Home > Literatur, Wired world > Kindle.

Kindle.

January 16, 2010 Leave a comment Go to comments

Nach e puer Remarken zum Kindle vun Amazon (ech benotzen en iPod Touch mat der Kindle app):

– wat ech wierklech gutt a praktesch fannen ass, dass een gratis déi eischt puer Kapitelen vun all Buch eroflueden kann. dat gët engem eng schnell Impressioun op engem d’Buch gefalen kéint oder net. natierlech kann een dat deelweis och op hierem Site mat hieren ‘look inside’ Feature man, mee ech fannen et méi elegant (a méi liesbar) per Kindle.

– wat ech och flott fannen, ass dass ech lo am däischteren e Buch liesen kann. a gewëssen Situatiounen ass dat praktesch (oder och einfach gemittlech).

– et ass super fir DIREKT kënnen e Buch ze testen oder ze liesen, wat een grad recommandéiert krut oder iwwert dat een grad eppes an engem Artikel oder sou gelies huet.

– wat ech absolut ënnert aller Sau awer fannen, ass dass verschidden nei Bicher an der Kindl-Versioun méi déier sinn wéi an der Hardcover-Versioun! Obwuel se jo vill méi bëlleg ze produzéieren sinn an een mol keen physeschen Produit kritt. dat ass net an der Réi. mee ech huelen un, dass souwiesou Bewegung an de Marché kënt, wann die aner eReaderen (an iTablets) mol bis eraus sinn an Amazon Konkurrenz man.

– ech vermëssen och eng ‘search’ Funktion an der Kindle app. villäicht sinn ech awer och just ze domm fir se ze fannen. um Hardware Kindle gët et déi anscheinend.

Fazit: ech mengen et, mëttelfristeg, gët enk fir Bicher aus doudegen Holz (an och fir Librairien leider). Et wäert wuel sou goen wéi bei den Vinylsplakken: just nëmmen nach ‘librophil’ Läit kafen sech déi physesch Variant. Woubäi ech mer sécher virstellen kann, där och nach ze kafen. Wann dat Format wierklech en Plus bréngt. Oder aus Nostalgie, well et einfach schéin (a gemittlech) ass en ‘richtegt’ Buch an de Hänn ze halen!

Categories: Literatur, Wired world
  1. denjclaude
    January 16, 2010 at 4:32 pm

    Mam Preis pro Buch ass effektiv en Problem. Mee et ass genau ewei bei der Musëck, dei ganz Industrie (Verleger) verpennen alt erem d’Entwëcklung an kuckt guer net derno wat den Client eigentlech wellt.

  2. January 16, 2010 at 6:06 pm

    D’Industrie fäert d’Digitaliséirung (zum Deel wuel och zu Recht), duerfir sträuben se sech.

    Trotzdem ass deen Zuch net opzehalen an sie mussen et de Läit sou einfach wéi méiglech maachen fir hier eBooks ze kafen! Sou wéi Apple et fir die digital Musek gemaach huet an doduerch zu engem riesen succès ginn ass. Amazon ass mat sengem Kindle-Gedëngens awer op mol guer net sou engem schlechten Wee. Si gespaant, wéi et wäert sinn fir Bicher am iTunes store ze kafen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: