Home > Natur, Video > Spillen.

Spillen.

December 1, 2009 Leave a comment Go to comments

Nët nëmmen d’Mënschen spillen gär (nët dass dat lo wierklech nei wier):

Déieren sinn definitiv méi sophistikéiert wéi vill Läit sëch dat laang Zäit wollten agestoen (haaptsächlech wuel och, well se vun hinnen profitéiert hunn resp. se giess hunn). Sie kënnen zwar keng Rakéiten erfannen, mee sie sinn an hieren Limiten clever an schéngen och fäheg ze sinn hiert Liewen ähnlech genéissen ze kënnen wéi mir. Well die Otteren man dat jo offensichtlech well et hinnen Spaass mécht. A net just esou.

D’Ennerscheeder tëschent all dësen organeschen Maschinnen, egal op Mënsch oder Otter, schéngt fléissend.

An deem Kader, pour info:

09/12/09 18:30
‘Können Tiere denken?’
E Virtrag vum Prof. Glock
Am Musée National d’Histoire Naturelle, Luxembourg

Categories: Natur, Video
  1. December 1, 2009 at 8:58 pm

    Spillen huet jo een ganz konkreten Zweck: et hëlleft déi eegen Grenzen auszetesten an säin Kierper kennen ze léieren. Dass dat Spaass mécht, ass een evolutionären Trick fir dass een et och weidermécht. Natirlech gëtt dat bei de Mënschen dann weider gedriwwen, an et geet net méi drëm seng eegen Grenze z’erkennen mä et gëtt probéiert deen Spaassfaktor och duerch aner Methoden ze kreéieren.

    Spillen ass een Instinkt – well ausser eis ‘Great Apes’ ass keen Déier sech senger selwer bewosst (an de Mënsch kritt säint Selbstbewosstäin och eréischt tëscht 18 an 24 Méint, mä en spillt schon virdrun).

  2. December 2, 2009 at 9:17 am

    OK, dat mam Zweck vum Spillen stëmmt natierlech. Och wann et bëssen onromantesch ass😉 Mee sou ass d’Liewen jo halt, wann een et rational on objektiv kuckt.

    Wat d’Selbstbewosstsinn vun Déieren ugeht, sou hunn ausser den Great Apes och nach Delphiner, Elefanten, Elsteren an anscheinend suguer Schwäin(!) den Mirror Test bestan. A villäicht sinn et der nach méi, wann een net nëmmen iwwert en visuellen Test giff fueren.

    A suguer Déieren, déi den Spigeltest net packen, mussen jo awer irgendwéi hierer selwer bewosst sinn, soss kéinten sie sech jo net seler am Raum bewegen, hätten keng Mémoire, etc … oder sinn se awer just eng Zort organësch Roboteren (mee da si mer der och, just méi sophistikéiert)?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: