eDGe.

E-book reader sinn jo momentan ‘all the rage’. A mir kann dat nëmme Recht sinn, ech fannen d’Konzept fir eng ganz Rëtsch vun Situatiounen wierklech gutt a praktesch (och wann ech fir en Roman wuel nach e Buch aus doudegem Holz besser fannen).

Duerfir sinn ech jo och ferme op den iTablet vun Apple gespaant.

Mee den eDGe vun enTourage ass awer och pas mal! An huet den Virdeel fir och eInk ze hunn (doduerch gët en awer natierlech och méi grouss a schwéier wéi en potentiellt iTablet mee bon).

Hei eng cool Demo vum eDGE.

Wat haalt der dovunner? A vun e-book reader am Allgemengen?

Categories: Literatur, Medien, Wired world
  1. January 7, 2010 at 10:00 pm

    Ech wëll ee nook.😀

  2. denjclaude
    January 7, 2010 at 10:55 pm

    Dat ass Zukunft.
    Egal ob Kindle oder eDGE. A wien elo jaitzt neen dat geet net Bicher aus Pabeier an hei an do, Amazon huet fier Chrëschtdag mei Bicher per Kindle verkaaft ewei deer aus Pabeier. A genau ewei mat der CD verpennt eng ganz Industrie alt erem dat wat d’Leit wellen.

  3. January 8, 2010 at 8:12 am

    Hat mech awer erstaunt, dass Amazon LO schon méi e-books wéi normal Bicher verkaaft hat!

  4. January 31, 2010 at 7:51 pm

    Ech fannen dee System mat 2 Displayen Quatsch. Besonnesch da wa meng Tastatur riets ass an ech lénks liese muss wat ech tippen. Fir sou vill Features fannen ech den iPad dann awer déi besser Solutioun. Wann en wéi den OS X Spaces (d.h. Multitasking) ënnerstëtze géif, da sinn 2 Displayen souwisou iwwerflësseg.

    E-Books am Allgemengen maache scho Sënn, mä ech fannen net, dass et wënschenswäert wier fir mat hierer Existenz d’gedrécktent Buch (resp. Zeitung, Magazine) a Fro ze stellen. Virtuell Medien sinn immens praktesch, mä et bleift een um Enn ëmmer ofhängeg vun der Technik. Wann der däin E-Book-Reader iergendwou hifält wou e mat Fiichtegkeet oder spatze Géigestänn a Kontakt kënnt, da bass de vläicht direkt en Deel vun denger Bibliothéik lass. OK, du hues vläicht e Backup, mä dee Moment wou s de drop ugewise bass awer vläicht net bei Hand. Du wëlls e gutt Buch verléinen, du kéins dat och vläicht virtuell maachen, mä wann deen aneren dann e Kindle huet an du hues en enTourage, wéi ass et mat der Kompatibilitéit? A fir liesen ze léieren, géif ech engem Kand éischter e Produit an de Grapp ginn deen et mat alle Sënner erfaasse kann wéi en elektronescht Display mat engem verstopptenen Chip dee méi Säiten uweise kann wéi d’Kand jeemools mat sengen zwou Hänn upake kann.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: