Home > Film > Cormac McCarthy.

Cormac McCarthy.

January 15, 2010 Leave a comment Go to comments

Ech mengen ech ginn definitiv kee Fan vum Cormac McCarthy (oder opmanst net vun de Verfilmungen vu senger Bicher). Ech woer schon vun der Story am ‘No Country For Old Men’ enttäuscht a bei ‘The Road’ ass et mer leider net anescht gaang.

Obwuel béid Filmer cinematographesch an visuell wierklech gutt sinn. Mee d’Geschichten sucken. Zumools de Schluss och jeweils.

*SPOILER ALERT* (ënnert de Biller geet et weider)

The Road hätten kéinten sou ‘perfekt’ ausgoen (de Jong erschéisst sech nom Doud vu sengem Papp), mee dat wier wuel ze radikal an ze nihilistesch gewiescht. Hätt ech awer hei super fonnt (well dat hätt mech wierklech touchéiert). Amplaz dat blöd Gefasels iwwert ‘the fire in you’ an dann op eemol sou Famill, déi hien adoptéiert, ze treffen, deus ex machina. Obwuel en liichten Doute bléiwt: sinn sie en effet der Gudder oder gesinn sie hien just als Snack tëschenduerch (lo wou den Papp doud ass)? Mee villäicht huet die ‘Mamm’ och just schlecht geschauspillert.

An dat permanent ‘going south’, firwat? Gët et irgenden Beweis, dass et do anescht ass? An generell hunn ech geduecht, de Film giff mech vill méi matrappen … wat allerdëngs interessant woer (niewent dem Visuellen usech), ass dass en gewiesen huet wéi dënn eis ‘zivilisatoresch’ Couche ass an wéi haart die menschlech Existenz ouni all eis Bequemlechkeeten ass!

Categories: Film
  1. January 15, 2010 at 6:01 pm

    Am Buch bleiwt effektiv vill méi een Zweifel, op den Jong elo déi richteg Entscheedung um Enn trefft oder net. Allerdéngs stëmmt et net, dass déi Famill een deus ex machina ass, si dauchen schon virdrunner op (de Jong gesäit jo souguer eng Kéier ee vun hinnen).

    Firwat ginn se an de Süden? Dat gëtt een och am Buch ni gewuer. De McCarthy seet och ni, wat dann elo déi grouss Katastrof war. D’Buch gouf als post-apokalypteschen Öktothriller vermaart… Ech bezweiflen op alle Fall, dass et nuklear war, well éischtens wier dann all Mënsch doud, well et war jo een weltwäit Phänomen an si kënnen nach Iessen an Drénken – an dat wier alles komplett vergëft bei enger nuklearer Katastrof vu globalem Ausmooss. Wann et effektiv eng Naturkatastrof war, géing dat och den Trip Richtung Süden erklären, an een méi angenehmt Klima. Dovunner emol ofgesinn: Richtung Norden wier scho mol souwisou ee Feeler, well do gëtt et just Äis. An do wou se ware konnten se och net bleiwen. Gëtt et ee Beweis, dass et am Süden anescht ass? Nee. Mä wat mécht de Mënsch dann, wann en alles verluer huet an en sech sécher ass, dass en souwisou éischter méi fréi ewéi méi spéit selwer dropgeet? De Papp hätt sech dach selwer scho längst d’Kugel ginn, wann en de Bouf net hätt.

    Effektiv wier de Selbstmord vum Jong méi nihilistesch gewiercht. Mä besser? Esou weess de als Lieser / Zuschauer, dass et am Süden och net besser ass, an dass de Jong muss am Misère weiderliewen. Et ass een falschen Happy-End.

    Wat am Film och leider total verluer geet an am Buch enorm zum Effekt bäidréit an d’Saach méi dramatesch mécht, ass de Fait dass keen vun de Charakteren jemols mam Numm genannt ginn. D’Mamm, de Papp an de Jong bleiwen komplett anonym. An dass de McCarthy et domatter trotzdem färdeg bréngt, dass een als Lieser matziddert, ass zimlech impressionant. An dat soen ech, obwuel ech seng Bicher total iwwerschätzt fannen.🙂

  2. January 15, 2010 at 6:23 pm

    Ah sou, dat ass dee selwechte Jong wéi deen hien eng Kéier kuerz do gesinn huet? Krut ech net mat … An denger Meenung no sinn sie dann lo definitiv der Gudder?

    Ok, deng Argumentatioun mécht Sënn. No Süden goen ass also eng Beschäftigungstherapie fir net duerchzedréien. Mir benotzen jo wuel all esou Saachen am Liewen giff ech soen …

    Et ass villäicht en falschen Happy End, mee ech hätt trotzdem meng Variant léiwer gehat. Bammmm! Dat wier e Schluss gewiescht!

    Ah jo, d’Mamm. Där hiert Verhalen hunn ech och e bessen onlogesch fonnt. Muss jo schon wäit kommen, dass eng Mamm hiert Kand opgët. Mee bon, Läit reagéieren natierlech schon mol irrational.

    Summa summarum bléiwen ech awer bei menger Meenung: Visuals top, Story so-so an wat hu mir eng Chance, dass mir all an eiser schéiner, gemittlecher Welt liewen wou mer just mussen an de Supermarché goen, wa mer Honger hunn!

  3. January 16, 2010 at 3:48 pm

    An denger Meenung no sinn sie dann lo definitiv der Gudder?

    Wéi gesot, am Film huet et esou gewierkt. Am Buch hat ech déi Impressioun éischter net.

    Där hiert Verhalen hunn ech och e bessen onlogesch fonnt. Muss jo schon wäit kommen, dass eng Mamm hiert Kand opgët. Mee bon, Läit reagéieren natierlech schon mol irrational.

    Déi war am Buch amfong och zimlech depressiv, wann och net esou pathetesch duergestallt ewéi d’Charlize Theron (hey, et mécht et halt esougudd wéi et kann). Mä mir huet déi Mamm am Film awer gefall. A natirlech ass hier Reaktioun onlogesch, mä novollzéibar. Et ass guer näischt méi do fir dat et sech géing lounen ze liewen, an si gesäit de Fräidoud als Erléisung un (ass et jo amfong och, wann een sech de ganze Misère ukuckt) an si wëll dem Jong déi Erléisung och ginn… Si weigert sech jo schon souguer am Ufank fir en iwwerhaapt zur Welt ze bréngen well déi Welt näischt ze offréieren huet.

    Summa summarum bléiwen ech awer bei menger Meenung: Visuals top, Story so-so an wat hu mir eng Chance, dass mir all an eiser schéiner, gemittlecher Welt liewen wou mer just mussen an de Supermarché goen, wa mer Honger hunn!

    Duerchaus averstanen. Visuell huet mer en plus Loscht ginn, endlech d’Generation der Hoffnungslosen färdeg ze schreiwen (dofir hat ech d’Buch och ursprünglech gelies mä dat huet mech wierklech null inspiréiert).

  4. January 16, 2010 at 3:50 pm

    Ah sou, dat ass dee selwechte Jong wéi deen hien eng Kéier kuerz do gesinn huet? Krut ech net mat …

    Dat war zumindest mäin Androck. An dee Papp seet jo herno och zum Jong, dass si hinnen schon laang géingen nolafen.

  5. January 16, 2010 at 6:03 pm

    Ah, gutt wann de Film dech motivéiert d’Generation der Hoffnungslosen weider ze schräiwen!🙂

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: