Home > Film > Avatar.

Avatar.

December 18, 2009 Leave a comment Go to comments

Just e puer Remarken zum Film:

  • giff dat normalerweis nie soen, mee gitt eng 3D-Versioun OUNI  Ennertitelen kucken. Déi versch**ssen vill!
  • sinn nach ëmmer net sécher op den 3D et wierklech bréngt, mee villäicht ass en einfach nach ëmmer net gutt genuch (an d’Brëller ze schwéier, en plus maachen se d’Bild méi däischter) … an e puer Szenen, wou Wiesen oder Äschen am Raum schwiewen ass den 3D nach am iwwerzeegensten
  • d’Geschicht ass natierlech mega-kitsch mee bon, Märecher soll een jo net ze streng beurteelen an jo, et ass ‘Dancing with Wolves in Space’.
  • den Öko-Message vum Film gefällt mer (an d’destruktiv Oder vum Mënsch, oder gewëssen Mënschen, ass gutt duergestallt), den Ethno-Kitsch vum pantheisteschen Edlen Wëllen e bëssen manner well ze simplistesch (och wann manner kitschegen Pantheismus mer generell net onsympatesch ass)
  • d’Na’vi sinn graphesch wierklech exzellent, d’Mimik an d’Bewegungen sinn genial, keen uncanny valley méi (ok, sie hunn de liichten Virdeel, dass et keng richteg Mënschen sinn)
  • Pandora ass mat enger blühender Fantasie an onwahrscheinlech vill Léift zum Detail crééiert ginn
  • d’Sigourney Weaver ass gemaach fir an SciFi Filmer ze spillen
  • beim Avatar-Steieren sinn interessant Parallelen zu Läit ze gesinn, déi sech permanent am Second Life oder WoW ronderem dréiwen an hiert virtuellt Liewen do méi interessant fannen wéi hiert richtegt a bestëmmt och tentéiert wieren dat eent géint dat anert anzetauschen

7/10

Categories: Film
  1. December 18, 2009 at 3:43 pm

    Ech sinn mëttlerweil wierklech tentéiert, de Film kucken ze goen. Mä ech mengen ech waarden nach bis ech nees doheem sinn, an en kann ouni Ennertitlen an engem IMAX gesinn. Wat ech esou ronderem liesen, schéngt dat dowert ze sinn.

  2. December 18, 2009 at 3:48 pm

    Doheem ass an deem Fall UK?😉

    Jo, ech woer och am Ufank géint de Film. Hu mech awer dunn vum 3D an sou iwwerrieden gelooss. Ass de Genre Film, deen een egal wéi einfach muss gesinn hunn am Endeffet. Fannen die blo Na’vi awer ëmmer nach net super als Figuren, obwuel d’Neytiri net onléif eriwwer kënt …

  3. December 19, 2009 at 7:12 pm

    Nodeems ech 2012 kucke war, mer extreem wéinesch dovun erwaart hunn, a schlussendlech de Film nach vill vill vill méi grotteschlecht war, wéi ech mer en erwaart hat (ok selwer schold), ware meng Erwaardungen hei och elo net esou rieseg. Ier ech zu mengem Urdeel kommen, sollt ech vläit nach erwähnen, datt ech kee gebuerene Cineast sinn, an sou Filmer (wéi Avatar) am Fong den eenzege Grond si, wisou ech mech an e Kino bewegen. Mäin Urdeel: mat Bléck op méng Usprech ass Avatar mat ganz groussem Ofstand, dee beschte Film, deen ech säit Jurassic Parc (1) gesinn hunn. Bis elo stung Serenity un dir Plaz (awer just well ech sou e grousse Fan vu Raumscheffer sinn). Lo kann ee soen, datt méng Kinoswelt da wuel zimmlech beschränkt ass, mee nodeems mech an der Lescht Filmer kaum bewege konnten, huet deen hei Film et iegendwéi gepackt, mäin Interesse fir dat Medium ze reaniméieren. Ennert dem Gewiicht vum Brell huet méng Nues zwar no 90 Minuten ugefaang ze rebelléieren a menger Frendin war et doudschlecht nom Film, mee ech hunn et trotzdem einfach genial fonnt an hätten am léiwste nach eng Kéier gekuckt.

    Wat 3D Technik betrefft, sou hunn ech déi deelweis och e besse louche an net ausgeräift empfonnt, mee ouni 3D géif awer wuel e gudden Deel vun der Atmosphär verluer goen.

  4. December 20, 2009 at 3:33 pm

    Jo, doheem ass UK.🙂

    Serenity. Hach. Ech hat bal Tréinen an den Aan ewéi den Wash gestuerwen ass.

    Wat mech bei 3D haaptsächlech nervt ass de Fait, dass ech souwisou schon eng Brëll unhunn. An zwou Brëllen iwwerteneen ass verdammt onbequem an lästeg. Mä ech géing mer Avatar awer net am 2D ukucken, wou dat jo anscheinend deen 3D Film soll sinn. Ech wëll nämlech endlech een 3D Film gesinn, deen et rechtfertegt 3D ze sinn, well bis elo hunn ech nach keen esou gesinn, an ech war vill esou Filmer kucken an der läscht.

  5. December 20, 2009 at 3:45 pm

    Ech sinn tentéiert den Avatar 3D nach eng Kéier kucken ze goen, mee déi Kéier synchroniséiert a mat Kontaklënsen. Mee 11,5 Euro fir en Film, deen ech schon eng Kéier gesinn hunn, hmm …

  6. December 21, 2009 at 12:30 pm

    Thierry, ech hunn en och souzesoen mat duebeler Verglasung gekuckt. Am Ufank hat ech e besse Problemer, déi 2 Breller ofzestemmen, mee et ass awer duerchaus machbar. Däin richtege Brell dierf just nat all ze grouss sinn.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: