Home > Gesellschaft, Luxembourg > De Lëtzebuerger Dram?

De Lëtzebuerger Dram?

December 10, 2009 Leave a comment Go to comments

Ech hu festgestallt, dass an der Läscht ëmmer méi vu mengen Frënn, oder och soss Läit, déi ech kennen, wéi ech selwer bei de Staat gewiesselt resp. direkt do ugefaangen hunn. Dat ass sécher keng nei Entwécklung, mee sie ass awer trotzdem frappant.

Geschätzten 3/4 (oder méi) vu mengem Familjen- an Frëndeskrees  missten an der Tëschenzäit soit beim Staat oder an der Edukatioun schaffen. Usech jo och kee Problem, au contraire. Déi Läit hunn jo all, zumools an der Carrière Supérieure, op ‘éiweg’ finanziell ausgesuergt (wann se net iwwert hier Moyen’en liewen) a kënnen sech jo wierklech drop konzentréieren d’Liewen (oder opmanst hier Fräizäit) ze genéissen. Well finanziell an Aarbechtsplaaz-Suergen falen jo mol gréisstendeels ewech. Heiandso erschéngt de Staat mer wierklech wéi eng Zort Luxus-Kommunismus innerhalb vun der Gesellschaft.

Duerfir ass et dann emsou méi krass, wann ech aner Bekannten a Frënn gesinn, déi aus deenen verschiddensten Grënn net beim Staat ënnerkommen kënnen an wéi déi heiandsdo struewelen mussen fir iwwert d’Ronnen ze kommen resp. net sécher sinn, wou si an engem Joer wäerten sinn. Do ass dann näischt mat sech direkt en neien 3er BMW oder eng fäin Wunneg/Haus kafen. Obwuel sie, reng vum Effort, sécher opmanst esou vill schaffen.

An natierlech kann een och am Privaten ferme Suen, a suguer nach méi Suen, verdéngen, wann eng Rëtsch Fakteuren gënschteg zesummenfalen. Mee och bei deenen kéint, reng theoretesch, séier nees eng Kéier domadder Schluss sinn. Ok, ausser sie sinn (Zänn-)Dokter oder sou, déi gi jo ëmmer gebraucht.

Par conter, wann ee beim Staat ass, da misst jo schon d’Welt usech +- ënnergoen, fir a ‘Gefor’ ze kommen. A suguer dann giff et eis wuel nach besser goen, wéi deenen meeschten am Privé.

Duerfir bléiwt beim Staat/Gemeng/Edukatioun-schaffen jo wuel op weideres de Lëtzebuerger Dram?

Och wann dat sech, à la longue, wuel schlecht op d’Land usech auswierken wäert (keng Innovatioun, Kreativitéit, etc déi vun Lëtzebuerger kënt). A wäerte net generell eng Rëtsch vun eisen Lëtzebuerger Illusiounen demnächst platzen, wa  Lëtzebuerg bis all seng Privilégien verléiert, déi et him joerzengtelaang erlaabt hun, wéi d’Made am Speck ze liewen … ?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. December 10, 2009 at 10:52 am

    De Letzebuerger Dram oder de sechere Wee.🙂

  2. December 10, 2009 at 10:59 am

    Die meescht Läit hu Sécherheet gären. Duerfir kucken se jo all bei den Staat ënnerzekommen. Dat kann een jo kengem verdenken.

    Allerdëngs erginn sech dorausser eng Rëtsch potentiell Problemer, wéi ech am Post undéiten wollt. Hues du dozou en Kommentaire?

  3. denjclaude
    December 10, 2009 at 3:17 pm

    Ech hun dat do och ennert mengen Frenn an Bekannte festgestallt. A wanns Du
    dann nach den ganzen Para-Staat wei Gesondheets- a Sozialberuffer derbei
    hells gett et nach mei Leit dei net am privaten schaffen.

    Den ganzen Staat a Para-Staat muss fun der Privatwirtschaft iwert d’Steieren
    finanzeiert gin. Staatbeamten bezuelen zwar och Steieren, allerdings ass dat
    am Fong just Geld wat sie nodeems se et fum Staat kritt hun erem un den Staat
    zreck musse gin. Dat well se zum Beispill net genuch Kanner hun.(Sorry, leschten Satz huet missen sin)

    En aneren Problem ass awer och, dat dei Mass fun Lëtzebuerger dei d’Land
    verwalten keng Erfahrung am Privatsecteur hun. Wann do net ganz genau
    obgepasst gett, geet den Sënn fier d’Realiteit verluer. Dat wier fier d’Wirtschaft net gudd well wann keen versteet wat d’Betrieber brauchen, kenne mer se iergendwann och net mei ulackelen. Bescht Beispill ass hei alt erem d’Schoul. Handwierksbetrieber bekloen sech seit Joeren dat d’Schoul dei jo och Staat ass net mei ob en Beruf / Leier fierbereed.

  4. December 10, 2009 at 3:42 pm

    > A wanns Du dann nach den ganzen Para-Staat wei Gesondheets- a Sozialberuffer derbei
    hells gett et nach mei Leit dei net am privaten schaffen.

    Richteg, déi hat ech nach vergiess.

    > En aneren Problem ass awer och, dat dei Mass fun Lëtzebuerger dei d’Land
    verwalten keng Erfahrung am Privatsecteur hun. Wann do net ganz genau
    obgepasst gett, geet den Sënn fier d’Realiteit verluer.

    A nach eng Kéier 100% richteg!! Wann et mier no misst goen, da misst jidereen opmanst 1 Joër am Privé geschafft hunn, éier en kann bei de Staat kommen.

    > Handwierksbetrieber bekloen sech seit Joeren dat d’Schoul dei jo och Staat ass net mei ob en Beruf / Leier fierbereed.

    Huet dat dann net och domadder ze dinn, dass einfach ëmmer d’Uni gepusht gët, op Käschten vum Handwierk?

  5. denjclaude
    December 10, 2009 at 5:02 pm

    “Huet dat dann net och domadder ze dinn, dass einfach ëmmer d’Uni gepusht gët, op Käschten vum Handwierk?”

    Geif eischter mengen net. Esou vill Leit gin jo guer net ob d’Uni. Hun zwar keng aktuell Staistiken zur Hand mee mier waren emol emmer eent fun den Länner wat verhältnismeisseg dei mannsten Universitairen haat.
    Den Problem leit eischter am modulaire an am technique. Den modulaire ass fun enger genialer Iddi zum Ofstellgleis verkomm an am technique fehlt ze dacks d’Verbindung zur Reliteit fum Beruff.

  6. December 10, 2009 at 9:47 pm

    Vun de Views hier schéngt dësen Post ziemlech populär ze sinn. An trotzdem sou wéineg Comments. Wier interessant ze wëssen firwat.

    Bei aneren Themen gët jo net sou gezéckt.

  7. December 11, 2009 at 4:34 am

    ech sin mat allem d’accord waat hei gesot get.🙂
    an wollt nach derbei setzen dat och 90% vun deenen sougenanten letzebuerger artisten 100% vum staat ofhangech sin. et ging zb keen letz film gin ounie den staat als produzent (financen).

    Ech hun 1994(?) beim staat als freelancer geschaft fir d’kulturjoer. An et wor heinsdo fir d’flemm ze kreien, verschidden staatsbeamten hun um 4:00 auer angepaak op den project faerdeg wor oder net.

    dofun ofgesin wann ech gin eng keier op letz zereck kommen dann ging ech och op den staat goen an eng “roueg klatz dreinen”😉

    ps: ech fannen och dat 30 joer ze jonk ass fir op nummer secher ze goen. do muss een dach nach eng keier probeiern op een ET huet.
    pps: huet een den link fir den letz. plugin fir open office (meng orthographie as jo een disaster)

  8. December 11, 2009 at 8:32 am

    Urban:

    Dat mat den Artisten wäert wuel och stëmmen. Wäert awer och wuel net évident sinn fir vun der Konscht selwer ze liewen …

    D’Staatsbeamtenmentalitéit hëlleft natierlech och meeschtens sécher net fir Konschtprojet’en op d’Been ze stellen!

    Die ganz Thematik geet jo awer eigentlech déif: ass en System, wéi eisen hei, Staatsbeamten = Jobsécherheet + masseg Fric + meeschtens och net kompletten Stressoverkill, à la longue gescheit oder richteg?

    Well die meescht Läit wéilten jo wuel esou Aarbechtskonditiounen hunn a giffen se direkt unhuelen, wann se kéinten. Mee kéint eng Economie funktionnéieren, wann de Staatsbeamtensystem op, soe mer 90% vun der aktiver Bevölkerung giff ausgebaut ginn?

    Hautzudags probéiert jo immens vill Läit fir beim Staat/Parastaat/Edukatioun ënnerzekommen, a ween kann hinnen et verdenken. En Deel packt et an déi sinn jo dann op der gewonnener Säit. Keng Job- oder Finanzsuergen méi. Ever. Sie liewen an der ofgesécherter, gëllener Welt, déi iwwert dem Rescht ze thronen schéngt.

    Wéi oft huet een hei zu Lëtzebuerg héieren: “Krise? Wat fir eng Krise? Ech mierken just, dass d’Präisser rofginn an ech mer nach méi leeschten kann! A mäi Prêt huet sech och positiv ajustéiert!”

    Dat geet jo awer just well ‘mir’ nach an enger Seefeblos liewen. Irgendwann muss dat jo platzen resp. et mussen ferme Changementer kommen, och villäicht a Niveau Payen etc.

    Op der anerer Säit: wann eisen Beamtensystem dann sou gutt ass, firwat gët et dann net ausgewäit fir dass nach méi Läit dovunner profitéieren kënnen? Firwat gët nët nach méi verstaatlecht? Firwat gët net nach méi Läit erméiglecht sou en ‘suergenfräit’ Liewen liewen ze kënnen? Firwat sollen déi eng missen haart schaffen, keng Jobgarantie hunn an en plus wéineg verdéngen während die aner all die Annehmlechkeeten hunn (wat NET heescht, dass se NET och schaffen! mee ech wéilt net onbedengt vergläichen missen …)?

    Hei ass nach de Link: http://spellchecker.lu/

  9. Lulling Jérôme
    December 11, 2009 at 3:51 pm

    lo gëtt mol an d’Formel-1 investéiert, mat deem wat do u Goss erakënnt, kann eise Stat nach laang eng roueg Klatz dréinen. Turbokapitalismus vum Fäinsten. Kee Stress.

  10. December 11, 2009 at 4:05 pm

    J. Lulling:

    Wéi wier et mat enger serieuxer Äntwert?

  11. December 12, 2009 at 8:29 am

    An hunn eis Studenten hei keng Meenung zum Thema?

  12. December 17, 2009 at 8:10 am

    Joel, Thorben, Nic, etc:

    Keng Meenung zum Thema?

  13. etc
    December 17, 2009 at 9:41 am

    Oh, muss do een gedruddelt ginn? Ohh…eizieizi

  14. December 17, 2009 at 11:28 am

    etc:

    ?

  15. Nic
    December 18, 2009 at 12:06 pm

    Meng Meenung?

    Meng Meenung ass dass de mat deem Post näicht neies an näicht iwwerraschendes sees. Dofier hun ech mech net dozou geäussert.

    Dass een baim Staat eng secher Plaatz huet an eng gudd Pei ass kloer. Dofier maachen ech och nie engem den Fierworf dass en baim Staat schafft. Et ass eng gescheit Décisioun. Schliesslech schafft een (och wann et schon bal Verbueden ass et ze soen) virun allem fier Geld, egal wéi gär een seng Aarbescht huet. Wann et net sou wier géif een et fier näicht maachen. Daat waat den Staat virun allem zu enger gudder Plaatz mecht, ass dass een just fier sain Geld schafft. Net mat sengem Geld. Privatwirtschaft, zemols wann een net Ugestellten ass, ass an deem Beräich méi geféierlech. Well, an daat wees ech aus Erfahrung, egal wéivill Leit um Staat schaffen (zemols an der Educatioun, wou vill Leit wesentlech méi schaffen an vill méi engagéiert sin, wéi een sech gären fierstellt), daat ass absolut guernaicht dogéint waat en Chef vun senger eegener privater Entreprise oft muss leeschten. Do gett et keen Feierowend, keen Week-end an keng Vakanz. D’Aarbescht geet mat heem, well se soss néirens bleiwen kann.

    Mais daat ass och den Grond wéisou ech éichter Privatwirtschaft géif als “letzbuerger Dram” bezeechnen, wéi den Staat. Wann een um Staat schafft, dann huet een vun Ufank un d’Aussiicht dorop wou een wärt an 30 Joer sin. Daat ass natierlech berouegend an kengem fierzewerfen, mais et ass net grad waat ech en Dram géif nennen. Am privaten Secteur huet een keng Ahnung. Et kann sin dass een an 30 Joer op der Strooss setzt an muss all Cent dräi Mol emdréien. Mais et kann och sin dass een an 30 Joer mat sengem Privatjet op seng Insel an d’Karibik flitt an do Schampes aus engem Playboybunny drenkt. Och wann daat onwahrscheinlech ass, ass et awer méi en “Dram” wéi den Staat.

    Wuel verstan, ech hun Respekt virun all Mensch deen eng gudd Aarbescht leescht, egal wou se daat man, mais ech gesin den privaten Secteur nach emmer méi als en “Dram” un wéi den Staat. Daat ass allerdengs just meng perséinlech Opfaassung.

    Ech selwer hun nach keng Ahnung wou ech wärt schaffen, mais aus enger gewesser Distanz gesin, fannen ech d’Privatwirtschaft nach emmer méi attraktiv. Mais wann déi zwou Méiglechkeeten eng Kéier direkt firun mer stinn kann daat natierlech ganz aanescht sin.

  16. December 18, 2009 at 1:15 pm

    Nic:

    Merci fir deng elaboréiert Äntwert. An ‘Dram’ woer vu mir hei e bëssen zynesch gemengt, well natierlech sollten déi meescht Dreem méi spektakulär sinn, wéi just bei de Stat schaffen ze goen. Mee, realistesch gesinn, schéngt beim Staat ze schaffen awer fir vill Lëtzebuerger en effet en Dram ze sinn. Firwat giffen se sech dorëms rappen? An Stabilitéit, sech keng finanziell Suergen méi missen ze man etc ka jo awer vun villen Läit als Dram ugesinn ginn …

    Wat d’Léierpersonal ugeet, sou gët et jo do suwuel déi, die vill schaffen an déi, die just den absoluten Minimum man. An natierlech déi doteschent.

    Wat de Privé ugeet, do ginn ech der Recht. Hunn dat bei mengem Papp gesinn, resp. gesinn dat do nach. Mee wann een am Privé Succès huet, kann een en effet e gudde Batz méi verdéngen wéi beim Staat. Awer verbonnen mat Risiko a vill Schaffen natierlech.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: