Home > Gesellschaft, Politik > Libertarismus geet ze wäit.

Libertarismus geet ze wäit.

December 22, 2009 Leave a comment Go to comments

Den Libertarismus ass jo generell dofir, dass all Mënsch maachen kann, wat en wëll, soulaang e kengem aneren domadder schued. Dat ass jo alles schéin a gutt an die meescht Läit wieren domadder averstan. Mee en ass jo och géint folgend 3 Prinzipien:

– eng paternalistesch Gesetzgebung (Läit mussen eng Ceinture am Auto undoen, zB)

– eng moralistesch Gesetzgebung (Homosexueller däerfen sech net bestueden, zB)

– d’Redistribution vum Akommes vun den Räichen zu den Aarmen (meeschtens a Form vun Steieren)

Mat deenen eischten zwou Oppositiounen kann ech usech nach liewen, zumools mat der zweeter. Allerdëngs fannen ech awer och, dass gewëss paternalistesch Gesetzer gutt sinn an applizéiert solle ginn.

Mee et ass hier Oppositioun zum drëtten Prinzip, deen den Libertarismus a mengen Aan lächerlech, asozial a suguer, a gewëssen Punkten, mënschenveruechtend mëcht. Sie favoriséiert komplett die Staark an die Räich op Käschten vun deenen Schwaachen an Aarmen. En plus sinn die éischt dat oft op Käschten vun deenen zweeten ginn. Duerfir ass et a mengen Aan komplett gerechtfertegt, dass en Deel vum Benefice, deen d’Läit maachen, fir d’Allgemeinheet benotzt gët an sou jidereen, oder die meescht, eenegermossen gerecht ‘bezuelt’ ginn (wann och indirekt). En plus erméiglecht et hinnen en menschenwürdegt Liewen ze féieren (zb duerch gratis Edukatioun, Parken, Stroossen, etc) an et ass och, zu engem gewëssen Grad, secher gestallt ass, dass sie an (zb medizineschen) Noutsituatiounen ënnert d’Ärm gegraff kréien.

Just op fräiwëlleger Basis giffen déi Räich an Staark nie an deem Mooss hëllefen. Duerfir fannen ech Steieren e Kompromëss mat deem a mengen Aan jidereen misst kënne liewen. Wann en net komplett egoistesch an äiskaal ass.

An dann nach eng Fro un d’Liberterianer (seet een dat sou?): ass et ok an Noutsituatiounen ze klauen oder ass dat och falsch a misst bestrooft ginn?

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. CK
    December 22, 2009 at 11:22 pm

    Virausgesat: Eng Noutsituatioun ass fir mech elo eng akut Situatioun. Een Uarmen ass net onbedéngt an enger solcher, well hien jo emmer nach genuuch Zait huet, fraiwelleg Donneuren, Arbecht oder soss eng Méiglechkeet ze fannen. Je nodeem wéi lasch een “Noutsituation” soss definéiert, kann een Déiwstahl legitiméieren an da wuar et dat endgülteg mat der Moral an enger sozialer Gesellschaft.

    Eng Noutsituation wir also wa bspw. main Kand um Stierwen wir an ech een Auto misst klauen fir an d´Spidol ze fueren oder esou. Selbstverständlech giew ech mer do den Auto schnappen. Oder an der Apdikt een Medikament klauen. Keng Fro. Genausou selbstverständlech wir ower fir mech datt ech daat Geklauten herno erem ersetzen géiw, well Klauen ass ass nun emol Klauen.

    Een gerecht Gericht berücksichtegt esou Conditiounen jo a giew hei einfach Restitutioun verlangen, mee keng Strof ausschwätzen, héichstens vlait een symboleschen Dollar, mee esou eppes giew wuel sws aussergerichtlech schons problemlos geklaert ginn.

    Fir de Recht eng aner Kéier méi.

  2. denjclaude
    December 23, 2009 at 12:37 am

    @CK gesinn dat genau esou.

    Eppes wat mir net gehéiert, gehéiert mer net ob eemol awer well ech et dringend brauch.

    Zur Redistributioun gëtt et en ganz gutt Beispill.
    Et gëtt en Duerf mat 10 Haiser. Hei wunnt eng räich Famill, eng arem Famill an aacht mat engem mëttleren Akommes. Jidereen sträicht eemol pro Joer säin Haus un, just déi arem Famill net well se sech d’Farw net kenne leeschten, dofier déi reich awer zweemol well se sech et kenne leeschten. Elo geet d’Duerfgemeinschaft hin a zwéngt déi reich Famill derzou deer armer Famill een Ustrach pro Joer ze bezuelen. Mam Argument dann ass alles erëm gläich. Dann passeiert awer eppes komesches. Déi reich bezuelen een Ustrach fir déi arem Famill a se streichen hiert Haus nawell 2 mol d’Joer un well se sech et kenne leeschten. An elo kennt dat perverst, wou fierdrun 10mol Farw gebraucht ginn ass brauch Duerf der elo 11. Well d’Farw awer net onendlech verfügbar ass gett se doduerch mei deier an acht Famillen mussen mei derfier bezuelen ewei fierdrun. Resultat, engem geet äusserlech besser, een ass gläich bliwwen an acht sinn der méi arem ginn.

    Genau esou funktionéiert aktuell d’Redistributioun ob eiser Welt. A wien daat net gleeft kann sech gären emol d’Statistiken ukucken, a kucken fun wat fier enger Bevölkerungsschicht den griessten Deel fun den Steiersuen hier kennt a wien ëmmer manner fir seng Suen kafen kann.

    P.S. Jiderengem deen sech fir d’Thema (Libertarismus/Objektivismus) interesséiert kann ech dem Ayn Rand säin Atlas Shrugged un d’Härz leeën.

  3. CK
    December 23, 2009 at 1:31 am

    Well ech erem net schlofen kann, ower nach direkt eng Entwert:

    Mir gesinn eis als klassesch Liberal (do zielen ech elo d´Objektivisten einfach mol mat) oder Libertär (woubai een mat leschtem Term ower oft och Anarchisten mengt, vun deenen distanzéieren ech mech perséinlech ower aus diversen Grenn, wa glaich mir am LfL-Team nawell och een Anarchist hunn.) Ech nennen mech selwer einfach liberal an meng Entwerten derzou sinn elo jhust meng perséinlech Entwerten, och wann een genuuch Lecture zu deem Thema fonnt, e.a. den schons ugeschwaatenen Robert Nozick.

    Paternalismus ass keng Staatsaufgab. Hei maan ech ower eng Aschränkung fir Mannerjähreger an Onmündeger (hun selwer eng geeschteg behennert Tatta). Et ass gutt datt et do sozial Ariitungen gett an net alles erlaabt ass am Emgang mat hinnen. Mee Erwuessener sinn eenzeg an aleng fir sech selwer responsabel.

    Wat an daer Diskussioun beim Sandel komplett ennert den Desch gefall ass (an vill zevill oft fällt), wuaren Argumenter fir de Liberalismus grad aus Sicht vun der Mettelschicht oder och deenen, déi een zu den Armen, Schwachen asw. zielt. An esou Diskussiounen misst een analyséieren wéi oft den Staat vun ennen no uewen emverdeelt, mat Subsiden un Big Business an Bailouts etc. ronderem sech geheit, Zöller durchsetzt, Karteller an Monopoler stützt, Initiativen vun der Eegenhellef verhennert an d´Leit dermatter vum Sozialstaat ofhaengeg mecht asw. Derfir gefellt mer de John Stossel esou gutt, well hien probéiert esou eppes ze erklaeren an sengen Sendungen. Him kann een secher net firgeheien op déi Schwach ze klappen an den Stuarken d´Wuert ze rieden.

    Gratis ass iwwregens naischt, TANSTAAFL😉

    Och muss een gesinn datt Economie keen Nullsummenspill ass, mee Win-Win. Derfir sinn déi Raich och net op Käschten vun den Armen raich, mee alleguerten kennen se méi raich ginn. An Arbecht huet jo och eng sozial Fonctioun, derfir wellen déi Liberaler Arbecht schaffen durch Bürokratieofbau. Méi Chancen fir jhiddereen och durch méi Concours (-> fallend Praiser, grad fir Uarmer gutt.)

    Desweideren hun déi Libertär richteg erkannt, datt de Mensch och een Sozialwiesen ass. Eng grouss Majoritéit ass derfir Leit, déi wirklech Problemer hunn, ze hellefen an derfir brauch een effektiv keng Steieren, net emol een Staat onbedéngt.

    Hunn elo keng Zait op alles anzegoen, et muss een regelméisseg LfL liesen an och aner Saiten fir daat alles ze begraifen. Wou ech fir d´éischte Kéier vum Libertarismus héieren hunn, wuar ech och schockéiert, mee lues an lues hunn ech begraff wouremmer et eben wirklech geet. Trotzdem bleiwt hei een Idealbild an keen Programm deen vun haut op muer emzesetzen ass oder iwwerhapt emzesetzen wier (mee et huet een dat Bild als Leitbild am Kapp). Als éischt misst een den heitegen Staat mol reforméieren, ech sinn do jo Gradualist. Derzou een aner mol mei an engem eegenen Blogandrag.

    @jean-claude: Du hues absolut recht an vergiess w.e.g. och net den dretten Mann. Cf. Frederic Bastiat: Ce qu´on ne voit pas. Dei raich Famill haett vlait mat dem gespuerten Geld eppes aneres kaf oder et investeiert an deen dervunner profitéiert
    haett, huet elo verluer.

  4. December 23, 2009 at 6:33 am

    JC:

    Ech fannen däin Beispill ze simplistesch. En plus geet de Präiss nëmmen erop well die räich Famill sech den LUXUS erlaabt fir hiert Haus trotzdem 2x unzesträichen opwuel dat net néideg wier.

    Och ass en Beispill, wat eppes Triviales wéi en Haususträichen mat Situatiounen gläichsetzt, wou et em Mënschenliewen an Existenzen geet, extrem zynesch.

    CK:

    > Dei raich Famill haett vlait mat dem gespuerten Geld eppes aneres kaf oder et investeiert an deen dervunner profitéiert haett, huet elo verluer.

    An dës drëtt Persoun ass aus wat fir engem Grond méi wichteg wéi, déi Persoun där gehollef gouff? An wéi ech schon sot: dat Beispill ass vill ze vill symplistesch an net adequat, wat d’Komplexitéit vun de Problematik Aarem/Räich ugeet.

  5. December 23, 2009 at 6:51 am

    CK:

    Ginn et wierklech nach Romantiker/Naïver déi un den Anarchismus gleewen?

    > Paternalismus ass keng Staatsaufgab. Hei maan ech ower eng Aschränkung fir Mannerjähreger an Onmündeger (hun selwer eng geeschteg behennert Tatta). Et ass gutt datt et do sozial Ariitungen gett an net alles erlaabt ass am Emgang mat hinnen. Mee Erwuessener sinn eenzeg an aleng fir sech selwer responsabel.

    Onofhängeg vun hierer Situatioun, an déi se ragebuer gouffen an obofhängeg vun hierer intellektuellen an sonstegen Fähegkeeten?

    An ab wéini sinn Mannerjähreger dann responsabel? Ab engem komplett arbiträren Alter wéi 18 Joër?

    > An esou Diskussiounen misst een analyséieren wéi oft den Staat vun ennen no uewen emverdeelt, mat Subsiden un Big Business an Bailouts etc. ronderem sech geheit, Zöller durchsetzt, Karteller an Monopoler stützt

    Bailouts etc sinn haaptsächlech fir ze verhënneren, dass Dausenden vun Läit hier Aarbecht verléieren. A net fir de Cheffen d’Suen an den Aarsch ze bloosen. Dass d’Cheffen awer henno nees absolut esou weiderfueren wéi virdrun ass natierlech eng tragesch an traure Ironie. Et sinn SIE déi die Situatioun duebel ausnotzen. Cf och die absurd an degueulasse Praktik vun gëllenen Fallschierm! Die Déck kënnen eng Firma an de Sand setzen, 100ten vun Aarbechter mussen ennert de Konsequenzen leiden, mee d’Cheffen kréien Millounen als ‘Belounung’ fir hier Inkompetenz! Ass dat gerecht?

    > Och muss een gesinn datt Economie keen Nullsummenspill ass, mee Win-Win. Derfir sinn déi Raich och net op Käschten vun den Armen raich, mee alleguerten kennen se méi raich ginn. An Arbecht huet jo och eng sozial Fonctioun, derfir wellen déi Liberaler Arbecht schaffen durch Bürokratieofbau. Méi Chancen fir jhiddereen och durch méi Concours (-> fallend Praiser, grad fir Uarmer gutt.)

    De Problem heimadder ass, dass vill vun eisem westlechen Luxus duerch d’Ausbeutung vun Schwaachen an Aarem ereescht gouff resp. gët. Haut kënne mer do natierlech magnanime optrieden an dat bedaueren, etc. Mee dat ass net ganz éierlech. Eise System funktionnéiert just esou laangs de irgendwou anescht nach aarem Schwäin hues, déi bereet sinn eise Luxus bëlleg ze produzéieren. Wann där keng méi do sinn, kollabéiert de System.

    Die Staark beuten en plus oft weiderhin die Schwaach aus. Op vill Plazen an der Welt sinn d’Läit esou verzweifelt, dass se zu quasi egal wat fir Konditiounen schaffen ginn, reng well se iwwerliewen mussen an keen aneren Choix hunn. Vill Entreprisen notzen dat aus, well sie doduerch SELWER nach MEI Geld kënne maachen. Dat freet en plus d’Aktionären an och déi mussen jo irgendwéi hier drëtten Yacht finanzéieren.

    Aarbecht usech ass natierlech näischt schlechtes! Just muss, oder sollt, se fair sinn. An dat woer, an ass, se oft net. Manager geheien leiwer x Läit eraus (wat Existenzen zerstéieren kann!) wéi dass sie op en Bonus verzichten! An dat ass DEFINITV mënschenveruerchtend.

    > Desweideren hun déi Libertär richteg erkannt, datt de Mensch och een Sozialwiesen ass. Eng grouss Majoritéit ass derfir Leit, déi wirklech Problemer hunn, ze hellefen an derfir brauch een effektiv keng Steieren, net emol een Staat onbedéngt.

    Dat ass eng schéin a romantesch Vue vun der Saach. Mee onrealistesch. Do mussen fix an organiséiert Strukturen bestoen, anerefalls hues de an, oft medizineschen, Noutsituationen iwwerhaapt näischt. An jo, die meescht Läit hëllefen usech gären, mee d’Limiten sinn awer och meeschtens séier ereescht. Ouni eng obligatoresch, a relativ, Partizipatioun vun jiderengem (an d’Majoritéit an enger Demokratie huet dee Prinzip jo sanktionnéiert) kanns de die sozial Kohäsioun vergiessen. A wann déi net garantéiert ass, da gët d’Gesellschaft onstabil an dat kann de Commercanten och net geléeën kommen. Natierlech ausser deenen extrem zyneschen Zäitgenossen, déi dann endlech nach méi Waffen oder Alarmanlagen verkafen kënnen, oder déi Waffenproduzenten dann finanzéieren an doduerch Profit maachen kënnen, etc …

  6. CK
    December 23, 2009 at 9:24 am

    En plus geet de Präiss nëmmen erop well die räich Famill sech den LUXUS erlaabt fir hiert Haus trotzdem 2x unzesträichen opwuel dat net néideg wier.

    Also muss de Staat nach emol intervenéieren an et verbidden d´Haus zweemol unstraichen ze loosen an engem Joer. Dat nennt een Interventiounsspiral. Herno gett nemmen nach agegraff an agegraff an trotzdem emmer erem Unintended Consequences an niewenbai gett d´Fraiheet vum Eenzelnen begruewen.

    Och ass en Beispill, wat eppes Triviales wéi en Haususträichen mat Situatiounen gläichsetzt, wou et em Mënschenliewen an Existenzen geet, extrem zynesch.

    Denken net, datt daat vum JC esou intendéiert wuar. Et geet doremmer ökonomesch Zesummenhäng ze begraifen, do ass et egal ob et em Fuarw oder em Iesswueren geet.

    An dës drëtt Persoun ass aus wat fir engem Grond méi wichteg wéi, déi Persoun där gehollef gouff?

    D´Fro muss de emgedréit stellen: Firwat soll déi Persoun, déi gehollef kruet, méi wichteg sinn wéi déi drett invisible Persoun? Well daat gett jo implizit vun den Emverdeeler virausgesat.

  7. December 23, 2009 at 9:31 am

    CK:

    > Also muss de Staat nach emol intervenéieren an et verbidden d´Haus zweemol unstraichen ze loosen an engem Joer. Dat nennt een Interventiounsspiral. Herno gett nemmen nach agegraff an agegraff an trotzdem emmer erem Unintended Consequences an niewenbai gett d´Fraiheet vum Eenzelnen begruewen.

    D’Interventioun ass awer nëmmen néideg well die Räich ëmmer méi mussen hunn a net vum selwen agesinn, wat dat vir Konsequenzen huet (gesellschaftlech an och ökologesch).

    > Denken net, datt daat vum JC esou intendéiert wuar. Et geet doremmer ökonomesch Zesummenhäng ze begraifen, do ass et egal ob et em Fuarw oder em Iesswueren geet.

    Menger Meenung no gët et en qualitativen Ennerscheed tëschent Faarwen an Iesswueren, Operatiounskäschten, etc. Kanns du en Beispill ginn wou dës Saachen giffen referenzéiert ginn?

    > D´Fro muss de emgedréit stellen: Firwat soll déi Persoun, déi gehollef kruet, méi wichteg sinn wéi déi drett invisible Persoun? Well daat gett jo implizit vun den Emverdeeler virausgesat.

    Ben, dann ass et gehopst wéi gesprongen. Eng Persoun ass méi wichteg wéi die aner. Wéi decidéiert een gerecht, wat fir eng dat soll sinn?

  8. CK
    December 23, 2009 at 9:42 am

    Ginn et wierklech nach Romantiker/Naïver déi un den Anarchismus gleewen?

    Jo an muncher dorenner sinn mir ganz sympathesch. Ech gehéieren ower net derzou.

    Onofhängeg vun hierer Situatioun, an déi se ragebuer gouffen an obofhängeg vun hierer intellektuellen an sonstegen Fähegkeeten?

    Onmündeger hat ech jo schons ausgeklammert. Ansonsten jo! Ech gleewen net un sozialen Determinismus an all Individuum huet Stärkten an gewessen Fähegkeeten déi him d´Iwwerliewen erméiglechen.

    Ab engem komplett arbiträren Alter wéi 18 Joër?

    Jo u sech schons. Mee ginn zou, datt deen Alter arbiträr ass (iwwregens eng Kritik grad vun den Libertären!). Eíschter bréicht et vlait eng Art Reifeprüfung oder esou😉

    Ass dat gerecht?

    Nee, de Staat schafft hei moral hazards. An derfir sinn ech och géint Bailouts, déi mMn keng Arbechtsplatzen mettel- bis langfristeg(!) retten.

    Eise System funktionnéiert just esou laangs de irgendwou anescht nach aarem Schwäin hues, déi bereet sinn eise Luxus bëlleg ze produzéieren. Wann där keng méi do sinn, kollabéiert de System.(…)Op vill Plazen an der Welt sinn d’Läit esou verzweifelt, dass se zu quasi egal wat fir Konditiounen schaffen ginn, reng well se iwwerliewen mussen an keen aneren Choix hunn.

    Mir dréinen eis am Krees, dat haaten mir schons beschwat. Eng Grondsatzdebatt Kapitalismus-Sozialismus giew elo ze wait féieren. Ech schloen fir- wann daat Thema Dech wirklech interesséiert- Biicher an Artikelen aus libertärer Sicht derzou ze liesen. Jhust esouvill: villes am haut realexistéierenden Système vun der “mixed economy” gett NET vun Libertären verteidegt oder fir gutt befonnt, bien au contraire.

    Dat freet en plus d’Aktionären an och déi mussen jo irgendwéi hier drëtten Yacht finanzéieren.

    Et gett och genuuch kléng Aktionären😉

    Do mussen fix an organiséiert Strukturen bestoen.

    Majo wann ech do un Organisatiounen wéi Amnesty International, Medecins sans Frontières oder méng Frenn vun Greenpeace (lol) denken, fir jhust 3 ze nennen, déi hunn esou Strukturen, zudem materiell Gewicht an Medienpropaganda. Et ass jo sws net esou, datt jhust beim Staat fix an organiséiert Strukturen bestinn.

  9. CK
    December 23, 2009 at 9:59 am

    D’Interventioun ass awer nëmmen néideg well die Räich ëmmer méi mussen hunn

    Dermatter stinn déi Raich jo nawell net aléng do. Mee dat kurbelt d´Kreativitéit an d´Produktivitéit un. Ween sech mam status quo zefridden gett, kann keng sozial an ökologesch Problemer léisen.

    Kanns du en Beispill ginn wou dës Saachen giffen referenzéiert ginn?

    Bein, déi Ennerscheeder leugnet wuel keen, mee egal ob et em Iesswueren oder OP-Käschten geet, frai oder och net frai Märt fonctionnéieren eben emmer no de glaichen Prinzipien. Dat Beispill vum JC fonctionnéiert och mat Iesswueren. Een anert Beispill wir d´Subventionéierung vun Bioethanol, déi d´Praiser vun Liewensmettel no uewen dréckt.

    Wéi decidéiert een gerecht, wat fir eng dat soll sinn?

    Eben. Wéi? Am Endeffekt leeft et op blann Willkür eraus. Derfir daerf et fir mech op staatlechem Plang jhust (transparent) Regelgerechtegkeet ginn (Isonomie). Fir de Recht décidéiert all Mensch wat en mat séngen Suen mécht oder net mécht.

  10. December 23, 2009 at 10:18 am

    CK:

    > Jo an muncher dorenner sinn mir ganz sympathesch. Ech gehéieren ower net derzou.

    Muench Hippien si mir och sympatesch. Dat heescht awer net, dass hier romantesch/naiv Virstellungen Sënn man oder realistesch sinn. D’selwecht fir Anarchisten.

    > Onmündeger hat ech jo schons ausgeklammert. Ansonsten jo! Ech gleewen net un sozialen Determinismus an all Individuum huet Stärkten an gewessen Fähegkeeten déi him d´Iwwerliewen erméiglechen.

    Läit mat engem nidderegen IQ sinn also genausou responsabel fir wat se aus hierem Liewen man wéi Läit mat engem heijen IQ? (a wann der IQ net gefällt, dann erfann en anert Wuert fir die intellektuell Fähegkeet vum Mënsch auszedrécken)

    Läit, déi d’Chance haten fir intelligent an vorsorglich Elteren ze hunn, déi sie gefuedert etc hunn sinn d’selwecht responsabel fir hiert d’Liewen wéi Läit, déi die Chance net haten an ‘domm’ bliwwe sinn??

    An ab wéini ass een onmündeg?

    > Jo u sech schons. Mee ginn zou, datt deen Alter arbiträr ass (iwwregens eng Kritik grad vun den Libertären!). Eíschter bréicht et vlait eng Art Reifeprüfung oder esou

    Wéi giff esou eng ‘Reifeprüfung’ dann ausgesinn? Dat wier lo mol interessant ze wëssen!! Zumools och vu die ennerscheedlech intellektuell Fähegkeeten vun de Mënschen.

    > Nee, de Staat schafft hei moral hazards. An derfir sinn ech och géint Bailouts, déi mMn keng Arbechtsplatzen mettel- bis langfristeg(!) retten.

    Also d’Läit mol léiwer direkt an de Chômage geheien?

    Du hues och die gëllen Fallschiermer an die absurd Payen vun Manager net commentéiert. Firwat net?

    > Mir dréinen eis am Krees, dat haaten mir schons beschwat. Eng Grondsatzdebatt Kapitalismus-Sozialismus giew elo ze wait féieren. Ech schloen fir- wann daat Thema Dech wirklech interesséiert- Biicher an Artikelen aus libertärer Sicht derzou ze liesen. Jhust esouvill: villes am haut realexistéierenden Système vun der “mixed economy” gett NET vun Libertären verteidegt oder fir gutt befonnt, bien au contraire.

    Ech gesinn awer och keng Léisungsvirschléi … Wéi wëlls du eisen kapitalisteschen System ouni ‘low wage worker’ oprecht erhalen??

    > Et gett och genuuch kléng Aktionären

    Sech iwwerhaapt Aktien kënnen ze leeschten ass e Luxus. An die absurd Sommen and Aktiounen vun deenen groussen Aktionnären mat deenen klengen ze rechtfertegen ass och schwaach.

    > Majo wann ech do un Organisatiounen wéi Amnesty International, Medecins sans Frontières oder méng Frenn vun Greenpeace (lol) denken, fir jhust 3 ze nennen, déi hunn esou Strukturen, zudem materiell Gewicht an Medienpropaganda. Et ass jo sws net esou, datt jhust beim Staat fix an organiséiert

    An sou Organisatiounen kéinten die respektiv Funktiounen vum Staat iwwerhuelen? A wat, wann se Krups ginn? Wann d’Läit net méi genuch fräiwëlleg spenden?

    En plus leeft deng Philosophie doropper eraus, dass déi Räich sech alles leeschten kënne, wat se wëllen, och a medizinescher Hisiicht. An déi Aarem mussen halt kucken, wéi se virun kommen an drop hoffen, dass villäicht een vun deenen Räichen oh sou güteg ass fir hinnen eppes ze spenden, dass sie sech eng néideg Operatioun leeschten kënnen … amplaz d’ass d’Gesellschaft als Ganzt einfach aus Prinzip en gemeinsamen Pool fir sou Fäll, wou quasi jidereen eng Kéier drarutschen kann, schaaft.

    Dat ass dat menschenveruechtend un denger Philosophie.

  11. CK
    December 23, 2009 at 10:50 am

    Läit mat engem nidderegen IQ sinn also genausou responsabel fir wat se aus hierem Liewen man wéi Läit mat engem heijen IQ?

    Entscheedend ass ze verstoen datt ech et onmoralesch fannen, deen mam héichen IQ derzou ze zwéngen, dem Aneren ze hellefen. Hien ass net fir deen responsabel. Wann hien dat fraiwelleg mécht, wir et eng aner Saach.

    Nämlecht hei:
    Läit, déi d’Chance haten fir intelligent an vorsorglich Elteren ze hunn, déi sie gefuedert etc hunn sinn d’selwecht responsabel fir hiert d’Liewen wéi Läit, déi die Chance net haten an ‘domm’ bliwwe sinn??

    Ech kann net derfir wann aner Leit méi schlecht Elteren haten, firwat soll ech derfir also nun bestroft ginn?

    An ab wéini ass een onmündeg?

    Schwiereg, eng Fro fir Experten, ech sinn keen Mediziner.

    Wéi giff esou eng ‘Reifeprüfung’ dann ausgesinn? Dat wier lo mol interessant ze wëssen!! Zumools och vu die ennerscheedlech intellektuell Fähegkeeten vun de Mënschen.

    Fir Auto ze fueren, brauch een en Führerschain, fir eng Waff ze droen een Waffenschain, fir een Pret opzehuelen eng gewessen finanziell stabil Situatioun etc. Et gett automatesch emmer Kontrollstrukturen.

    Also d’Läit mol léiwer direkt an de Chômage geheien?

    Chomage wir keen Drama, wann een séier duerno erem eng aner Arbecht haett/kinnt hun. Et ass haut effektiv ower leider net evident.

    Du hues och die gëllen Fallschiermer an die absurd Payen vun Manager net commentéiert. Firwat net?

    Wann eng Paye um Marché no Offer an Demande entsteet, ass se berechtegt, egal wéi héich. Ech soot jo ower schons, hei gett et moral hazards dei d´Ergebnisser massiv wuel verfälschen. Do sinn ech dergéint natirlech.

    Wéi wëlls du eisen kapitalisteschen System ouni ‘low wage worker’ oprecht erhalen??

    Ween weess wat eis desen System nach alles brengen waert, vlait enges Dags Roboter, wee weess… A wat haut high wage ass, ass vlait dann schons irgendwann rem low wage.

    A wat, wann se Krups ginn? Wann d’Läit net méi genuch fräiwëlleg spenden?

    Déi éischt Fro stellen ech mir och punkto gesetzlech Systemer. Zur zweeter: da gett et keng Sozialhellef méi. Mee d´Birger sinn ze vernünfteg derfir et esouwait kommen ze loossen. A wann, haetten mir et net besser verdéngt wéi un eiser Dommheet ze stierwen.

    amplaz d’ass d’Gesellschaft als Ganzt einfach aus Prinzip en gemeinsamen Pool fir sou Fäll, wou quasi jidereen eng Kéier drarutschen kann, schaaft.

    Naischt schwätzt derfir, datt et keen esou Pool kinnt ginn.

    Dat ass dat menschenveruechtend un denger Philosophie.

    Wéi gesoot, Stossel kucken, deen raumt mam Mythos “pro Raicher, géint Uarmer” op.

    Sou, lo bieden ech Dech mech ze entschellegen, well net main ganzen Congé verlaberen, mee muss och nach fir Kreschtdag Besuergungen maan.

    Schéinen Dag nach!

  12. December 23, 2009 at 1:56 pm

    CK:

    > Bein, déi Ennerscheeder leugnet wuel keen, mee egal ob et em Iesswueren oder OP-Käschten geet, frai oder och net frai Märt fonctionnéieren eben emmer no de glaichen Prinzipien. Dat Beispill vum JC fonctionnéiert och mat Iesswueren. Een anert Beispill wir d´Subventionéierung vun Bioethanol, déi d´Praiser vun Liewensmettel no uewen dréckt.

    Wéi giff dann esou en Beispill mat Iesswueren ausgesinn? Die Räich spendéieren deenen Aarmen een normalt Iessen an iessen selwer awer nach eng Kéier DUEBEL esou vill (wat jo net néideg ass) an drécken doduerch de Präiss erop? Dann ass et alt nees well die Räich den Hals net voll genuch kréien kënnen. Deenen aneren 90% geet jo een normalt Iessen duer.

    Dat mam Biodiesel woer en effet e Schoss an de Fouss. Wat awer nach ëmmer net den verschwendereschen Liewensstil vun den Räichen (dee mat un der Präishausse schëlleg ass) legitiméiert.

    > Eben. Wéi? Am Endeffekt leeft et op blann Willkür eraus. Derfir daerf et fir mech op staatlechem Plang jhust (transparent) Regelgerechtegkeet ginn (Isonomie). Fir de Recht décidéiert all Mensch wat en mat séngen Suen mécht oder net mécht.

    An do sinn ech net mat d’accord. Wéinst der ‘sozialer Kohäsioun’ a fir ze grouss Griewen (op sozialem an humanem Plang) ze vermeiden soll jidereen gezwongen ginn fir an en gemeinsamen Pool anzebezuelen. Fräiwëlleg maachen dat nëmmen die mannst an zumools net die Räich. Déi kafen sech léiwer nach en zweeten Cabrio wéi an de Pool anzebezuelen, wouduerch en Aarem kéint seng néideg Operatioun bezuelt kréien.

    Läit déi dat anescht gesinn, sinn zynesch, egoistesch a kal Mënschen.

  13. December 23, 2009 at 2:08 pm

    CK:

    > Entscheedend ass ze verstoen datt ech et onmoralesch fannen, deen mam héichen IQ derzou ze zwéngen, dem Aneren ze hellefen. Hien ass net fir deen responsabel. Wann hien dat fraiwelleg mécht, wir et eng aner Saach.

    Firwat soll een deen mam héijen IQ zwëngen fir dem mat dem manner héijen IQ bëssen ze hëllefen? Hunn déi zwee sech hieren IQ (an hier Familjen) ausgesicht? Wéi wier et mat e bëssen Fairness? Firwat sou äiskal an egoistesch?

    > Ech kann net derfir wann aner Leit méi schlecht Elteren haten, firwat soll ech derfir also nun bestroft ginn?

    Ausgläichend Gerechtegkeet. Oder firwat hues du et verdéngt bësser Elteren (a méi Intelligenz villäicht) ze hunn wéi deen aneren? Hues du irgendeppes dofir gemaach?

    > Schwiereg, eng Fro fir Experten, ech sinn keen Mediziner.

    Da schräiw dat mol op deng Lëscht vun Argumenter, déi s de benotz ouni genau ze wëssen, wat se usech bedéiten oder wat hier Konsequenzen sinn😉

    > Fir Auto ze fueren, brauch een en Führerschain, fir eng Waff ze droen een Waffenschain, fir een Pret opzehuelen eng gewessen finanziell stabil Situatioun etc. Et gett automatesch emmer Kontrollstrukturen.

    Dat erkläert net, wéi deng ‘Reifeprüfung’ fir festzestellen op een lo responsabel ass oder net, giff ausgesinn …

    > Chomage wir keen Drama, wann een séier duerno erem eng aner Arbecht haett/kinnt hun. Et ass haut effektiv ower leider net evident.

    Jo, mee dat ass jo awer d’Realitéit! Utopien ka jidereen sech ausmolen.

    > Wann eng Paye um Marché no Offer an Demande entsteet, ass se berechtegt, egal wéi héich. Ech soot jo ower schons, hei gett et moral hazards dei d´Ergebnisser massiv wuel verfälschen. Do sinn ech dergéint natirlech.

    Die Payen setzen sie dach selwer arbiträr fest. Op Käschten vun hieren Employéen.

    Du bass also géint gëllen Fallschirmer fir Manager, déi eng Boîte an de Sand setzen, wouduerch x Läit hier Aarbecht verléieren?

    > Ween weess wat eis desen System nach alles brengen waert, vlait enges Dags Roboter, wee weess… A wat haut high wage ass, ass vlait dann schons irgendwann rem low wage.

    Kléngt alles nees ferme vague. And utopesch. Mee dat ass jo och méi liicht wéi eng konkret Léisung.

    > Déi éischt Fro stellen ech mir och punkto gesetzlech Systemer. Zur zweeter: da gett et keng Sozialhellef méi. Mee d´Birger sinn ze vernünfteg derfir et esouwait kommen ze loossen. A wann, haetten mir et net besser verdéngt wéi un eiser Dommheet ze stierwen.

    Uh, ausser dass et haaptsächlech die Aarem wieren, déi giffen stierwen well sie sech, ennert anerem, keng medizinesch Interventiounen leeschten kënnen. Die Räich si jo gutt eraus, déi sinn jo och net op Sozialhëllef ugewiesen. Déi kënnen sech hier Dokteren jo selwer bezuelen.

    > Naischt schwätzt derfir, datt et keen esou Pool kinnt ginn.

    De Punkt ass, dass et obligatoresch muss sinn, fir an dësen Pool anzebezuelen.

    > Wéi gesoot, Stossel kucken, deen raumt mam Mythos “pro Raicher, géint Uarmer” op.

    Dann hoffen ech hien huet besser Argumenter wéi s du an där Hisiicht. Well du verteidegst hei just die Räich, die Staark an die, die am Liewen Gléck haten (duerch Biologie, Famill, etc).

    Da kaaf gutt an! Ech hoffen du spends alt och eppes fir Läit, déi net sou ‘fortunate’ sinn wéi s du. Falls déi dech iwwerhaapt beréieren.

  14. denjclaude
    December 23, 2009 at 5:31 pm

    Sorry mee ech hunn nëmmen sporadesch Zäit ze posten.

    @Grommel
    D’Beispill mat dem Ustrach soll verdäitlechen datt am Endeffekt bei den aktuellen staatlechen Ëmverdeelungen d’Mëttelschicht déi ass déi verléiert.

    Bailouts an Interventiounen:
    Wat war dann den Ausléiser vun deer ganzer Crise? Waren dat net déi staatlech Programmer déi derfir gesuergt hunn dat jiddereen sech en Haus konnt mat geleintene Suen kafen, egal ob en se konnt zréck bezuelen oder net?

    Gëllen Falschiermer
    Och hei ass den Problem net den béisen Banker mam Bonus oder dem Falschierm mee den Staat. Hätt den Staat déi Banke faillite goen gelooss hätt den Banker keen Falschierm kritt. Mee Nee, d’Allgemengheet muss den Chef a seng Ugestellten retten.
    Ganz konkret Fro: Wolls Du wierklech deen Deel vun Dexia a Fortis deen den Staat dir kaaft huet? Falls d’Äntwert do Neen ass, war et dann Dir vis a vis gerecht wat den Staat gemaach huet? War et deenen aneren Steierzueler vis a vis gerecht? Wien ass da méi wäert, déi ganz Bevëlkerung oder d’Ugestellten vun zwou Banken?
    An mir ass et egal ob do elo een en puer Millioune kritt an gläichzäiteg en aneren nëmmen 3000€ et huet keen se ze gudd gehaat. Wou sinn mer dann, ech kann mer ob der Bourse jidderzäit eng Bank kafen wann ech eng wella mer se ka leeschten. Allerdéngs soll dat mäin Choix sinn an et ass net um Staat mer faillite Banken am Numm vun der Allgemengheet ob d’Aa ze drécken!

  15. December 23, 2009 at 5:43 pm

    JC:

    > D’Beispill mat dem Ustrach soll verdäitlechen datt am Endeffekt bei den aktuellen staatlechen Ëmverdeelungen d’Mëttelschicht déi ass déi verléiert.

    Da muss halt besser a méi gerecht emverdeelt ginn.

    > Wat war dann den Ausléiser vun deer ganzer Crise? Waren dat net déi staatlech Programmer déi derfir gesuergt hunn dat jiddereen sech en Haus konnt mat geleintene Suen kafen, egal ob en se konnt zréck bezuelen oder net?

    Et woer en Cumul vun verschiddenen Fakteuren. Jo, et hunn Läit Suen geléint kritt, déi der net hätten sollten geléint kréien. Oder opmanst net esou vill. Mee d’Banken hunn dat jo awer och ouni Zécken gemaach, well sie jo kuerz drop d’Schold nees un eng aner Bank weiderverkaaft hunn. Wéi eng gezündt Handgranate, déi jidereen weidergët an hofft, dass se net bei engem selwer explodéiert. All die Derivaten an deen ganzen Dreck gouffen jo nëmmen dowéinst erfonnt. Fir mat Schäiss Suen ze man.

    > Och hei ass den Problem net den béisen Banker mam Bonus oder dem Falschierm mee den Staat. Hätt den Staat déi Banke faillite goen gelooss hätt den Banker keen Falschierm kritt. Mee Nee, d’Allgemengheet muss den Chef a seng Ugestellten retten.

    Gëlle Fallschiermer gouffen et schon virun der Krise. Ass die üblech Machenschaft bei dësen kriminellen Manager. Sie hunn jo GUER KEEN INTERET op die Firma reusséiert oder net. Get se d’Schäissbaach eran, dann ginn sie gelantert a kréien e puer Milliounen. Ech nennen dat e gutt Geschäft!

    An nach eng Kéier: déi Bailoute si gemaach ginn fir dass d’Employéen net all einfach an de Chômage fleien an doduerch eng ganz Kettenreaktioun ausléisen. Et ass NET em d’Cheffen gaang.

    > Ganz konkret Fro: Wolls Du wierklech deen Deel vun Dexia a Fortis deen den Staat dir kaaft huet? Falls d’Äntwert do Neen ass, war et dann Dir vis a vis gerecht wat den Staat gemaach huet? War et deenen aneren Steierzueler vis a vis gerecht? Wien ass da méi wäert, déi ganz Bevëlkerung oder d’Ugestellten vun zwou Banken?

    Wou ass de Problem? Dann ass de Staat eben deelweis Aktionnär bei deenen Banken. Henno geet et deenen nees gutt, de Staat verkeeft seng Aktien an dann huet en suguer nach Gëwenn gemaach. Am aneren Fall hätt de Staat just méi Chômeuren ze bezuelen gehat.

    > An mir ass et egal ob do elo een en puer Millioune kritt an gläichzäiteg en aneren nëmmen 3000€ et huet keen se ze gudd gehaat. Wou sinn mer dann, ech kann mer ob der Bourse jidderzäit eng Bank kafen wann ech eng wella mer se ka leeschten. Allerdéngs soll dat mäin Choix sinn an et ass net um Staat mer faillite Banken am Numm vun der Allgemengheet ob d’Aa ze drécken!

    A wéi giff ech Economie lo ausgesinn, wann d’Staaten zougeloos hätten dass de kompletten Finanzsystem gecrasht wier?? Sécher mei schlecht wéi lo. En plus, hues du konkret dat irgendwéi gespuert, dass de Staat do Aktionnär ginn ass? Kanns du der doduerch irgendeppes net leeschten, wat s de der soss häss kenne leeschten?

  16. CK
    December 23, 2009 at 7:27 pm

    Wéi giff dann esou en Beispill mat Iesswueren ausgesinn?

    Nämlecht. De Staat bezillt dem Uarmen een Poulet, deen soss jhust Brout ze iessen haett. An dermatter geet de Prais vum Poulet fir all déi Aner an d’Luet (okay, deen vum Brout dank dem Substitutionseffekt emmerhin erof). Mee et daerf een net vergiessen datt den (onproduktiven) Emverdeeler och muss bezuelt ginn an datt déi Suen anzwouesch mussen geholl ginn via Steieren odgl. An do ginn se fir een Dretten verluer, deen vlait dem Uarmen haett kinnten Arbecht ginn fir datt en sech de Poulet selwer kinnt bezuelen.

    An do sinn ech net mat d’accord.

    Natirlech net, soss wirs de jo een vun eis Liberalen😉

    Fräiwëlleg maachen dat nëmmen die mannst an zumools net die Räich.

    Vun deenen Raichen well ech keen Cent, ech kann aléng fir mech suergen. An selbstverständlech giew eng vast Majoritéit an Sozialkeesen/-versecherungen abezuelen. Du hälls d’Leit wuel fir komplett domm (ausser Dech selwer ower hoffentlech?)

    Déi kafen sech léiwer nach en zweeten Cabrio wéi an de Pool anzebezuelen, wouduerch en Aarem kéint seng néideg Operatioun bezuelt kréien.

    Ma stattdessen freen sech vlait elo e puer Automechaniker datt et esou gutt bei hirer Firma leeft.

  17. December 23, 2009 at 7:35 pm

    CK:

    > Nämlecht. De Staat bezillt dem Uarmen een Poulet, deen soss jhust Brout ze iessen haett. An dermatter geet de Prais vum Poulet fir all déi Aner an d’Luet (okay, deen vum Brout dank dem Substitutionseffekt emmerhin erof). Mee et daerf een net vergiessen datt den (onproduktiven) Emverdeeler och muss bezuelt ginn an datt déi Suen anzwouesch mussen geholl ginn via Steieren odgl. An do ginn se fir een Dretten verluer, deen vlait dem Uarmen haett kinnten Arbecht ginn fir datt en sech de Poulet selwer kinnt bezuelen.

    Wann Aarbecht do wier, da bräicht den Aarmen net ënnerstëtzt ze ginn ……….

    > Natirlech net, soss wirs de jo een vun eis Liberalen

    Ech sinn nach net zynesch a kal genuch fir een ze sinn😉

    > Vun deenen Raichen well ech keen Cent, ech kann aléng fir mech suergen

    Ma da bass du een vun deenen Glécklechen!! Du kéins Operatiounen etc aus eegener Täsch bezuelen?

    > An selbstverständlech giew eng vast Majoritéit an Sozialkeesen/-versecherungen abezuelen. Du hälls d’Leit wuel fir komplett domm (ausser Dech selwer ower hoffentlech?)

    An déi ‘vast Majoritéit’ (wou ech jo dann unhuelen, dass die Räich net dobäi sinn, well déi et sech jo erlaben kënnen sech just en cas de besoin direkt privat en Dokter ze ruffen an déi jo och net einfach sou den Pöbel wëllen matfinanzéieren) geet duer fir den System um Lafen ze halen?

    > Ma stattdessen freen sech vlait elo e puer Automechaniker datt et esou gutt bei hirer Firma leeft.

    Dat bëssen, wat déi Automechaniker méi verdéngen rechtfertegt, dass x Läit aiskal entlooss ginn während d’Bossen déck Beneficen afueren? Do ginn oft Existenzen zerstéiert. Net, dass dat dech giff interesséieren oder beréieren … déi Läit si jo all selwer schold, dass se am Chômage setzen, gell?

  18. CK
    December 23, 2009 at 7:52 pm

    Hunn déi zwee sech hieren IQ (an hier Familjen) ausgesicht? Wéi wier et mat e bëssen Fairness? Firwat sou äiskal an egoistesch?

    All Diskussioun ass emmer Rawls vs. Nozick. Ech hatt mer déi zwee Biicher, déi d’politesch Philosophie an den 70ern erem zum neien Liewen erwéckt hun, zesummen kaf. „Anarchie, Staat, Utopia“ an „Theorie der Gerechtigkeit“. Leider ass dat lescht furchtbar drëschen, well ech wollt dem Rawls durchaus eng absolut fair Chance ginn, mee sinn an deem Gelabers irgendwéi leider nie richteg virum koum. Jhiddferfalls dréint sech alles emmer an emmer erem em Rawls vs. Nozick, wéi een Bekannten mol festgestallt huet, an et ass och hei erem wouer.

    Nee, ech hunn mir main IQ net ausgesicht, och net meng Elteren, déi allen zwee net emol Première hun. Trotzdem well ech net datt een Akademikerkand gezwongen gett, mir ze hellefen. Ech hellefen gaeren aner Leit an Saachen wouranner ech gutt sinn an loossen mir vlait hellefen an villen aneren Saachen vun aneren Leit, onofhaeneg vum IQ. Mee nemmen fraiwelleg Hellef ass fir mech moralesch vertrietbar. Zwang an Gewalt sinn NET fair. Ech sinn do net aiskaal, mee voller Leidenschaft, mee jo, durchaus iwwerzeechten Egoist/Individualist.

    Oder firwat hues du et verdéngt bësser Elteren (a méi Intelligenz villäicht) ze hunn wéi deen aneren? Hues du irgendeppes dofir gemaach?

    Nö. Mee ech hunn ower méi oder wéineger derfir gemaach eppes aus méngen Méiglechkeeten ze maan. Och wa méi dra gewiecht wir, vill méi. Mat méi Flaiss haett ech kinnten een Doktortitel kréien wéi méng Frendin lalibertine, mee bon, eegen Responsabilitéit.

    Dat erkläert net, wéi deng ‘Reifeprüfung’ fir festzestellen op een lo responsabel ass oder net, giff ausgesinn …

    Weess ech net. Ech wollt u sech dorobber eraus, datt et wuel fir all Handlung am beschten ass, daat irgendwéi separat ze kucken. Siew et Autofueren, Waffenbesetz, Pret ophuelen oder soss eppes. Wouhir weess Du dann datts Du mündeg bass? Vlait wir et besser, de Staat schreiwt daer alles fir? Wann net, wiesou net?

    Jo, mee dat ass jo awer d’Realitéit!

    Jo, leider. Den Arbechtsmarché ass iwwerreglementéiert an ween sech dergéint wiert an sech probéiert selwer ze hellefen, gett nach kriminaliséiert (Schwarzarbechter.)

    Die Payen setzen sie dach selwer arbiträr fest.

    Een Manager ass een Ugestallten vu senger Firma. Sain Gehalt gett teschent him an dem Firmenchef bzw. der Aktionärsversammlung ausgemach.

    Du bass also géint gëllen Fallschirmer fir Manager

    Selbstverständlech. Een Manager huet selwer fir esou Fäll virzesuergen. Woubai Offannungen méiglech sinn, je no Arbechtsverdrag.

    Kléngt alles nees ferme vague.

    An desem Système kann jhiddereen méi raich gin, d’Léin steigen automatesch mam Wuelstand. Kann sinn datt dann munch Entreprisen erem wouechanescht hinzéien, mee grad do brauchen d’Leit dann emsou méi Arbecht an méi Suen etc. D’Zukunft als solch ass ower net virauszegesinn, deen beschten Ökonom vun der Welt kann daat net.

    Déi kënnen sech hier Dokteren jo selwer bezuelen.

    Mir bezuelen eis Dokteren elo schons selwer. Mengs Du, e puer wéineg Steenraich giewen hei alles blechen? Den groussen Deel gett vun der Mettelschicht finanzéiert, zu daer Du an ech gehéieren. Jhust datt mir Monopolgebühren berappen mussen.

    De Punkt ass, dass et obligatoresch muss sinn, fir an dësen Pool anzebezuelen.

    Ech weess elo wirklech net firwat een derfir een Zwang brauch.

    Dann hoffen ech hien huet besser Argumenter wéi s du an där Hisiicht.

    Hien huet et méi einfach, hien beschäftegt sech mat konkreten Beispillen vun normalen Leit wéi eis an verléiert sech manner an vagen, abstrakten Diskussiounen.

    Da kaaf gutt an! Ech hoffen du spends alt och eppes fir Läit, déi net sou ‘fortunate’ sinn wéi s du. Falls déi dech iwwerhaapt beréieren.

    Merci, hunn main Deel zur Konsumukurbelung gemaach. Wat Spenden ugeet, maan ech heiansdo alt emol, mee haenken derglaichen net un d’grouss Glack derbaussen. Ass net wichteg genuuch. Mee wann ech spenden, dann gaeren fir Nischenproblemer. Beispill: D’Aids-Forschung kritt schons Suen en masse (net, datt daat net wichteg wir, mee et ass eben esou Standard, je), ech spenden dann léiwer eppes fir NCL, wou d’Forschung nach an den Kannerschong stécht. Mee à chacun son choix. Oder och guer keen. Spenden sinn jo fraiwelleg😉

    Iwwregens nach eppes ganz generell: Suen sinn wichteg, mee effektiv net alles. Ze mengen, Problemer wiren haptsächlech mat Suen ze léisen, ass een Trugschluss, virun allem vun Politiker. Fro emol een deen fir eng NGO an Afrika schafft. Een vun de wichtegsten Regeln do ass: „Verschenk keng Suen!“ Dat kléngt huard, ech wuar och erstaunt daat ze héieren, mee et ass leider nun emol esou, datt wann een do de Kanner Suen fir Iessen gett, de Papp dann emsou méi drénkt. (Deelweis jo och bei eis leider wouer.) Fannen ech furchtbar. Natirlech schwätzt daat net géint Hellef u sech, mee schons dergéint Hellef ouni drun gebonnen Conditiounen an ouni Kontroll an Verstand ze verginn.

  19. December 23, 2009 at 10:47 pm

    E gutt Beispill, wéi asozial Chefs d’entreprises sech verhalen: http://www.spiegel.de/wirtschaft/unternehmen/0,1518,667705,00.html

    Ech äntwerten muer op deng läscht Äntwert

  20. denjclaude
    December 24, 2009 at 1:44 am

    >Da muss halt besser a méi gerecht emverdeelt ginn.

    Dofier muss Du dann awer engem eppes ewech huelen, fir daat hien geschafft huet a wat seint ass. Dat kann een maachen, mee so net dat wier gerecht!

    >Et woer en Cumul vun verschiddenen Fakteuren. Jo, et hunn Läit Suen geléint kritt, déi der net hätten sollten geléint kréien. Oder opmanst net esou vill. Mee d’Banken hunn dat jo awer och ouni Zécken gemaach, well sie jo kuerz drop d’Schold nees un eng aner Bank weiderverkaaft hunn. Wéi eng gezündt Handgranate, déi jidereen weidergët an hofft, dass se net bei engem selwer explodéiert. All die Derivaten an deen ganzen Dreck gouffen jo nëmmen dowéinst erfonnt. Fir mat Schäiss Suen ze man.

    Jo, a wien huet dann d’Gestzgebung deementspriechend ugepasst? Wien huet Basel II schleefen gelooss oder Bretton-Woods oder elo Mark to Market ausser Kraaft gesat? Dat waren net d’Banken, dat war den Staat an zwar ëmmer mam Argument alles anescht wier onfair.

    >Sie hunn jo GUER KEEN INTERET op die Firma reusséiert oder net.

    Genau dat dote stemmt net an dat kann Dir jidereen dee bei engem uerdentlechen Patron schafft bestätegen.

    >An nach eng Kéier: déi Bailoute si gemaach ginn fir dass d’Employéen net all einfach an de Chômage fleien an doduerch eng ganz Kettenreaktioun ausléisen. Et ass NET em d’Cheffen gaang.

    A wann do eng Kettreaktioun ausgeleist ginn wier, wou ass den Problem? Mat aaner Wieder, eis Generatioun huet hiren Arsch ob Käschten vun den Kanner an Enkelen gerett. Ech gesinn net wat do richteg drun soll sinn.

    Mir hunn déi Banken gerett well déi deelweis eis Pensiounsfongen verwalten an net wéinst den manner wei 1% vun der Bevölkerung déi do schaffen. A wien ass eigentlech responsabel fir déi Pensiounen? Richteg, den Staat.

    >Dann ass de Staat eben deelweis Aktionär bei deenen Banken.

    Den Staat bass Du an Ech. Ech well selwer decidéieren wat ech maachen an sinn bereet och dofir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen. An do geheriert derzou keng faillite Bank ze kafen.

    >Sécher mei schlecht wéi lo. En plus, hues du konkret dat irgendwéi gespuert, dass de Staat do Aktionnär ginn ass? Kanns du der doduerch irgendeppes net leeschten, wat s de der soss häss kenne leeschten?

    Den Staat bestrooft mech all Mount wann meng Steieren agehalen ginn. E bestrooft mech well ech decidéiert hunn mech net ze bestueden a well ech och elo nach keng Kanner well. Ass daat fair?

    Mir mussen erëm selwer responsabel ginn fir eis Akter. Mir reegen eis iwwert Kopenhagen ob, fueren awer selwer mam SUV duerch d’Geigend. Reegen eis iwwert d’Banken ob, sinn awer net amstand eis Finanzen selwer an d’Hand ze huelen. An dat kéint een elo esou weider fueren. Mir reegen eis ëmmer iwwert déi aner ob, mee nie iwwert eis.

    Ech sinn en Mënsch, en Wiesen wat selwer iwwerleeën kann . Wann een mech ëm Hëllef freet dann ass et un mir ze decidéieren ëm ze hëllefen oder net. Wann ech Mescht bauen ass et un mir do erëm eraus ze kommen. Ech sinn responsabel fir meng Akten an och meng Fehler, net den Staat oder soss een, ech ganz alleng!

  21. December 24, 2009 at 9:11 am

    CK:

    > Jhiddferfalls dréint sech alles emmer an emmer erem em Rawls vs. Nozick, wéi een Bekannten mol festgestallt huet, an et ass och hei erem wouer.

    A firwat ass den Nozick der Weisheit letzter Schluss oder firwat huet hien méi Recht wéi dei aner? Oder ass et einfach eng ‘matter of opinion’?

    > Nee, ech hunn mir main IQ net ausgesicht, och net meng Elteren, déi allen zwee net emol Première hun. Trotzdem well ech net datt een Akademikerkand gezwongen gett, mir ze hellefen.

    Ween huet fir all déi schoulesch an extra-schoulesch Aktivitéiten an Infrastrukturen bezuelt, déi der gehollef hunn fir deng Schoulen ze packen obwuel deng Elteren aus éischter ärmlechen (huelen ech mol un?) an einfachen Verhältnisser kommen? En plus wäerten deng Elteren dech awer moralesch ënnerstëtzt hunn, sou nom Motto ‘fir dass et dir eng Kéier besser geet, wéi eis’?

    > Ech hellefen gaeren aner Leit an Saachen wouranner ech gutt sinn an loossen mir vlait hellefen an villen aneren Saachen vun aneren Leit, onofhaeneg vum IQ. Mee nemmen fraiwelleg Hellef ass fir mech moralesch vertrietbar. Zwang an Gewalt sinn NET fair. Ech sinn do net aiskaal, mee voller Leidenschaft, mee jo, durchaus iwwerzeechten Egoist/Individualist.

    ‘fräiwëlleg Hëllef’ ass och oft e Resultat vun Erziehung. Wann Kanner permanent agetriichtert kréien, dass een säin Hënner just fir Geld bewegen soll an dass jidereen selwer Schold ass, wat säin Liewn ugeet, dann ass et mat dem Volontarismus net wäit hier …

    > Nö. Mee ech hunn ower méi oder wéineger derfir gemaach eppes aus méngen Méiglechkeeten ze maan. Och wa méi dra gewiecht wir, vill méi. Mat méi Flaiss haett ech kinnten een Doktortitel kréien wéi méng Frendin lalibertine, mee bon, eegen Responsabilitéit.

    De Problem ass awer, dass déi Méiglechkeeten net iwwerall d’selwecht oder fair verdeelt sinn. En plus kommen psychologesch Komponenten mat dobäi (wat een an der Famill geléiert gët, etc) déi d’Fähegkeet vun de Läit fir raisonnabel a ‘richteg’ ze denken ferme aschränken. Mee ass dat hier Schold?

    An du häss deemools NET méi kënne maachen. Op alle Fall net mat dengen Experienzen an dengem Wëssen zu deem Moment. Lo, am Nachhinein, mat neien Experienzen an zousätzlechen Wëssen, häss de natierlech dech natierlech deemools anescht verhalen (ech och), mee dat woer deemools net dran well dat dir net an deem Mooss ageliicht huet. Dat heescht net, dass du dofir lo Recht op egal wat hues, mee et relativéiert d’Saachen.

    A wann s du wierklech en Doktortitel wéils hunn, da kéins de dat och lo nach nohuelen. Ugeholl du wiers en effet dozou fäheg. Firwat mess de et dann net?

    > Weess ech net. Ech wollt u sech dorobber eraus, datt et wuel fir all Handlung am beschten ass, daat irgendwéi separat ze kucken. Siew et Autofueren, Waffenbesetz, Pret ophuelen oder soss eppes. Wouhir weess Du dann datts Du mündeg bass? Vlait wir et besser, de Staat schreiwt daer alles fir? Wann net, wiesou net?

    Froen stellen ass einfach. Du trëtts awer op wéi wann s de Äntwerten häss. Also miss du och mat Äntwerten oder Léisungen kommen …

    > Jo, leider. Den Arbechtsmarché ass iwwerreglementéiert an ween sech dergéint wiert an sech probéiert selwer ze hellefen, gett nach kriminaliséiert (Schwarzarbechter.)

    Manner Regulatioun giff den Chômageproblem och net léisen. An Schwaarzaarbechter sinn net onbedengt am Chômage, et ginn der och déi sech einfach eppes dobäi wëllen verdéngen well sie nach méi Suen wëllen hunn, mee se dat mat hierem Stonneloun net erreechen kënnen, well se do d’Limit erreecht hunn well hiere Patron net méi wëll oder kann bezuelen.

    Die Payen setzen sie dach selwer arbiträr fest.
    > Een Manager ass een Ugestallten vu senger Firma. Sain Gehalt gett teschent him an dem Firmenchef bzw. der Aktionärsversammlung ausgemach.

    De Punkt woer, dass Firmencheffen an die héich Manageren sech absurd Payen ginn während dem se die kleng Läit op d’Strooss setzen. Dat ass onmoralesch. An den Aktionnären sinn d’Aarbechter souwiesou egal, déi wëllen just eppes : nach méi Geld. Moral ass deenen piepegal.

    > Selbstverständlech. Een Manager huet selwer fir esou Fäll virzesuergen. Woubai Offannungen méiglech sinn, je no Arbechtsverdrag.

    Mee die Verträg mëcht dach erem sou en Küngelclub! Déi, die decidéieren, hunn dach ALL esou en gëllenen Fallschierm. Firwat sollt do een dogéint sinn? Sie mussen jo henno net bezuelen. Sie stellen en neien Topmanager an, mat engem grotesken Vertrag. No kuerzer Zäit huet deen d’Firma an de Sand gesat a geet nees, de Bockel voller Gold. Dat ass dach pervers.

    > An desem Système kann jhiddereen méi raich gin, d’Léin steigen automatesch mam Wuelstand. Kann sinn datt dann munch Entreprisen erem wouechanescht hinzéien, mee grad do brauchen d’Leit dann emsou méi Arbecht an méi Suen etc. D’Zukunft als solch ass ower net virauszegesinn, deen beschten Ökonom vun der Welt kann daat net.

    De System funktionnéiert just, well s de ëmmer nach Läit fënns, déi d’Aarbecht, an zumools d’Drécksaarbecht, fir en Hongerloun man. Wann déi fortfalen, wa kee méi do ass, deen s de ausnotzen kanns, da fällt de System zesummen.

    > Mir bezuelen eis Dokteren elo schons selwer. Mengs Du, e puer wéineg Steenraich giewen hei alles blechen? Den groussen Deel gett vun der Mettelschicht finanzéiert, zu daer Du an ech gehéieren. Jhust datt mir Monopolgebühren berappen mussen.

    Natierlech bezuelen mer se indirekt selwer. Mee de Punkt ass, dass et eng gutt Iddi ass, fir d’Läit ze forcéieren an en gemeinsamen Pool anzebezuelen, sou dass d’Suen och do sinn, wann se gebraucht ginn. Op individueller Basis funktionnéiert dat net. Oder wéivill Familjen hu genuch Suen op der Säit fir medizinesch Noutfäll zb, déi, wann een se misst selwer bezuelen, villen Läit giff d’Genéck briechen. Mee Steieren ginn jo souwiesou fir méi wéi just medizinesch Zwecker benotzt.

    > Hien huet et méi einfach, hien beschäftegt sech mat konkreten Beispillen vun normalen Leit wéi eis an verléiert sech manner an vagen, abstrakten Diskussiounen.

    Da sinn ech gespaant.

    > Merci, hunn main Deel zur Konsumukurbelung gemaach. Wat Spenden ugeet, maan ech heiansdo alt emol, mee haenken derglaichen net un d’grouss Glack derbaussen. Ass net wichteg genuuch. Mee wann ech spenden, dann gaeren fir Nischenproblemer. Beispill: D’Aids-Forschung kritt schons Suen en masse (net, datt daat net wichteg wir, mee et ass eben esou Standard, je), ech spenden dann léiwer eppes fir NCL, wou d’Forschung nach an den Kannerschong stécht. Mee à chacun son choix. Oder och guer keen. Spenden sinn jo fraiwelleg.

    Natierlech sinn se fräiwëlleg. Hänkt just vum Gewëssen of.

    > Iwwregens nach eppes ganz generell: Suen sinn wichteg, mee effektiv net alles. Ze mengen, Problemer wiren haptsächlech mat Suen ze léisen, ass een Trugschluss, virun allem vun Politiker. Fro emol een deen fir eng NGO an Afrika schafft. Een vun de wichtegsten Regeln do ass: „Verschenk keng Suen!“ Dat kléngt huard, ech wuar och erstaunt daat ze héieren, mee et ass leider nun emol esou, datt wann een do de Kanner Suen fir Iessen gett, de Papp dann emsou méi drénkt. (Deelweis jo och bei eis leider wouer.) Fannen ech furchtbar. Natirlech schwätzt daat net géint Hellef u sech, mee schons dergéint Hellef ouni drun gebonnen Conditiounen an ouni Kontroll an Verstand ze verginn.

    Natierlech sinn Suen net alles. An just engem Suen dohinner ze geheien ass idiotesch. Suen sollen geholl ginn fir Läit, déi direkt Hëllef brauchen, konkret ennert d’Äerm ze gräifen oder Medizin ze kafen. Dat muss alles an engem intelligenten Kader passéieren.

  22. December 24, 2009 at 9:12 am

    CK:

    Ah jo, nach eppes: Fënns du, dass een Steieren sollt bezuelen? Wann jo, wéivill?

  23. December 24, 2009 at 9:27 am

    JC:

    > Dofier muss Du dann awer engem eppes ewech huelen, fir daat hien geschafft huet a wat seint ass. Dat kann een maachen, mee so net dat wier gerecht!

    Et wier net gerecht, wann déi Persoun op gerechtem Wee zu sengen Suen komm wier. Tatsaach ass awer, dass Suen nie wierklech gerecht verdéngt ginn an ëmmer opmanst een op deem laangen Wee op d’Aan gedréckt oder ongerecht behandelt gouff. Also ass et och ok, fir en gewëssen Prozentsaatz nees un d’Gesellschaft zeréck ginn. En plus muss de Staat jo och bezuelt ginn. Oder ween giff deen finanzéieren?

    > Jo, a wien huet dann d’Gestzgebung deementspriechend ugepasst? Wien huet Basel II schleefen gelooss oder Bretton-Woods oder elo Mark to Market ausser Kraaft gesat? Dat waren net d’Banken, dat war den Staat an zwar ëmmer mam Argument alles anescht wier onfair.

    D’Bankenlobby ass bei der Gesetzgebung ëmmer staark mat involvéiert. Op offiziell oder net. A kuck der een wéi de Greenspan un: deen huet zouginn, dass seng monetär Philosophien, déi mat zum Crash geféiert hunn, FALSCH woeren.

    > Genau dat dote stemmt net an dat kann Dir jidereen dee bei engem uerdentlechen Patron schafft bestätegen.

    Uerdentlech Patron’en hunn och keng gëllen Fallschiermer. Ech schwätzen vun deenen Topmanager, déi mat engem absurden Kontrakt engagéiert ginn an dann, egal op se reusséieren odet net, mat engem riesen Saak Geld nees aus dëser Geschicht erauskommen. Während nees x Läit hieren Job, an domadder oft hier Existenz, verléieren.

    > A wann do eng Kettreaktioun ausgeleist ginn wier, wou ass den Problem? Mat aaner Wieder, eis Generatioun huet hiren Arsch ob Käschten vun den Kanner an Enkelen gerett. Ech gesinn net wat do richteg drun soll sinn.

    Dat steet net fest, op dat op Käschten vun de Kanner an Enkelen ass. A wat woer d’Alternativ, d’Elteren haut schon a grousser Zuel an de Chômage ze schécken?

    > Mir hunn déi Banken gerett well déi deelweis eis Pensiounsfongen verwalten an net wéinst den manner wei 1% vun der Bevölkerung déi do schaffen. A wien ass eigentlech responsabel fir déi Pensiounen? Richteg, den Staat.

    D’Pensiounsfro huet natierlech och eng Roll matgespillt. De Punkt ass awer deen, dass wann déi Banken all falen gelooss gewiescht wieren, da wieren eis gesamt Wirtschaften zesummen gebrach, et hätt keng Firma méi Suen kéinten léinn goen, etc. Ech gesinn net, firwat déi Alternativ besser gewiescht wier?

    > Den Staat bass Du an Ech. Ech well selwer decidéieren wat ech maachen an sinn bereet och dofir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen. An do geheriert derzou keng faillite Bank ze kafen.

    Firwat gees de dann net an de Bësch wunnen? Wander aus an e Land, wou der d’Spillregelen besser gefalen. Firwat mess de dat net?

    An die faillite Banken wäerte mer nees mat engem Benefice verkafen. Wetten?

    > Den Staat bestrooft mech all Mount wann meng Steieren agehalen ginn. E bestrooft mech well ech decidéiert hunn mech net ze bestueden a well ech och elo nach keng Kanner well. Ass daat fair?

    Schwachsinn. Du kris och Leeschtung vun Staat zereck. Wéi giff déi soss finanzéiert ginn?

    Wat de Recht ugeet, sou hues de do jo de Choix. Bestued dech an maach Kanner a bezuel doduerch manner oder liew mat der Konsequenz, dass de als Single méi muss bezuelen. Oder, wann der den System guer net gefällt: wander aus oder grënn eng Partei a probéier d’Läit vun dengem System z’iwwerzeegen.

    > Mir mussen erëm selwer responsabel ginn fir eis Akter. Mir reegen eis iwwert Kopenhagen ob, fueren awer selwer mam SUV duerch d’Geigend. Reegen eis iwwert d’Banken ob, sinn awer net amstand eis Finanzen selwer an d’Hand ze huelen. An dat kéint een elo esou weider fueren. Mir reegen eis ëmmer iwwert déi aner ob, mee nie iwwert eis.

    Heimadder sinn ech zum Deel absolut averstan. Just wäerten eis Limitten a Prioritéiten aneschters sinn.

    > Ech sinn en Mënsch, en Wiesen wat selwer iwwerleeën kann . Wann een mech ëm Hëllef freet dann ass et un mir ze decidéieren ëm ze hëllefen oder net. Wann ech Mescht bauen ass et un mir do erëm eraus ze kommen. Ech sinn responsabel fir meng Akten an och meng Fehler, net den Staat oder soss een, ech ganz alleng!

    Du schéngs jo och net der Dommster een ze sinn an däin IQ ass sécher iwwert der Moyenne. Dat heescht awer och, dass die meescht méi domm, onedikuéiert an/oder ignorant sinn wéi du. Rechtfertegt dat, fir se falen ze loossen?

    Ps. Sollt een denger Meenung no iwwerhaapt Steieren bezuelen? A wa jo, wéivill?

  24. December 24, 2009 at 9:44 am

    CK:

    ps. kruus de mäi Mail a Punkto ‘Landbesëtz’?

  25. CK
    December 24, 2009 at 4:15 pm

    A firwat ass den Nozick der Weisheit letzter Schluss oder firwat huet hien méi Recht wéi dei aner? Oder ass et einfach eng ‘matter of opinion’?

    Ech perséinlech fannen Nozick (ech schwätzen elo jhust vun deenen Themenfelder wou mir baid Auteuren bekannt sin) einfach méi logesch an gerecht. Ass eng Fro vun der Ethik.

    Ween huet fir all déi schoulesch an extra-schoulesch Aktivitéiten an Infrastrukturen bezuelt, déi der gehollef hunn fir deng Schoulen ze packen obwuel deng Elteren aus éischter ärmlechen (huelen ech mol un?) an einfachen Verhältnisser kommen?

    D’Birger, déi hir Steieren bezuelt hunn (e.a. och meng Elteren selwer also), mee dat heescht net datt daat Système der Weisheit letzter Schluss ass. Villes schwätzt géint déi staatlech Monopoler, virun allem am Bildungssecteur.

    En plus wäerten deng Elteren dech awer moralesch ënnerstëtzt hunn.

    Kloer, gutt Elteren maan daat natirlech.

    ‘fräiwëlleg Hëllef’ ass och oft e Resultat vun Erziehung. Wann Kanner permanent agetriichtert kréien, dass een säin Hënner just fir Geld bewegen soll an dass jidereen selwer Schold ass, wat säin Liewn ugeet, dann ass et mat dem Volontarismus net wäit hier …

    Do sinn mer emol vollkommen eenz. Méng Elteren hunn mir nach wichteg Werter mat op de Wee ginn, Geld ass do definitiv net den Wichtegsten.

    A wann s du wierklech en Doktortitel wéils hunn, da kéins de dat och lo nach nohuelen. Ugeholl du wiers en effet dozou fäheg. Firwat mess de et dann net?

    Well ech aner Prioritéiten am Liewen hunn. Ech soen jhust, datt ech dann och et muss an Kaaf huelen keen ze hunn, wat daat och emmer mat sech bréngen waert.

    Du trëtts awer op wéi wann s de Äntwerten häss. Also miss du och mat Äntwerten oder Léisungen kommen …

    Net zu allem, derfir ass daat och alles ze vast. Mee zu munchen Themen hunn ech durchaus kloer Léisungen, zu aneren Themen vlait méng liberal Kollegen. Och an de Parteien ass keen fir alles zoustaenneg.

    Manner Regulatioun giff den Chômageproblem och net léisen.

    Esou een groussen Langzeitchômage wéi an Daitschland kann jhust struktureller Natur sinn an do kann nemmen den Staat drun schold sinn.

    Sie mussen jo henno net bezuelen.

    Wann d’Shareholder Value an de Keller fällt, schons…

    De System funktionnéiert just, well s de ëmmer nach Läit fënns, déi d’Aarbecht, an zumools d’Drécksaarbecht, fir en Hongerloun man. Wann déi fortfalen, wa kee méi do ass, deen s de ausnotzen kanns, da fällt de System zesummen.

    Ass Humbug. Kapitalismus bréngt Fortschrett mat sech an mécht munch Aarbechten iwwerfléisseg, ersetzt se durch Maschinnen, nei Produktionsweisen, Automatiséierung etc.

    Op individueller Basis funktionnéiert dat net.

    Dach, bei Autoassurancen fonctionnéiert dat och. Ween Suen fir eng Autoassurance huet, waert wuel och Suen fir eng Krankenversecherung hun.

    Oder wéivill Familjen hu genuch Suen op der Säit fir medizinesch Noutfäll zb, déi, wann een se misst selwer bezuelen, villen Läit giff d’Genéck briechen.

    Derfir gett et jo Assurancen, Sozialpools asw.

    Fënns du, dass een Steieren sollt bezuelen? Wann jo, wéivill?

    Ech optéieren aus diversen Grenn NET fir Steierhannerzéiung. Mee ech giew mer een ganz aneren Système wenschen, well Steieren am heitegen Senn am Géigensatz zu Gebühren per Definitioun NET zweckgebonnen sinn. Ech muss kucken wéini ech derzou kommen doriwwer mol endlech ze bloggen. Fir de Moment well ech derzou net méi soen ausser datt deenen staatlechen Fonctiounen (och wann ech vill dorenner fir sennlos haalen, vill Anerer ower och erem net)- ganz ofgesinn dervunner datt een sech soss giew strofbar maan- keng Finanzéierung sollt verweigert gin. Esoulaang mir net an enger Diktatur liewen, sinn ech géint Fundamentalopposition a Form vun Sabotage an Widerstand, mee optéieren fir friddlech Opklaerung an demokratesch Changementer.

    Op Deng Mail entweren ech der nach, hunn zoufaellegerweis genau dei Folleg geschter och gekuckt.

  26. December 25, 2009 at 11:43 am

    CK:

    > Ech perséinlech fannen Nozick (ech schwätzen elo jhust vun deenen Themenfelder wou mir baid Auteuren bekannt sin) einfach méi logesch an gerecht. Ass eng Fro vun der Ethik.

    Doriwwer léisst sech natierlech rem streiden, mee bon. Ech fannen jo och gewëss Aspekter vun den Libertarier logesch a gutt, mee verschidden Interpretatioun ginn mir ze wäit an féieren mënger Meenung no zu enger äiskaler, egoistescher an net-sozialer Gesellschaft, déi die Staark an Räich iwwerméisseg begünstegt.

    > D’Birger, déi hir Steieren bezuelt hunn (e.a. och meng Elteren selwer also), mee dat heescht net datt daat Système der Weisheit letzter Schluss ass. Villes schwätzt géint déi staatlech Monopoler, virun allem am Bildungssecteur.

    Also hues de bis elo jo awer schon ferme vun dësem System beneficéiert an dat net schlecht. Well, sou wäit ech dat beurteelen kann, geet et dir jo net schlecht.

    Den Bildungssecteur opmaachen? Wéi soll dat KONKRET goen? A leeft dat nët doropper hinaus, dass just d’Kanner vun deenen räichten Elteren Zougang zu den beschten/deiersten Proffen hunn?

    > Kloer, gutt Elteren maan daat natirlech.

    Jo, mee och dat ass eng Saach vun CHANCE. Net jidereen huet automatesch gutt Elteren. A vill Elteren sinn och einfach net gutt well sie et net besser wëssen, selwer massiv Problemer hunn, etc.

    > Do sinn mer emol vollkommen eenz. Méng Elteren hunn mir nach wichteg Werter mat op de Wee ginn, Geld ass do definitiv net den Wichtegsten.

    Wéi kruten deng Elteren déi Wäerter vermëttelt?

    > Well ech aner Prioritéiten am Liewen hunn. Ech soen jhust, datt ech dann och et muss an Kaaf huelen keen ze hunn, wat daat och emmer mat sech bréngen waert.

    Absolut. Et ass jo, wéi s du soos, eng Saach vun Prioritéiten. Ech wees och net, ween dat giff aneschters gesinn.

    > Net zu allem, derfir ass daat och alles ze vast. Mee zu munchen Themen hunn ech durchaus kloer Léisungen, zu aneren Themen vlait méng liberal Kollegen. Och an de Parteien ass keen fir alles zoustaenneg.

    Mee déi hei Themen hänken jo all zesummen. Sech just op e puer limitéiert Themen ze konzentréieren, ouni hieren Zesummenhang mat, oder hier Effekter op, de Rescht ze consideréieren brëngt och net all ze vill … ausser e puer Denkübungen.

    > Esou een groussen Langzeitchômage wéi an Daitschland kann jhust struktureller Natur sinn an do kann nemmen den Staat drun schold sinn.

    Kann et net dorunner leien, dass et einfach zevill Mënschen ginn an ze wéineg Aarbecht? Well déi soit automatiséiert soit outgesourced ginn ass? Wat giffs DU dann mat all deenen Chômeuren man?

    > Wann d’Shareholder Value an de Keller fällt, schons…

    Bestinn déi Gëllen Fallschiermer aus Aktien?

    >Ass Humbug. Kapitalismus bréngt Fortschrett mat sech an mécht munch Aarbechten iwwerfléisseg, ersetzt se durch Maschinnen, nei Produktionsweisen, Automatiséierung etc.
    Op individueller Basis funktionnéiert dat net.

    Fakt bleift, dass eisen System ouni Billig-Lohn-Länner net funktionnéieren géiff. Wann et där keng méi ginn, si mer domm drun …

    > Derfir gett et jo Assurancen, Sozialpools asw.

    Mee zumools déi sozial méi Schwaach (also die Aarem) kënnen sech et jo wuel net leeschten fir vill an esou eng Assurance oder sou en Pool eranzebezuelen. Wou kommen dann d’Suen hier, wann sie eng Kéier eng deier Operatioun brauchen?

    > Ech optéieren aus diversen Grenn NET fir Steierhannerzéiung.

    Mëcht dat dech net en Häretiker an den Aan vun traditionellen Liberterianer?

    > Mee ech giew mer een ganz aneren Système wenschen, well Steieren am heitegen Senn am Géigensatz zu Gebühren per Definitioun NET zweckgebonnen sinn. Ech muss kucken wéini ech derzou kommen doriwwer mol endlech ze bloggen. Fir de Moment well ech derzou net méi soen ausser datt deenen staatlechen Fonctiounen (och wann ech vill dorenner fir sennlos haalen, vill Anerer ower och erem net)- ganz ofgesinn dervunner datt een sech soss giew strofbar maan- keng Finanzéierung sollt verweigert gin. Esoulaang mir net an enger Diktatur liewen, sinn ech géint Fundamentalopposition a Form vun Sabotage an Widerstand, mee optéieren fir friddlech Opklaerung an demokratesch Changementer.

    Du wëlls also Stéieren à la carte? Fir deen Projet wëll ech Suen ginn, fir deen net. Fir deen Ministère jo, fir deen net? Eh … a ween soll dat alles managen a kontrolléieren??

    An eiser Demokratie WIELEN mir Läit, déi eis repräsentéieren an déi dann, an eisem Numm, Gesetzer maachen an d’Steieren verwalten. Bass du géint deen System?

    > Op Deng Mail entweren ech der nach, hunn zoufaellegerweis genau dei Folleg geschter och gekuckt.

    Ok. Si gespaant.

    Ps. Zoufall gët et net, op alle Fall net wéi en klassesch definéiert ass😉

  27. CK
    December 25, 2009 at 1:45 pm

    mee verschidden Interpretatioun ginn mir ze wäit an féieren mënger Meenung no zu enger äiskaler, egoistescher an net-sozialer Gesellschaft, déi die Staark an Räich iwwerméisseg begünstegt.

    Ech soot jo schons, et misst besser erklaert ginn wat de Liberalismus fir déi Arm an Schwach kinnt bréngen. Punkto “sozial” besteet secher och Nohuelbedarf.

    Also hues de bis elo jo awer schon ferme vun dësem System beneficéiert an dat net schlecht. Well, sou wäit ech dat beurteelen kann, geet et dir jo net schlecht.

    Kloer, virun allem beneficieieren ech all Dag dervun an engem fraien, iwwer wait Strecken liberalen Staat ze liewen an net an engem onliberalen. Derfir sinn ech jo och “pro-Westler”. Mee kann mir eben och nach munch Verbesserungen firstellen.


    Den Bildungssecteur opmaachen? Wéi soll dat KONKRET goen? A leeft dat nët doropper hinaus, dass just d’Kanner vun deenen räichten Elteren Zougang zu den beschten/deiersten Proffen hunn?

    Fir den Ufank gefallen mir d´Virschléi vum Friedman (Voucher-Modell) ganz gutt, do gett et och nach eng staatlech Finanzéierung. Wéi een Proff gutt ass, ass enorm subjektiv. Grad an der Bildung brauch een Diversitéit.

    Net jidereen huet automatesch gutt Elteren. A vill Elteren sinn och einfach net gutt well sie et net besser wëssen, selwer massiv Problemer hunn, etc.

    Jo leider wouer, de Staat muss hei d´Elteren un hir Pflichten erenneren an hinnen d´Kanner am Noutfall esouguer ewechhuelen.

    Wéi kruten deng Elteren déi Wäerter vermëttelt?

    Iwwert hir Elteren. Mee haut bleiwt esou eppes leider oft nemmen bei Schoulmeeschteren haenken, dei dann iwwerfuerdert sinn.

    Absolut.

    Majo also ergett sech dorausser keen Recht op Suen vun Aneren.

    Mee déi hei Themen hänken jo all zesummen. Sech just op e puer limitéiert Themen ze konzentréieren, ouni hieren Zesummenhang mat, oder hier Effekter op, de Rescht ze consideréieren brëngt och net all ze vill … ausser e puer Denkübungen.

    So daat den heitegen Politiker emol. Ech selwer hunn eng konkret Philosophie déi politesch een kloert Gesamtprogramm mat sech bréngt (was de hei am Land an och soss bei KENGER Partei fenns). Mee Detailfroen sinn leider eng aner Geschicht, do muss een sech spezialiséieren.

    Kann et net dorunner leien, dass et einfach zevill Mënschen ginn an ze wéineg Aarbecht? (…)Wat giffs DU dann mat all deenen Chômeuren man?

    Ech giew fir unzefaenken, den Chomeuren erlaaben, sech selwer ze hellefen. Et ass jo net esou datt et keng Arbecht giew ginn.

    Bestinn déi Gëllen Fallschiermer aus Aktien?

    Nee, mee wann Aktionären esou eppes dem Manager gewähren, riskéieren se hirt eegen Kapital. Et ass also net esou, datt si gefoorlos kennen Klüngeleien begoen.

    Fakt bleift, dass eisen System ouni Billig-Lohn-Länner net funktionnéieren géiff. Wann et där keng méi ginn, si mer domm drun …

    Majo gottseidank hun déi Länner dann eisen System an kennen hiren Wuelstand esou vergréisseren.

    Wou kommen dann d’Suen hier, wann sie eng Kéier eng deier Operatioun brauchen?

    Vun der Assurance wéi haut och. An durch de Concours fallen zudem Praiser am medizineschen Secteur. Net fir naischt ass de Prais fir eng Laser-OP un den Aen an den USA enorm gesonk. Dat ass bis elo nach een reng privaten Secteur.

    Mëcht dat dech net en Häretiker an den Aan vun traditionellen Liberterianer?

    Dach, bei munchen Sectéirer schons, mee bon, I don´t care.

    Du wëlls also Stéieren à la carte? Fir deen Projet wëll ech Suen ginn, fir deen net. Fir deen Ministère jo, fir deen net? Eh … a ween soll dat alles managen a kontrolléieren??

    Déi nämlecht Leit wéi haut och. Et breicht een eng Reform datt Suen déi op Stroossen verdéngt ginn, jhust fir Stroossen erem verwend gin an fir Strossen ze bauen een d´Suen aus der Stroossennotzung muss huelen asw. PKW-Mautgebühren sinn fir mech bspw. keng Steieren, mee och Staatseinnahmen.

    An eiser Demokratie WIELEN mir Läit, déi eis repräsentéieren an déi dann, an eisem Numm, Gesetzer maachen an d’Steieren verwalten. Bass du géint deen System?

    Nee, mee well d´Befugnisser vun der Chamber op den néidegen Minimum eben begrenzen an de Systeme vill méi transparent maan durch eben Zweckgebonnenheet.

  28. CK
    December 25, 2009 at 1:51 pm

    Kleng Korrektur: Hunn leider d´KPL vergiess. Déi hun effektiv als eenzeg Partei hei am Land een wirklech ideologeschen, op Prinzipien opbauenden Programm. Jhust leider deen falschen😉

  29. December 25, 2009 at 2:18 pm

    CK:

    > Ech soot jo schons, et misst besser erklaert ginn wat de Liberalismus fir déi Arm an Schwach kinnt bréngen. Punkto “sozial” besteet secher och Nohuelbedarf.

    A wéi giff dat besser erkläert ginn? Wat bréngt den Liberalismus deenen Aarmen a Schwaachen? A wat giffs du man fir dësen Nohuelbedarf auszegläichen?

    > Kloer, virun allem beneficieieren ech all Dag dervun an engem fraien, iwwer wait Strecken liberalen Staat ze liewen an net an engem onliberalen. Derfir sinn ech jo och “pro-Westler”. Mee kann mir eben och nach munch Verbesserungen firstellen.

    Et ass awer bei dësen Verbesserungen wou et am Detail ze happeren schéngt, resp. déi Verbesserungsvirschléi schéngen vague ze sinn an och schéngt net sécher, dass sie en effet d’Léisung, oder besser, wieren.

    > Fir den Ufank gefallen mir d´Virschléi vum Friedman (Voucher-Modell) ganz gutt, do gett et och nach eng staatlech Finanzéierung. Wéi een Proff gutt ass, ass enorm subjektiv. Grad an der Bildung brauch een Diversitéit.

    Wéi giff dee Voucher-Modell dann funktionnéieren?
    Ech si net der Meenung, dass et enorm subjektiv ass, wéini e Prof gutt ass. Do kann een dach Efficacitéitskritèren opstellen. Wat mengs du mat Diversitéit? Et brauch ee gutt a schlecht Proffen??

    A wann et subjektiv ass, heescht dat, dass en déieren Prof net automatesch e besseren ass? Oder wat fir Kritèren giffen déi Räich huelen, fir festzestellen op e Proff gutt oder schlecht ass? An sou ee Proff kéint jo dann och méi froen, well en sou gefrot ass. Wat en awer dann nees onerrechbar mëcht fir aarem Studenten. Wier dat fair?

    > Jo leider wouer, de Staat muss hei d´Elteren un hir Pflichten erenneren an hinnen d´Kanner am Noutfall esouguer ewechhuelen.

    An dat ass kompatibel mam Liberalismus/Liberterianismus? Kléngt ferme no engem paternalistechen Verhalen vum Staat?

    > Iwwert hir Elteren. Mee haut bleiwt esou eppes leider oft nemmen bei Schoulmeeschteren haenken, dei dann iwwerfuerdert sinn.

    On op wat hunn deenen hier Elteren hier Wäerter baséiert? Hierer Religioun?

    Ech sinn awer ganz d’accord, dass d’Erzéiung an d’Wertevermëttlung net just an der Schoul passéieren dierf! Dat sollt idealerweis vun Ufank upasséieren an do och virgeliewt ginn. Mee net all Kand huet Chance an sou engem Kader opzewuessen. An net all d’Elteren haten d’Chance fir sou opzewuessen …

    > Majo also ergett sech dorausser keen Recht op Suen vun Aneren.

    Menger Meenung no net. D’Deelen (och forcéiert duerch Steieren) vun engem Deel vun de Suen ass eng Zort ausgläichend Gerechtegkeet fir mëch an wierkt sech positiv op die sozial Kohäsioun vun enger Gesellschaft aus, wouduerch jidereen profitéiert. Och déi Räich (sie mussen zb manner Suen fir Protectioun etc ausginn).

    > So daat den heitegen Politiker emol. Ech selwer hunn eng konkret Philosophie déi politesch een kloert Gesamtprogramm mat sech bréngt (was de hei am Land an och soss bei KENGER Partei fenns). Mee Detailfroen sinn leider eng aner Geschicht, do muss een sech spezialiséieren.

    Mee och eppes wat wéi en kloert Gesamtprogramm ausgesäit, kann am Detail Fehler hunn an sou, global gesinn, awer net d’Léisung sinn. Oder opmanst net an där Form.

    > Ech giew fir unzefaenken, den Chomeuren erlaaben, sech selwer ze hellefen. Et ass jo net esou datt et keng Arbecht giew ginn.

    Sech selwer hëllefen? A wéi? Duerch Schwaarzaarbecht? Wat och just bedeit, dass hien engem aneren d’Aarbecht forthëllt an doduerch nees villäicht aner Läit an de Chômage falen.

    Serieux: wat fir eng Aarbecht ass an eisem Land hei fir déi 14000 Chômeuren do, déi sie net man? Oder die x Milliounen an Däitschland? WAT kéinten déi alleguer schaffen, wann een se just giff lossen? Wou giffen déi die Aarbecht hierzauberen?

    > Nee, mee wann Aktionären esou eppes dem Manager gewähren, riskéieren se hirt eegen Kapital. Et ass also net esou, datt si gefoorlos kennen Klüngeleien begoen.

    Ech hunn awer net vun den Aktionnären geschwat, mee vun den Manager déi Gëllen Fallschiermer an hieren Kontrakten hunn. An déi bestinn jo eben just NET aus Aktien, also ass et deenen Manager schäissegal, wat mat der Firma geschitt. Sie kréien hier Suen jo EGAL WEI hier Performance ass.

    > Majo gottseidank hun déi Länner dann eisen System an kennen hiren Wuelstand esou vergréisseren.

    Dat geet awer just esou laang, wéi nach aner Länner do sinn, wou dës Länner dann hier Wueren bëlleg an zu Dumpingpräiser produzéieren kënnen. Déi Zuel vun Länner ass awer endlech. Wann bis kee sou Land méi do ass, ween produzéiert eis Saachen dann fir en Apel an en Ee?

    > Vun der Assurance wéi haut och.

    En Aarmen, deen just ganz minimal an déi Assurance erabezuelt huet trotzdem d’Recht op néideg Operatiounen, déi vill méi kaschten, wéi dat wat hien abezuelt huet? Ween bezillt dann an deem Fall fir hien? An ass deen domadder d’accord?

    > Dach, bei munchen Sectéirer schons, mee bon, I don´t care.

    Du mess also einfach deng eegen Sekt op?😉

    > Déi nämlecht Leit wéi haut och. Et breicht een eng Reform datt Suen déi op Stroossen verdéngt ginn, jhust fir Stroossen erem verwend gin an fir Strossen ze bauen een d´Suen aus der Stroossennotzung muss huelen asw. PKW-Mautgebühren sinn fir mech bspw. keng Steieren, mee och Staatseinnahmen.

    Nonsense. Du kanns net mat der selwechter Zuel Läit eng Bürokratie bewältegen, déi x mol méi komplizéiert an opwenneg (well à la carte) ass. A wéi giffs de dann kontrolléieren, dass och just deen op der Strooss (ALL Stroossen, net nëmmen Autobunnen oder sou) fiert, deen dofir Steieren bezuelt huet? Dass jidereen eng Maut muss bezuelen an en Chip am Auto huet?

    > Nee, mee well d´Befugnisser vun der Chamber op den néidegen Minimum eben begrenzen an de Systeme vill méi transparent maan durch eben Zweckgebonnenheet.

    Dat kléngt nees schéin an der Theorie. Mee wéi dat praktesch emzesetzen wier gesinn ech nach ëmmer net …

  30. CK
    December 26, 2009 at 1:36 am

    A wéi giff dat besser erkläert ginn? Wat bréngt den Liberalismus deenen Aarmen a Schwaachen? A wat giffs du man fir dësen Nohuelbedarf auszegläichen?

    Opklaerung, Opklaerung, Opklaerung. Et mussen ökonomesch Zesummenhäng erklärt gin, wéi frai Märt fonctionnéieren, wéi eng Konsequenzen falsch Staatsinterventiounen hunn. Et misst een déi schädlech Auswierkungen grad fir Uarm an Schwacher vun Monopoler, Zöller an Bürokratie opweisen, et misst een iwwer Moral, Ethik an human Werter Diskussiounen féiren.

    Et ass awer bei dësen Verbesserungen wou et am Detail ze happeren schéngt, resp. déi Verbesserungsvirschléi schéngen vague ze sinn an och schéngt net sécher, dass sie en effet d’Léisung, oder besser, wieren.

    Konkret Detailfroen sinn mir fir de Moment (!) guer net esou wichteg, soss wir ech an enger Partei. Et muss een fir d´éischt emol (ideologesch/philosophesch/ethesch) Grondsatzdebatten féieren.

    Wéi giff dee Voucher-Modell dann funktionnéieren?

    D´Elteren kréien Bongen vum Staat an siichen déi richteg Schoul fir hirt Kand aus wou se dann fir d´Education mam Bong bezuelen. D´Schoulen wielen sech hir Schoulmeeschter an Proffen selwer aus, bestemmen eegenstänneg d´Payen, de Budget gett vun all Schoul autonom verwalt, et gett een Concours em Bongen teschent de Schoulen. Esou gett een Marché imitéiert (méi radikal Libertär nennen dat derfir och verächtlech Marktsozialismus, mee ass emmer nach besser wéi Planwirtschaft). Ausgerechnet den béisen ADR hat doriwwer emol eng Veranstaltung, d´Videoen derzou sin nach op hirem Site ze fannen. Soll elo ower keng Reklamm fir den ADR sinn.

    Do kann een dach Efficacitéitskritèren opstellen. Wat mengs du mat Diversitéit? Et brauch ee gutt a schlecht Proffen??

    Jo, allgemeng Critèren wuel schons. Wichteg ass datt een schlecht Proffen kann entloossen, derfir muss de Statut vum Fonctionnaire ofgeschaff ginn. Deen gehéiert sws iwwerall egtl. ofgeschaff. Mat Diversitéit mengen ech ennerschiddlech Léiermethoden, -konzepter, Schoulprogrammer.

    heescht dat, dass en déieren Prof net automatesch e besseren ass?

    Net onbedéngt fir mech als Individuum. Secher, en ass enorm gefroot, vill Leit haalen en fir gutt, vlait sinn seng Methoden och wirklich déi bescht um Marché, mee et muss och emmer eng Verbindung zum Elève do sinn, et muss een zesummenpassen. Do gett et nie eng Garantie.

    Oder wat fir Kritèren giffen déi Räich huelen, fir festzestellen op e Proff gutt oder schlecht ass?

    Renommee secher och, jo, ower ech giew mer als Eltern sws genau ukucken wéi eng Schoul wat unbidd an wat zu mengem Kand spezifesch elo giew passen.

    An sou ee Proff kéint jo dann och méi froen, well en sou gefrot ass. Wat en awer dann nees onerrechbar mëcht fir aarem Studenten. Wier dat fair?

    Secher, fir gutt Leeschtung soll de Proff och gut bezuelt ginn. An et gett keen Recht op een deiren Proff.

    An dat ass kompatibel mam Liberalismus/Liberterianismus? Kléngt ferme no engem paternalistechen Verhalen vum Staat?

    D´Meenungen derzou gin auserneen. Ech haalen Paternalismus deelweis fir richteg wann et em Kanner an aner Onmündeger geet, mee géigeniwwer Erwuessenen selwer leen ech en of. Ech well secher keng Verstaatlechung vun der Erzéiung ower och keng komplett onkontrolléiert Familjen, wou dann evtl. nach een Patriarchat herrscht an Kanner geschloen ginn oder eben vernoléissegt. Et muss een gesond Glaichgewicht herrschen.

    On op wat hunn deenen hier Elteren hier Wäerter baséiert? Hierer Religioun?

    Muncher op Relioun, anerer op säkularen Werter.

    Wat och just bedeit, dass hien engem aneren d’Aarbecht forthëllt an doduerch nees villäicht aner Läit an de Chômage falen.

    Schwarzarbecht ass een Indiz derfir datt Praiser ze héich sinn.

    WAT kéinten déi alleguer schaffen, wann een se just giff lossen? Wou giffen déi die Aarbecht hierzauberen?

    Also eppes ze dinn gett et emmer. Leider feelt villen Leit d´Geld fir dest oder dat an Opdrag ze ginn, wat ze ower kinnten maan, wann hire Wonsch méi belleg wir an Praiser sénken nun emol durch méi Concours.

    Ech hunn awer net vun den Aktionnären geschwat, mee vun den Manager déi Gëllen Fallschiermer an hieren Kontrakten hunn.

    Déi Kontrakten mussen vun den Aktionären ofgeséint ginn! Doremmer ass et mir gaangen.

    Déi Zuel vun Länner ass awer endlech. Wann bis kee sou Land méi do ass, ween produzéiert eis Saachen dann fir en Apel an en Ee?

    Keen méi. Dann ass eben méi ze bezuelen.

    En Aarmen, deen just ganz minimal an déi Assurance erabezuelt huet trotzdem d’Recht op néideg Operatiounen, déi vill méi kaschten, wéi dat wat hien abezuelt huet? Ween bezillt dann an deem Fall fir hien? An ass deen domadder d’accord?

    Dat haenkt vun der agekaaftener Formule of. Bezuelt gett daat dann indirekt vun den aneren Memberen natirlech. An déi mussen ower do net d´accord sinn, si bezuelen jo jhust fir hir Assurance. Wat an der “Black Box” Assurance ofleeft, ass Saach vun daer Firma. Eng Risikoversecherung baséiert iwwregens grad dropper, dass de an engem krassen Noutfall méi erauskriss wéi abezuelt, mee am Normalfall manner bis guer naischt.

    Du mess also einfach deng eegen Sekt op?😉

    Nee, mir sinn keng Sekt😉

    Du kanns net mat der selwechter Zuel Läit eng Bürokratie bewältegen, déi x mol méi komplizéiert an opwenneg (well à la carte) ass.

    Ech gesinn net wou do vill Bürokratie entstoen soll, et bezillt een fir deen Service deen een a Usproch hellt.

    A wéi giffs de dann kontrolléieren, dass och just deen op der Strooss (ALL Stroossen, net nëmmen Autobunnen oder sou) fiert, deen dofir Steieren bezuelt huet? Dass jidereen eng Maut muss bezuelen an en Chip am Auto huet?

    Mautgebühren, Vignette, jo vlait och een Chip esouguer (woubai do Datenschutzfroen ze klaeren wiren), daat sin letzlech Detailfroen. Virdrunner muss een sech op den Notzenprinzip iwwerhapt mol eenegen.

  31. December 26, 2009 at 9:29 am

    > Opklaerung, Opklaerung, Opklaerung. Et mussen ökonomesch Zesummenhäng erklärt gin, wéi frai Märt fonctionnéieren, wéi eng Konsequenzen falsch Staatsinterventiounen hunn. Et misst een déi schädlech Auswierkungen grad fir Uarm an Schwacher vun Monopoler, Zöller an Bürokratie opweisen, et misst een iwwer Moral, Ethik an human Werter Diskussiounen féiren.

    Et ass mer nach ëmmer net kloer, wat d’Virdeeler vun dengem System fir die Aarem a Schwaach wieren? Bis lo erschéngt mer deng Theorie ëmmer nach wéi eng déi die Räich an die Staark favoriséiert.

    > Konkret Detailfroen sinn mir fir de Moment (!) guer net esou wichteg, soss wir ech an enger Partei. Et muss een fir d´éischt emol (ideologesch/philosophesch/ethesch) Grondsatzdebatten féieren.

    Wat bréngt dat, wann een net wees op sou Philosophien am Detail och funktionnéieren oder wéi se praktesch kéinten emgesat ginn?

    > D´Elteren kréien Bongen vum Staat an siichen déi richteg Schoul fir hirt Kand aus wou se dann fir d´Education mam Bong bezuelen. D´Schoulen wielen sech hir Schoulmeeschter an Proffen selwer aus, bestemmen eegenstänneg d´Payen, de Budget gett vun all Schoul autonom verwalt, et gett een Concours em Bongen teschent de Schoulen. Esou gett een Marché imitéiert (méi radikal Libertär nennen dat derfir och verächtlech Marktsozialismus, mee ass emmer nach besser wéi Planwirtschaft). Ausgerechnet den béisen ADR hat doriwwer emol eng Veranstaltung, d´Videoen derzou sin nach op hirem Site ze fannen. Soll elo ower keng Reklamm fir den ADR sinn.

    Eng ganz wichteg Fro: Kréien all d’Elteren d’selwecht vill Bongen?

    A wéi garantéiers du, dass dat, wat an dësen Schoulen geléiert gët, och gutt ass? Wéi giffs du ideologesch Schoulen verhënneren? Oder sollt all Schoul decidéieren, wat fir Ideologien sie de Kanner léieren wëll (verschiddener kéinten jo Kreationismus léieren, aner Rassentheorien, anerer Kommunismus, Libertarismus, etc)?

    > Jo, allgemeng Critèren wuel schons. Wichteg ass datt een schlecht Proffen kann entloossen, derfir muss de Statut vum Fonctionnaire ofgeschaff ginn. Deen gehéiert sws iwwerall egtl. ofgeschaff. Mat Diversitéit mengen ech ennerschiddlech Léiermethoden, -konzepter, Schoulprogrammer.

    An et huet jidereen d’Méiglechkeet op die Schoulen mat de gudden/deieren Proffen ze goen, onofhängeg vum finanziellen Statut vun der Famill an där een opwiesst?

    > Net onbedéngt fir mech als Individuum. Secher, en ass enorm gefroot, vill Leit haalen en fir gutt, vlait sinn seng Methoden och wirklich déi bescht um Marché, mee et muss och emmer eng Verbindung zum Elève do sinn, et muss een zesummenpassen. Do gett et nie eng Garantie.

    Huet jidereen d’Méiglechkeet fir sech vun esou engem gefrotenen Proff ennerriichten ze loossen oder ass dat eng Saach vun Suen?

    > Renommee secher och, jo, ower ech giew mer als Eltern sws genau ukucken wéi eng Schoul wat unbidd an wat zu mengem Kand spezifesch elo giew passen.

    Spezifesch giff passen? A wat fir engem Sënn?

    > Secher, fir gutt Leeschtung soll de Proff och gut bezuelt ginn. An et gett keen Recht op een deiren Proff.

    Dat beäntwert also meng Fro vun virdrun: deier Proffen just fir Kanner vun räichten Elteren?

    > D´Meenungen derzou gin auserneen. Ech haalen Paternalismus deelweis fir richteg wann et em Kanner an aner Onmündeger geet, mee géigeniwwer Erwuessenen selwer leen ech en of. Ech well secher keng Verstaatlechung vun der Erzéiung ower och keng komplett onkontrolléiert Familjen, wou dann evtl. nach een Patriarchat herrscht an Kanner geschloen ginn oder eben vernoléissegt. Et muss een gesond Glaichgewicht herrschen.

    D’accord. Mee d’Fro ass ëmmer, wéi sech dat hierstellen léist …

    > Muncher op Relioun, anerer op säkularen Werter.

    Ech hat vun dengen Elteren resp. deenen hieren Elteren geschwat. Koumen deenen hier Wäerter duerch d’Religioun? A wann net duerch d’Religioun, wéi sollen dann Wäerter vermëttelt ginn? Obligatoresch Moralscoursen?

    > Schwarzarbecht ass een Indiz derfir datt Praiser ze héich sinn.

    Du bass net op meng Fro agaang, ob Schwaarzaarbecht net aner Läit an de Chômage dreift … A wee seet, dass d’Präisser wierklech ze héich sinn? D’Läit wéilten am léifsten alles gratis, wann se et giffen gratis kréien.

    > Also eppes ze dinn gett et emmer. Leider feelt villen Leit d´Geld fir dest oder dat an Opdrag ze ginn, wat ze ower kinnten maan, wann hire Wonsch méi belleg wir an Praiser sénken nun emol durch méi Concours.

    Alt nees keng konkret Äntwert! Woumadder kéinten déi dausenden, oder Milliounen Läit, hiert Liewen verdëngen, wann een se alt nëmmen giff loossen? ‘eppes ze dinn’ ass nees ultra vague.

    > Déi Kontrakten mussen vun den Aktionären ofgeséint ginn! Doremmer ass et mir gaangen.

    Kontrakter vun Manageren mussen vun den Aktionnären ofgeseent ginn? Serieux? Gët et ëmmer eng Aktionnärsversammlung éier en Kontrakt mat engem Manager gemaach gët?

    > Keen méi. Dann ass eben méi ze bezuelen.

    Da konsumméieren d’Läit awer manner. Da gët manner gebraucht. Da fléien nees méi Läit an de Chômage.

    > Dat haenkt vun der agekaaftener Formule of. Bezuelt gett daat dann indirekt vun den aneren Memberen natirlech. An déi mussen ower do net d´accord sinn, si bezuelen jo jhust fir hir Assurance. Wat an der “Black Box” Assurance ofleeft, ass Saach vun daer Firma. Eng Risikoversecherung baséiert iwwregens grad dropper, dass de an engem krassen Noutfall méi erauskriss wéi abezuelt, mee am Normalfall manner bis guer naischt.

    Jo, mee an engem krassen Noutfall kënnen die aner awer net op eemol soen: “Uh, nee, fir deen do bezuelen mer lo awer net.”

    En plus, firwat brauch een eng Assurance, wann an engem Noutfall net kann aus dem gemeinsamen Dëppen geholl ginn?? Da kann een jo och einfach selwer spueren fir Noutfäll! Nach en Aspekt vun denger Theorie, deen net ausgeräift ass.

    > Nee, mir sinn keng Sekt

    Mäi Punkt woer, dass du vun der traditioneller Linn ofweichs an einfach déi eegen Variante konzipéiers😉

    > Ech gesinn net wou do vill Bürokratie entstoen soll, et bezillt een fir deen Service deen een a Usproch hellt.

    Et ass evident, dass à la carte méi komplizéiert ze managen ass ewéi en ‘Package’. Gesäit een jo och schon an engem Restaurant. Vergläich mol wann een fir 20 Läit de selwechten Menü hëllt an zesummenbezuelt oder wann 20 Läit eenzel bestellen an bezuelen. Wat ass méi zäitintensiv an opwenneg?

    En plus muss jo awer och fir d’Infrastruktur bezuelt ginn, zb d’Gebäier, wou déi Bürokraten dra sëtzen. Dat muss jo mat consideréiert ginn. Och a Funktioun vun wéi oft hier Hëllef gebraucht gët, wéi intensiv a komplizéiert die Hëllef ass, etc.

    An wéi ass et mat den Regierungsmemberen? Den Deputéierten? Ween bezillt déi? A wéi?

    > Mautgebühren, Vignette, jo vlait och een Chip esouguer (woubai do Datenschutzfroen ze klaeren wiren), daat sin letzlech Detailfroen. Virdrunner muss een sech op den Notzenprinzip iwwerhapt mol eenegen.

    An d’Efficacitéit vun dengem System ass nach laang net evident oder beluegt.

  32. denjclaude
    December 26, 2009 at 11:26 am

    >Et wier net gerecht, wann déi Persoun op gerechtem Wee zu sengen Suen komm wier. Tatsaach ass awer, dass Suen nie wierklech gerecht verdéngt ginn an ëmmer opmanst een op deem laangen Wee op d’Aan gedréckt oder ongerecht behandelt gouff. Also ass et och ok, fir en gewëssen Prozentsaatz nees un d’Gesellschaft zeréck ginn. En plus muss de Staat jo och bezuelt ginn. Oder ween giff deen finanzéieren?

    Vergiess net dat mir hei vun enger philosophescher Theorie schwätzen. Wann déi Suen net gerecht verdéngt sinn ass dat dat éischt Element wat den Problem generéiert an domadder den System un d’Wackele brëngt.

    >D’Bankenlobby ass bei der Gesetzgebung ëmmer staark mat involvéiert. Op offiziell oder net. A kuck der een wéi de Greenspan un: deen huet zouginn, dass seng monetär Philosophien, déi mat zum Crash geféiert hunn, FALSCH woeren.

    D’Federal Reserve ass och Staat. Den Greenspan huet als Chairman vun enger staatlecher Institutioun Feeler gemaach, also war et den Staat deen e Feeler gemaach huet. An natierlech hunn d’Lobbyisten en extremen Afloss, dat ännert awer näischt dat d’Politiker fir hir Entscheedungen responsabel sinn. Si stemmen of a sinn vum Volleck gewielt an net den Lobbyist.

    >Dat steet net fest, op dat op Käschten vun de Kanner an Enkelen ass. A wat woer d’Alternativ, d’Elteren haut schon a grousser Zuel an de Chômage ze schécken?

    Datt déi aktuell Generatioun, d’Scholden vun Dubai, Irland, Griichenland, Spunien oder den USA zréck bezilt ass mathematesch net méiglech, also mussen d’Kanner et zréck bezuelen.

    >Ech gesinn net, firwat déi Alternativ besser gewiescht wier?

    Doduerch dat déi Banken faillite gaangen wieren, wieren déi Scholden wéinstens fort gewiescht. Duerno hätt een missen Reformen maachen an derfir suergen dat esou eppes net méi kann passéieren. Déi nächsten Blos, déi ähnlech grouss ass, packt eisen Finanzsystem net méi. Dee Moment kréien mer alles dat wat mer elo am klengen (eenzel Runs ob Banken, etc.) verhënnert hunn am groussen (déi nächsten Kéier ginn ganz Währungen mat ënner an domadder mengen ech net den $).

    >Firwat gees de dann net an de Bësch wunnen? Wander aus an e Land, wou der d’Spillregelen besser gefalen. Firwat mess de dat net? An die faillite Banken wäerte mer nees mat engem Benefice verkafen. Wetten?

    Auswanderen ass ganz kloer an Optioun, allerdéngs déi Läscht.
    Mam Benefice ass esou eng Saach. Dat kann nawell sinn. Allerdéngs geet et net do drëms, et geet ëm d’Art a Weis déi mech steiert.

    >Schwachsinn. Du kris och Leeschtung vun Staat zereck. Wéi giff déi soss finanzéiert ginn? Wat de Recht ugeet, sou hues de do jo de Choix. Bestued dech an maach Kanner a bezuel doduerch manner oder liew mat der Konsequenz, dass de als Single méi muss bezuelen. Oder, wann der den System guer net gefällt: wander aus oder grënn eng Partei a probéier d’Läit vun dengem System z’iwwerzeegen.

    Richteg, ech hunn den Choix. Wann d’Allgemengheet dat esou well an ech well hei bleiwen muss ech déi Steieren esou bezuelen. Dat heescht awer net, dat ech muss dermat averstanen sinn.

    >Heimadder sinn ech zum Deel absolut averstan. Just wäerten eis Limitten a Prioritéiten aneschters sinn.

    Wat mengs Du mat Limitten an Prioriteiten?

    >Du schéngs jo och net der Dommster een ze sinn an däin IQ ass sécher iwwert der Moyenne. Dat heescht awer och, dass die meescht méi domm, onedikuéiert an/oder ignorant sinn wéi du. Rechtfertegt dat, fir se falen ze loossen?

    Eben net. Fir déi allermeeschten Aarbeschten geet eng normal Intelligenz méi ewéi duer. Wann eng majeur Persoun decidéiert net mei an d’Schoul ze goen, dann ass dat hir Entscheedung a si muss domadder liewen, net ech. Wann deen Ignoranten net ageseit, ze liddereg ass, fir seng Suen schaffen ze goen, dann huet en eben keng. Och dat ass säin Problem
    Et geet net drëm do d’Leit eraus ze siften. Allerdéngs sollen si wëssen wat d’Konsequenzen vun hirem handele sinn. Wann ech net an d’Schoul ginn, da kréien ech keng gutt Plaatz a verdéngen net fill. Ech kann dann net bei den Staat jeitzen goen an muss manner Steieren bezuelen oder kreien hei an do en Subside. Ech hunn Recht just ob dat wat ech mer selwer erschaaft hunn, esou laang ech physesch a geeschteg amstand sinn ze schaffen.

    >Ps. Sollt een denger Meenung no iwwerhaapt Steieren bezuelen? A wa jo, wéivill?

    Jo, fir déi Mënschen déi wierklech net selwer fir sech kenne suergen. Zum Beispill ganz schwéier behënnert Mënschen. Bei allen aneren Saachen gëtt et schwéier. Am aliichtesten ass nach d’Sëcherheet, no bannen an no baussen, also Armei, Police an d’Rettungsdingeschter. An hei soll elo jiddereen mussen säin Deel bezuelen an net een méi oder manner ewéi deen aneren. An verrechnen géif ech dat ganz exakt, bei der Krankekees geet dat jo och.
    Also M. Dupont, Dir muss X€ fir den Rettungsdingscht deen äert Haus läschen kennt wann et brennt bezuelen. An net mat der Tubacksteier Stroossen bauen.

    >Den Bildungssecteur opmaachen? Wéi soll dat KONKRET goen? A leeft dat nët doropper hinaus, dass just d’Kanner vun deenen räichten Elteren Zougang zu den beschten/deiersten Proffen hunn?

    Hei sinn ech ob enger Linn mam CK an dem Voucher-Modell. D’Schoulen missten sech beméien gutt no den Kanner ze kucken, soss schécken d’Elteren hir Kanner net méi dohinner an déi Schoule kréien keng Suen méi a mussen zou machen. Do wier dann och keen Ennerscheed méi tëschent arem a räich, all Elteren hätten deen selwechten Deel un Voucheren ze verginn an domadder wier een Kand finanziell esou „Wäertvoll“ ewéi en anert.
    Domadder géif erëm en Deel vun der Responsabiliteit zréck un déi Bedeelegt goen. Dat aktuellt „Nach mir déi Sinnflut“-Behuelen am Schoulsystem geet jo just well d’Gesellschaft jo souwisou herno all Mensch obfänkt.

    >Kann et net dorunner leien, dass et einfach zevill Mënschen ginn an ze wéineg Aarbecht? Well déi soit automatiséiert soit outgesourced ginn ass? Wat giffs DU dann mat all deenen Chômeuren man?

    Hei däerf een Ursaach an Wierkung net vertauschen.
    Ech kafen Wuer X hei zum Preis vun 100. Entdecken genau dei selwecht Wuer X awer elo fir 90. Da kafen ech déi vun 90. Wuer X 100 ass awer hei produzéiert ginn a Wuer X 90 soss anzwousch. Den Produzent vun der Wuer X 100 hei, mierkt elo dat en ëmmer manner verkeeft a muss iergendwann zou maachen, well aus Wuer 90 elo Wuer 80, 70, etc ginn ass. Um Problem ass elo awer weder Produzent X 100 nach Produzent X 90, 80 70 Schold mee ech. Sie hunn just d’Wuer zou deem Preis produzéiert deen ech bereet war ze bezuelen. Ech hunn d’Wuer kaaft oder net an ech hunn domadder decidéiert wat fir engem Produzent seng Fabrik leeft a wat fir eng net. Dat heescht awer elo net dat een soll duerch Douanstaxen auslännesch Produiten kënschtlech verdeieren an esou onrentabel maachen. Vill méi bräichten mir erëm en Bewosstsinn fir dat Ganzt an och hei missten mer eis eisen Responsabiliteiten bewosst ginn. An Amplatzt mat Chômage ze operéieren éischter selwer derfir suergen datt fair Präisser bezuelt ginn.

    >Ech hunn awer net vun den Aktionnären geschwat, mee vun den Manager déi Gëllen Fallschiermer an hieren Kontrakten hunn. An déi bestinn jo eben just NET aus Aktien, also ass et deenen Manager schäissegal, wat mat der Firma geschitt. Sie kréien hier Suen jo EGAL WEI hier Performance ass.

    Ech kenne keng Firma déi net vum Staat gehollef krut, a Schwieregkeet stouch an gëlle Falschiermer a Bonien ausbezuelt huet. Déi meescht an deem Fall bezuelen emol keng Dividenden méi un hir Actionnairen aus.

    >Dat geet awer just esou laang, wéi nach aner Länner do sinn, wou dës Länner dann hier Wueren bëlleg an zu Dumpingpräiser produzéieren kënnen. Déi Zuel vun Länner ass awer endlech. Wann bis kee sou Land méi do ass, ween produzéiert eis Saachen dann fir en Apel an en Ee?

    Oder en Deel vun der Produktioun kennt zréck, well et net méi esou lukrativ ass anzwousch anescht ze produzéieren. Déi Dumpingpräiser sinn jo d’Resultat vun eisem handelen, mir wëllen jo ëmmer méi bëlleg akaafen.

    >Nonsense. Du kanns net mat der selwechter Zuel Läit eng Bürokratie bewältegen, déi x mol méi komplizéiert an opwenneg (well à la carte) ass. A wéi giffs de dann kontrolléieren, dass och just deen op der Strooss (ALL Stroossen, net nëmmen Autobunnen oder sou) fiert, deen dofir Steieren bezuelt huet? Dass jidereen eng Maut muss bezuelen an en Chip am Auto huet?

    Firwat dann net? Wou wier do den konkreten Problem derbäi? Datenschutz kann een och emdreinen, däin Auto rechent aus wéivill km hien Autobunn oder Landstrooss gefuer ass an Du bezills dat dann. A well all Mënsch dat mécht hues Du (eigentlech) keen Interessie drun net eierlech ze sinn, well soss den ganzen System net méi funktionéiert.

    Den Problem am Allgemengen ass jo och net wann den Staat emol hei an do géif asprangen. Mee mir sinn amgaangen ëmmer méi vun eisen eegene Responsabilitéiten un den Staat of ze ginn. Fréier war d’Schoul zum Beispill fir d’Bildung (Sprochen, Mathé) do, haut muss se d’Erzeihung (Werter, Normen) och nach iwwerhuelen well d’Elteren et net méi maachen. Dat feiert zou enormen Problemer wei een aktuell gesäit an et gesäit een och dat do mei Staat net onbedéngt eng Liesung ass. D’Gesellschaft ass do fir eenzelne Mënschen ze hëllefen. Aus deem Grond hunn eenzel Mënschen Clas gegrënnt well se zesummen méi staark waren, dat ass d’Fundament vun eisem Staat. Allerdéngs kann een dat net ëmmer weider ausdehnen.

  33. December 26, 2009 at 3:44 pm

    JC:

    > Vergiess net dat mir hei vun enger philosophescher Theorie schwätzen. Wann déi Suen net gerecht verdéngt sinn ass dat dat éischt Element wat den Problem generéiert an domadder den System un d’Wackele brëngt.

    Deng Theorie geet also dovunner aus, dass all d’Suen gerecht verdéngt a verdeelt gouffen? Hues du Beweiser dofir?
    A wee giff de Staat bezuelen, wann net d’Bierger?

    >D’Bankenlobby ass bei der Gesetzgebung ëmmer staark mat involvéiert. Op offiziell oder net. A kuck der een wéi de Greenspan un: deen huet zouginn, dass seng monetär Philosophien, déi mat zum Crash geféiert hunn, FALSCH woeren.

    > D’Federal Reserve ass och Staat. Den Greenspan huet als Chairman vun enger staatlecher Institutioun Feeler gemaach, also war et den Staat deen e Feeler gemaach huet. An natierlech hunn d’Lobbyisten en extremen Afloss, dat ännert awer näischt dat d’Politiker fir hir Entscheedungen responsabel sinn. Si stemmen of a sinn vum Volleck gewielt an net den Lobbyist.

    Den Greenspan woer laang Zäit e gudde Kolleg vum Ayn Rand an huet och deem seng Marktphilosophie vertrueden. Lo huet en missen zouginn, dass e falsch luch … Wann de Greenspan de Staat repräsentéiert an de Greenspan seng Decisiounen op Grond vum Ayn Rand senger Philosophie geholl huet, dann huet de Staat op Grond vum Ayn Rand sengen Philosophien Fehler gemaach.

    D’Lobbyisten kafen sech hier Muecht duerch Suen an/oder Erpressung. Eierlech Politiker hunn et do schwéier.

    > Datt déi aktuell Generatioun, d’Scholden vun Dubai, Irland, Griichenland, Spunien oder den USA zréck bezilt ass mathematesch net méiglech, also mussen d’Kanner et zréck bezuelen.

    An dat ass méi schlëmm wéi hier Elteren lo an de Chômage ze schécken? Firwat?

    > Doduerch dat déi Banken faillite gaangen wieren, wieren déi Scholden wéinstens fort gewiescht. Duerno hätt een missen Reformen maachen an derfir suergen dat esou eppes net méi kann passéieren. Déi nächsten Blos, déi ähnlech grouss ass, packt eisen Finanzsystem net méi. Dee Moment kréien mer alles dat wat mer elo am klengen (eenzel Runs ob Banken, etc.) verhënnert hunn am groussen (déi nächsten Kéier ginn ganz Währungen mat ënner an domadder mengen ech net den $).

    D’Scholden vun de Läit hätten sech einfach a Loft opgeléist? Ech hat iergendwou héieren, dass d’Obligatioun fir geléinten Suen zeréck ze bezuelen och net giff opgehuewen ginn, wann eng Bank faillite geet well schliesslech krut een déi Suen jo net geschenkt an iergendeen huet Urecht drop fir déi Suen, déi ech geléint krut, och zeréck ze kréien.

    > Auswanderen ass ganz kloer an Optioun, allerdéngs déi Läscht. Mam Benefice ass esou eng Saach. Dat kann nawell sinn. Allerdéngs geet et net do drëms, et geet ëm d’Art a Weis déi mech steiert.

    Firwat? Kléngt fir mech wéi en Win-Win Situatioun. A firwat wëlls de net auswanderen? Well de Lëtzebuergesche System awer guer net sou schlecht ass?

    > Richteg, ech hunn den Choix. Wann d’Allgemengheet dat esou well an ech well hei bleiwen muss ech déi Steieren esou bezuelen. Dat heescht awer net, dat ech muss dermat averstanen sinn.

    Deng Oppositioun ass notéiert. Allerdëngs ass et logesch fir Singlen méi héich ze taxéieren well sie jo keng nei Bierger/Steierzueler creéieren.

    >Du schéngs jo och net der Dommster een ze sinn an däin IQ ass sécher iwwert der Moyenne. Dat heescht awer och, dass die meescht méi domm, onedikuéiert an/oder ignorant sinn wéi du. Rechtfertegt dat, fir se falen ze loossen?

    > Eben net. Fir déi allermeeschten Aarbeschten geet eng normal Intelligenz méi ewéi duer. Wann eng majeur Persoun decidéiert net mei an d’Schoul ze goen, dann ass dat hir Entscheedung a si muss domadder liewen, net ech. Wann deen Ignoranten net ageseit, ze liddereg ass, fir seng Suen schaffen ze goen, dann huet en eben keng. Och dat ass säin Problem

    Et ginn awer net méi genuch Aarbechten fir eng ‘normal Intelligenz’, let alone fir déi mat enger ënnerduerchschnëttlecher Intelligenz … wat mess de dann mat deenen??

    Verschidde Läit decidéieren, soit aus Ignoranz, Beschränktheet, Dommheet oder psychologeschen Situatiounen eraus, net méi an d’Schoul ze goen. Et wier méi wichteg, deenen kloer ze maachen firwat dat keng gutt Iddi ass wéi se just ‘futti goen’ ze loossen … Dat ass jo awer Sozialdarwinismus puer!?

    > Et geet net drëm do d’Leit eraus ze siften. Allerdéngs sollen si wëssen wat d’Konsequenzen vun hirem handele sinn. Wann ech net an d’Schoul ginn, da kréien ech keng gutt Plaatz a verdéngen net fill. Ech kann dann net bei den Staat jeitzen goen an muss manner Steieren bezuelen oder kreien hei an do en Subside. Ech hunn Recht just ob dat wat ech mer selwer erschaaft hunn, esou laang ech physesch a geeschteg amstand sinn ze schaffen.

    Bei der Definitioun vun ‘geeschteg amstand’ fänken d’Problemer jo schon un … Dovunner ofgesinn sinn ech absolut der Meenung, dass een deenen Jonken kloer soen muss, wat néideg ass fir sech en gewëssen Liewensstandard leeschten ze kënnen. Die meescht hu jo absolut keng Ahnung, wat wéivill kascht a wéivill ee fir sou eppes muss schaffen goen. DAT ass de Problem!

    > Jo, fir déi Mënschen déi wierklech net selwer fir sech kenne suergen. Zum Beispill ganz schwéier behënnert Mënschen. Bei allen aneren Saachen gëtt et schwéier. Am aliichtesten ass nach d’Sëcherheet, no bannen an no baussen, also Armei, Police an d’Rettungsdingeschter. An hei soll elo jiddereen mussen säin Deel bezuelen an net een méi oder manner ewéi deen aneren. An verrechnen géif ech dat ganz exakt, bei der Krankekees geet dat jo och.
    Also M. Dupont, Dir muss X€ fir den Rettungsdingscht deen äert Haus läschen kennt wann et brennt bezuelen. An net mat der Tubacksteier Stroossen bauen.

    Ech wetten d’Arméi, d’Police an d’Rettungsdëngschter kaschten pro Joer méi zesummen, wéi een gerechterweis kéint op all d’Bierger zu gläichen Laaschten leën. En plus giff, PROZENTUAL GESINN, den Aarmen fir deen selwechten Service dann vill méi bezuelen wéi deen Räichen. Wéi kann dat gerecht sinn? Déi Suen, déi den Aarmen dofir bezillt, fehlen him op enger anerer Plaz. Fir den Räichen sinn et par conter just Peanuts.

    > Hei sinn ech ob enger Linn mam CK an dem Voucher-Modell. D’Schoulen missten sech beméien gutt no den Kanner ze kucken, soss schécken d’Elteren hir Kanner net méi dohinner an déi Schoule kréien keng Suen méi a mussen zou machen. Do wier dann och keen Ennerscheed méi tëschent arem a räich, all Elteren hätten deen selwechten Deel un Voucheren ze verginn an domadder wier een Kand finanziell esou „Wäertvoll“ ewéi en anert.
    Domadder géif erëm en Deel vun der Responsabiliteit zréck un déi Bedeelegt goen. Dat aktuellt „Nach mir déi Sinnflut“-Behuelen am Schoulsystem geet jo just well d’Gesellschaft jo souwisou herno all Mensch obfänkt.

    Ech sinn absolut d’accord, dass gutt/motivéiert Proffen missten belount an schlechter/onmotivéierter bestrooft ginn. Mee ech gesinn bei deem Voucher-System ganz aner Problemer. Huele mer un eng Schoul X huet e gudden Numm well se gutt a motivéiert Proffen hunn. Also ass den Undrang, zumools well jo jidfereen sech déi Schoul leeschten kann, grouss. Wéi decidéiers de ween vun der Schoul ugeholl gët?

    En aneren Problem ass, dass duerch esou en marktorientéierten Schoulsystem gutt a schlecht Schoulen entstinn, well die entspriechend Proffen sech do sammelen. Mee wann awer lo zb just gutt Schoulen am Norden wieren, haten déi am Süden dann einfach Pech?

    An nach en aneren Problem: wann den Zugang zu den Schoulen iwwer Voucheren geregelt ginn, wéi kéinten sech d’Schoulen dann déier Proffen leeschten? Mat Voucheren, déi eng fix Somme duerstellen, kënnen déi Schoulen jo och nëmmen e fixen Budget hunn. Dat widdersprecht jo awer dann nees dengen fräien Marché Theorien.

    > Ech kafen Wuer X hei zum Preis vun 100. Entdecken genau dei selwecht Wuer X awer elo fir 90. Da kafen ech déi vun 90. Wuer X 100 ass awer hei produzéiert ginn a Wuer X 90 soss anzwousch. Den Produzent vun der Wuer X 100 hei, mierkt elo dat en ëmmer manner verkeeft a muss iergendwann zou maachen, well aus Wuer 90 elo Wuer 80, 70, etc ginn ass. Um Problem ass elo awer weder Produzent X 100 nach Produzent X 90, 80 70 Schold mee ech. Sie hunn just d’Wuer zou deem Preis produzéiert deen ech bereet war ze bezuelen. Ech hunn d’Wuer kaaft oder net an ech hunn domadder decidéiert wat fir engem Produzent seng Fabrik leeft a wat fir eng net. Dat heescht awer elo net dat een soll duerch Douanstaxen auslännesch Produiten kënschtlech verdeieren an esou onrentabel maachen. Vill méi bräichten mir erëm en Bewosstsinn fir dat Ganzt an och hei missten mer eis eisen Responsabiliteiten bewosst ginn. An Amplatzt mat Chômage ze operéieren éischter selwer derfir suergen datt fair Präisser bezuelt ginn.

    Dat heescht mir sollen lokal akafen amplaz global? Dat ass jo dann awer och nees kee fräien Marché, oder? A vill Läit kafen jo awer déi bëlleg Variant well se sech déi deier zb net leeschten kënnen. A wann se fir d’Wuer X nëmmen 80 bezuelen, dann hunn se opmanst nach 20 fir d’Wuer Y. Déi se net kaaft hätten, wann d’Wuer X 100 kascht hätt.

    Mee och wa mer mei giffen lokal kafen hätten mer trotzdem ëmmer nach vill Chômeuren. Wat giffs de mat deenen man?

    > Ech kenne keng Firma déi net vum Staat gehollef krut, a Schwieregkeet stouch an gëlle Falschiermer a Bonien ausbezuelt huet. Déi meescht an deem Fall bezuelen emol keng Dividenden méi un hir Actionnairen aus

    Ech hunn generell vun Firmen geschwat, nët vun deenen déi vum Staat ennerstëtzt gouffen. Do si jo méi streng Regelen. Mee et gi jo genuch Beispiller vun aneren Firmen, déi an de Sand gesat gouffen a wou den oder d’Manager trotzdem nach absurd héich Offindungen kritt hunn fir hier exekrabel Leeschtungen, während nees X Läit hier Aarbecht verluer hunn. An dat ass a Skandal.

    > Oder en Deel vun der Produktioun kennt zréck, well et net méi esou lukrativ ass anzwousch anescht ze produzéieren. Déi Dumpingpräiser sinn jo d’Resultat vun eisem handelen, mir wëllen jo ëmmer méi bëlleg akaafen.

    Anescht ass de Konsum jo awer och net oprecht ze erhalen! An ouni Konsum brécht eis Konsumgesellschaft och zesummen. Konsumméieren geet awer schlecht, wann d’Präisser vun der Artikelen op eemol all klammen well se op eemol ‘fair’ sinn.

    > Firwat dann net? Wou wier do den konkreten Problem derbäi? Datenschutz kann een och emdreinen, däin Auto rechent aus wéivill km hien Autobunn oder Landstrooss gefuer ass an Du bezills dat dann. A well all Mënsch dat mécht hues Du (eigentlech) keen Interessie drun net eierlech ze sinn, well soss den ganzen System net méi funktionéiert.

    D’Läit musse forcéiert ginn, dat ze bezuelen, soss maachen just die manst et. En plus giff dann all Meter, deen s du mam Auto fiers irgendwou opgezeechent ginn. Kee klengen Dateschutzproblem a mengen Aan.

    A wéi ass et zum Beispill mat Muséen, Parken, etc. Ween finanzéiert déi? Just mat den Visiteuren geet dat nimools. An trotzdem ass et aus kultureller a gesellschaftlecher Sicht gutt fir esou Institutiounen ze hunn, oder solle mer déi einfach verschwannen loossen, wann keen Interesse dorunner besteet? Ech géiff dat als Schoss an den eegenen Fouss gesinn …

    > Den Problem am Allgemengen ass jo och net wann den Staat emol hei an do géif asprangen. Mee mir sinn amgaangen ëmmer méi vun eisen eegene Responsabilitéiten un den Staat of ze ginn. Fréier war d’Schoul zum Beispill fir d’Bildung (Sprochen, Mathé) do, haut muss se d’Erzeihung (Werter, Normen) och nach iwwerhuelen well d’Elteren et net méi maachen. Dat feiert zou enormen Problemer wei een aktuell gesäit an et gesäit een och dat do mei Staat net onbedéngt eng Liesung ass. D’Gesellschaft ass do fir eenzelne Mënschen ze hëllefen. Aus deem Grond hunn eenzel Mënschen Clas gegrënnt well se zesummen méi staark waren, dat ass d’Fundament vun eisem Staat. Allerdéngs kann een dat net ëmmer weider ausdehnen.

    De Problem ass, dass aal Strukturen wéi d’Kierch an d’Religioun als ‘Léier-Instanzen’ fortgefall sinn. A gréisstendeels zu Recht a mengen Aan, well se och fir vill Negatives responsabel woeren. Leider si keng nei amplaz komm (kéint een awer schafen, wann een motivéiert wier). Och mussen haut d’Fraen oft schaffen goen, well alles sou deier ginn ass an een alleng seelen genuch Suen verdéngt. En plus hunn d’Fraen jo och en Recht drop fir Schaffen ze goen, wann se schon studéiert hunn … dass Kanner etc dann spéider dru kommen oder deelweis dorunner leider ass halt eng Konsequenz dovunner. Mee ëmmerhin sinn d’Fraen duerch hiert eegen Schaffen awer och manner vum Wohlwollen an der Grosszügegkeet vun hierem Mann ofhängeg …

  34. CK
    December 27, 2009 at 1:06 am

    Et ass mer nach ëmmer net kloer, wat d’Virdeeler vun dengem System fir die Aarem a Schwaach wieren? Bis lo erschéngt mer deng Theorie ëmmer nach wéi eng déi die Räich an die Staark favoriséiert.

    Meng Theorie well keng Grupp favoriséieren, mee all eenzelnem Individuum, och onofhängeg dervunner ob Uarm oder Raich, elementar Grondrechter zougestoen, déi keen, och de Staat net, verletzen daerf. An munchen, konkreten Fäll graifen Liberalen ower durchaus dann- ausgehend vun hirer Ideologie- ganz kloer d´Privilegien vun “Raicher” un an maan op Ongerechtegkeeten géigeniwwer “Uarmen” opmierksam. Een Beispill wiren d´EU-Agrarsubsiden an d´Schutzzöll op auslännesch Importer. Oder och dat peinlecherweis vun der FDP nach verteidegt Apdiktenmonopol, wat d´Praiser vun Medikamenter künstlech héich hellt. Fir jhust zwee Beispiller ze nennen.

    Wat bréngt dat, wann een net wees op sou Philosophien am Detail och funktionnéieren oder wéi se praktesch kéinten emgesat ginn?

    Philosophien bestemmen wouriwwer een sech iwwerhapt Gedanken mécht. Wann een eppes net fir moralesch richteg hellt, wéisou sollt een driwwer nodenken, een Système an der Praxis ze gestalten, wat op deenen Prinzipien baséiert? All nach esou gudden Virschlach wir emmer nach onmoralesch an dermatter verwerflech an ze rejectéieren. Emgekéiert hellt een se fir richteg un, dann mécht een sech op Gedanken driwwer wéi een dat emsetzen kinnt an wou een Wellen ass, fennt een och e (prakteschen) Wee. Ech denken datt Majoritéit méng Iddien aus moraleschen Grenn ofleet, derfir ass do als éischt unzesetzen. Ech well secher kengem verbidden weider ze denken, au contraire, mee ech haalen et fir mech perséinlech oft fir Zaitverschwendung, do mer am Detail alles auszedenken, esoulaang een Vote fir eng Emsetzung utopesch ass.

    Laut dem Sandel sinn ech “categorical” agestallt. Dengen Froen no vermuten ech, dass Du éischter “consequentalist” bass an Moral fir Dech éischter eng Fro vun de Konsequenzen ass. Dech kinnt ech zwar effektiv fir eng liberal Politik dann iwwerzeechen, wann ech giew een Système konstruéieren, vun deems och Du giews unhuelen, en haett positiv Konsequenzen, mee dat well ech guer net. Munch Liberal probéieren daat (an politesch mécht dat vlait och Senn, well een Stemmen brauch), mee ech haalen dat fir moraleschen Appeasement an gesinn et derfir zimmlech ambivalent.

    Eng ganz wichteg Fro: Kréien all d’Elteren d’selwecht vill Bongen?

    Jo, am Friedman-Modell schons, derfir nennen vill Libertär et jo och Marktsozialismus. Mee esou een Modell wir eng kloer Verbesserung zum Status Quo, derfir giew ech derfir optéieren. Och wanns Du an Denger Entwert un de JC deen groussen Problem uschwätzt, datt déi staatlech Vouchers jo erem engem fixéierten Prais glaichkommen an dermatter keen véritablen fraien Marché erlaaben.

    A wéi garantéiers du, dass dat, wat an dësen Schoulen geléiert gët, och gutt ass? Wéi giffs du ideologesch Schoulen verhënneren? Oder sollt all Schoul decidéieren, wat fir Ideologien sie de Kanner léieren wëll (verschiddener kéinten jo Kreationismus léieren, aner Rassentheorien, anerer Kommunismus?

    Ween garantéiert daat dann haut? Deen Wee fir am beschten erauszefannen, wat sennvoll an gutt ass, ass de Wee vum Concours. Och ideologesch Schoulen kinnten bis zu engem gewessen Grad erlaabt sinn. Virausgesat si stellen sech net géint demokratesch Grondwerter (wat bei Nazi- oder Shariaschoulen natirlech de Fall wir, keng Fro, déi wiren derfir natirlech net erlaabt). Och iwwert een Verbued vun Nonsense wéi Kreationismus wir nozedenken. Ech wir also op jhiddferfall fir eng (minimal) staatlech Ordnungsrumm.

    An et huet jidereen d’Méiglechkeet op die Schoulen mat de gudden/deieren Proffen ze goen, onofhängeg vum finanziellen Statut vun der Famill an där een opwiesst?

    All Schoulen haetten eegen Zougangskriterien wuel. Eng Schoul dierft also durchaus een Schüler refuséieren.

    Huet jidereen d’Méiglechkeet fir sech vun esou engem gefrotenen Proff ennerriichten ze loossen oder ass dat eng Saach vun Suen?

    Op et eng Saaach aléng vun de Suen wir, siew emol derhingestallt, mee natirlech haett net jhiddereen d´Méiglechkeet sech vun engem bestemmten Proff enneriiten ze loossen. Een Proff ass och jhust een Mensch, sain Dag huet jhust 24 Stonnen an keen Proff kinnt och nemmen d´Halschent vun alle Schüler hei am Land ennerriiten, esouguer wann hien wielt. Mee natirlech dank der Technik vun haut wiren emmmer erem nei Saachen méiglech. Esou kinnt een Top-Proff vlait Couren op DVD oder Internetdownloads unbidden.

    Spezifesch giff passen? A wat fir engem Sënn?

    Majo all Schüler ass aneschters, huet aner Neigungen, aner Interessi, aner Talenter, Stärkten a Schwächen, aner Fächer wou hien gutt oder schlecht doranner ass, een aneren Charakter. Wéi een Schoul zu weem passt, ass mMn eng enorm subjektiv Fro.

    Dat beäntwert also meng Fro vun virdrun: deier Proffen just fir Kanner vun räichten Elteren?

    Jo, méiglech. Bzw. nach fir enorm begabten Kanner, déi een Stipendium kréien. U sech ass et haut schons esou, datt déi Raich hir Kanner kennen op Privatschoulen à la Salem schécken. Woubai ech mech froen ob déi wirklech esou vill besser sollen sinn. Mee privat Bildungarichtungen sin jo haut och esou verdammt déier, well se zousätzlech Käschten mat sech bréngen (et kritt een Steieren fir déi staatlech jo net erlooss), esou datt jhust ganz gutt situéiert Elteren et sech iwwerhapt leschten wellen, duebel fir d´Bildung fir hiren Kanner ze bezuelen. Deen Verglach bzw. Concours ass also massiv verfälscht an do giew den Friedman-Modell Ofhellef schaffen.

    Ech hat vun dengen Elteren resp. deenen hieren Elteren geschwat. Koumen deenen hier Wäerter duerch d’Religioun? A wann net duerch d’Religioun, wéi sollen dann Wäerter vermëttelt ginn? Obligatoresch Moralscoursen?

    Hmm, d´Elteren vun menger Mamm sinn wuel schons Chreschten. Déi vun mengen Papp sinn et wuel och, woubai main Bop nach éischter iwwerzeechten Sozialdemokrat wuel ass/wuar. Relioun sinn effektiv bedeitend Wertegebaier, mee et brauch een net onbedéngt Relioun fir Werter ze vermetteln. Ower schons wuel eng Philosophie (Relioun ass eng Zort vun Philosophie a mengen Aen.) Géint Ethikcouren an Schoulen haett ech ower secher naischt anzewenden.

    Du bass net op meng Fro agaang, ob Schwaarzaarbecht net aner Läit an de Chômage dreift … A wee seet, dass d’Präisser wierklech ze héich sinn? D’Läit wéilten am léifsten alles gratis, wann se et giffen gratis kréien.

    Leit déi Schwarzarbechter engagéieren, maan daat well se sech déi vum Staat enorm verdeiert normal Arbecht net leeschten kennen oder wellen. Ok et wir méiglech datt muncher sech déi Arbecht trotzdem leeschten giewen, wann wirklech keng Schwarzarbechter disponibel wiren (wat ower onméiglech ass, allerhéichstens een diktatoreschen Polizeistaat kinnt dat vlait durchsetzen, wann iwwerhapt, esouguer an der DDR gouw et Schwarzmärt), déi giewen dann sougesin Arbecht ewechhuelen, mee déi meescht secher net. Dat all Mensch et esou belleg wéi méiglech well, haalen ech ower jhust fir legitim, esoulaang se net no Suen vun Aneren blärren. De Staat soll ophaalen hei Arbecht ze verhenneren.

    Woumadder kéinten déi dausenden, oder Milliounen Läit, hiert Liewen verdëngen, wann een se alt nëmmen giff loossen? ‘eppes ze dinn’ ass nees ultra vague.

    Verkéier, e.a. Taxi fueren (iwwer een fraien Transportmarché bloggen ech irgendwann nach), Handwierk, Infrastruktur, Medizin an Pflege bspw. Och wir et méiglech d´Arbechtszaiten (an dermatter natirlech och d´Salairen) ze verkierzen.

    Kontrakter vun Manageren mussen vun den Aktionnären ofgeseent ginn? Serieux? Gët et ëmmer eng Aktionnärsversammlung éier en Kontrakt mat engem Manager gemaach gët?

    U sech gett de Salaire vun engem Manager vum Opsiitsrot ofgeséint, deen ower een groussen Interessi um Fortbestand vum Unternehmen huet. Do setzen Vertrieder vun Patronat an Gewerkschaften. Mee et gett och Länner wéi Holland oder Groußbritannien wou d´Aktionären (mat) ofstemmen daerfen, an den USA an Daitschland fennt derzait een Emdenken statt. Ass jo och berechtegt.

    http://www.ftd.de/unternehmen/industrie/:konzernplaene-aktionaere-bestimmen-hoehe-der-managergehaelter/50033679.html

    Jo, mee an engem krassen Noutfall kënnen die aner awer net op eemol soen: “Uh, nee, fir deen do bezuelen mer lo awer net.” En plus, firwat brauch een eng Assurance, wann an engem Noutfall net kann aus dem gemeinsamen Dëppen geholl ginn?? Da kann een jo och einfach selwer spueren fir Noutfäll! Nach en Aspekt vun denger Theorie, deen net ausgeräift ass.

    Nee, kennen se natirlech och glatt a guer net. Si hun een Verdrag mat der Assurance geschloss, wat hir Gesondheet ugeet, deen Betraffenen huet een eegenen Verdrag mat der Assurance. Dat huet naischt mateneen ze dinn. D´Assurance muss natirlech gewährleisten, datt si an der Lach ass, an esou Fäll der ofgemaatener Formule no den jeweilegen Betraffenen ausbezuelen ze kennen. Fir de Rescht: ech hunn jo schons geschriwwen datt eng KV eng Risikoversecherung ass an indirekt kommen déi Suen dann natirlech schons vun aneren Pool-Abbezueler.

    Mäi Punkt woer, dass du vun der traditioneller Linn ofweichs an einfach déi eegen Variante konzipéiers😉

    Jein. Ech sin open fir vill aner konkret Virschléi an net esou extrem verbass.

    Vergläich mol wann een fir 20 Läit de selwechten Menü hëllt an zesummenbezuelt oder wann 20 Läit eenzel bestellen an bezuelen. Wat ass méi zäitintensiv an opwenneg?

    Haut bezillt schon all Mensch eenzel an all Mensch kritt sain eegenen Menu.

    An wéi ass et mat den Regierungsmemberen? Den Deputéierten? Ween bezillt déi? A wéi?

    Déi sollen natirlech vun de Birger bezuelt ginn. Iwwer zweckgebonnen Staatseinnahmen.

    An d’Efficacitéit vun dengem System ass nach laang net evident oder beluegt.

    Naischt ass méi inefficace wéi Notzen an Keschten vuneneen ze entkoppeln.

    Den Greenspan woer laang Zäit e gudde Kolleg vum Ayn Rand an huet och deem seng Marktphilosophie vertrueden. Lo huet en missen zouginn, dass e falsch luch …

    Autsch. Fro léiwer net wat Objektivisten haut an och schons virun der Finanzkris zum “Judas” Alan Greenspan soen/gesoot hun. Grad hien haett et effektiv missten besser wessen. Sain Handeln haat naischt mat senger Vergangenheet ze din. Hien huet de Contraire vun deem gemaach, wat hien selwer fréier fir richteg empfonnt haett.

  35. denjclaude
    December 27, 2009 at 11:13 am

    >Deng Theorie geet also dovunner aus, dass all d’Suen gerecht verdéngt a verdeelt gouffen? Hues du Beweiser dofir?
    A wee giff de Staat bezuelen, wann net d’Bierger?

    Nee, dofir misst Du den ganzen System reseten. Allerdéngs ass dat onméiglech. D’Bierger géifen den Staat just nach fir eenzel Saachen finanzéieren, déi déi se wierklech brauchen.

    Den Greenspan huet als Chef vun der Fed gehandelt an als näischt anescht.

    >D’Lobbyisten kafen sech hier Muecht duerch Suen an/oder Erpressung. Eierlech Politiker hunn et do schwéier.

    Gesinn ech och esou, allerdéngs däerf dat keng Entschëllegung a keen Argument fir iergendeng Aktioun vum Staat sinn. Den aktuelle Staat handelt just legitim wann en all seng Bierger vertrëtt.

    >An dat ass méi schlëmm wéi hier Elteren lo an de Chômage ze schécken? Firwat?

    Well den aktuellen Problem net geléist gouf an dei ganz Sach sech esou widderhuelen wert.

    >D’Scholden vun de Läit hätten sech einfach a Loft opgeléist?

    Nee, just d’Scholden vun der Bank selwer hätten sech opgeléist. D’Leit hätten hir Suen bei deer Aktioun verluer an d’Scholden vun den Leit déi Suen bei der Bank geléinten gehat hätten wieren weiderverkaaft ginn.
    Dat wier jo awer net eemol geschitt mee x mol. Doduerch hätten d’Leit matrkitt dat se mussen en bëssen rechnen ier se Suen leien ginn. Si hätten och geleiert dat Zënsen keen Geschenk mee eng Kompensatioun fir den Risiko deen se aginn sinn. An den ganzen Bankensystem hätt geleiert dat wann e Mëscht baut een selwer muss derfir opkommen.

    >Firwat? Kléngt fir mech wéi en Win-Win Situatioun. A firwat wëlls de net auswanderen? Well de Lëtzebuergesche System awer guer net sou schlecht ass?

    Ech hunn ni gesot den Lëtzebuerger System wier schlecht. Mir kréien hei vill méi aus dem System eraus ewéi mer dran bezuelen, ënnert anerem duerch eis Bankeplatz. Objektiv gekuckt ass dat natierlech mat schmarotzt a vun der falscher Saach profiteiert.
    Auswanderen ass net esou einfach, d’Alternativen sinn dach dann awer relativ begrenzt.

    >Allerdëngs ass et logesch fir Singlen méi héich ze taxéieren well sie jo keng nei Bierger/Steierzueler creéieren.

    A wann ech da selwer fir déi vun mir verursaacht Käschten obkeim?

    >Verschidde Läit decidéieren, soit aus Ignoranz, Beschränktheet, Dommheet oder psychologeschen Situatiounen eraus, net méi an d’Schoul ze goen. Et wier méi wichteg, deenen kloer ze maachen firwat dat keng gutt Iddi ass wéi se just ‘futti goen’ ze loossen … Dat ass jo awer Sozialdarwinismus puer!?

    Sorry, mee ech bleiwen derbei. Mir werten deen Problem nëmme geleist kréien, wann mer en am ganzen (System) kucken an deen eenzelne Mënsch erëm fir säin Handelen responsabiliséieren.
    Den Problem ass dat den aktuellen System iergendwann kippt. An zwar dann wann méi Leit mussen ënnerhalen ginn ewéi der schaffen ginn. Wei soll deen Problem dann mat der heiteger Method geleist ginn?

    >Bei der Definitioun vun ‘geeschteg amstand’ fänken d’Problemer jo schon un … Dovunner ofgesinn sinn ech absolut der Meenung, dass een deenen Jonken kloer soen muss, wat néideg ass fir sech en gewëssen Liewensstandard leeschten ze kënnen. Die meescht hu jo absolut keng Ahnung, wat wéivill kascht a wéivill ee fir sou eppes muss schaffen goen. DAT ass de Problem!

    Richteg, d’Fro ass wou dat hier kennt. Wann do en physeschen (geeschteg Behënnerung) Problem ass, muss d’Gesellschaft no hinne kucken. Ass et en Problem vun der Erzéiung, dann sinn déi Responsabel déi dofir zoustänneg sinn, also d’Elteren an eise Staat (via d’Schoul).

    >Ech wetten d’Arméi, d’Police an d’Rettungsdëngschter kaschten pro Joer méi zesummen, wéi een gerechterweis kéint op all d’Bierger zu gläichen Laaschten leën. En plus giff, PROZENTUAL GESINN, den Aarmen fir deen selwechten Service dann vill méi bezuelen wéi deen Räichen. Wéi kann dat gerecht sinn? Déi Suen, déi den Aarmen dofir bezillt, fehlen him op enger anerer Plaz. Fir den Räichen sinn et par conter just Peanuts.

    An eben dowéinst mussen se ob engem absoluten Minimum bleiwen. An et verbidd jo keen deene Räichen mei ze gin.

    >Voucher Problemer a Schoulen

    Dat klengt effektiv an der Theorie ganz gutt, praktesch trieden do wahrscheinlech déi vun Dir obgezielten Problemer plus X anerer ob. Et misst een emol kucken, ech mengen mech ze erënneren dat an Skandinavien zumindest deelweis esou Systemer benotzt ginn.

    >Dat heescht mir sollen lokal akafen amplaz global? Dat ass jo dann awer och nees kee fräien Marché, oder? A vill Läit kafen jo awer déi bëlleg Variant well se sech déi deier zb net leeschten kënnen. A wann se fir d’Wuer X nëmmen 80 bezuelen, dann hunn se opmanst nach 20 fir d’Wuer Y. Déi se net kaaft hätten, wann d’Wuer X 100 kascht hätt.

    Jo an Neen, dat sollt en Deel vun eisen Chômeuren erklären. Du solls kenne kafen wats Du wëlls. Allerdëngs bezuelen mir zum Deel vill ze mann fir eis Wueren a reegen eis awer gläichzäiteg iwwert Sweatshops ob oder doduerch dat Firmen méi bëlleg an d’Ausland produzéieren ginn. Dat hänkt jo awer zesummen.

    >Mee och wa mer mei giffen lokal kafen hätten mer trotzdem ëmmer nach vill Chômeuren. Wat giffs de mat deenen man?

    Wat géifen si mat sech maachen, wier déi richteg Fro. Ech géif guer näischt mat hinne maachen, dat sinn frei Mënschen a kenne selwer entscheeden wat se maachen. Perseinlech kenn ech zum Beispill decidéieren nëmmen nach 30 Stonnen amplaz vun 40 ze schaffen. Oder en Deel vun mengen Suen huelen a Saachen maachen lossen déi ech bis alo selwer gemaach hätt, et schaaft een also Aarbechtsplazen amplaz déi Suen fir sech ze halen.

    >Datenschutzproblem beim Autofueren

    Wann däin Auto just géif den gefuerene KM Stand mellen, da hätten mer keen Datenschutzproblem. Déi Stroumzieler zielt (aktuell) och just den Stroum an net firwat Du en gebraucht hues.

    >A wéi ass et zum Beispill mat Muséen, Parken, etc. Ween finanzéiert déi? Just mat den Visiteuren geet dat nimools. An trotzdem ass et aus kultureller a gesellschaftlecher Sicht gutt fir esou Institutiounen ze hunn, oder solle mer déi einfach verschwannen loossen, wann keen Interesse dorunner besteet? Ech géiff dat als Schoss an den eegenen Fouss gesinn …

    Ech ginn gären an Concerten a Muséen a sinn eigentlech averstanen. Allerdéngs firwat soll den Jhempi mir en Deel vun der Rockhal bezuelen wann en ni dohinner geet?

    >De Problem ass, dass aal Strukturen wéi d’Kierch an d’Religioun als ‘Léier-Instanzen’ fortgefall sinn. … (kéint een awer schafen, wann een motivéiert wier)

    A wei soll déi ausgesinn? Do kréich een dach direkt erëm dat selwecht. Eenzelner (am Fall vun der Kierch den Klerus) profitéieren an ënnerdrécken den Rescht vun den Menschen.

    >Och mussen haut d’Fraen oft schaffen goen, well alles sou deier ginn ass an een alleng seelen genuch Suen verdéngt. En plus hunn d’Fraen jo och en Recht drop fir Schaffen ze goen, wann se schon studéiert hunn … dass Kanner etc dann spéider dru kommen oder deelweis dorunner leider ass halt eng Konsequenz dovunner. Mee ëmmerhin sinn d’Fraen duerch hiert eegen Schaffen awer och manner vum Wohlwollen an der Grosszügegkeet vun hierem Mann ofhängeg …

    Fraen hunn keen Recht sech duerch d’Arbescht ze ënnerhalen, si hunn (genau ewéi den Mann) eng Pflicht do derzou.
    A wann en Mënsch (egal ob an enger Koppel oder eleng) en Kand kritt, ass dat säin Choix gewiescht an hie muss derfir Suergen dat et deem Kand gutt geet. Am aneren Fall soll en keen Kand kreien.

  36. December 27, 2009 at 11:46 am

    CK:

    > Meng Theorie well keng Grupp favoriséieren, mee all eenzelnem Individuum, och onofhängeg dervunner ob Uarm oder Raich, elementar Grondrechter zougestoen, déi keen, och de Staat net, verletzen daerf. An munchen, konkreten Fäll graifen Liberalen ower durchaus dann- ausgehend vun hirer Ideologie- ganz kloer d´Privilegien vun “Raicher” un an maan op Ongerechtegkeeten géigeniwwer “Uarmen” opmierksam. Een Beispill wiren d´EU-Agrarsubsiden an d´Schutzzöll op auslännesch Importer. Oder och dat peinlecherweis vun der FDP nach verteidegt Apdiktenmonopol, wat d´Praiser vun Medikamenter künstlech héich hellt. Fir jhust zwee Beispiller ze nennen.

    Den Apdiktenmonopol ass en effet ridicule. Trotzdem kënt et awer esou eriwwer ewéi wann den Philosophie, generell, éischter deenen Räichen zu Gutts kënt wéi deenen Aarmen. Wann dat net esou ass, da muss der awer nach vill Iwwerzeegungsaarbecht leeschten!!

    > Philosophien bestemmen wouriwwer een sech iwwerhapt Gedanken mécht. Wann een eppes net fir moralesch richteg hellt, wéisou sollt een driwwer nodenken, een Système an der Praxis ze gestalten, wat op deenen Prinzipien baséiert? All nach esou gudden Virschlach wir emmer nach onmoralesch an dermatter verwerflech an ze rejectéieren. Emgekéiert hellt een se fir richteg un, dann mécht een sech op Gedanken driwwer wéi een dat emsetzen kinnt an wou een Wellen ass, fennt een och e (prakteschen) Wee. Ech denken datt Majoritéit méng Iddien aus moraleschen Grenn ofleet, derfir ass do als éischt unzesetzen. Ech well secher kengem verbidden weider ze denken, au contraire, mee ech haalen et fir mech perséinlech oft fir Zaitverschwendung, do mer am Detail alles auszedenken, esoulaang een Vote fir eng Emsetzung utopesch ass.

    Mee doduerch, dass de refuséiers dech em d’Detailfroen ze këmmeren, ennergriefs de awer deng eigentlech Philosophie. Well firwat soll een déi als valabel unhuelen, wann net kloer ass, op se iwwerhaapt, realistesch gesinn, funktionnéieren kéint? Firwat sollt irgendeen sou enger Philosophie trauen?

    > Laut dem Sandel sinn ech “categorical” agestallt. Dengen Froen no vermuten ech, dass Du éischter “consequentalist” bass an Moral fir Dech éischter eng Fro vun de Konsequenzen ass. Dech kinnt ech zwar effektiv fir eng liberal Politik dann iwwerzeechen, wann ech giew een Système konstruéieren, vun deems och Du giews unhuelen, en haett positiv Konsequenzen, mee dat well ech guer net. Munch Liberal probéieren daat (an politesch mécht dat vlait och Senn, well een Stemmen brauch), mee ech haalen dat fir moraleschen Appeasement an gesinn et derfir zimmlech ambivalent.

    Déi Kategorien kéinten schon stëmmen. De Problem beim ‘categorical’ ass, dass en awer och net fir all Situatioun an Dilemma eng kloer Äntwert huet. ‘du solls net leien’, ok, schéin a gutt. mee wat wann duerch meng Lijen e Liewen gerett kann ginn? Dem Kant säin Kategoreschen Imperativ huet jo manifestement seng Limiten.

    > Jo, am Friedman-Modell schons, derfir nennen vill Libertär et jo och Marktsozialismus. Mee esou een Modell wir eng kloer Verbesserung zum Status Quo, derfir giew ech derfir optéieren. Och wanns Du an Denger Entwert un de JC deen groussen Problem uschwätzt, datt déi staatlech Vouchers jo erem engem fixéierten Prais glaichkommen an dermatter keen véritablen fraien Marché erlaaben.

    Mee dat ass jo awer keen klengen Problem fir en Liberalen/Libertarianer! Wéi rechtfertegst du deen?

    > Ween garantéiert daat dann haut? Deen Wee fir am beschten erauszefannen, wat sennvoll an gutt ass, ass de Wee vum Concours. Och ideologesch Schoulen kinnten bis zu engem gewessen Grad erlaabt sinn. Virausgesat si stellen sech net géint demokratesch Grondwerter (wat bei Nazi- oder Shariaschoulen natirlech de Fall wir, keng Fro, déi wiren derfir natirlech net erlaabt). Och iwwert een Verbued vun Nonsense wéi Kreationismus wir nozedenken. Ech wir also op jhiddferfall fir eng (minimal) staatlech Ordnungsrumm.

    Ech bestreien, dass de Wee vum Concours de beschten ass fir erauszefannen, wat gutt a sënnvoll ass. Dat leeft op d’Argument by Numbers eraus! ‘X an Y ass richteg well eng Majoritéit dat sou seet!’ Duerfir ass och eng Demokratie alleng nët ëmmer wierklech déi optimal Léisung. Well och eng Hamas ass jo zb demokratesch gewielt ginn. An woer dat net och beim Hitler de Fall?

    > All Schoulen haetten eegen Zougangskriterien wuel. Eng Schoul dierft also durchaus een Schüler refuséieren.

    Op wat fir enger Basis kéinten sie Schüler refuséieren? Wéi giffen sou Zougangskritèren ausgesinn?

    > Op et eng Saaach aléng vun de Suen wir, siew emol derhingestallt, mee natirlech haett net jhiddereen d´Méiglechkeet sech vun engem bestemmten Proff enneriiten ze loossen. Een Proff ass och jhust een Mensch, sain Dag huet jhust 24 Stonnen an keen Proff kinnt och nemmen d´Halschent vun alle Schüler hei am Land ennerriiten, esouguer wann hien wielt. Mee natirlech dank der Technik vun haut wiren emmmer erem nei Saachen méiglech. Esou kinnt een Top-Proff vlait Couren op DVD oder Internetdownloads unbidden.

    Wéi dann? Et giff awer op Suen ukommen? Ech duecht et giff alles iwwert déi Voucheren goen?

    An déi DVDen oder Internetdownloads kéint een dann och mat dësen Voucheren kafen? Oder misst een déi selwer finanzéieren? Mee ginn dann net déi, déi net de Proff direkt mat Voucher ‘kafen’ konnten benodeelegt?

    > Majo all Schüler ass aneschters, huet aner Neigungen, aner Interessi, aner Talenter, Stärkten a Schwächen, aner Fächer wou hien gutt oder schlecht doranner ass, een aneren Charakter. Wéi een Schoul zu weem passt, ass mMn eng enorm subjektiv Fro.

    Kléngt wéi wann all Schüler säin eegenen Prof bräicht … du hues jo nach méi krass Iddien wéi d’Maddy😉

    > Jo, méiglech. Bzw. nach fir enorm begabten Kanner, déi een Stipendium kréien. U sech ass et haut schons esou, datt déi Raich hir Kanner kennen op Privatschoulen à la Salem schécken. Woubai ech mech froen ob déi wirklech esou vill besser sollen sinn. Mee privat Bildungarichtungen sin jo haut och esou verdammt déier, well se zousätzlech Käschten mat sech bréngen (et kritt een Steieren fir déi staatlech jo net erlooss), esou datt jhust ganz gutt situéiert Elteren et sech iwwerhapt leschten wellen, duebel fir d´Bildung fir hiren Kanner ze bezuelen. Deen Verglach bzw. Concours ass also massiv verfälscht an do giew den Friedman-Modell Ofhellef schaffen.

    Wann awer weiderhin just déi räich Kanner sech die mei déier (an domadder meeschtens die besser) Proffen leeschten kënnen, firwat dann die Voucheren?? Entweder erlaben déi Voucheren JIDERENGEM sech EGAL WAT fir eng Schoul oder Proff leeschten ze kënnen oder du bass nees an der selwechter Situatioun ewéi virdrun. Et schéngt wéi wann däi Voucher-System nach misst iwwerschafft ginn …

    > Hmm, d´Elteren vun menger Mamm sinn wuel schons Chreschten. Déi vun mengen Papp sinn et wuel och, woubai main Bop nach éischter iwwerzeechten Sozialdemokrat wuel ass/wuar. Relioun sinn effektiv bedeitend Wertegebaier, mee et brauch een net onbedéngt Relioun fir Werter ze vermetteln. Ower schons wuel eng Philosophie (Relioun ass eng Zort vun Philosophie a mengen Aen.) Géint Ethikcouren an Schoulen haett ech ower secher naischt anzewenden.

    Mee Ethikcouren an de Schoulen giffen dann just heichstens fir die ZUKÜNFTEG Elteren eng Roll spillen. Mee Ethik etc sollt jo awer schon doheem vermëttelt ginn a net an der Schoul, an zwar vun Ufank un. Duerfir soen ech ëmmer, dass een Religioun net einfach komplett ofschafen kann ouni net en Ersatzsystem ze hunn.

    > Leit déi Schwarzarbechter engagéieren, maan daat well se sech déi vum Staat enorm verdeiert normal Arbecht net leeschten kennen oder wellen. Ok et wir méiglech datt muncher sech déi Arbecht trotzdem leeschten giewen, wann wirklech keng Schwarzarbechter disponibel wiren (wat ower onméiglech ass, allerhéichstens een diktatoreschen Polizeistaat kinnt dat vlait durchsetzen, wann iwwerhapt, esouguer an der DDR gouw et Schwarzmärt), déi giewen dann sougesin Arbecht ewechhuelen, mee déi meescht secher net. Dat all Mensch et esou belleg wéi méiglech well, haalen ech ower jhust fir legitim, esoulaang se net no Suen vun Aneren blärren. De Staat soll ophaalen hei Arbecht ze verhenneren.

    De Problem ass jo awer, dass Schwaarzaarbechter keng Suen an d’Sozial- resp. Pensiounskeesen erabezuelen an also och henno net vun deenen Gebrauch maachen kënnen.

    > Verkéier, e.a. Taxi fueren (iwwer een fraien Transportmarché bloggen ech irgendwann nach), Handwierk, Infrastruktur, Medizin an Pflege bspw. Och wir et méiglech d´Arbechtszaiten (an dermatter natirlech och d´Salairen) ze verkierzen.

    An do ass Potential fir dausenden (oder an Däitschland Milliounen) Läit … ? A mat enger Aarbechtszäitverkierzung wieren déi meescht Aarbechter net d’accord well se dann giffen manner verdëngen an sech manner leeschten kéint resp. sie einfach méi Suen brauchen fir ze liewen.

    > U sech gett de Salaire vun engem Manager vum Opsiitsrot ofgeséint, deen ower een groussen Interessi um Fortbestand vum Unternehmen huet. Do setzen Vertrieder vun Patronat an Gewerkschaften. Mee et gett och Länner wéi Holland oder Groußbritannien wou d´Aktionären (mat) ofstemmen daerfen, an den USA an Daitschland fennt derzait een Emdenken statt. Ass jo och berechtegt.

    Firwat giffen dann Läit, déi en groussen Interessi um Fortbestand vun der Firma hunn, engem Manager en Kontrakt ginn, deen him suguer am Fall un engem ECHEC Milliounen garantéiert? Dat mécht dach keen Sënn! De Manager ka jo sougesinn nie verléieren, egal wéi gutt oder schlecht hien schafft.

    > Nee, kennen se natirlech och glatt a guer net. Si hun een Verdrag mat der Assurance geschloss, wat hir Gesondheet ugeet, deen Betraffenen huet een eegenen Verdrag mat der Assurance. Dat huet naischt mateneen ze dinn. D´Assurance muss natirlech gewährleisten, datt si an der Lach ass, an esou Fäll der ofgemaatener Formule no den jeweilegen Betraffenen ausbezuelen ze kennen. Fir de Rescht: ech hunn jo schons geschriwwen datt eng KV eng Risikoversecherung ass an indirekt kommen déi Suen dann natirlech schons vun aneren Pool-Abbezueler.

    Den Vertrag mat der Assurance beinhaltet also, dass meng Suen och fir aner Läit hier Noutfäll ka benotzt ginn? Mee ech duecht, dat ass genau dat, wat Läit wéi du verhënneren wéilten? Dass deng Suen och just fir dech benotzt ginn?

    > Haut bezillt schon all Mensch eenzel an all Mensch kritt sain eegenen Menu.

    Dat woer awer net meng Fro: Vergläich mol wann een fir 20 Läit de selwechten Menü hëllt an zesummenbezuelt oder wann 20 Läit eenzel bestellen an bezuelen. Wat ass méi zäitintensiv an opwenneg?

    > Déi sollen natirlech vun de Birger bezuelt ginn. Iwwer zweckgebonnen Staatseinnahmen.

    An do bezillt jidereen an e globalen Pool, deen dann benotzt gët fir ALL Minister, Deputéierten, etc an net nëmmen fir déi, déi een ennerstëtzt?

    > Naischt ass méi inefficace wéi Notzen an Keschten vuneneen ze entkoppeln.

    Wat nach ëmmer net d’Effizienz (let alone d’Maachbarkeet) vun dengem System beweist.

    > Autsch. Fro léiwer net wat Objektivisten haut an och schons virun der Finanzkris zum “Judas” Alan Greenspan soen/gesoot hun. Grad hien haett et effektiv missten besser wessen. Sain Handeln haat naischt mat senger Vergangenheet ze din. Hien huet de Contraire vun deem gemaach, wat hien selwer fréier fir richteg empfonnt haett.

    Selon him, huet hien am Kader vun der Philosophie gehandelt, vun där hier säit Joerzéngten iwwerzeecht woer (als dem Rand senger). Duerfir wier hien jo och sou erstaunt gewiescht, wéi déi op eemol net méi funktionnéiert hätt …

  37. December 27, 2009 at 12:05 pm

    JC:

    >Nee, dofir misst Du den ganzen System reseten. Allerdéngs ass dat onméiglech. D’Bierger géifen den Staat just nach fir eenzel Saachen finanzéieren, déi déi se wierklech brauchen.

    Kléngt utopesch a net konkret realisabel.

    > Den Greenspan huet als Chef vun der Fed gehandelt an als näischt anescht.

    Mee am Kader vun senger (resp. dem Rand senger) Marktphilosophie. Huet en jo selwer gesot.

    > Well den aktuellen Problem net geléist gouf an dei ganz Sach sech esou widderhuelen wert.

    An da maachen se et alt nach eng Kéier sou. Schéngt ëmmer nach besser ze sinn, wéi massiv Läit an de Chômage ze schécken. An et wieren jo net nëmmen déi vun de Banken. Dat hätt jo en Domino-Effekt.

    > Nee, just d’Scholden vun der Bank selwer hätten sech opgeléist. D’Leit hätten hir Suen bei deer Aktioun verluer an d’Scholden vun den Leit déi Suen bei der Bank geléinten gehat hätten wieren weiderverkaaft ginn.

    A firwat wier sou en System eng gutt Iddi?? Tonnen Läit wieren ruinéiert gewiescht …

    > Dat wier jo awer net eemol geschitt mee x mol. Doduerch hätten d’Leit matrkitt dat se mussen en bëssen rechnen ier se Suen leien ginn. Si hätten och geleiert dat Zënsen keen Geschenk mee eng Kompensatioun fir den Risiko deen se aginn sinn. An den ganzen Bankensystem hätt geleiert dat wann e Mëscht baut een selwer muss derfir opkommen.

    Wan d’Banken just dat gemaach hätten firwat se erfonnt gouffen: Suen léinen a verléinen, da wier kee Problem gewiescht. Mee si hu jo missen Casino spillen well se emmer méi Suen wollten.

    > Ech hunn ni gesot den Lëtzebuerger System wier schlecht. Mir kréien hei vill méi aus dem System eraus ewéi mer dran bezuelen, ënnert anerem duerch eis Bankeplatz. Objektiv gekuckt ass dat natierlech mat schmarotzt a vun der falscher Saach profiteiert.

    Natierlech ass Lëtzebuerg e Schmarotzer a Parasit. Mee dat ass en jo awer well de Marché dofir oppen woer. Fënns du dat lo schlecht?

    > A wann ech da selwer fir déi vun mir verursaacht Käschten obkeim?

    Da misst de awer schon en Grossverdiener sinn. Oder wëlls du behaapten, dass jidereen einfach mol locker fir seng Käschten opkommen kéint, zumools am Alter?

    > Sorry, mee ech bleiwen derbei. Mir werten deen Problem nëmme geleist kréien, wann mer en am ganzen (System) kucken an deen eenzelne Mënsch erëm fir säin Handelen responsabiliséieren.

    Jo, responsabiliséieren. Awer mat Verstand. A net einfach: “Hey, du bass eng Päiff. Géi futti.” Ech si mat dengem Sozialdarwinismus net averstan.

    > Den Problem ass dat den aktuellen System iergendwann kippt. An zwar dann wann méi Leit mussen ënnerhalen ginn ewéi der schaffen ginn. Wei soll deen Problem dann mat der heiteger Method geleist ginn?

    Ech vertrauen drop, dass de System sech selwer reguléiert. Ass jo net, wéi wann keen vun eise Politiker sech der Problematik bewosst wier.

    > Richteg, d’Fro ass wou dat hier kennt. Wann do en physeschen (geeschteg Behënnerung) Problem ass, muss d’Gesellschaft no hinne kucken. Ass et en Problem vun der Erzéiung, dann sinn déi Responsabel déi dofir zoustänneg sinn, also d’Elteren an eise Staat (via d’Schoul)

    Geeschteg Bëhennerung ass och schon relativ. D’Gehiirer vun de Läit si numool net all d’selwecht kapabel. Dat ass eng Tatsaach. Wann een lo zb un der Mathé scheitert, en aneren awer net. Ass deen éischten dann, an engem gewëssen Sënn, geeschteg handicapéiert oder firwat ass hien net capabel dat ze verstoen?

    >An eben dowéinst mussen se ob engem absoluten Minimum bleiwen. An et verbidd jo keen deene Räichen mei ze gin.

    A wat wier deen absoluten Minimum? A wéivill giff deen pro Nues kaschten? An op d’Solidaritéit vun deenen Räichen ze setzen fannen ech riskant …

    > Dat klengt effektiv an der Theorie ganz gutt, praktesch trieden do wahrscheinlech déi vun Dir obgezielten Problemer plus X anerer ob. Et misst een emol kucken, ech mengen mech ze erënneren dat an Skandinavien zumindest deelweis esou Systemer benotzt ginn.

    Die skandinavesch Länner sinn jo awer éischter Sozialstaaten, nee? Wéi kënnen déi en Beispill sinn fir är Theorien?

    A wann die Voucher-Theorie net realisabel ass, firwat gët se dann erwähnt?

    > Jo an Neen, dat sollt en Deel vun eisen Chômeuren erklären. Du solls kenne kafen wats Du wëlls. Allerdëngs bezuelen mir zum Deel vill ze mann fir eis Wueren a reegen eis awer gläichzäiteg iwwert Sweatshops ob oder doduerch dat Firmen méi bëlleg an d’Ausland produzéieren ginn. Dat hänkt jo awer zesummen.

    Jo, do ass eng Inkohärenz an der Meenung vun de Läit. Mee de Problem ass, dass wann d’Saachen hei mei deier ginn, da kënne sech manner Läit déi Saachen leeschten an doduerch geet de Konsum erof an de Chômage nees erop.

    > Wat géifen si mat sech maachen, wier déi richteg Fro. Ech géif guer näischt mat hinne maachen, dat sinn frei Mënschen a kenne selwer entscheeden wat se maachen. Perseinlech kenn ech zum Beispill decidéieren nëmmen nach 30 Stonnen amplaz vun 40 ze schaffen. Oder en Deel vun mengen Suen huelen a Saachen maachen lossen déi ech bis alo selwer gemaach hätt, et schaaft een also Aarbechtsplazen amplaz déi Suen fir sech ze halen.

    Jo, mee et ass jo awer fir die allermeescht Chômeuren einfach naischt do, wat se maachen kéinten! A Chômeuren sinn wuel kaum an der Lag fir aner Läit fir sech schaffen ze loossen!?

    > Wann däin Auto just géif den gefuerene KM Stand mellen, da hätten mer keen Datenschutzproblem. Déi Stroumzieler zielt (aktuell) och just den Stroum an net firwat Du en gebraucht hues.

    Ok. Trotzdem opwendeg a wéi giffs de do Tariffer festleen?

    > Ech ginn gären an Concerten a Muséen a sinn eigentlech averstanen. Allerdéngs firwat soll den Jhempi mir en Deel vun der Rockhal bezuelen wann en ni dohinner geet?

    Wells du fir de Musée matbezills an deen hier gären geet. A villäicht ginn jo dem Jhempi seng Kanner gären an d’Rockhal, etc.

    > A wei soll déi ausgesinn? Do kréich een dach direkt erëm dat selwecht. Eenzelner (am Fall vun der Kierch den Klerus) profitéieren an ënnerdrécken den Rescht vun den Menschen.

    Nee, et misst en opgekläerten Humanismus geléiert ginn. A wat ass dann d’Alternativ? Guer näischt léieren??

    > Fraen hunn keen Recht sech duerch d’Arbescht ze ënnerhalen, si hunn (genau ewéi den Mann) eng Pflicht do derzou.

    Wat awer negativ Auswierkungen op d’Familjenliewen kann hunn. An oft huet.

    > A wann en Mënsch (egal ob an enger Koppel oder eleng) en Kand kritt, ass dat säin Choix gewiescht an hie muss derfir Suergen dat et deem Kand gutt geet. Am aneren Fall soll en keen Kand kreien.

    Wa jidereen esou giff denken da wier de Problem en effet geschwënn geléist well et keng Mënschen méi giff ginn. En plus dierft en Kand net just ekonomesch e Sënn maachen … Mee dat ass wuel rem den Sozialdarwinist an dir?

  38. CK
    December 27, 2009 at 1:09 pm

    Trotzdem kënt et awer esou eriwwer ewéi wann den Philosophie, generell, éischter deenen Räichen zu Gutts kënt wéi deenen Aarmen. Wann dat net esou ass, da muss der awer nach vill Iwwerzeegungsaarbecht leeschten!!

    Jo, leider. Derbai geet et jo och doremmer wéi Raicher méi Konkurrenz missten erdroen an esou méi mat Uarmen missten “deelen”, déi finanziell “ophuelen”. Punkto Iwwerzeechungsarbecht ass enorm vill ze dinn, derfir och eisen Blog. An vill Anerer. De Roderick Long an de Kevin Carson leeschten bspw. eng enorm gutt Arbecht op munchen Gebidder zum Thema Liberalismus fir Uarmer.

    Mee doduerch, dass de refuséiers dech em d’Detailfroen ze këmmeren, ennergriefs de awer deng eigentlech Philosophie. Well firwat soll een déi als valabel unhuelen, wann net kloer ass, op se iwwerhaapt, realistesch gesinn, funktionnéieren kéint? Firwat sollt irgendeen sou enger Philosophie trauen?

    Ech giew jo soen, datt den Beweis datt se fonctionnéiert, längst erbruet ginn ass, nämlech iwwerall do, wou se bis zu engem gewessen Grad schons emgesat gouw.

    ‘du solls net leien’, ok, schéin a gutt. mee wat wann duerch meng Lijen e Liewen gerett kann ginn? Dem Kant säin Kategoreschen Imperativ huet jo manifestement seng Limiten.

    Selbstverständlech daerf ech een Nazi ubeléien déi mech freet op een Jud an mengem Haus verstoppt ass. Am Kampf géint daat Béist ass Léien erlaabt, do ass jo esouguer Embréngen erlaabt, och wann u sech all Individuum een Recht op Liewen huet. Mee grad dat Recht verlangt jo dann, datt een sech selwer virun Agressoren verteidegt. Eierlechkeet ass een ganz wichtegen Wert, mee Liewen nach een gréisseren, daat ass also eng Sach vun der Hierarchie vun de Werter. An Kant, naja… Fir d´Ayn Rand wuar hien “the most evil philosopher of all time”😉

    Mee dat ass jo awer keen klengen Problem fir en Liberalen/Libertarianer! Wéi rechtfertegst du deen?

    Theoretesch guer net. Ech rechtfertegen de Friedman-Modell als Gradualist, andeem ech en mam Virgängermodell verglaichen. Datt een komplett fraien Bildungsmarché besser wir, streiden ech net of.


    Ech bestreien, dass de Wee vum Concours de beschten ass fir erauszefannen, wat gutt a sënnvoll ass. Dat leeft op d’Argument by Numbers eraus! ‘X an Y ass richteg well eng Majoritéit dat sou seet!’

    Genau dat Argument of Numbers schwätzt- wéis de jo selwer erkannt hues- géint (Massen-)Demokratie. Nemmen well d´Majoritéit elo den Schoulsystem X well, muss main Kand sech X enneruerdnen. Et huet keen aneren Choix. Deem géigeniwwer steet de Concours, wou all Kand sain System wielen kann an fir sech de beschten erausfannen kann an all d´Schoulen sech permanent verbesseren mussen fir Clienten ze fannen.

    Op wat fir enger Basis kéinten sie Schüler refuséieren? Wéi giffen sou Zougangskritèren ausgesinn?

    Manéieren, Wertevirstellungen, Fähegkeeten (Leeschtungstester) bspw.

    Wéi dann? Et giff awer op Suen ukommen? Ech duecht et giff alles iwwert déi Voucheren goen?

    Am Endeffekt giew een Konkurrenzsystem wuel net ouni Suen auskommen, wéi iwwerhaapt keen System ganz ouni Suen auskennt. Een Voucher-System implizéiert emmer nach een groussen staatlechen Zwang an Kontroll.

    An déi DVDen oder Internetdownloads kéint een dann och mat dësen Voucheren kafen? Oder misst een déi selwer finanzéieren? Mee ginn dann net déi, déi net de Proff direkt mat Voucher ‘kafen’ konnten benodeelegt?

    Misst een sech kafen. Woubai och déi vum Staat natirlech kinnten gestallt ginn. Mee d´Fro ass, wéivill Staatsinterventioun et nach iwwerhaapt well hun. Ganz generall wir nach ze soen, datt absolut Glaichheet (an alles anescht gellt jo als Benodeelung) net machbar ass an enger fraier Welt.

    Kléngt wéi wann all Schüler säin eegenen Prof bräicht … du hues jo nach méi krass Iddien wéi d’Maddy😉

    Sain eegent Schoulsystem. Vlait esouguer sain eegenen Horaire, datt een giew séng Fächer ab engem gewessen Alter selwer auswielen an Proffen keng fest Klassen méi haetten. Daat geet secher méi wait wéi dem Maddy séng Virschléi😉

    Entweder erlaben déi Voucheren JIDERENGEM sech EGAL WAT fir eng Schoul oder Proff leeschten ze kënnen oder du bass nees an der selwechter Situatioun ewéi virdrun. Et schéngt wéi wann däi Voucher-System nach misst iwwerschafft ginn …

    Cf. uewen. Ech verglaichen hei Vouchers mam Status Quo. Vouchers maan Privat- an Staatsschoulen glaich déier (Prais eben de Voucher). Haut sinn Privatschoulen eng réng supplémentaire Ausgab, well dat “gratis Schoulsystem” hors concurrence steet fir Uarmer.

    Mee Ethikcouren an de Schoulen giffen dann just heichstens fir die ZUKÜNFTEG Elteren eng Roll spillen.

    All Mensch brauch eng Ethik, och kannerlos Individuen!

    Mee Ethik etc sollt jo awer schon doheem vermëttelt ginn a net an der Schoul, an zwar vun Ufank un. Duerfir soen ech ëmmer, dass een Religioun net einfach komplett ofschafen kann ouni net en Ersatzsystem ze hunn.

    Vollkommen averstan. Naischt ass schlemmer wéi Nihilismus.

    De Problem ass jo awer, dass Schwaarzaarbechter keng Suen an d’Sozial- resp. Pensiounskeesen erabezuelen an also och henno net vun deenen Gebrauch maachen kënnen.

    Richteg. Dat Recht hunn si leider net, well hir Arbecht illegal ass. An Anerer hun d´Pflicht anzebezuelen an hunn keen Choix wéivill fir wat genau wouran. Ech sinn fir een komplett fraien Marché vun Assurancen. All Arbechter soll bestemmen daerfen an wéi eng Keessen en wéivill fir wéi eng Formule anbezuelen well.

    An do ass Potential fir dausenden (oder an Däitschland Milliounen) Läit … ? A mat enger Aarbechtszäitverkierzung wieren déi meescht Aarbechter net d’accord well se dann giffen manner verdëngen an sech manner leeschten kéint resp. sie einfach méi Suen brauchen fir ze liewen.

    Arbechtszaitverkierzungen dierften selbstverständlech net imposéiert ginn, d´Arbechtszait wir eng Saach vun Choix. Ech denken datt do op jhiddferfall een grousst Potential vergeud gett. Em wéivill een de Chomage kinnt genau reduzéieren, wir ower nach erauszefannen.

    Firwat giffen dann Läit, déi en groussen Interessi um Fortbestand vun der Firma hunn, engem Manager en Kontrakt ginn, deen him suguer am Fall un engem ECHEC Milliounen garantéiert?

    Jo, dat verstinn ech och net. Kann mer et nemmen erklaeren, datt si an deem Moment wirklech unhuelen datt deen Manager eben enorm gutt ass an si him onbedengt een gudden Contract mussen ginn fir hien net un d´Konkurrenz ze verléieren. Déi héich Managergehälter sin sws och eng Saach vun Offre an Demande. Giewen et méi Menschen ginn, déi sech den Job wellen undinn, giewen d´Salairen sénken.

    Den Vertrag mat der Assurance beinhaltet also, dass meng Suen och fir aner Läit hier Noutfäll ka benotzt ginn? Mee ech duecht, dat ass genau dat, wat Läit wéi du verhënneren wéilten? Dass deng Suen och just fir dech benotzt ginn?

    Nee, den Verdrag beinhalt jhust, dass ech X Euro pro Mount oder Joer fir d´Formule Y abbezuelen, déi dest an dat am Fall des Falles ofdeckt (denk un Deng Autoassurance!). D´Assurancen selwer (déi eben fir d´Abbezueler eng Black Box sinn) giewen do wuel Wahrscheinlechkeetsrechnungen dank Statistiken opstellen, wéivill Suen si pro Joer missten ausginn fir ze kucken emmer nach Gewenn ze maan mat hiren Einnahmen, ausserdem haetten si een Katalog deen deng Gebühren kinnt erhéichen je no Fall. Wann ech jhust giew dat erauskréien wat ech abzuelt hunn, bréicht ech keng Risikoassurance ofzeschléissen, mee kinnt fir Risiken einfach Suen spueren. Natirlech gin dann indirekt Suen vun Aneren geholl, kloer. Mee daat ass Saach vun der Assurance wéi se daat alles managt.

    Vergläich mol wann een fir 20 Läit de selwechten Menü hëllt an zesummenbezuelt oder wann 20 Läit eenzel bestellen an bezuelen. Wat ass méi zäitintensiv an opwenneg?

    Ech haalen de Verglach net fir richteg, zumols ech op villen aneren Platzen Bürokratie enorm giew ofbauen.

    An do bezillt jidereen an e globalen Pool, deen dann benotzt gët fir ALL Minister, Deputéierten, etc an net nëmmen fir déi, déi een ennerstëtzt?

    Jo, et bezillt een fir d´Fonctiounen(!) Chamber an Regéierong. Derzou gehéieren Diäten genausou wéi d´Réimlechkeeten fir d´Comissiounen, divers Indemnités, Secretariater, Bodyguards etc.

    Selon him, huet hien am Kader vun der Philosophie gehandelt, vun där hier säit Joerzéngten iwwerzeecht woer (als dem Rand senger). Duerfir wier hien jo och sou erstaunt gewiescht, wéi déi op eemol net méi funktionnéiert hätt …

    Fir déi Dommheet misst en schons baal gelyncht ginn😉 D´Ayn Rand wuar Zait sénges Liewens géint eng Zentralbank wéi d´FED. Hat wollt de Goldstandard zeréck.

  39. December 27, 2009 at 3:49 pm

    Äntweren spéider. Mat dir ze diskutéieren ass einfach extrem zäitintensiv😉

  40. denjclaude
    December 27, 2009 at 6:59 pm

    >Kléngt utopesch a net konkret realisabel.

    Ass et an mengen Aen och net. Mir missten jo eis ganz Vergaangenheet opginn, dat kréien Eenzelner hin mee ni mir all.

    >Mee am Kader vun senger (resp. dem Rand senger) Marktphilosophie. Huet en jo selwer gesot.

    Déi awer net an enger ob den Libertarismus baseirender Gesellschaft ugewannt ginn ass. A genau do ass jo och eisen Knackpunkt an der Diskussioun, Stëchwuert utopesch an net konkret realisabel,

    >An da maachen se et alt nach eng Kéier sou. Schéngt ëmmer nach besser ze sinn, wéi massiv Läit an de Chômage ze schécken. An et wieren jo net nëmmen déi vun de Banken. Dat hätt jo en Domino-Effekt.

    Doduerch dat een en Problem ignoréiert gëtt et normalerweis just méi grouss. Genau dat wäert an deem heiten Fall och passéieren. (Mir beweegen eis ze weit vum eigentlech Thema ewech, mee wei soll eisen wirtschaftlechen System dann ënnert deenen do Conditiounen nach laang weider kenne funktioneieren?)

    >A firwat wier sou en System eng gutt Iddi?? Tonnen Läit wieren ruinéiert gewiescht …

    Deen System huet genau esou funktionéiert seit et Banken gëtt. An déi Leit woussten all ob wat se sech ageloss hunn, wei se enger Bank hir Suen ginn hunn. Déi Banken konnten nämlech bis virun engem Joer faillite goen wann se Feeler gemaach hunn (Barings zum Beispill)

    >Wan d’Banken just dat gemaach hätten firwat se erfonnt gouffen: Suen léinen a verléinen, da wier kee Problem gewiescht. Mee si hu jo missen Casino spillen well se emmer méi Suen wollten.

    Eben, an amplaz dat se gewisen kréien dat dat net geet léine mer en elo der Allgemengheet hir Suen fier weiderzespillen.

    >Natierlech ass Lëtzebuerg e Schmarotzer a Parasit. Mee dat ass en jo awer well de Marché dofir oppen woer. Fënns du dat lo schlecht?

    Aus lëtzebuergescher Siicht ass et gutt, aus der Siicht fum Rescht vun der Welt ass et wahrscheinlech net méi esou gutt.
    Et kéint een natrilech och elo argumentéieren mir hätten deen Räichtum verdéngt. Wat iergendwéi och nach guer net esou falsch wier, ëmmerhin hunn mer keen gezwongen seng Suen hei ze plazéieren.

    >Da misst de awer schon en Grossverdiener sinn. Oder wëlls du behaapten, dass jidereen einfach mol locker fir seng Käschten opkommen kéint, zumools am Alter?

    Dat geet awer net anescht, wann et méi wei en puer Generatioune laang soll funktionéieren. Wann eis Generatioun et net packt fir fir hier Käschten obzekommen, dann huet déi nächst et dach nach vill méi schwéier. Si muss jo dann eis an hir eegen Käschten droen. Datt et eis esou gutt geet, hunn mir eisen Elteren an Grousselteren ze verdanken an dann ass et dach un eis derfier ze suergen datt et eisen Kanner besser geet ewéi eis an net schlechter.

    >Jo, responsabiliséieren. Awer mat Verstand. A net einfach: “Hey, du bass eng Päiff. Géi futti.” Ech si mat dengem Sozialdarwinismus net averstan.

    Wei kéint déi Responsabilisatioun dann mat Verstand ausgesinn? Dat geet a mengen Aaen just an deems Leeschtung och bezuelt gëtt.

    >Ech vertrauen drop, dass de System sech selwer reguléiert. Ass jo net, wéi wann keen vun eise Politiker sech der Problematik bewosst wier.

    Deen wäert sech och iergendwann selwer reguléieren. D’Fro ass just ob dat radikal geschitt oder lues a lues.

    >Geeschteg Bëhennerung ass och schon relativ. D’Gehiirer vun de Läit si numool net all d’selwecht kapabel. Dat ass eng Tatsaach. Wann een lo zb un der Mathé scheitert, en aneren awer net. Ass deen éischten dann, an engem gewëssen Sënn, geeschteg handicapéiert oder firwat ass hien net capabel dat ze verstoen?

    Et ginn jo awer net nëmmen Atomphysiker ob dëser Welt gebraucht.

    >A wat wier deen absoluten Minimum? A wéivill giff deen pro Nues kaschten? An op d’Solidaritéit vun deenen Räichen ze setzen fannen ech riskant …

    Den Minimum wier dat wat gebraucht gëtt fir effizient ze funktioneiren an näischt mei. Ob Solidaritéit ze setzen wier riskant, ech weess och net ob et géif funktionéieren.

    >Die skandinavesch Länner sinn jo awer éischter Sozialstaaten, nee? Wéi kënnen déi en Beispill sinn fir är Theorien?

    Och en Sozialstaat kann effizient an responsabel schaffen, dat ass dach awer keen Widdersproch. Et ass iwreens Schweden mat deem System. All Elteren kennen do bestëmmen a wat fir eng Schoul hiert Kand geet a wat fir eng Schoul deen Voucher kritt. Den Staat bezilt deer Schoul dann fir dat Kand een (fir all Kanner gleichen) finanziellen Betrag. Schoulen déi partizipéieren däerfen den Elteren weider keng Suen froen. D’Schoulen därfen d’Kanner och net siften. Also net soen mir huelen nëmme gutt Schüler.

    >Jo, mee et ass jo awer fir die allermeescht Chômeuren einfach naischt do, wat se maachen kéinten! A Chômeuren sinn wuel kaum an der Lag fir aner Läit fir sech schaffen ze loossen!?

    Mir fällt do leider och keng Léisung an. Eent ass sécher, wann keng Aarbechtsplaz do ass kann och keen schaffen.
    Ursaach ass dat mir net méi kompetitiv an der Gidderproduktioun sinn. A wann awer, da just well d’Maschinnen hei stinn an quasi net transportabel sinn (Elektrostolwierker vum Mittal zum Beispill). Dat emol hin geholl kann ee jo awer net soen dat déi Leit déi hei hir Arbescht verluer hunn sollen elo mat hirer Arbeschtplatz an d’Ausland plënneren an do zou den lokalen Konditioune schaffen. Mir ginn elo hin an stëtzen déi Leit mat Chômage an halen en Deel vun der Produktioun mat Subsiden (Landwirtschaft) hei an um Liewen. D’Fro ass elo ob et do net eng méi efficace Method géif ginn datt déi Leit erëm schaffen kéinten an se net ofhängeg vum System halen mee ob eegene Been kenne stoen.

    >Ok. Trotzdem opwendeg a wéi giffs de do Tariffer festleen?

    Vereinfacht: Käschten Autobunn am Total gedeelt duerch sämtlech gefueren km mol transportéierten kg. Woubäi elo den transportéierten kg just eng Iddi ass. Wann s Du mat dengem Hummer eleng schaffen fiers kascht den km Autobunn dech dann méi ewéi wann s Du an engem Bus setz wou nach 30 aner Leit setzen. An trotzdem bezills Du exakt däin Deel vun der Ofnotzung vun der Autobunn.

    >Wells du fir de Musée matbezills an deen hier gären geet. A villäicht ginn jo dem Jhempi seng Kanner gären an d’Rockhal, etc.

    Wann een mir ausrechent dat deen System wierklech fair ass, an am duerchschnëtt jidereen dat selwecht eraus zitt, sinn ech averstanen. Allerdéngs misst et dann net och opgoen, wann einfach jiddereen dat bezilt wat en och notzt?

    >Nee, et misst en opgekläerten Humanismus geléiert ginn. A wat ass dann d’Alternativ? Guer näischt léieren??

    Mam Humanismus kéint ech liewen. Allerdéngs huet och deen seng Grenzen, well och deen net verlaangt dat een Leit ongerecht behandelt an dat déi eng besser sinn wei déi aner.

    >Wat awer negativ Auswierkungen op d’Familjenliewen kann hunn. An oft huet.

    Dat ass leider richteg, ännert awer näischt un den mënschlechen Rechten a Pflichten.

    >Wa jidereen esou giff denken da wier de Problem en effet geschwënn geléist well et keng Mënschen méi giff ginn. En plus dierft en Kand net just ekonomesch e Sënn maachen … Mee dat ass wuel rem den Sozialdarwinist an dir?

    Ech schwätzen dervun dat all Elterendeel derfir muss suergen dat et sengem Kand gutt geet.
    Dat huet dach näischt mat Sozialdarwinismus ze dinn. Ech kann dach keen Mënsch an d’Welt setzen an dann net no ëm kucken. En verschëlden, ëm d’Emwëlt an deer hien liewen soll futti maachen an ëm dann och nach keng ordendlech Ausbildung ginn.

  41. Pancho
    December 27, 2009 at 8:00 pm

    @CK:

    “Am Kampf géint daat Béist etc…”

    Wéini kann een iwwerhaapt daat “Béist” als “béis” définéieren…?

    Fir déi eng ass daat “Béist” gudd, an ëmgekéiert…

    Hasta
    Pancho

  42. CK
    December 27, 2009 at 8:35 pm

    @Pancho: Enttäusch mech net esou hei! Du lies dach laang genuuch schons bei eis mat. Klengen Tipp: googel mol “Objektivismus” an och “Subjektivismus”😉

  43. Pancho
    December 28, 2009 at 10:39 am

    Holà CK,

    “Du lies dach laang genuuch schons bei eis mat.”

    Jo…daat stëmmt…méng Schold…;-)

    Heiantdo stellen ech mer awer d’Fro ob dir (Lfl) nët “zevill?” vun den “friends of Ayn Rand” o.ä. indirectement gesponsert gidd…LOL…

    Hasta
    Pancho

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: