Gerechtegkeet?

December 20, 2009 Leave a comment Go to comments

En interessanten Online-Cours vun Harvard zum Thema Gerechtegkeet:

An et ass einfach genial, dass esou Material an der Tëschenzäit online gratis zur Verfügung gestallt gët.

  1. CK
    December 21, 2009 at 12:59 am

    Absolut genial!

    Hunn haut mol Episode 3 gekuckt, well et do (ower wuel net nemmen do laut dem Episode Guide, mir sinn nun emol an den USA, dem land of the free) em Libertarianism geet an “Anarchy, State and Utopia” vum Robert Nozick een vun mengen Libblingsbicher ass.

    Merci fir den Tipp! Bleiwen ower een houfregen libertarian, d´Ugreffer vun lénks sinn net iwwerzeechend😉

  2. December 21, 2009 at 8:14 am

    Gär geschitt, hoffen du kucks die aner awer och nach😉

    An ech gesinn, du bass och en houfregen Lëtzebuerger …

  3. CK
    December 21, 2009 at 9:10 pm

    Gär geschitt, hoffen du kucks die aner awer och nach😉

    Jo sëcher, brauch jhust séng Zait, sinn jo emmerhin ca. 12 Stonnen am Ganzen.

    An ech gesinn, du bass och en houfregen Lëtzebuerger …

    Secher daat. Ee bessi Patriotismus kann nie schueden (derfir nennen ech mech jo och munchmol liit provokativ nationalliberal.) Ech sinn Supporter vun eiser Futtball-Nationalequip an vun derhir öfters am Zeechen vum rouden Léiw ënnerwee. Siew et mat den Leit vum legendären M-Block oder och- wéi an Israel- mam Journalistentroß vum Luxemburger Wort an Kompanie.😉

  4. December 22, 2009 at 8:11 am

    > Jo sëcher, brauch jhust séng Zait, sinn jo emmerhin ca. 12 Stonnen am Ganzen.

    Gutt, wier un denger Meenung interesséiert. Well et bei dir jo heiandsdo riwwerkënt, wéi wann Gerechtegkeet eng ganz kloer Saach wier … Wéi giffs du zb beim ‘Trolley’ Beispill reagéieren? Opfers de deen 1 oder opfers de die 5?

    Wat de Patriotismus ugeet, sou ass dat dann e weideren Punkt, wou mer net der selwechter Meenung sinn😉

  5. CK
    December 22, 2009 at 11:00 pm

    Gutt, wier un denger Meenung interesséiert. Well et bei dir jo heiandsdo riwwerkënt, wéi wann Gerechtegkeet eng ganz kloer Saach wier …

    Meeschtens ass et daat mMn eben och. Et gett am Liewen wuelverstanen enorm vill moralesch Grauzonen, besonnesch an Extremsituatiounen wéi Kriich, Naturkatastrofen asw. Do kann een schons mol an Dilemmas kommen wou sech sech schwéier, vlait esouguer onléisbar ethesch an moralesch Froën stellen (wat dann allerdéngs mMn grad derfir schwätzt d’Entscheedung wéi am Fall vun der Euthanasie de Betraffenen ze iwwerloosen). Mee datt een an enger Virliesung op esou Beispiller zereckgraift, déi am Alldag- jhiddferfalls bei eis an Europa- kaum (nach) virkommen, seet jo schons genuuch aus. Am Alldag (och an der Politik!) stellen sech eis meeschtens vill méi banal Problemer an do dinn ech mech effektiv net allze schwéier dank kloren Prinzipien.

    Wéi giffs du zb beim ‘Trolley’ Beispill reagéieren? Opfers de deen 1 oder opfers de die 5?

    Hunn emol gegoogelt, wat daat soll sinn, well hunn déi Folleg nach net gekuckt😉

    Méng Entwert (gemeinsam Kombinatiounen vun den Nummeren sinn och meiglech)

    1. Giew een emol probéieren den Trolley ze stoppen oder zum Entgleisen ze bréngen, éi en iwwert irgendeen rullt. Wann dann eng Geisel do dran setzt, haetten mir natirlech erem een Dilemma. Ausser et wir de „mad philosopher“. Deen ze killen, giew ech jhust gerecht fannen, dat wir Noutwir. Mee ansonsten giew ech soen: batter fir d’Geisel, mee keng aner Chance. Haett d’Attack op den WTC kinnten verhennert ginn andeem een d’Boeings vun der Loftwaff ofschéissen geloos haett, wir ech bspw. derfir gewiecht, zumols d’ Leit am Fliiger selwer sws wuel verluer sinn, déi am WTC ower nach ze retten. Ech sinn do fir d’Recht zum Ofschoss.

    2. Probéieren d’Leit ze retten/se lass ze schneiden. Et wir dann sougesinn wuel méi sennvoll d’Weich emzeleen, well d’Zait vlait duergeet een ze retten, ower net onbedéngt fennef.

    3. Wann fir 1 an/oder 2 d’Hellef vum mad philosopher noutwendeg fir, wir ech der Meenung, datt ALLES misst gemaach ginn fir déi ze kréien (ausser aner Onschelleger eranzebréngen natirlech, dat ass absolut tabu a mengen Aen, am Szenario daerfen sws jhust déi Eragezwongen an fraiwelleg(!) Hellefer eng Roll spillen!) Inklusiv Folter. Jo richteg, an Noutwier halen ech Folter durchaus fir legitim.

    4. Wann den Trolley op keen Fall méi (rechtzaiteg) ze stoppen wir, weess ech och net. Utilitarismus ass verféieresch, och ech denken oft utilitaristesch. Bei Naturkatastrofen probéiert een jo och grad d’Doudeszuelen ze miniméieren. Anersaits wanns de d’Weich emlees, hues du deen een aktiv mat embruet, wanns de naischt mechs, sinn der fennef ouni Dain Matwirken gestuerwen. Déi meescht Leit giewen hei derfir wuel passiv bleiwen bzw. vergeblech 2) probéieren. Wann ech secher wéisst, datt naischt ze aenneren wir, tendéieren ech derhir wuel zum Naischtmaan an dem Täter d’Schold un den 5 Doudegen ze ginn. Een Aktiv handeln bréngt emmer eng direkt Verantwortung mat sech, Passiv naischt maan jhust eng indirekt.

    5. Eng aner interessant Fro wir wann een opmaanst een oder och méi vun deenen 6 potentiellen Afferen giew kennen. Denken do giew een dann effektiv zu sengem Frend, sénger Famill odgl. tendéieren. Woubai jo och do erem kinnten op baiden Saiten Leit engem wichteg sinn. (Dat Trolley-Beispill ass also vun munchen konkreten, weideren Variablen wuel nach ofhaengeg.)

    Absolut kloer ass ower hoffentlech datt den mad philosopher schold un allen Doudegen ass. Ouni hien wir keen eenzegen vun deenen 6 iwwerhapt an Liewensgefor komm, egal wat een bei den aneren Handelnden evtl. (och zurecht vlait) kritiséieren kann.

    Wat de Patriotismus ugeet, sou ass dat dann e weideren Punkt, wou mer net der selwechter Meenung sinn

    Also “main“ Patriotismus giew ech als gesonden, liberalen Verfassungspatriotismus bezeechnen (woubai ech zwar do elo och net all Detail fir wichteg fannen, punkto Monarchie vs. Republik bspw. sinn ech ganz neutral, mir geet et méi em déi an der Constitutioun garantéierten Grondrechter an Institutiounen als solch) an ech hun een gewessen/kléngen Interessi un Letzebuerger Geschicht, Politik an Kultur. Ech lëen zudem och Wert op eis Sprooch. Dat wuar et dann ower schons. Ech hunn weder eppes géint Frontaliers, nach kann ech mat primitivem Nationalismus oder enger Leitkultur eppes unfaenken (ech sinn durchaus Kosmopolit amfong). Datt ech eiser Nationalequip am Fussball d’Daumen drécken (genausou wéi eis divers Matbirger aneren Equipen) oder bei der TdF eisem Kirchen an eisen Schlecks, fannen ech zudem och ganz normal. Ass sws méi Folklore wéi soss eppes.

    Mee wann déi Diskussioun do dech interesséiert, mir haaten do schons blogintern zum Nationalfeierdaag eng Kontrovers doriwwer:

    CK: http://lforliberty.wordpress.com/2009/06/22/nationalfeiertag2009/

    JayJay: http://lforliberty.wordpress.com/2009/06/22/nationalfeiertag/

  6. December 23, 2009 at 6:25 am

    CK:

    Merci fir deng Äntwert.

    Du probéiers der d’Saach beim Trolley Gedankenexperiment allerdëngs ze liicht ze maachen an deems de d’Ausgangssituatioun modifizéiers oder nei Elementer mat erabréngs. Dat ass jo net de Sënn vun der Saach.

    Well usech geet et jo em d’Fro: bass du bereet fir 1 ze opferen fir 5, 50 oder 500 anerer ze retten? An et gët ugeholl du kenns keen vun hinnen.

    Et ginn och nach weider Varianten: Et huet een en Terrorist a säin 5jähregen Bouw gefangen. Allerdëngs huet den Terrorist eng Zäitbomm verstoppt an aktivéiert, dei ganz demnächst explodéieren wäert 100ten vun Läit embréngen oder schwéier verletzen wäert. Den Terrorist selwer ass bereet fir seng Cause ze stierwen, mee et besteet d’Hoffnung, dass en et net aushällt, wa sengem Bouw eppes giff passéieren. Ass et an deem Fall gerechtfertegt säi Bouw virun sengen Aan ze folteren fir hien (de Papp) zum Schwätzen ze bréngen an sou 100ten vun Läit ze retten?

    Eng aner: En Dokter gët zu engem Akzident geruff. 6 Läit sie schwéier verletzt, all mussen direkt behandelt ginn. Wann se direkt behandelt ginn hunn der 5 eng Iwwerliewenschance vun 90% an 1 vun 10% (well hier Blessuren ennerscheedlech grave sinn). Wann den Dokter sech vir d’éischt ëm dee ganz graven, an zäitintensivsten, Fall giff këmmeren, da giff hien riskéieren, dass déi aner an der Tëschenzäit drop ginn. Wéi sollt en sech verhalen? An nee, d’Emstänn erlaben net, jidereen ze retten. Wéi soll den Dokter d’Prioritéien setzen?

  7. CK
    December 23, 2009 at 10:18 am

    Dat ass jo net de Sënn vun der Saach.

    Op Wikipedia gett et méi Varianten vun deem Gedankenexperiment do. An der Realitéit giew et sws vill méi Variablen ginn. Derhir fannen ech esou Froenstellungen mat jhust zwee Alternativen och enorm akademesch.

    Ass et an deem Fall gerechtfertegt säi Bouw virun sengen Aan ze folteren fir hien (de Papp) zum Schwätzen ze bréngen an sou 100ten vun Läit ze retten?

    Nee, wir et net (mir sinn keng Diktatoren ouni Moral), mee dat wir wuel och net néideg. Du kinns och jhust bluffen an dermatter droen et ze maan oder esou eng Situation fingéieren mat Tounbänder. Virun allem kinns de ower den Terrorist selwer folteren an gleew mer, deen giew schwätzen. Wann net, misst een d´Bomm explodéieren loossen, de Bouw kann fir naischt. Beim Terrorist kinnt een dann duerno ower iwwert Doudesstrof nodenken.

    Wéi soll den Dokter d’Prioritéien setzen?

    Keng Ahnung, perséinlech giew ech derzou tendéieren, daat probabilistesch ze analyséieren an esou ze entscheeden, datt déi meescht iwwerliewen (ergo utilitaristesch). Mee eent ass kloer: den Dokter muss daat selwer entscheeden.

  8. December 23, 2009 at 1:46 pm

    CK:

    > Derhir fannen ech esou Froenstellungen mat jhust zwee Alternativen och enorm akademesch.

    Natierlech. Trotzdem sinn se interessant wëll se awer eppes iwwert een selwer aussoen. An die meescht Läit tendéieren spontan utilitaristesch ze äntwerten.

    > Nee, wir et net (mir sinn keng Diktatoren ouni Moral), mee dat wir wuel och net néideg.

    Du wiers also bereet 100 Läit ze opferen fir deng Moral?

    > Du kinns och jhust bluffen an dermatter droen et ze maan oder esou eng Situation fingéieren mat Tounbänder.

    Du veränners den Szenario rem.

    > Virun allem kinns de ower den Terrorist selwer folteren an gleew mer, deen giew schwätzen.

    Villäicht, villäicht net. Wéi kanns de der do sou sécher sinn? Schwätzt jidereen ënnert der Folter?

    > Wann net, misst een d´Bomm explodéieren loossen, de Bouw kann fir naischt. Beim Terrorist kinnt een dann duerno ower iwwert Doudesstrof nodenken.

    Du giffs also tatsächlech 100 onschëlleg Läit stierwen loossen fir een Onschëllegen ze retten?

    > Keng Ahnung, perséinlech giew ech derzou tendéieren, daat probabilistesch ze analyséieren an esou ze entscheeden, datt déi meescht iwwerliewen (ergo utilitaristesch).

    Ok.

    > Mee eent ass kloer: den Dokter muss daat selwer entscheeden.

    Jo. Mee dorems ass et jo net gaang hei.

  9. CK
    December 23, 2009 at 7:20 pm

    An die meescht Läit tendéieren spontan utilitaristesch ze äntwerten.

    Daat wonnert mech net. Utilitarismus an Pragmatismus sinn haut virherrschend. Lies emol den „Über uns“ op LfL (vu mir iwwregens geschriwwen.) Do soen ech eben genau daat och. An Extremfäll verstinn ech et esouguer, mee den alltäglechen Utilitarismus, grad an der Politik, graifen ech un.

    Du wiers also bereet 100 Läit ze opferen fir deng Moral?

    Ech afferen guer keen. An dengem Beispill ginn all d’Leit vum mad philosopher bzw. vum Terrorist geaffert. Mee Moral ass ze wichteg fir se ze afferen. Ech giew den Bouw selwer jhiddferfalls net folteren (och net op Order vun uewen hin), mee wanns Du et wiels maan, wéisst ech elo och net op ech Dech giew ophaalen, ausser ech wir Dain Virgesetzten an dermatter responsabel fir Dech.

    Du veränners den Szenario rem.

    LOL. Ech dinn mech schwéier mat esou „A oder B“-Szenarien, wou A an B furchtbar sinn. Wéi oft kennt esou eppes fir? Ech weess datt Nazien am KZ hir Affer zu esou extremen Choixen gezwongen hunn (wou all Mensch drun futti geet wuel), mee meeschtens am realen Liewen muss de bai esou Problemer direkt froen, ob et net nach een C, D, E etc. evtl. gett. Zumols wanns de vun Philosophen och nach falsch Alternativen ugebueden kriss. Bei Materialismus vs. Idealismus bspw. tendéieren ech zu engem „Weder nach, ech well baides, well jhust daat mecht de Mensch als Ganzt aus“. Et acceptéiert een an esou Fäll net emol een “A oder B”, wann een moralesch well sinn.

    Schwätzt jidereen ënnert der Folter?

    Denken schons. Folter bréngt all Mensch zum Sangen, et ass jhust eng Fro vun der Intensitéit. Mee iwwer esou inhuman Themen schwätzen ech net gaeren. Wann et drop ukéim, giew ech daat maan, wat ze maan wir. Hunn deslescht „Taken“ mam Liam Neeson gesinn, een furchtbaren Film bzgl. Folter, mee was de do gesais, kann keen Mensch erdroen ouni ze schwätzen.

    Du giffs also tatsächlech 100 onschëlleg Läit stierwen loossen fir een Onschëllegen ze retten?

    Nee, giew alles probéieren déi 101 ze retten. An wou ech derfir den Terrorist misst an Stécker schneiden an hacken…

  10. December 23, 2009 at 7:48 pm

    CK:

    > Daat wonnert mech net. Utilitarismus an Pragmatismus sinn haut virherrschend. Lies emol den „Über uns“ op LfL (vu mir iwwregens geschriwwen.) Do soen ech eben genau daat och. An Extremfäll verstinn ech et esouguer, mee den alltäglechen Utilitarismus, grad an der Politik, graifen ech un.

    Well s du an enger (finanzieller) Positioun bass, wou s du der dat erlaaben kanns.

    > Ech afferen guer keen. An dengem Beispill ginn all d’Leit vum mad philosopher bzw. vum Terrorist geaffert. Mee Moral ass ze wichteg fir se ze afferen. Ech giew den Bouw selwer jhiddferfalls net folteren (och net op Order vun uewen hin), mee wanns Du et wiels maan, wéisst ech elo och net op ech Dech giew ophaalen, ausser ech wir Dain Virgesetzten an dermatter responsabel fir Dech.

    Falsch. DU affers se. Oder léiss opmanst zou, dass se geaffert ginn. DU beschléiss, dass 1 Persoun net zum Wohl vun 100 sollt sacrifiéiert ginn.

    Ech wéisst, dass wann ech den Bouw net giff folteren, dass dann 100 Läit sécher stierwen wäerten. Obwuel zb ech dat hätt kéinten verhënneren. Mee wann s du domadder liewen kanns, dass de indirekt 100 Läit um Gewëssen hues, ok …

    > LOL. Ech dinn mech schwéier mat esou „A oder B“-Szenarien, wou A an B furchtbar sinn. Wéi oft kennt esou eppes fir?

    Uh, dat hunn moralesch Dilemma’en sou un sech, dass d’Choix’en fuerchtbar sinn … An esou oder ähnlech Situatiounen kommen fir.

    > Ech weess datt Nazien am KZ hir Affer zu esou extremen Choixen gezwongen hunn (wou all Mensch drun futti geet wuel), mee meeschtens am realen Liewen muss de bai esou Problemer direkt froen, ob et net nach een C, D, E etc. evtl. gett.

    Heiandsdo ginn et awer just eng begrenzten Zuel vun fuerchtbaren Choix’en. An do muss een dann Faarw bekennen. Glécklecherweis bei eis just am Kader vun Gedankenexperimenter.

    > Zumools wanns de vun Philosophen och nach falsch Alternativen ugebueden kriss. Bei Materialismus vs. Idealismus bspw. tendéieren ech zu engem „Weder nach, ech well baides, well jhust daat mecht de Mensch als Ganzt aus“. Et acceptéiert een an esou Fäll net emol een “A oder B”, wann een moralesch well sinn.

    An du kanns natierlech Materialismus and Idealismus mateneen verbannen?

    > Denken schons. Folter bréngt all Mensch zum Sangen, et ass jhust eng Fro vun der Intensitéit.

    Du denks? Ass dat erem sou eng Situatioun, wou s du eppes behaaps ouni konkret Donnéeën oder Beweiser ze hunn? Dat schwätzt net fir deng Argumentatioun …

    > Mee iwwer esou inhuman Themen schwätzen ech net gaeren. Wann et drop ukéim, giew ech daat maan, wat ze maan wir.

    A wéi definéiers de do wat ze maachen wier?

    > Hunn deslescht „Taken“ mam Liam Neeson gesinn, een furchtbaren Film bzgl. Folter, mee was de do gesais, kann keen Mensch erdroen ouni ze schwätzen.

    Dat hänkt wuel alles och vun der Motivatioun of. Wann die Gefaangen ënnert Folter sou séier schwätzen, da wonnert een sech firwat déi Method net méi efficace ass a méi ugewand gët …

    > Nee, giew alles probéieren déi 101 ze retten. An wou ech derfir den Terrorist misst an Stécker schneiden an hacken…

    Ok. An domadder riskéieren, dass de hien embréngs éier en d’Wourecht gesot huet an doduerch 100 Läit stierwen wäerten.

    En plus ass dat hei just een moralescht Dilemma. Ech kann der 10 dohinner tesselen, wou s de net esou einfach eraus kënns.

  11. CK
    December 23, 2009 at 8:27 pm

    DU beschléiss, dass 1 Persoun net zum Wohl vun 100 sollt sacrifiéiert ginn.

    Majo wéinstens hunn ech mech net aktiv un engem Verbriechen bedeelegt. An all Doudegen huet dann den Terrorist um Gewessen an soss keen.

    An do muss een dann Faarw bekennen.

    Dermatter hunn ech keen Problem. Op mengem Blog hunn ech kloer Fuarw bekannt wou et em den Gaza-Asatz goung. Leider fannen dat aner Leit dann erem net gutt.

    An du kanns natierlech Materialismus and Idealismus mateneen verbannen?

    Ech haalen et fir absolut falsch iwwerhapt eng Dichotomie teschent Kierper an Geescht, materiellen an ideellen Bedürfnisser, ze konstruéieren.

    Ass dat erem sou eng Situatioun, wou s du eppes behaaps ouni konkret Donnéeën oder Beweiser ze hunn? Dat schwätzt net fir deng Argumentatioun …

    Munch Saachen kann een a priori behaapten, well se einfach evident sinn.

    A wéi definéiers de do wat ze maachen wier?

    Soot ech jo, den Terrorist folteren.

    Wann die Gefaangen ënnert Folter sou séier schwätzen, da wonnert een sech firwat déi Method net méi efficace ass a méi ugewand gët …

    Ehm, well Folter verbueden vlait ass?😀

    An der Realitéit hues de zudem net mat Terroristen ze dinn, mee mat Verdächtegen, wou zurecht mol d´Onscholdsprinzip gellt. Een Fall Daschner ass éischter seelen. Do sinn dann also Onschelleger drenner, déi wirklech naischt wessen an ennert der Folter ower egal wat verzaapen.

    Ok. An domadder riskéieren, dass de hien embréngs éier en d’Wourecht gesot huet an doduerch 100 Läit stierwen wäerten.

    Et kann een schons beim Folteren derfir suergen, datt deenjéinegen net esou séier ofkratzt😉

  12. December 23, 2009 at 8:48 pm

    CK:

    > Majo wéinstens hunn ech mech net aktiv un engem Verbriechen bedeelegt. An all Doudegen huet dann den Terrorist um Gewessen an soss keen.

    Natierlech ass et primär dem Terrorist seng Schold. Mee du hues deenen 100 net gehollef obwuels de et häss kënnen. Dir woer een Mënsch méi wichteg wéi honnert anerer. Domadder muss du dann eens ginn.

    > Dermatter hunn ech keen Problem. Op mengem Blog hunn ech kloer Fuarw bekannt wou et em den Gaza-Asatz goung. Leider fannen dat aner Leit dann erem net gutt.

    Doheem vun der Fotell aus sinn esou Saachen och ëmmer schéin ze kommentéieren an ze jugéieren …

    > Ech haalen et fir absolut falsch iwwerhapt eng Dichotomie teschent Kierper an Geescht, materiellen an ideellen Bedürfnisser, ze konstruéieren.

    An d’Léisung fir dat alles ass natierlech en Libertarismus? Just gelungen, dass en sech dann nie duerch gesat huet …

    > Munch Saachen kann een a priori behaapten, well se einfach evident sinn.

    Dat behaapts du sou. Ouni wierklech Statistiken gleewen ech net, dass all Terrorist ënnert der Folter zesummenbrécht. Zumools innerhalb vun kuerzer Zäit.

    > Soot ech jo, den Terrorist folteren.

    Ech duecht du häss dat nach fir aner extrem Situatiounen bezunn gehat.

    > Ehm, well Folter verbueden vlait ass?

    Soll se da verbueden sinn? Wann se jo awer sou efficace ass?

    > An der Realitéit hues de zudem net mat Terroristen ze dinn, mee mat Verdächtegen, wou zurecht mol d´Onscholdsprinzip gellt. Een Fall Daschner ass éischter seelen. Do sinn dann also Onschelleger drenner, déi wirklech naischt wessen an ennert der Folter ower egal wat verzaapen.

    Mee bei sécheren Terroristen kann een schon Folter asetzen fir se zum Sangen ze bréngen?

    > Et kann een schons beim Folteren derfir suergen, datt deenjéinegen net esou séier ofkratzt

    Hues de dat och duerch Filmer geléiert?

  13. CK
    December 23, 2009 at 10:19 pm

    Domadder muss du dann eens ginn.

    Daat sowisou. Genausou wéi een muss eenz dermatter ginn, een kléngen Bouw gefoltert ze hunn.

    Doheem vun der Fotell aus sinn esou Saachen och ëmmer schéin ze kommentéieren an ze jugéieren …

    Jo, dat denken ech mir och emmer bei den ganzen Antizionisten derbaussen. Am Endeffekt muss en kucken wéi een jugéiert wann een selwer betraff ass. Dat ass och deen ganzen Problem mat den Gedankenexperimenter do, si sinn net real erliewbar.

    An d’Léisung fir dat alles ass natierlech en Libertarismus? Just gelungen, dass en sech dann nie duerch gesat huet

    1. Vum Liberalismus huet sech zwar bei waitem nach net alles, ower dach schons enorm vill durchgesat. Eisen ganzen Wuelstand ass einegermossen fraien Märt an Menschen ze verdanken.

    2. Den Liberalismus erméiglecht et den Menschen individuell Léisungen ze fannen an ass dermatter engem “One size fits all” emmer iwwerleen.

    3. All Mensch huet materiell an ideell Bedürfnisser an een Fraiheetsdenker dréit baidem Rechnung.

    Soll se da verbueden sinn? Wann se jo awer sou efficace ass?

    Et bewert een Methoden net (nemmen) no hirem Erfolleg. Derfir leen ech Utilitarismus of, et ass keen moralescht Fundament do. Ech sinn iwwerzeechten Naturrechtler an Folter ass een absoluten No-Go fir mech ausser eben an direker Noutwier. Een Verdächtegen folteren geet glatt a guer net. Jo, se ass zurecht verbueden, och am Kriich an den Obama huet Recht Guantanamo zouzemaan, wann do gefoltert ginn ass.

    Mee bei sécheren Terroristen kann een schon Folter asetzen fir se zum Sangen ze bréngen?

    Enner gewessenen reng theoreteschen Conditiounen jo, ower déi sinn quasi nie erfellt. Ausser an esou flotten Gedankenexperimenter oder ganz seelenen Fäll eben nach.

    Hues de dat och duerch Filmer geléiert?

    Et ginn Saachen déi dinn furchtbar wéi, mee et kratzt een net dovunner of. Bspw. Zahnstocher ennert Fangerneel. Hat ech emol probéiert bei mir selwer nom Fall Daschner, sinn net wait komm.

  14. December 24, 2009 at 9:33 am

    CK:

    >Daat sowisou. Genausou wéi een muss eenz dermatter ginn, een kléngen Bouw gefoltert ze hunn.

    Jo. Ee Jong folteren oder 100 Läit stierwen loossen obwuel een et hätt verhënneren kënnen. Ech sot nie de Choix wier einfach.

    > Jo, dat denken ech mir och emmer bei den ganzen Antizionisten derbaussen. Am Endeffekt muss en kucken wéi een jugéiert wann een selwer betraff ass.

    Dat kann een awer just erausfannen WANN een selwer betraff ass. Bis dohinner bléiwt et ëmmer Spekulatioun. an dat gëlt och fir Anti-Palästinenser.

    > Dat ass och deen ganzen Problem mat den Gedankenexperimenter do, si sinn net real erliewbar.

    Trotzdem kënnen sech wichteg theoretesch Erkenntnisser iwwert een selwer bréngen.

    >1. Vum Liberalismus huet sech zwar bei waitem nach net alles, ower dach schons enorm vill durchgesat. Eisen ganzen Wuelstand ass einegermossen fraien Märt an Menschen ze verdanken.
    > 2. Den Liberalismus erméiglecht et den Menschen individuell Léisungen ze fannen an ass dermatter engem “One size fits all” emmer iwwerleen.
    > 3. All Mensch huet materiell an ideell Bedürfnisser an een Fraiheetsdenker dréit baidem Rechnung.

    Ass Libertarismus (libetarianism) an Liberalismus (liberalism) dat selwecht?? Dat éischt schéngt mir vill méi wäit ze goen, wéi dat zweet. Mat wat identifizéiers du dech?

    > Et bewert een Methoden net (nemmen) no hirem Erfolleg. Derfir leen ech Utilitarismus of, et ass keen moralescht Fundament do. Ech sinn iwwerzeechten Naturrechtler an Folter ass een absoluten No-Go fir mech ausser eben an direker Noutwier. Een Verdächtegen folteren geet glatt a guer net. Jo, se ass zurecht verbueden, och am Kriich an den Obama huet Recht Guantanamo zouzemaan, wann do gefoltert ginn ass.

    Mat dem Risiko doduerch groussen Schued op sech oder anerer ze zéien?

    > Enner gewessenen reng theoreteschen Conditiounen jo, ower déi sinn quasi nie erfellt. Ausser an esou flotten Gedankenexperimenter oder ganz seelenen Fäll eben nach.

    Also ass Folter net per se ausgeschloss?

    > Et ginn Saachen déi dinn furchtbar wéi, mee et kratzt een net dovunner of. Bspw. Zahnstocher ennert Fangerneel. Hat ech emol probéiert bei mir selwer nom Fall Daschner, sinn net wait komm.

    Du bass jo och kee Masochist oder Fanatiker.

  15. CK
    December 24, 2009 at 5:50 pm

    Dat kann een awer just erausfannen WANN een selwer betraff ass. Bis dohinner bléiwt et ëmmer Spekulatioun. an dat gëlt och fir Anti-Palästinenser.

    Ech maan Israel jo och keng exakt konkret Virschrëften wéi se den Kriich féieren sollen. Ech analyséieren jhust d’Ideologien an d’Situation vum Konflikt als solch an zéien dorausser dann méng Réckschlëss. Och wat déi bescht Strategie fir eis Europäer ungeet.

    Ass Libertarismus (libetarianism) an Liberalismus (liberalism) dat selwecht?? Dat éischt schéngt mir vill méi wäit ze goen, wéi dat zweet. Mat wat identifizéiers du dech?

    Liberalism an den USA steet u sech fir „sozialliberal“/“sozialdemokratesch“. Den klasseschen Liberalismus vun engem von Mises wir schons libertarianism. Allerdéngs ass dat Wuert erem problematesch, well sech esou och genuuch Anarchisten bezeechnen. Ech selwer gesinn mech wéi den Nozick ass klassesch Liberalen, ower net als Anarchist, allerdéngs wir ech realpolitesch zu vill méi Kompromissen haut wuel bereed wéi hien (zwar deelen ech sain Idealbild, mee Verännerungen mussen historesch wuessen an kennen net vun haut op muer durchgesat ginn).

    Mat dem Risiko doduerch groussen Schued op sech oder anerer ze zéien?

    Jo, d’Liewen ass nie risikolos.

    Also ass Folter net per se ausgeschloss?

    U sech schons, mee an ganz extremen Fäll giew ech wuel- wéi gesoot- derfir optéieren. Den Dershowitz well daat jo gesetzlech regelen, ech sinn do ower éischter skeptesch an zéien een Folterverbued fir, wat ower giew Gerichter Extremsituationen berücksichtegen loossen, esou datt vlait och alt emol jhust een symboleschen Dollar fir de Folterer giew ufaalen.

    Wéi och emmer, schéin Feier- an Chreschtdeeg!!!

  16. December 25, 2009 at 11:48 am

    CK:

    > Ech maan Israel jo och keng exakt konkret Virschrëften wéi se den Kriich féieren sollen. Ech analyséieren jhust d’Ideologien an d’Situation vum Konflikt als solch an zéien dorausser dann méng Réckschlëss. Och wat déi bescht Strategie fir eis Europäer ungeet.

    A wat garantéiert, dass capabel bass, d’Situatioun vun allen Säiten aus richteg anzeschätzen?

    Niewebäi: ech huelen un, du bass e grousse Fan vum Meir Dagan?

    > Liberalism an den USA steet u sech fir „sozialliberal“/“sozialdemokratesch“. Den klasseschen Liberalismus vun engem von Mises wir schons libertarianism. Allerdéngs ass dat Wuert erem problematesch, well sech esou och genuuch Anarchisten bezeechnen. Ech selwer gesinn mech wéi den Nozick ass klassesch Liberalen, ower net als Anarchist, allerdéngs wir ech realpolitesch zu vill méi Kompromissen haut wuel bereed wéi hien (zwar deelen ech sain Idealbild, mee Verännerungen mussen historesch wuessen an kennen net vun haut op muer durchgesat ginn).

    Erënnert mech nees e bëssen un d’Befreiungsfront Judäa an d’Judäische Befreiungsfront😉

    Wat stéiert dech eigentlech un den Anarchisten?

  17. CK
    December 25, 2009 at 1:02 pm

    A wat garantéiert, dass capabel bass, d’Situatioun vun allen Säiten aus richteg anzeschätzen?

    Main Verstand, well ech mech emmer em Objektivitéit beméien. Ower zuglaich och dorem deen Aneren an sain Denken, seng Werter, seng Ideologie asw. ze verstoen. Wann ech mir net vertrauen kann, wem dann? Ech kann enorm vill durchblécken. Dat ass einfach elo méng zwar net bescheiden, mee éierlech Entwert. Ech ginn vun den realen Fakten derbai aus an derhir täuschen ech mech seelen, munches ass jo och offensichtlech ausser fir Blanner.

    Niewebäi: ech huelen un, du bass e grousse Fan vum Meir Dagan?

    Natirlech hunn ech Respekt virun Männer, déi Tapferkeet enner Beweis stellen. Medaillen muss een sech verdéngen. Op ech ower mat allem d´accord sinn, wat den Geheimdéngscht mécht, ass eng aner Fro. Hunn mech schons oft gefroot wéi een déi Institutiounen vernünfteg kontrolléieren kann an trotzdem Geheimhaltung gewährleeschten. Mee drop verzichten geet menger Meenung no secher net. Allerdéngs sinn ech definitiv géint Folter adgl.

    Erënnert mech nees e bëssen un d’Befreiungsfront Judäa an d’Judäische Befreiungsfront😉

    Jo, de Kampf teschent Minarchismus an Anarchismus erennert mech och oft dorunner. Mee amerikaneschen liberalism (gutt verkierpert vum “Sozialdemokrat” Obama) ass schons vum libertarianism béis verschidden. Woubai munch Libertär mir och oft op de Wecker ginn, mee d´Oppositioun zum Obama (wéi ower och zum Neocon Bush) ass schons méi fundamental.

    Wat stéiert dech eigentlech un den Anarchisten?

    http://lforliberty.wordpress.com/2009/05/28/wider-den-anarchismus/
    http://lforliberty.wordpress.com/2009/09/01/libertarismusnihilismus/

  18. December 25, 2009 at 1:10 pm

    CK:

    > Main Verstand, well ech mech emmer em Objektivitéit beméien

    A wéi kann s de sécher sinn, dass de déi errechs?

    > Ower zuglaich och dorem deen Aneren an sain Denken, seng Werter, seng Ideologie asw. ze verstoen. Wann ech mir net vertrauen kann, wem dann? Ech kann enorm vill durchblécken. Dat ass einfach elo méng zwar net bescheiden, mee éierlech Entwert. Ech ginn vun den realen Fakten derbai aus an derhir täuschen ech mech seelen, munches ass jo och offensichtlech ausser fir Blanner.

    Wat sinn real Fakten a vun wou kriss de déi? A sinn dat all d’Fakten, déi néideg sinn fir en effet eng objektiv richteg Aschätzung vun der Situatioun ze hunn?

    > Natirlech hunn ech Respekt virun Männer, déi Tapferkeet enner Beweis stellen. Medaillen muss een sech verdéngen. Op ech ower mat allem d´accord sinn, wat den Geheimdéngscht mécht, ass eng aner Fro. Hunn mech schons oft gefroot wéi een déi Institutiounen vernünfteg kontrolléieren kann an trotzdem Geheimhaltung gewährleeschten. Mee drop verzichten geet menger Meenung no secher net. Allerdéngs sinn ech definitiv géint Folter adgl.

    Medaillen sinn a menger Aan Kannerkroom, mee bon, verschidde Läit stinn drop. Wat awer net heescht, dass verschidden Läit, aus wat fir engen Grënn och ëmmer, net tapfer wieren.

    Mat wat gët en Geheimdëngscht eigentlech finanzéiert? Steieren, richteg?

    >Jo, de Kampf teschent Minarchismus an Anarchismus erennert mech och oft dorunner. Mee amerikaneschen liberalism (gutt verkierpert vum “Sozialdemokrat” Obama) ass schons vum libertarianism béis verschidden.

    Absolut, an dat ass och usech kloer. Ech woer méi interesséiert, wéi deng Form vun Liberalismus sech vum amerikaneschen libertarianism giff ennerscheeden.

    Wat d’Amerikaner ugeet, sou sinn jo och sech béid Parteien Mëtt-Riets. Obwuel d’Demokraten lo nees e bëssen no lénks zéien.

    > Woubai munch Libertär mir och oft op de Wecker ginn, mee d´Oppositioun zum Obama (wéi ower och zum Neocon Bush) ass schons méi fundamental.

    Firwat ginn muench Libertär dir op de Wecker?

    Liesen dann mol deng Artikelen iwwert den Anarchismus. Merci.

    (update: ganz interessant Artikelen. an se loossen dech definitiv als méi raisonabel wéi d’Anarchisten erschéngen, och wann ech am Detail oft nach ëmmer net ganz mat denger Philosophie, oder hieren Conclusiounen, averstan sinn)

  19. CK
    December 26, 2009 at 1:56 am

    A wéi kann s de sécher sinn, dass de déi errechs?

    Een gesond Selbstvertrauen.😉

    Wat sinn real Fakten a vun wou kriss de déi? A sinn dat all d’Fakten, déi néideg sinn fir en effet eng objektiv richteg Aschätzung vun der Situatioun ze hunn?

    Fakten sinn wat geschitt ass. Team A-Team B 3:0 am Fussball ass een Fakt bspw. Oder datt A zu B féiert (an den Naturwessenschaften). Fakten ginn vun de Wessenschaften geliffert an durch seriö Medien (woubai hei Lacunen bestinn). Nei Fakten sinn ower emmer wellkomm fir d´Aschätzung nach ze verbessern.

    Mat wat gët en Geheimdëngscht eigentlech finanzéiert? Steieren, richteg?

    Jo. Woubai ech och fraiwelleg derfir bezuelen giew😉

    Firwat ginn muench Libertär dir op de Wecker?

    Hunn mat munchen perséinlech schlecht Erfahrungen gemaach.

    ganz interessant Artikelen.

    Merci!

  20. December 26, 2009 at 9:38 am

    CK:

    > Een gesond Selbstvertrauen.

    Dat alleng geet net duer. Do kann een sech och villes schéin rieden: “Jo, ech hunn lo de Problem WIERKLECH vun allen Säiten gekuckt an ech verstinn lo WIERKLECH all Säiten ganz genau a richteg, obwuel ech nie selwer an sou Situatiounen woer an och net allwëssend sinn!”

    Dat klengt éischter no Hybris wéi gesondem Selbstvertrauen.

    > Fakten sinn wat geschitt ass. Team A-Team B 3:0 am Fussball ass een Fakt bspw. Oder datt A zu B féiert (an den Naturwessenschaften). Fakten ginn vun de Wessenschaften geliffert an durch seriö Medien (woubai hei Lacunen bestinn). Nei Fakten sinn ower emmer wellkomm fir d’Aschätzung nach ze verbessern.

    Just dass Gesellschaftsfroen net esou banal sinn wéi Fussballspiller an d’Fakten net sou evident sie wéi Goaler. Du schéngs der et nees liicht ze maachen.

    Duerfir nach eng Kéier: wéi kanns du sécher sinn, dass du all relevant Fakten vun engem Problem X consideréiers, oder iwwerhaapt mol kenns?

    > Jo. Woubai ech och fraiwelleg derfir bezuelen giew

    Ok, mee wéivill? Ka jidfereen dem Geheimdëngscht spenden, wat en wëll an trotzdem d’selwecht vun deem senger Aarbecht profitéieren? Wat, wann net genuch Läit dem Geheimdëngscht Suen spenden an deen seng Aarbecht net ka machen? Wat, wann die Räich net agesinn, dass sie méi missten bezuelen fir (well die Aarem dat net kënnen), dass deen seng Aarbecht kann efficace maachen? An heescht dat net och, dass die Räich GEZWONGEN sinn den Geheimdengscht méi ze finanzéieren, wann sie eng Efficacitéit garantéieren wëllen (wouvunner awer natierlech och déi Aarem, fir manner Geld, giffen profitéieren)? Oder giff dat dozou féieren, dass den Geheimdëngscht sech primär op Sujet’en konzentréiert, déi deenen Räichen notzen kéinten?

    > Hunn mat munchen perséinlech schlecht Erfahrungen gemaach.

    Well se dech perséinlech ugegraff hunn oder well se ze extrem an hieren Usiichten woeren?

    > Merci!

    Et ass berouegend ze gesinn, dass de opmanst manner extrem, a méi rational, bass wéi d’Anarchisten😉

  21. CK
    December 26, 2009 at 11:49 am

    Duerfir nach eng Kéier: wéi kanns du sécher sinn, dass du all relevant Fakten vun engem Problem X consideréiers, oder iwwerhaapt mol kenns?

    Eng 100%eg Secherheet gett et nie. Mir kennen eis irren an Feeler maan, mee mir hunn nemmen eisen Verstand fir am Liewen eenz ze ginn an mussen him derfir vertrauen. Anerwaits wiren mer verluer. Mir mussen ower natirlech emmer op fir nei Informatiounen sinn.

    Ok, mee wéivill?(…)

    De Geheimdengscht huet jhust eng Aufgab: eis all vun Gefooren vun bannen an baussen schützen. Déi Suen, der derfir (een öffentlecht Gut!) néideg sinn, mussen bereedgestallt ginn. Et ass haut ower net d´Zait fir iwwer eng réng fraiwellegen Finanzéirung nozedenken, dat soll och weiderhin mol iwwer Steieren goen. Wei iwwerhapt Steiersystem zwar reforméiert misst gin, aber net ofgeschaff. Esou eng radikal Reform ass net den éischten Schrett zu méi Fraiheet, mee wir den allerleschten Schrett hin zu engem komplett fraien Système. Virdrunner hunn mir genuuch aner Problemer unzepacken, et zäumt een e Paerd och net vun hannen op. Derfir bedeelegen ech mech net gaeren un esou utopisteschen Diskussiounen. Schons guer net esoulaang d´Majoritéit vun der Gesellschaft ganz aner philosophesch Usiichten huet.

    Well se dech perséinlech ugegraff hunn oder well se ze extrem an hieren Usiichten woeren?

    Baides.

  22. December 26, 2009 at 3:56 pm

    CK:

    > Eng 100%eg Secherheet gett et nie. Mir kennen eis irren an Feeler maan, mee mir hunn nemmen eisen Verstand fir am Liewen eenz ze ginn an mussen him derfir vertrauen. Anerwaits wiren mer verluer. Mir mussen ower natirlech emmer op fir nei Informatiounen sinn.

    Alles schéin a gutt. Mee et ass trotzdem ëmmer nach relativ arrogant ze méngen et hätt een all déi néideg Informatiounen fir kënnen ze behaapten, wat am Fall X richteg oder falsch ass. An einfachen Fäll mag dat de Fall sinn. Mee die meescht Saachen sinn net esou einfach. En plus kann een vill Situatiounen net richteg novollzéien, wann een net selwer dra woer resp. mat Läit vun all den Säiten geschwat huet, déi dra sinn.

    Verstees du zb de Palästinenser hier Argumenter oder Virgehensweisen wierklech (wat net heescht, dass du se gutt heeschen muss) oder kucks du just vu baussen a sees: Wéi kënnen déi Hammelen nëmmen déi an déi Saachen machen?

    > De Geheimdengscht huet jhust eng Aufgab: eis all vun Gefooren vun bannen an baussen schützen. Déi Suen, der derfir (een öffentlecht Gut!) néideg sinn, mussen bereedgestallt ginn. Et ass haut ower net d´Zait fir iwwer eng réng fraiwellegen Finanzéirung nozedenken, dat soll och weiderhin mol iwwer Steieren goen.

    Prozentual Steieren huelen ech un? Dat heescht déi Räich leen méi bäi wéi die Aarem?

    > Wei iwwerhapt Steiersystem zwar reforméiert misst gin, aber net ofgeschaff. Esou eng radikal Reform ass net den éischten Schrett zu méi Fraiheet, mee wir den allerleschten Schrett hin zu engem komplett fraien Système. Virdrunner hunn mir genuuch aner Problemer unzepacken, et zäumt een e Paerd och net vun hannen op. Derfir bedeelegen ech mech net gaeren un esou utopisteschen Diskussiounen. Schons guer net esoulaang d´Majoritéit vun der Gesellschaft ganz aner philosophesch Usiichten huet.

    Villes un dengen philosopheschen Usiicht klengt awer och utopistesch😉

    D’Majoritéit huet villäicht aner Usiichten well d’Majoritéit fënnt, dass dee System sou mol guer net sou schlecht an net sou onfair ass?

  23. CK
    December 27, 2009 at 1:25 am

    Verstees du zb de Palästinenser hier Argumenter oder Virgehensweisen wierklech?

    Jo, denken schons. Déi moderat Palästinenser dinn mir och durchaus leed. Mee mir ass och kloer, wéi geféierlech d´Fatah an virun allem d´Hamas sinn an ech verstinn nemmen ze gutt wat déi Organisatiounen wellen an derfir gesinn ech leider och schwuarz fir de Fridden donidden.

    Prozentual Steieren huelen ech un? Dat heescht déi Räich leen méi bäi wéi die Aarem?

    Jo, kann een dermatter wuel nach legitiméieren, datt déi Raich méi Eegentum hunn, also méi wat muss beschützt ginn. Mee wuelverstanen prozentual, net progressiv.

    Villes un dengen philosopheschen Usiicht klengt awer och utopistesch😉

    Cf. derzou aneren Thread.

  24. December 27, 2009 at 11:09 am

    CK:

    > Jo, denken schons. Déi moderat Palästinenser dinn mir och durchaus leed. Mee mir ass och kloer, wéi geféierlech d´Fatah an virun allem d´Hamas sinn an ech verstinn nemmen ze gutt wat déi Organisatiounen wellen an derfir gesinn ech leider och schwuarz fir de Fridden donidden.

    Mee verstees du och FIRWAT d’Hamas oder d’Fatah d’Situatioun gesinn, wéi sie se gesinn? Kanns du hier Argumenter oder Siicht novollzéien (at net heescht, dass du domadder muss d’accord sinn)?

    Oder agéieren sie denger Meenung no irrational? Oder sinn sie ‘vun Natur aus’ béiss?

    > Jo, kann een dermatter wuel nach legitiméieren, datt déi Raich méi Eegentum hunn, also méi wat muss beschützt ginn. Mee wuelverstanen prozentual, net progressiv.

    Emmerhin.

    > Cf. derzou aneren Thread.

    Sie kléngen och do oft utopistesch😉

  25. CK
    December 27, 2009 at 11:56 am

    Mee verstees du och FIRWAT d’Hamas oder d’Fatah d’Situatioun gesinn, wéi sie se gesinn? Kanns du hier Argumenter oder Siicht novollzéien?

    Jo, dat haenkt vill mat der Indoktrinatioun vun kleng un zesummen. Do kréien se enorm vill Geft angeimpft. Esouguer an UNRWA-Schoulen deelweis. Munch eenzel Argumenter sinn vlait esouguer valid (Ierger iwwer Stroossensperren asw.) an munch Gefiller nemmen menschlech (Geschichten vun Familjememberen aus dem Kriich), mee gréisstendeels lait de Problem an hirer Gedankenwelt, déi keen Fridden mat Israel, egal wéi grouss oder kleng den Territoire, zouléisst. Den 7.1. kennt doriwwer op ARTE eng Reportage anscheinend.

    Oder agéieren sie denger Meenung no irrational? Oder sinn sie ‘vun Natur aus’ béiss?

    Keen Mensch kennt béis op d´Welt. Esou eng Sicht wir rassistesch. Datt se ower irrational handelen, ass évident. Dat leit un hiren totalitären, kollektivisteschen an religiéisen Denkweisen.

    Sie kléngen och do oft utopistesch.

    Ech soen emmer daat wat ech fir richteg fannen, och wann eng Emsetzung oft (nach) utopistesch wir, mee ech weigeren mech eben mer em konkret Detailfroen allzevill Gedanken ze maan, esoulaang daat de Fall ass. Ech well mech méi op Philosphie, Moral, Werter asw. konzentréieren. Dat hunn ech am aneren Thread gescht erklaert.

  26. December 27, 2009 at 12:12 pm

    CK:

    > Jo, dat haenkt vill mat der Indoktrinatioun vun kleng un zesummen. Do kréien se enorm vill Geft angeimpft.

    Absolut. Mee wéi kanns de d’Kanner (an domadder spéider Erwuessener) dofir verantwortlech man? Sie sinn usech jo Opfer (vun der Indoktrinatioun).

    > Esouguer an UNRWA-Schoulen deelweis. Munch eenzel Argumenter sinn vlait esouguer valid (Ierger iwwer Stroossensperren asw.) an munch Gefiller nemmen menschlech (Geschichten vun Familjememberen aus dem Kriich), mee gréisstendeels lait de Problem an hirer Gedankenwelt, déi keen Fridden mat Israel, egal wéi grouss oder kleng den Territoire, zouléisst.

    Also sinn verschidden Argumenter jo net esou farfelue oder irrational. A mir giffen an enger ähnlecher Situatioun wuel och esou reagéieren. Sou extrem giffe mer awer natierlech och just reagéieren, wa mer och vun Ufank un indoktrinéiert gewiescht wieren a keng alternativ Perspektiven begéint hätten.

    > Keen Mensch kennt béis op d´Welt. Esou eng Sicht wir rassistesch. Datt se ower irrational handelen, ass évident. Dat leit un hiren totalitären, kollektivisteschen an religiéisen Denkweisen.

    Mee wéi kann een fir irrationalt Handelen responsabel sinn? Setzt Schold an Responsabilitéit net Rationalitéit viraus? Ok, sie sinn natierlech responsabel fir hier Aktioun, mee sinn sie responsabel fir hiert Denken, dass dës Aktioun déi richteg ass?

    > Ech soen emmer daat wat ech fir richteg fannen, och wann eng Emsetzung oft (nach) utopistesch wir, mee ech weigeren mech eben mer em konkret Detailfroen allzevill Gedanken ze maan, esoulaang daat de Fall ass. Ech well mech méi op Philosphie, Moral, Werter asw. konzentréieren. Dat hunn ech am aneren Thread gescht erklaert.

    Wouropper ech geäntwert hunn, dass eng Philosophie déi d’Detailer ignoréiert oder net erklären kann mat Viirsiicht sollt behandelt ginn …

  27. CK
    December 27, 2009 at 1:26 pm

    Mee wéi kanns de d’Kanner (an domadder spéider Erwuessener) dofir verantwortlech man? Sie sinn usech jo Opfer (vun der Indoktrinatioun).

    Kanner sin Affer, definitiv. Mee wann déi spéider erwuessen Menschen Israel ugraifen, muss Israel sech verteidegen. Se kennen daer Ideologie jo net no ginn.

    Mee wéi kann een fir irrationalt Handelen responsabel sinn? Setzt Schold an Responsabilitéit net Rationalitéit viraus? Ok, sie sinn natierlech responsabel fir hier Aktioun, mee sinn sie responsabel fir hiert Denken, dass dës Aktioun déi richteg ass?

    Dat dooten leeft alles erem op Fraien Wellen vs. Determinismus eraus. Dat gett eng aner Kéier separat beschwaat. Letzendlech bleiwt daat ower wuel eng Glaawensfro well keen Mensch Existenz oder Net-Existenz vum fraien Wellen beweisen kann.

  28. December 27, 2009 at 3:37 pm

    CK:

    > Kanner sin Affer, definitiv. Mee wann déi spéider erwuessen Menschen Israel ugraifen, muss Israel sech verteidegen. Se kennen daer Ideologie jo net no ginn.

    Kloer mussen sie sech verteidegen. Just sollten sie och probéieren ze verstoen firwat déi aner sou reagéieren an villäicht do unsetzen. Amplaz d’Griewen nach ëmmer méi deif ze man.

    > Dat dooten leeft alles erem op Fraien Wellen vs. Determinismus eraus. Dat gett eng aner Kéier separat beschwaat. Letzendlech bleiwt daat ower wuel eng Glaawensfro well keen Mensch Existenz oder Net-Existenz vum fraien Wellen beweisen kann.

    Mee wann een d’Problematik méi genau betruecht bleift net méi vill, wann iwwerhaapt, Plaz wou en fräien Wëllen existéieren kéint.

    Wann iwwerhaapt d’Definitioun vun ‘fräien Wëllen’ wierklech Sënn mëcht an sou eppes existéieren kéint.

    Mir brauchen dat awer en effet lo hei net ze beschwätzen.

    Obwuel et natierlech net onwichteg ass fir d’Diskussioun fir ze wëssen op een fir säin Denken (wat jo gréisstendeels onbewosst geschitt) a seng Weltvue (déi jo vun villen externen Faktoren geprägt ass) kann zur Verantwortung gezunn ginn.

  29. CK
    December 27, 2009 at 4:26 pm

    Kloer mussen sie sech verteidegen. Just sollten sie och probéieren ze verstoen firwat déi aner sou reagéieren an villäicht do unsetzen. Amplaz d’Griewen nach ëmmer méi deif ze man.

    Déi Kritik haalen ech net fir gerechtfertegt, wann een déi innerisraelesch Debatten sech ukuckt. Et gett enorm vill doriwwer geschwat firwat d´Palästinenser sech esou behuelen, wéi se sech eben behuelen an et ginn tonnen Virschléi gemaach zu enger friddlecher Koexistenz. An Israel gett et onzähleg Friddensinitiativen an Menschenrechtsorganisationen, déi sech fir d´Rechter vun de Palästinenser asetzen bis hin zu Kloen virun dem Iwweschten Gerichtshaff.

  1. January 24, 2010 at 10:00 am

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: