Home > Video, Wired world > Omm.

Omm.

December 8, 2009 Leave a comment Go to comments

Ommwriter: e neien, ziemlech brillianten Zen-Texteditor (fir Mac).

Perfekt fir zb Gedichter ze schräiwen oder einfach Gedanken festzehalen.

Wat haalt der dovunner?

ps. perséinlech hunn ech d’Ambient-Musek zwar séier ofgeschalt, mee bon, affaire de gôut huelen ech un.

Categories: Video, Wired world
  1. December 8, 2009 at 11:14 pm

    Ech fannen et witzeg, daat se soen, du bass alleng mat denge Gedanken an dann wéisen se, wéivill Anstellungsméiglechkeeten fir de Klimbimm een huet. D’Idee fannen ech bei DarkRoom bzw. WriteRoom besser emgesaat. Virun allem d’Tippgeraischer géife mech enorm stéiren, meng Tastatur mescht jo schon Kaméidi, wiesou sollt ech nach méi dovunner wellen? Mä bon, et huet jo secher jiddereen seng aaner Methoden, fir kreativ ze ginn.

  2. December 8, 2009 at 11:27 pm

    Déi Astellungen mëss de eng Kéier an da brauchs de dech jo net méi drëm ze këmmeren.

    Write/Darkroom sinn natierlech ähnlech Programmer, mee perséinlech fannen ech deen hei nach méi schéin/zen. En plus ass et cool, wells de deng Box innerhalb vun der Ommwriter-Säit vergréisseren resp. verklengeren kanns, wéi s de wëlls.

    An die Tippgeräischter sinn optionell (a si sinn mol net par défaut un, duerfir wonnert et mech, dass se am Video sinn, villäicht sinn et jo d’Geräischter vun der eigentlecher, physescher Tastatur vun deem deen am Video tippt?).

    De Video ass net immens gutt gemaach. Et selwer probéieren ass natierlech vill besser (wann een e Mac huet) a menger Meenung no méi iwwerzeegend.

  3. December 9, 2009 at 12:16 am

    Nujee, bleiwt et bei der enger Kéier? Oder ass een net verleed, stänneg eremzespillen?
    Mä et ass wuehl eng Affaire de Gout. Ech braischt et nët. Mä ech hunn och kee Mac.

  4. December 9, 2009 at 1:20 am

    Ech benotzen en schon eng Zäitchen, an mir gefällt en. Ech loossen och d’Tippgeräischer ageschalt. Am Beschten ass et awer, et huet een d’Kopfhörer un – an gudd Kopfhörer, mat deenen een dat eigentlecht Tippen vun den Tasten net héiert. Ech perséinlech verléieren mech jiddefalls zimlech séier an deem Programm an tippen nëmmen esou drop lass. Fir mech ideal fir an de Flow ze kommen.

  5. December 9, 2009 at 9:40 am

    Joel:

    Op et bei enger Kéier bleift, läit un dir😉

    Thierry:

    Ech muss et och eng Kéier mat Kopfhörer probéieren dann. Sie selwer recommandéieren dat jo och.

  6. Ech
    December 9, 2009 at 6:37 pm

    Definitiv onspektakulär. Sou eppes kann och just Mac-Leit beandrocken, sorry.
    Dat Bäscht fir ze schreiwen ass nach ëmmer mäin gutt, aalt Moleskine.
    Wann een wierklech wëll um Computer schreiwen bréngt et en sténknormalen Editor och, do kann een och seng Schrëftart an d’Schreftgréisst änneren, an wéi een d’Tippgeräicher wegkritt huet den Thierry jo beschriwwen. Ah, an wann et ëm d’Hannergrond-Bild geet, dat kréien mer sécher och nach iergendwéi hinn.

    Oder ass et, well een just op 1 Knäppchen drécken muss dan ass alles aanescht?😉

  7. December 9, 2009 at 6:42 pm

    Ech:

    An du bass natierlech d’Referenz, wéi een am Beschten schräiwt oder ze schräiwen huet an wat spektakulär oder onspektakulär ass?😉

    En plus forcéiert dech jo keen sou en Programm ze benotzen. Du kanns jo och ganz künstler-clichéhaft weiderhin däin Moleskin benotzen🙂

    Wat awer net heescht, dass aner Läit esou en Programm um Computer net appreciéieren kënnen.

  8. December 9, 2009 at 7:09 pm

    Nujee, esou een Programm ze benotzen an iwer Moleskine ze lästern, ass irgendwéi och net esou ganz integer, oder? Gudd, de Gedanken mat de Macbnotzer ass mir och komm, mä ech mengen mettlerweil gesait all Betriebsystem aus, wéi wann et an Jelli gegoss wier.

    Ech haalen et mam Woody Allen: Whatever works.

  9. December 9, 2009 at 7:12 pm

    Ok, wéi wier et mam gudden, alen Affaire de Goût?🙂

  10. December 9, 2009 at 7:15 pm

    Joel:

    A verstéi mech net falsch, ech hunn näischt géint de Moleskin an ech hat eng Kéier zwousch eng Säit gesinn mat Moleskin-Notizbicher, déi voll mat fantasteschen Illustratiounen, Texter, etc woeren. Déi haten natierlech en enormen Charme.

    Ech giff soen, suwuel digital wéi analog hunn hier Atout’en. Firwat soll een sech op eppes beschränken?

  11. December 9, 2009 at 11:22 pm

    Soen ech jo net. Whatever works eben.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: