Home > Gesellschaft, Religion/Philosophy > Ass Luxus moralesch ze rechtfertegen?

Ass Luxus moralesch ze rechtfertegen?

December 12, 2009 Leave a comment Go to comments

E Gedanken, dee mer beim Akafen vun Krëschtdagskadoen komm ass:

Ass Luxus moralesch ze rechtfertegen?

Mir kafen jo generell oft e ganze Koup Saachen, dee mer net wierklech brauchen, während ronderem eis, oder op der anerer Säit vun der Welt, Mënschen leiden oder suguer stierwen mussen, well se net genuch Suen hunn fir Iessen, Medikamenter an Ähnleches. Dat ass lo mol keng Uklo, dat ass just eng nüchtern, rational Feststellung.

A mir ginn jo och gutt eens domadder, well d’Aan zoumaachen liicht ass an well een jo och net die ganzen Zäit well mat all dem Misère, deen et sou an der Welt gët, konfrontéiert wëll ginn. Dat giff een jo och geckeg, oder opmanst ferme depressiv, man.

Mee trotzdem meng Fro: ass eist Verhalen moralesch richteg?

Huelen mer e konkret Beispill (an ech definéieren Luxus lo net klénglech):

Ech wëll mer eng nei Tele kafen. Mir gefällt die 42″ fir 800 Euro, mee die 37″ fir 600 Euro giff awer och usech schon duergoen. Beides passt a mäin Budget a béides befriddegt mäi Besoin: eng ordentlech, nei Tele ze hunn. Wat ass dann lo moralesch méi richteg? Die déier Tele ze kafen an näischt ze spenden oder die méi bëlleg Tele ze kafen an d’Differenz ze spenden? Emmerhin 200 Euro (déi ech jo egal wéi bereet woer auszeginn!), domadder kann bestëmmt deen een oder aneren Mënsch, duerch den Kaf vun Medikamenter, Iessen, etc, iwwerliewen.

An jo, ech si mer bewosst, dass esou Froen een wuel géckeg man an dat Bescht ass, dass een einfach e bëssen eppes spend fir d’Gëwessen ze berouegen (mee dat alleng, dass een d’Gëwessen berouegen muss, wéisst jo schon, dass een wees, dass et eng onfair Situation ass) an dann säin Liewen einfach weiderliewt (man ech jo och sou). An jo, die zousätzlech 200 Euro, déi ech ausginn, hëllefen och villäicht dozou bäi fir engem seng Aarbechtsplaz an deem Buttek ze erhalen an wieren domadder, indirekt, och karitativ.

Ech sot jo net, dass et eng einfach Fro ass. Mee fir de Konsum vun Luxusartikelen als karitativen Dëngscht u sengen Matmënschen ze rechtfertegen, ass awer och irgendwéi krass. Zumools den Impakt vun deenen 200 Euro (gesamtgesinn sinn et natierlech bei jidferengem vun eis vill méi … et kéint een d’Beispill jo och mat Autoen man) an aneren Länner nach vill méi grouss wier wéi hei an vill méi Läit domadder kéint geholleg ginn …

Wat méngt dir?

  1. December 12, 2009 at 6:50 pm

    Meiglechkeet Nummer 3: Du verkeefs/verschenks/zerstéiers an enger Konschtaktioun dain aalen Fernseh an engagéiers dech an der néier Zait, déis de hues, an enger ONG/asbl. Déi 600 € gess du ebenfalls deser Associatioun. Wells du matschaffs, kommen des Souen dir och iwer Emweer zugudd. Déi Soue kommen jo awer sou oder sou der Wirtschaft ze gudd, et sief dann dir Leed stecht se an eng Strempt ennert enger Matratz.

    Daat wier konsequent, ouni mussen dai Liewen komplett ze änneren. Außerdem muss de dech nët méi iwer den emmer méi schlechten Fernsehprogramm opreegen.

  2. December 12, 2009 at 8:11 pm

    Ech kéint an deem Fall, selon mäi Beispill, suguer 800 Euro spenden😉

    Mee dat beäntwert die eigentlech Fro nach net: ass Luxus moralesch vertriedbar währenddem zwousch anescht Läit wéinst engem Mangel u Suen leiden a suguer stierwen?

  3. December 12, 2009 at 9:11 pm

    Also soe mir et mol sou: wanns du drop verzichs, de Fernseh ze kaafen, huet dovunner keen (ausser dir selwer) méi Suen. Par contre, wanns du de Fernseher net keefs, hun souwuel den Händler, de Grossist, evt. d’Liwerfirma an natiirlech de Produzent vum Fernseh een Optrag manner. Wann all Mensch daat sou giff handhaben, missten all déi betreffend Betrieber fréier oder spéider zoumaachen, d’Leit déi do geschafft hun, landen op der Strooss. Amplaz dass Armut duerch Verzicht bekämpft gëtt, giff se doduerch am Géigendeel méi grouss.
    An der Hinsicht: sou laangs du de Fernseh net klaus, oder d’Suen vun aaneren Leit hëlls fir en ze bezuelen (bon, als Staatsbeamten mëchs du daat allerdengs indirekt, emmerhin gess du vun de Steieren bezuelt, déi aaner Leit erwirtschaft hun), gesin ech keen “onmoralescht Verhaalen”.

  4. December 12, 2009 at 9:28 pm

    > wanns du drop verzichs, de Fernseh ze kaafen, huet dovunner keen (ausser dir selwer) méi Suen.

    Et ass jo awer net dorëms gaangen fir iwwerhaapt näischt méi ze kafen, wat een net brauch (obwuel dat natierlech eng Konsequenz kéint sinn). Eischter fir manner ze kafen, wéi een am Fong wéilt an d’Differenz ze spenden (Beispill mat der Tele).

    > Wann all Mensch daat sou giff handhaben, missten all déi betreffend Betrieber fréier oder spéider zoumaachen, d’Leit déi do geschafft hun, landen op der Strooss. Amplaz dass Armut duerch Verzicht bekämpft gëtt, giff se doduerch am Géigendeel méi grouss.

    A fir dat ze verhënneren gët et nëmmen eppes? Konsumméieren, konsumméieren, konsumméieren, och wann mer d’Saachen usech net bräichten a méi gescheit Saachen kéinten domadder man?

    An kënt et hei net och nees op d’Formel: léiwer d’Suen hei ausginn fir dass et eis hei weiderhin gutt geet, amplaz se aneren Läit wäit fort ze sinn, déi se zwar villäicht méi drëngend bräichten, mee dären Leed mer jo awer net gesinn?

    > sou laangs du de Fernseh net klaus, oder d’Suen vun aaneren Leit hëlls fir en ze bezuelen (bon, als Staatsbeamten mëchs du daat allerdengs indirekt, emmerhin gess du vun de Steieren bezuelt, déi aaner Leit erwirtschaft hun

    Staatsbeamten ginn, wéi aner Läit och, fir hier Dëngschtleeschtungen bezuelt. De Staat këmmert sech em eng ganz Rëtsch Saachen, déi selwer keng Suen rabréngen, vun deenen de Bierger awer profitéiert.

    Dass een driwwer streiden kann, ob de Loun an deem Mooss gerechtfertegt ass, ass eng aner Saach.

    > gesin ech keen “onmoralescht Verhaalen”

    Et ass also moralesch, sech Luxus ze leeschten, während op aneren Plazen Mënschen verrecken?

  5. December 12, 2009 at 10:22 pm

    > A fir dat ze verhënneren gët et nëmmen eppes? Konsumméieren, konsumméieren, konsumméieren, och wann mer d’Saachen usech net bräichten a méi gescheit Saachen kéinten domadder man?

    > An kënt et hei net och nees op d’Formel: léiwer d’Suen hei ausginn fir dass et eis hei weiderhin gutt geet, amplaz se aneren Läit wäit fort ze sinn, déi se zwar villäicht méi drëngend bräichten, mee dären Leed mer jo awer net gesinn?

    Also, fir t’éischt gëtt de Fernseh mat grousser Secherheet net “hei” produzéiert, mee waarscheinlech an Asien. Daat ass also mol net de Punkt. Ech soe jo guer net dass du dee Fernseh muss kaafen (ech perséinlech hun guer keen, a gesin och net d’Bedürfnis mir een unzeschaafen), ech wollt deng Fro beäntwerten, op et iwwerhaat moralesch ass sou eppes ze kaafen. Natiirlech kanns du daat Geld och spenden, vlaicht kanns du awer och béides maachen, spenden an den deieren Fernseh kaafen. Daat ass déi Choix, an egal wéi’s du dee Choix treffs, gesin ech dobai, asouwaits du domadder kengem aaneren schueds, keng moralesch Verfeelung en tant que tel.

    > Staatsbeamten ginn, wéi aner Läit och, fir hier Dëngschtleeschtungen bezuelt. De Staat këmmert sech em eng ganz Rëtsch Saachen, déi selwer keng Suen rabréngen, vun deenen de Bierger awer profitéiert.

    > Dass een driwwer streiden kann, ob de Loun an deem Mooss gerechtfertegt ass, ass eng aner Saach.

    Den Ennerscheed zweschent Steieren bezuelen an eenzel Dengschtleeschtungen bezuelen schengt mir allerdengs evident (i.e. daat zweet kann ee maachen, daat éischt muss ee maachen).

    > Et ass also moralesch, sech Luxus ze leeschten, während op aneren Plazen Mënschen verrecken?

    “Onmoralesch” ass net de Luxus hei, mee d’Armut do, wann een et sou ausdrecken kann. A sorry, alleng dass du dir déi Froestellung leeschte kanns, ass schons Luxus.

    A propos, a méi allgemeng: deng Argumentatioun hei, schengt mir grad de Grond ze sinn, firwaat sech a Westeuropa d’Gauche a besonnesch d’sozialdemokratesch Parteien sech emmer méi vun hirer ursprünglecher Klientel, der Arbechterbewegung entfriem hun. Gung et den Arbechter virun allem em méi Wuelstand a Fraiheet (Fraiheet am Senn vun der Selbstbestemmung iwwert déi eegen Existenz, ouni Ofhängegkeet vun engem paternalisteschen Patron), sou ass et fir déi birgerlech Kulturlénk vun haut de Wuelstand, de “Konsum” an de wirtschaftleche Wuestum déi “onmoralesch” sinn. D.h. zreck zum “edle Wëllen” vum Rousseau bzw. zu enger quasi-chreschtlecher Faaschterhetorik. Dowéinst kann sech déi biergerlech Lénk keng aaner Solidaritéit mat den Entwecklungslänner firstellen wéi d’Caritas, a wënscht sech insgeheim oder offen dass déi léiw pittoresk Afrikaner vu sou nefasten Entwecklungen vun der Moderne wéi Fast Food, Handyen, Toilettenpabéier, Stroum a fléissend Waasser dach wannechglift verschount bleiwen.

  6. Schein a Gudd
    December 13, 2009 at 1:52 am

    Nach puer aaner Froen deis de der kanns stellen fir vlait eng Aentwert ze fannen:
    – Hues du genuch geschafft (reell produzeiert), fir datts du der niewt dengem Iessen an waat soss neideg as, nach deen Fernseh kanns leeschten? An secherlech hues de jo nach vill mei “onneideg” Saachen…
    – Huet deen Mensch (warscheinlech aus Fernost), deen dein Fernseh gebaut huet, souvill manner geschafft, datt heen sech knapps sein Iessen kann leeschten, secherlech awer net sou een Fernseh, Auto an soss Luxus. Ech denken deen huet mei haart an mei laang geschafft weis du, huet deen Luxus awer net… Firwat?

  7. December 13, 2009 at 8:36 am

    Nestor:

    > Also, fir t’éischt gëtt de Fernseh mat grousser Secherheet net “hei” produzéiert, mee waarscheinlech an Asien. Daat ass also mol net de Punkt.

    Dorëms ass et jo och net gaang. De Punkt woer, dass wann ech HEI (zu Lëtzebuerg) géiff manner konsomméieren a méi giff spenden, dann Aarbechtsplazen HEI gefährdet wieren. Fir dat ze verhënneren misst ech jo dann HEI nees méi konsomméieren. Woumadder mer rem beim ‘léiwer retten ech Läit hei wéi zwousch anescht, wäit fort’ wieren.

    > ech wollt deng Fro beäntwerten, op et iwwerhaat moralesch ass sou eppes ze kaafen.

    Dat woer awer net meng Fro. Meng Fro woer op et moralesch wier sech Luxus (also méi wéi, raisonabel, néideg) ze leeschten. Also net just eng kleng Tele oder e klengen Auto ze leeschten, mee direkt déi fett Varianten. An dat net well een se brauch, mee well een se flott fënnt a sech leeschten kann.

    > Natiirlech kanns du daat Geld och spenden, vlaicht kanns du awer och béides maachen, spenden an den deieren Fernseh kaafen.

    Ech hat jo awer supposéiert et wier en limitéierten Budget do, 800 Euro am Beispill. Et ass also moralesch fir 800 Euro fir eng Tele auszeginn, wann en Tele fir 600 Euro och duergaangen wier an ech die 200 Euro Differenz hätt kéinte spenden?

    > Daat ass déi Choix, an egal wéi’s du dee Choix treffs, gesin ech dobai, asouwaits du domadder kengem aaneren schueds, keng moralesch Verfeelung en tant que tel.

    Dat heescht sou en Verhalen wier also moralesch richteg?

    > Den Ennerscheed zweschent Steieren bezuelen an eenzel Dengschtleeschtungen bezuelen schengt mir allerdengs evident (i.e. daat zweet kann ee maachen, daat éischt muss ee maachen).

    Du wëlls der also deng Dëngschtleeschtungen vum Staat erauspicken? Dat do well ech bezuelen, dat net? Do mëss de der et awer bëssen einfach …

    Huelen mer d’Stroossen: wëlls de déi integral bezuelen oder just déi Deeler, déis DU och benotz?
    Huele mer Muséeën: déi interesséieren dech villäicht net, also wëlls de och net dofir bezuelen. mee wat wanns du lo e Kand hues, wous de giffs fannen, dass et awer gutt wier, wann et mol giff an e Musée kommen? giffs de dann dofir bezuelen? (a Muséeën kënnen sech nie selwer iwwer Waasser halen, sie mussen finanzéiert ginn)

    A wee giff dat alles kontrolléieren? Op s du och wierklech just déi Servicer oder Infrastrukturen vum Staat benotzt fir déi s du bezuelt hues? Kléngt wéi wann d’Bürokratie dann nach weider misst eropgeschrauwt ginn …

    > “Onmoralesch” ass net de Luxus hei, mee d’Armut do, wann een et sou ausdrecken kann. A sorry, alleng dass du dir déi Froestellung leeschte kanns, ass schons Luxus.

    Natierlech. Misst ech em d’Iwwerliewen kämpfen, hätt ech awer Suergen. Dass ech dat net muss, ass allerdëngs net mäi Verdëngscht. Genausou wéineg wéi et deenen aneren hier Schold ass, dass sie em d’Iwwerliewen kämpfen mussen. An Luxus ass net Luxus. Ech hu jo probéiert kloer ze maachen, wat ech an dësem Kader enner Luxus verstinn.

    > sou ass et fir déi birgerlech Kulturlénk vun haut de Wuelstand, de “Konsum” an de wirtschaftleche Wuestum déi “onmoralesch” sinn. D.h. zreck zum “edle Wëllen” vum Rousseau bzw. zu enger quasi-chreschtlecher Faaschterhetorik.

    Nee, et ass net de Wuelstand, deen als onmoralesch ugesinn gët. Eischter den Konsumrausch an die Exzesser, déi domadder zesummenhänken. Genau wéi d’Konsequenzen (eis Artikelen hei sinn sou bëlleg well irgendwou anescht een +- ausgebeut gët). En plus mëcht deen iwwerdriwwenen Konsum jo och net wierklech glécklech. Dat bestätegt der all Sondage. Wat nët heescht, dass een am Slum automatesch besser drun ass. Tëschent deenen Extremer gët et jo nach vill Nuancen.

    > Dowéinst kann sech déi biergerlech Lénk keng aaner Solidaritéit mat den Entwecklungslänner firstellen wéi d’Caritas, a wënscht sech insgeheim oder offen dass déi léiw pittoresk Afrikaner vu sou nefasten Entwecklungen vun der Moderne wéi Fast Food, Handyen, Toilettenpabéier, Stroum a fléissend Waasser dach wannechglift verschount bleiwen.

    Dat ass natierlech och en interessant Thema, huet awer näischt mat menger ursprünglecher Frostellung ze dinn. Ech muss awer zouginn, dass et sécher esou Tendenzen ginn, déi awer net ganz sou béisaarteg sinn, wéi s du dat lo hei duerstells. Perséinlech gënne ech jiderengem Wuelstand. Mee sie mussen dofir net all eis Konsum/Emwelt-Fehler widderhuelen. Sie kéinten a sollten jo op eisen Experienzen opbauen a méi intelligent un die Saachen rugoen.

    An dass an enger globaliséierter Welt vill Pittoreskes, Traditionelles, Lokales verluer geet, fannen ech en effet schued (et ginn natierlech Ausnahmen). Et ass numool einfach langweileg, wann iwwerall just nach McDonald’s a Coca Cola ze fannen sinn. Ideal wier et Wee, wou die aner zwar och kéinten an d’Modern kommen, mee ouni einfach ze ‘verwestlechen’. Die aner sollen natierlech och die selwecht aiséiert Liewen féieren kënnen wéi mir (op dat allerdëngs méiglech ass, wann keen méi do ass deen ausgebeut ka ginn, ass eng aner Saach), mee am Beschten ouni das alles UNIFORM gët.

    Perséinlech wëll ech keen an engem ‘haarden Liewen’ loossen just well dat op eis pittoresk wierkt. Dat wier jo pervers. Mee sinn d’Läit wierklech méi glécklech an engem iwwerfëlltenen, dreckegen Slum wéi fréier an hierem klengen Kaff, wou se villäicht keng Tele haten, mee dofir aner Saachen an Experienzen?

  8. December 13, 2009 at 8:41 am

    Schéin a gudd:

    > Hues du genuch geschafft (reell produzeiert), fir datts du der niewt dengem Iessen an waat soss neideg as, nach deen Fernseh kanns leeschten? An secherlech hues de jo nach vill mei “onneideg” Saachen…

    Natierlech hunn ech vill onnéideg Saachen. Dat hunn ech jo nie bestridden. An duerfir sot ech jo, dass meng Definitioun vun Luxus net klénglech wier. Cf nach eng Kéier d’Beispill vun der Tele. Et ass jo net esou schwéier ze verstoen, oder??

    > Huet deen Mensch (warscheinlech aus Fernost), deen dein Fernseh gebaut huet, souvill manner geschafft, datt heen sech knapps sein Iessen kann leeschten, secherlech awer net sou een Fernseh, Auto an soss Luxus. Ech denken deen huet mei haart an mei laang geschafft weis du, huet deen Luxus awer net… Firwat?

    Well en net adequat bezuelt gët. Et ass also dat wat onmoralesch ass? Dass Läit ‘gezwongen’ ginn fir en Apel an en Ee ze eppes ze produzéieren, wat henno mat engem riesen Benefice, vun deem sie näischt gesinn, weider verkaaft gët?

    Mee dorunner kënne mir als Konsument net wierklech eppes änneren. Ausser et giffen op eemol FairTrade Tele’en ginn oder sou. Déi sech natierlech och nees déi manst hei kéinten leeschten. Mee dann giffen se halt eng Nummer méi kleng kafen. Dorunner giffen se schon net stierwen.

  9. Schein a Gudd
    December 13, 2009 at 12:15 pm

    wann eng nofro geing bestoen, geiffen et och daer Tele’en gin. Außerdem si mir jo nemmen sou reich, well jiddereen virtuell an Asien op manst 2 Persounen fir sech quasi gratis schaffen huet, dei engem dei Luxusartikelen zesummenbauen….

  10. December 13, 2009 at 3:32 pm

    Ech mengen et ass ze rechtfertegen. Och hei zu Lëtzebuerg geet et em d’Iwwerliewen. Zwar muss hei su schnell keen erhengeren, mee wanns du net op Zack bass stees du schnell ouni Haus do an ouni Aarbescht. Eng alternativ wier et natierlech fir bis 40 Joer bei der Mama ze wunnen mee daat ass keng Optioun fir Leid wei mech. Wannsde keen Plang hues bassde emmer ganz ennen an muss der stänneg Gedanke maan obsde eppes bezuele kanns an op Dauer mescht daat depressiv an krank.

    Eng aaner Saach ass Spenden allgemeng. Ech fannen net dass d’Geld waat gespent gëtt gudd ugeluet ass. Ech fannen vill Approchen einfach nemmen bescheuert an se hëllefen der Bevölkerung net. Nee, ech mengen souguer munsch Approche mescht Länner vun eis oofhängeg amplaatz dass se hier Economie stärken an se sech selwer versuerge kennen.

    An dann wier do nach di Saach mam Geld an Kapitalismus. Wisou muss all Land waat mier aushellefen eng Industrienation gin? Firwaat kennen munsch Länner net einfach eng “Bauerenation” bleiwen? Sulaang se sech versuerge kennen mengen ech kennen se och ouni vill Geld an High-tech gleckleg gin.

    Daat eenzegt waat ech ging Spenden wier wann ech selwer eppes do kinnt opbauen well ech (wi munsch Kommentarer ap der Gedibbers Sait schon soen) mësstrauesch geigeniwer Greisseren Vereenegungen an Konzerner sin.

    Wisou also, sollt een sech net och e bessi Luxus gönnen, wann een eppes am Liewen areescht huet? Ech hun mer noodeems ech eng secher Platz kritt hun och een MacBook Pro gegönnt deen ech aanescht mer net kaaft hät. Dass su eppes wi een Geschenk un een selwer well een eppes gudd gemaa huet, an daat mescht een zefridden.

  11. December 13, 2009 at 5:54 pm

    Schéin a gutt:

    > wann eng nofro geing bestoen, geiffen et och daer Tele’en gin

    dat ka richteg sinn, mee dat seet nach näischt iwwert d’Moralitéit vun der Geschicht aus

    > Außerdem si mir jo nemmen sou reich, well jiddereen virtuell an Asien op manst 2 Persounen fir sech quasi gratis schaffen huet, dei engem dei Luxusartikelen zesummenbauen….

    richteg. wou sech nees d’Fro stellt op dat moralesch vertriedbar ass?

  12. December 13, 2009 at 6:03 pm

    Mike:

    > Ech mengen et ass ze rechtfertegen. Och hei zu Lëtzebuerg geet et em d’Iwwerliewen.

    Ech hoffen jo, dass de awer en Ennerscheed an der Gravitéit vum Problem hei zu Lëtzebuerg par rapport zu aneren Länner gesäiss … En plus gesinn ech net, wéi de Fait, dass et och hei em d’Iwwerliewen giff goen, giff d’Konsommatioun vun Luxusartikelen moralesch vertriedbar man?? Wat huet dat eent mat dem aneren ze dinn?

    > Nee, ech mengen souguer munsch Approche mescht Länner vun eis oofhängeg amplaatz dass se hier Economie stärken an se sech selwer versuerge kennen.

    Dat ass sécher net falsch. Meng Fro woer awer éischter: sinn 200 Euro méi fir eng Tele ze rechtfertegen, wa mat deenen selwechten 200 Euro kéinten Medikamenter kaaft ginn, déi et engem Mënschen giffen erlaben net un der Krankheet X ze stierwen?

    > Firwaat kennen munsch Länner net einfach eng “Bauerenation” bleiwen? Sulaang se sech versuerge kennen mengen ech kennen se och ouni vill Geld an High-tech gleckleg gin.

    Wéils du Deel vun sou enger Baurenatioun sinn an op den praktesch Saachen, déi s de vun hei kenns, vermëssen? Ech verstinn, wat s de wëlls soen, mee sou einfach ass dat net.

    > Daat eenzegt waat ech ging Spenden wier wann ech selwer eppes do kinnt opbauen well ech (wi munsch Kommentarer ap der Gedibbers Sait schon soen) mësstrauesch geigeniwer Greisseren Vereenegungen an Konzerner sin.

    Wann een deenen richtegen Organisatiounen (zb MSF) spend, da kommen déi Saachen schon do un wou se sollen. An dat ass méi efficace (an realistesch), wéi dass du do ënnen hinner eng Hütt bauen gees oder sou. Et soll een d’Experten finanziell ennerstëtzen fir dass déi hier Aarbecht maachen kënnen.

    > Wisou also, sollt een sech net och e bessi Luxus gönnen, wann een eppes am Liewen areescht huet? Ech hun mer noodeems ech eng secher Platz kritt hun och een MacBook Pro gegönnt deen ech aanescht mer net kaaft hät.

    Wéi dann? Bass de och lo beim Staat resp. der Gemeng?😉

    An sech selwer e Kado ze maachen, deet jo sécher gutt an ass och net komplett falsch. Mee déi Suen, déi s de hues missen méi ausginn fir en MacBook Pro amplaz just e MacBook ze kafen hätten x Mënscheliewe retten kënnen. Léisst dat dech total kaal?

    Ech soen net, dass et mir anescht geet. Die aner Läit si wäit fort, ech kann se souwiesou net all retten, an ‘aus den Augen, aus dem Sinn’. Ech froen mech eben just op dat moralesch gesinn richteg ass oder op mer eis do einfach mat eisem onmoraleschen Behuelen arrangéieren?

  13. denjclaude
    December 13, 2009 at 6:12 pm

    Weisou soll et amoralesch sinn dat selwer geleeschtent ze apprecieieren? A weisou soll et mei moralesch sinn wann fun der eegener Leeschtung anerer profiteieren, dei neischt derfier gemach hun?

    Obs Du 600€ oder 800€ fier dei TV ausgess, ass deng Sach. Du alleng hues eppes fier dei Suen geleescht an doweinst geheieren se och ganz alleng Dier.

  14. December 13, 2009 at 6:43 pm

    jclaude:

    > A weisou soll et mei moralesch sinn wann fun der eegener Leeschtung anerer profiteieren, dei neischt derfier gemach hun?

    Uh, well déi Läit zum Beispill net d’Chance haten am klengen, fetten Lëtzebuerg op d’Welt ze kommen wou all zweeten Staatsbeamten a gutt versuergt ass, mee beim Hond hannen, ganz hannen, do wou nëmmen Leed doheem ass? Oder sinn déi Läit selwer schold? Hätte jo kéinte kucken, dass se och hei op d’Welt kommen! Sou wéi mir!

    > Obs Du 600€ oder 800€ fier dei TV ausgess, ass deng Sach. Du alleng hues eppes fier dei Suen geleescht an doweinst geheieren se och ganz alleng Dier.

    Ok, nach mir die Sintflut also? An wat picken mech op soss irgendwou op der Welt Mënschen verrecken? Zumools wann deen een oder aneren duerch meng finanziell Hëllef net direkt misst an d’Gras bäissen? Ass dat déi Vue déi ech soll hunn an déi moralesch richteg wier?

  15. lapoupeerusse
    December 13, 2009 at 7:49 pm

    Ech fannen dain Gedanken net immens iwwerzeegend oder ureegend. Kloer as et iergendwou zimlech bedenklech, dass d’Welt an onglaich Deeler geschnidden as an kloer as et net cool, wann mir hei eis an guddrichendem Parfum bueden an flott Autos fueren während op aaneren Plaatzen Kanner mat dem Liewensnoutwennegsten ze kämpfen hun. Mee ob et do am Endeffekt op Spenden ukent as fir mech immens fraglech. As daat net eng Fro vun metaphysescher Natur, dei immens vereinfacht as hei? Mir schengt daat Beispiel schon baal en bessen ridicule ze sin, och wanns du et ganz bewosst gewielt hues. As et net mei wichteg sech ze froen: Wei kann een konkret eppes maachen? Waat as sennvoll fir denen Menschen tatsächlech ze hellefen? An wei kennen mir eis vun eisem extrem ongesonden (net nemmen fir dei Arm,mee och fir eis) Konsumverhaalen leisen?

  16. denjclaude
    December 13, 2009 at 8:28 pm

    >Uh, well déi Läit zum Beispill net d’Chance haten am klengen, fetten Lëtzebuerg op d’Welt ze kommen wou all zweeten Staatsbeamten a gutt versuergt ass, mee beim Hond hannen, ganz hannen, do wou nëmmen Leed doheem ass? Oder sinn déi Läit selwer schold? Hätte jo kéinte kucken, dass se och hei op d’Welt kommen! Sou wéi mir!

    Esou wei ech et verstanen hun war dat net d’Fro. D’Fro ass ob Luxus moralesch ze rechtfertegen ass. Gudd/Richteg wier, wann och dei drëtt Welt wei dei eischt am Luxus liewen keint. Schlecht/Falsch wier dach wann dei eischt Welt geif gin ewei dei drëtt. Also ass Luxus eppes woufier et sech lount ze schaffen.
    Wann mier elo hin gin an den Luxus a sech verdaamen, hun mer den eischten Schrack gemach eist Ziel ze verroden.

    Den Problem ass jo net den Luxus mee d’Methoden mat deene mier zou eisem Luxus komm sinn a kommen.

    >Ok, nach mir die Sintflut also? An wat picken mech op soss irgendwou op der Welt Mënschen verrecken? Zumools wann deen een oder aneren duerch meng finanziell Hëllef net direkt misst an d’Gras bäissen? Ass dat déi Vue déi ech soll hunn an déi moralesch richteg wier?

    Hei entsteet en Problem teschent der perseinlecher an der gesellschaftlecher Ebene.

    Mier als Gesellschaft beuten den Rescht fun der Welt aus a liewen ob deenen aaneren hier Käschten. Mier gin hinnen keng Chance aus den quasi onbewunnbaren Deeler fun der Welt bei eis ze kommen an hei mat eis ze liewen. Mier sinn net bereed hinnen hier Arbescht d’selwecht ze bezuelen ewei mer eis eegen gären bezuelt hätten. Daat ass moralesch verwerflech, fällt awer net ob well et jo d’Gesellschaft als Ganzes ass dei responsabel ass.

    Persinlech kreien mier een stierwend Kand gewisen an gin obegruff ze spenden. Mat deer Spend retten mer deen Mensch.

    Duerch eis Propagandamschinn huet deen een awer en Gesiicht an dei honnert aner dei stierwen nët. Daat eent Liewen ass ass onendlech wichteg, allerdings gesinn ech et als problematesch un dat mier esou eis eenzel Gewëssen beouegen. Um Ganzen ännert dat nämlech neischt. Mier stellen doduerch esou guer wahrscheinlech d’Behuelen fun der Gesellschaft als Ganzes manner a Fro.

  17. December 13, 2009 at 10:03 pm

    lapoupée:

    > As daat net eng Fro vun metaphysescher Natur, dei immens vereinfacht as hei?

    Sécher ass et eng Fro, déi déif geet. Mee eng Vereinfachung hëlleft awer fir d’Fro opmanst mol e bëssen unzegoen. Ech sot jo net, dass et eng definitiv oder einfach Äntwert gët.

    > Mir schengt daat Beispiel schon baal en bessen ridicule ze sin, och wanns du et ganz bewosst gewielt hues.

    Ech fannen et offensichtlech net sou ridicule. D’Ausgangspositioun woer: mir bräichten just op e bëssen ze verzichten a kéinten doduerch villen Mënschen hëllefen (an Suen zb un MSF spenden mécht a mengen Aan sécher Sënn). Firwat maache mer et net? Resp. ass et moralesch vertriedbar fir et net ze man? Et woer just eng Fro. Ech hu net behaapt ech hätt eng Äntwert.

    > As et net mei wichteg sech ze froen: Wei kann een konkret eppes maachen? Waat as sennvoll fir denen Menschen tatsächlech ze hellefen?

    Konkret kéint een zb Suen fir Medikamenter spenden. Dat hëlleft schon vill.

    > An wei kennen mir eis vun eisem extrem ongesonden (net nemmen fir dei Arm,mee och fir eis) Konsumverhaalen leisen?

    Dat ass och eng gutt Fro. An nees eng déi natierlech déi geet an net liicht ze léisen ass. Well un eisem Konsumverhalen hänkt jo eis Gesellschaft an eisen Wuelstand …

  18. December 14, 2009 at 11:56 am

    jclaude:

    >Esou wei ech et verstanen hun war dat net d’Fro. D’Fro ass ob Luxus moralesch ze rechtfertegen ass. Gudd/Richteg wier, wann och dei drëtt Welt wei dei eischt am Luxus liewen keint. Schlecht/Falsch wier dach wann dei eischt Welt geif gin ewei dei drëtt. Also ass Luxus eppes woufier et sech lount ze schaffen.

    Ech sot jo net, dass all Luxus schlecht wier. Au contraire ech hunn Luxus jo labber definéiert. Eng Tele ass usech jo och schon Luxus awer doduerch net onbedengt schlecht. Meng Fro woer jo wat den Choix tëschent enger Tele, déi duer geet an enger Luxustele, ugeet.

    > Wann mier elo hin gin an den Luxus a sech verdaamen, hun mer den eischten Schrack gemach eist Ziel ze verroden.

    Ech verdaamen net, dass een agreabel liewen kann. Ech stellen awer eisen bodenlosen, an oft hirnlosen, Konsum a Fro. Zumools wann mat deenen selwechten Suen, déi hei aus der Fënster gehäit ginn, op aneren Plazen Läit kéint geholleg ginn.

    > Den Problem ass jo net den Luxus mee d’Methoden mat deene mier zou eisem Luxus komm sinn a kommen.

    Dat ass e Problem, deen eis ganz Liewensaart an Gesellschaft betrëfft. Net nëmmen die (onnéideg) Luxusartikelen. Et geet eis esou gutt well eis Virfahren net nëmmen méi oder manner clever woeren, mee och skrupellos an aner Völker ausgebeut hunn (an dat zum Deel nach ëmmer man).

    > Hei entsteet en Problem teschent der perseinlecher an der gesellschaftlecher Ebene. Mier als Gesellschaft beuten den Rescht fun der Welt aus a liewen ob deenen aaneren hier Käschten. Mier gin hinnen keng Chance aus den quasi onbewunnbaren Deeler fun der Welt bei eis ze kommen an hei mat eis ze liewen. Mier sinn net bereed hinnen hier Arbescht d’selwecht ze bezuelen ewei mer eis eegen gären bezuelt hätten. Daat ass moralesch verwerflech, fällt awer net ob well et jo d’Gesellschaft als Ganzes ass dei responsabel ass.

    D’accord. Mee de Punkt ass jo, dass et moralesch verwerflech ass. A mir (ech inclus) trotzdem relativ gutt domadder liewen kënnen. Well mer dat anert Leed jo net permanent gesinn.

    > Persinlech kreien mier een stierwend Kand gewisen an gin obegruff ze spenden. Mat deer Spend retten mer deen Mensch. Duerch eis Propagandamschinn huet deen een awer en Gesiicht an dei honnert aner dei stierwen nët. Daat eent Liewen ass ass onendlech wichteg, allerdings gesinn ech et als problematesch un dat mier esou eis eenzel Gewëssen beouegen. Um Ganzen ännert dat nämlech neischt. Mier stellen doduerch esou guer wahrscheinlech d’Behuelen fun der Gesellschaft als Ganzes manner a Fro.

    A wat ass d’Alternativ? Einfach keen ze retten obwuel mer kéinten? Wa mer keng 100 retten kënnen da brauche mer och net 1 ze retten?

    Wou ech der Recht ginn ass, dass d’Spenden natierlech d’Gewëssen berouegt an dann keen Besoin besteet WIERKLECH eppes ze änneren (ugeholl dat wier méiglech an et hätt een eng Léisung). Ech gesinn dat jo och bei mir selwer: ech spenden vun Zäit zu Zäit eppes fir verschidden Zwecker an dann ass et och rem gutt.

    Trotzdem bleift am Hannergedanken, dass mir onwahrscheinlech Gléck haten an der Lotterie vum Liewen an dat net méi verdëngt hunn, wéi déi aner die d’Aarschkaarten gezunn hunn. Irgendwéi rifft dat eis zu enger Responsabilitéit op, mee op der anerer Säit ass dat och nees séier verdrängt …

  19. denjclaude
    December 14, 2009 at 8:09 pm

    >A wat ass d’Alternativ? Einfach keen ze retten obwuel mer kéinten? Wa mer keng 100 retten kënnen da brauche mer och net 1 ze retten?

    Och een gerett Liewen ass onendldech wertvoll! An e bessen eppes ze hellefen ass nach emmer besser ewei neischt ze machen.

    >Trotzdem bleift am Hannergedanken, dass mir onwahrscheinlech Gléck haten an der Lotterie vum Liewen an dat net méi verdëngt hunn, wéi déi aner die d’Aarschkaarten gezunn hunn. Irgendwéi rifft dat eis zu enger Responsabilitéit op, mee op der anerer Säit ass dat och nees séier verdrängt …

    Richteg, ech wees just net ob dat Glëck ass. Glëck huet eppes mat Zoufall ze dinn. An do hun ech esou meng Problemer dermatt. Weisou esou vill Menschen all Dag stierwen huet zwou Ursachen, eng natrilech an eng menschlech. Et leit un der Natur datt et a verschiddenen Deeler fun der Welt net genuch reent. D’Natur selwer ass keen Zoufall, sie gett duerch d’Naturgesetzer bestemmt.
    Datt mier Menschen zwengen an eigentlech net bewunnbaren Deeler fun der Welt ze wunnen ass eisen Choix. Dei Entscheedung hun mier als Menschen getraff. Also och keen Zoufall.
    Elo dermatt ze argumenteieren datt et jo awer Zoufall war wou mer ob d’Welt koumen ass zwar richteg. Allerdings ass et objektiv gekuckt en immenst schwacht Argument fier esouw weider ze fueren wei mer et machen.

  20. December 15, 2009 at 8:12 am

    jclaude:

    > Och een gerett Liewen ass onendldech wertvoll! An e bessen eppes ze hellefen ass nach emmer besser ewei neischt ze machen.

    Ok, dann hat ech dech falsch verstan.

    > Richteg, ech wees just net ob dat Glëck ass. Glëck huet eppes mat Zoufall ze dinn. An do hun ech esou meng Problemer dermatt.

    Uh, wann et net Gléck resp. Zoufall ass, wat bleift dann nach als Optioun? En gottgewollt Schicksal?

    > Weisou esou vill Menschen all Dag stierwen huet zwou Ursachen, eng natrilech an eng menschlech. Et leit un der Natur datt et a verschiddenen Deeler fun der Welt net genuch reent. D’Natur selwer ass keen Zoufall, sie gett duerch d’Naturgesetzer bestemmt.

    Et ass awer net nënnen de Reen. Et sinn och oft Krankheeten an/oder Naturkatastrophen.

    > Datt mier Menschen zwengen an eigentlech net bewunnbaren Deeler fun der Welt ze wunnen ass eisen Choix. Dei Entscheedung hun mier als Menschen getraff. Also och keen Zoufall.

    Uh, wéini hunn do oder ech, oder irgendeen soss, Läit gezwongen op enger Plaz X ze liewen? Huet dat sech net éischter lues a lues esou entwéckelt? A fréier haten d’Läit jo och net e Flijer mat deem se mol einfach an eng besser Géigend fléien konnten … net, dass dat haut fir déi meescht giff goen!

    > Elo dermatt ze argumenteieren datt et jo awer Zoufall war wou mer ob d’Welt koumen ass zwar richteg. Allerdings ass et objektiv gekuckt en immenst schwacht Argument fier esouw weider ze fueren wei mer et machen.

    Wéi, lo ass et awer Zoufall, wou mer op d’Welt komm sinn?

    A sécher ass et keen Argument fir esou weiderzefueren. Opmanst keen moralescht.

  21. denjclaude
    December 15, 2009 at 5:56 pm

    >Uh, wann et net Gléck resp. Zoufall ass, wat bleift dann nach als Optioun? En gottgewollt Schicksal?

    Nix gottlgewollt. D’Natur an menschlecht Handelen erklärt eigentlech alles wat ob der Welt gschidd. Do brauch een keen Gott derfier.

    >Wéi, lo ass et awer Zoufall, wou mer op d’Welt komm sinn?

    Schwiereg Sach dat doten.
    Wann een un keng fu Gott ageplanzten Seil gleewt ass et och puer Natur a keen Zoufall. Wou eis eischt Zeldeelung stattfent an eis Neuronen fier d’eischt funktioneieren ass fun zwee aneren Menschen bestëmmt a leeft no der Natur hieren Regelen of.
    Geet een elo derfun aus dat den Mensch mei ass ewei just Zellen an Elektrescht, brauch een e Gott oder den Zoufall.

    >Uh, wéini hunn du oder ech, oder irgendeen soss, Läit gezwongen op enger Plaz X ze liewen? Huet dat sech net éischter lues a lues esou entwéckelt? A fréier haten d’Läit jo och net e Flijer mat deem se mol einfach an eng besser Géigend fléien konnten … net, dass dat haut fir déi meescht giff goen!

    Mier sinn net direkt responsabel derfier. Allerdings änneren mer och neischt drun. A genau do leit d’Kromm jo och an der Heck. Eis Ressourcen ob der Welt sinn begrenzt. Esou lang sech dei puer Reich dei deelen, geet et deene gudd. A genau do drunner wellt keen wirklech (schleisst objektiv gekuckt och mech an!) eppes änneren.

  22. December 16, 2009 at 1:42 pm

    > D’Natur an menschlecht Handelen erklärt eigentlech alles wat ob der Welt gschidd. Do brauch een keen Gott derfier.

    Mee mënschlecht Handelen steet jo awer och net einfach esou am Raum, vun allem onofhängeg. Et ass och emmer d’Konsequenz vun deenen Generatiounen virdrun etc. Wann haut Läit op ongënschtegen Plazen liewen, sou ass dat jo net well sie sech dat ausgewielt hunn. Et ass well hier Virfahren, aus wat fir engem Grond och ëmmer, sech do néier geloos hunn.

    > Wann een un keng fu Gott ageplanzten Seil gleewt ass et och puer Natur a keen Zoufall. Wou eis eischt Zeldeelung stattfent an eis Neuronen fier d’eischt funktioneieren ass fun zwee aneren Menschen bestëmmt a leeft no der Natur hieren Regelen of.

    Jo, dat ganzt ass an deem Sënn jo determinéiert. Firwat allerdëngs iwwerhaapt eppes ass oder ween de Steen un d’Rullen bruecht huet, ass natierlech eng aner Saach …

    > Geet een elo derfun aus dat den Mensch mei ass ewei just Zellen an Elektrescht, brauch een e Gott oder den Zoufall.

    Mee souwuel ‘Gott’ an den ‘Zoufall’ erklären net wierklech eppes. Si sinn och just ‘Lückenfüller’-Wieder well mer keng besser hunn resp. sie werfen eng ganz Rëtsch zousätzlech Froen op.

    > Mier sinn net direkt responsabel derfier.

    Ok.

    > Allerdings änneren mer och neischt drun. A genau do leit d’Kromm jo och an der Heck. Eis Ressourcen ob der Welt sinn begrenzt. Esou lang sech dei puer Reich dei deelen, geet et deene gudd. A genau do drunner wellt keen wirklech (schleisst objektiv gekuckt och mech an!) eppes änneren.

    Jo, dat ass jo genau wéi wann se soen: Wa jidereen esou giff liewen wéi mir am Westen, da giff de Planéit souwiesou an Null Komma Näischt anhänken. Allerdëngs wier jo dann och kee méi do, deen fir bëlleg Geld giff eis Saachen produzéieren …

  23. Arlesienne
    December 17, 2009 at 7:42 pm

    @Grommel: Ech géif mer déi bëlleg Tele kaafen an déi 200 Euro un eng
    Orga spenden an déi ech Vertrauen hunn. Souwäit, sou gudd. Doduerch hätt ech awer net onbedingt e rouegt Gewëssen an dat as och gudd.
    Wat momentan an de grousse Geschäfter ofleeft, Kaviar hei & Foie gras do, dat k…
    mech sou däermossen un, dat ech souwisou keng Iddi méi hunn, fir mech méi laang wéi néideg do opzehaalen. Wat huele mer mat, wann eis Existenz hei zu Enn geet? Näischt.
    Vläicht eist Gewëssen…

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: