne gaang. De JCJ war halt en Tick ze onbequeem.
Thierry: Genau. Merci. Den eenzegen Ennerscheed ass, dass EU Rots President vun lo en net méi oofwiesselnd besaat gett, mais eng permanent (an geiwelten) Positioun huet. (Den momentanen President ass den Fredrick Reinfeldt. Den Buzek ass President vum EU Parlament.)
Grommel: Den Obama rifft dei Instanz un dei en grad brauch. Do gin et ca. eng Millioun verschidde Fäll. Wann e well dass Produiten (z.B. Iessen an Gedrenks) aus den USA manner Taxen sollen baim Import an d’EU bezuelen, dann rifft en bai d’EU un. Wann en just well manner Taxen ob Produiten fier an Italien (z.B. Kondomer an Zigretten), dann rifft en bai de Silvio un…
@ Thierry an Nic: Wann et esou einfach wier: De Buzek (net Burzek) ass President vum Europaparlament; deen huet näischt mat deenen zwee Posten ze dinn. De President vum Europäesche Conseil ass effektiv elo op 2 1/2 Joer festgeluecht. Allerdings gëtt et weiderhin de President (oder villméi d’Présidence) vum Conseil vun der Europäescher Unioun, d.h. de Virsëtz vun alle Fachminister-Conseilen, an dee rotéiert weider monter am Semesterrhytmus weider. An engem Mount z.B. ginn d’Schweden deen u Spuenie virun…
@ Nic
Also an dengem spezifesche Fall rifft den Obama hechstwahrscheinlech bei der WTO un a wuel net bei der EU.
Tom: Jop. Meng Beispiller sin och ent mei waat se mol waren.
Immigratioun wier eng Besser Illustratioun gewiecht.