Home > Literatur, Wëssenschaft, Wired world > The Big Switch.

The Big Switch.

January 17, 2010 Leave a comment Go to comments

(dat hei ass net wierklech nei fir Läit, déi a Punkto Informatik um Courant sinn, mee ech fannen zumools de Lien oder d’Ähnlechkeet tëschent dem Edison an Google interessant)

Liesen grad nees en (menger Meenung no) faszinant Buch: “Big Switch: Rewiring The World, from Edison to Google“. (update: hei ass d’Buch och op Däitsch)

Ech sinn zwar réischt op Säit 46 ukomm, mee trotzdem muss ech et schon erwähnen.

D’Basisprämisse vum Buch ass, dass de Computer, oder mei genau d’Rechenkraaft, de Stockage, etc, demnächst genau sou eng Commoditéit gët wéi d’Elekrizitéit. Um Ufank gouff Energie déi de Mënsch (oder eng Firma) gebraucht huet duerch eegen Muskelkraaft, Déieren, Waasser oder Ähnlechem produzéiert, direkt do, wou een se gebraucht huet. Duerno koumen dann lokal Stroumgeneratoren. Dat woer schon eng riesen Verbesserung, mee et huet awer och bedéit, dass d’Firmen eng emmer méi komplizéiert Infrastruktur hu missen bauen, kennen an ennerhalen. D’Léisung, an de nächste Schrëtt, woer dunn fir d’Generéieren vum Stroum a riesegen Anlagen ze zentraliséieren an dann iwwert e Réseau op déi eenzel Plaatzen, wou Stroum gebraucht gouff, ze liwweren. D’Läit, oder d’Firmen, hunn also de Stroum net méi selwer hiergestallt an géréiert, mee sie hunn en bei engem groussen Lieferant abonnéiert. Wat, nodeem Kannerkränkten eliminéiert gouffen, vill méi praktesch a vill méi bëlleg woer.

A genau dat selwecht passéiert lo um Gebitt vun de Computeren. Momentan këmmeren sech d’Läit an d’Firmen meeschtens nach selwer, an lokal, em hier informatesch Besoins: sie kafen en Computer an dann Software, déi se drop installéieren an geréieren mussen, och späicheren se hier Donnéeën meeschtens op deem Computer selwer of, wat et nees komplizéiert mëcht, wann se en neien Computer kréien, op deen se hier Donnéeën mussen transferéiren etc. An Zukunft wäert een awer just nëmmen nach en Terminal (+- just e Schierm, minimal Mémoire plus e Clavier an eng Maus) kafen, sech un den Internet hänken an sech do bei engem Service-Host abonnéieren. Bei deem wielt een dann aus, wat fir e Betriebssystem ee wëll oder brauch, wéivill Rechenleeschtung ee brauch, a wat fir eng Programmer, asw. Klick, klick, klick … dat mëcht dann souvill am Mount. Och brauch een sech dann net méi selwer em Mise-à-jouren, Backups, Lizenzen, etc ze këmmeren. Definitiv e Plus.

Deelweis gët et dat jo haut schon: eng Google Recherche ass näischt anescht wéi en Programm, deen op engem Server irgendwou wäit fort extrem schnell ausgeféiert gët. Et wier jo nie méiglech esou eppes lokal lafen ze loossen. D’selwecht fir all die Webmailen, online Editoren, etc.

D’Zukunft läit also an der ‘Wollek’ (cloud computing). An dat ass jo och de Grond firwat Firmen wéi Google, Amazon an Apple rieseg Serverfarmen iwwerall an der Welt opriichten.

Nach ginn et natierlech eng Rëtsch (technësch, sécherheets- an och philosophesch) Froen a Problemer, déi musse geléist ginn. Mee usech ass et onauswéichlech, dass de Computer doheem verschwënnt an een einfach just en (Touch-)Screen un eng Steckdous hänkt (oder direkt ganz wireless fiert).

Spannend Zäiten kommen op eis duer.

  1. January 20, 2010 at 2:13 pm

    Den Auteur vum Buch huet och en interessanten Blog an hëllt seelen e Blat virun de Mond: http://www.roughtype.com/

    Misst deem engen oder aneren gefalen😉

    Hei och säi Comment zum ZUckerberg (Facebook): http://www.roughtype.com/archives/2007/11/the_social_graf_1.php

  2. Pancho
    April 7, 2010 at 8:30 pm

    Holà,

    …Saving Money Through (…”large scale”…)…Cloud Computing…

    http://www.brookings.edu/papers/2010/0407_cloud_computing_west.aspx

    Hasta
    Pancho

  1. January 19, 2010 at 9:55 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: