Archive

Archive for December, 2009

Kanner, denkt drun!

December 28, 2009 Leave a comment

Maacht nie de Geck mat Läit, déi eng Glatz hunn. A scho guer net, wann se Prophéiten vun eiser Här sinn:

Advertisements
Categories: Fun, Religion/Philosophy, Video

Zuelespillerei.

December 28, 2009 1 comment

Esou Saachen irritéieren/nerven mech …

Fir d’éischt gët behaapt: Die Dax-Konzerne haben 2009 massiv Stellen gestrichen. Allein in Deutschland bauten die Unternehmen mehr als 45.000 Jobs ab, weltweit waren es sogar mehr als 116.000.

Duerno gët awer zouginn: Immerhin, einige Großkonzerne haben die Zahl ihrer Mitarbeiter erhöht. Unter dem Strich bleibt allerdings ein dickes Minus. Selbst wenn man alle neu hinzugekommenen Stellen in die Rechnung einbezieht, haben die Dax-Konzerne allein in Deutschland im Saldo knapp 18.000 Arbeitsplätze abgebaut.

18’000 Aarbechtsplaatzen sinn natierlech ëmmer nach en Koup an vill ze vill. Mee kënt et net usech doropper un, wat ënnert dem Strëch bléiwt? An dat sinn awer ëmmer hin 60 % manner Verloschter wéi nach an der räisserecher Iwwerschrëft ugekënnegt. Kënt SpOn wierklech ëmmer méi op Bild-Niveau?

(source)

Categories: Gesellschaft, Medien

Critical Thinking.

December 27, 2009 5 comments

Alt nees gutt erkläert vun Qualia Soup:

Categories: Religion/Philosophy, Video

Schéi Feierdeeg!

December 24, 2009 Leave a comment

Ech wënschen jidferengem da mol schéi Feierdeeg!

Egal op een se als Fest vun der Famill, vun der Léift oder vun der Gebuert vun engem kosmeschen Superbaby mat enger Selbstmordmissioun gesäit.

Alles Gudds also.

Categories: Perséinleches

Inception.

December 23, 2009 2 comments

Gesäit interessant aus.

Mee sinn franséisch Synchronisatiounen ëmmer sou schlecht???

Categories: Film, Video

Libertarismus geet ze wäit.

December 22, 2009 43 comments

Den Libertarismus ass jo generell dofir, dass all Mënsch maachen kann, wat en wëll, soulaang e kengem aneren domadder schued. Dat ass jo alles schéin a gutt an die meescht Läit wieren domadder averstan. Mee en ass jo och géint folgend 3 Prinzipien:

– eng paternalistesch Gesetzgebung (Läit mussen eng Ceinture am Auto undoen, zB)

– eng moralistesch Gesetzgebung (Homosexueller däerfen sech net bestueden, zB)

– d’Redistribution vum Akommes vun den Räichen zu den Aarmen (meeschtens a Form vun Steieren)

Mat deenen eischten zwou Oppositiounen kann ech usech nach liewen, zumools mat der zweeter. Allerdëngs fannen ech awer och, dass gewëss paternalistesch Gesetzer gutt sinn an applizéiert solle ginn.

Mee et ass hier Oppositioun zum drëtten Prinzip, deen den Libertarismus a mengen Aan lächerlech, asozial a suguer, a gewëssen Punkten, mënschenveruechtend mëcht. Sie favoriséiert komplett die Staark an die Räich op Käschten vun deenen Schwaachen an Aarmen. En plus sinn die éischt dat oft op Käschten vun deenen zweeten ginn. Duerfir ass et a mengen Aan komplett gerechtfertegt, dass en Deel vum Benefice, deen d’Läit maachen, fir d’Allgemeinheet benotzt gët an sou jidereen, oder die meescht, eenegermossen gerecht ‘bezuelt’ ginn (wann och indirekt). En plus erméiglecht et hinnen en menschenwürdegt Liewen ze féieren (zb duerch gratis Edukatioun, Parken, Stroossen, etc) an et ass och, zu engem gewëssen Grad, secher gestallt ass, dass sie an (zb medizineschen) Noutsituatiounen ënnert d’Ärm gegraff kréien.

Just op fräiwëlleger Basis giffen déi Räich an Staark nie an deem Mooss hëllefen. Duerfir fannen ech Steieren e Kompromëss mat deem a mengen Aan jidereen misst kënne liewen. Wann en net komplett egoistesch an äiskaal ass.

An dann nach eng Fro un d’Liberterianer (seet een dat sou?): ass et ok an Noutsituatiounen ze klauen oder ass dat och falsch a misst bestrooft ginn?

Categories: Gesellschaft, Politik

E wichtege Mann.

December 21, 2009 5 comments

De Pit Biever an dësem Fall. Op alle Fall muss een zu der Conclusioun kommen, wann een dësen ‘Hollywood Reporter’ op RTL seng immens Geschichten (oft mat sech selwer als op engem Niveau mam jeweilegen ‘Star’) erzielen héiert. Ween hien alles kennt! Wou hien schon alles woer! An en plus ass en Lëtzebuerger Konsul dohannen!

Wow.

Categories: Luxembourg, Medien