Home > Medien, Wired world > En Apel an der Wollek.

En Apel an der Wollek.

January 19, 2010 Leave a comment Go to comments

Ech hat jo desläscht schon den Trend zum Cloud Computing erwähnt, an och Apple schafft ferme dorunner (sie hunn eng Server-Farm am Wert vun 1 Milliard Dollar gebaut). Dëst Joër wäerten sie eng nei Versioun vum iTunes virstellen, déi all d’Lidder/Filmer/Podcasts/etc, déi een a senger Kollektioun huet, mat engem Server an der Apple Wollek synchroniséiert. Via dësen Server kann een dann seng Musek am Browser, oder duerch en mobilt Gerät (iPhone, iPod, iTablet), vun egalwou streamen. Kléngt gutt!

(source)

Categories: Medien, Wired world
  1. January 19, 2010 at 10:18 pm

    Amplaz esou ee Blödsinn unzestellen, sollt Apple mol den DRM aus hieren TV Serien an Filmer huelen, an alles an HD ubidden. Ech hunn meng iTunes Library souwisou emmer dobäi (um iPod) an ech streamen mer dat och längst dohinner wou ech wëll. Ech hunn een Server hei stoen, an dank PS3 kann ech dat och alles op 40 Zoll genéissen.
    Hei geet et dach guer net em Usability – dat ass just PR. Et geet drëm, dass Apple eng enorm detailléiert Datebank kritt an domatter de Leit spezifesch Musék/Film/TV kann emfeelen déi se dann gefällegst och solle kafen.
    A wann dat dann tatsächlech sollt kommen, wert ech dat genau sou deaktivéieren ewéi Genius an de MiniStore. A wann ech dat net kann – hey, et gi genuch Alternativen zum iTunes (wat souwisou een wahnsinneg onpraktesche Programm mat null Astellungsméiglechkeeten ass, an hätt ech keen iPod hätt ech e scho längst geläscht).

  2. January 19, 2010 at 10:28 pm

    Ech sinn net d’accord, dass dat Blödsinn ass. Et ass d’Zukunft. D’Donnéeën wäerten ëmmer méi an der Wollek gespäichert ginn resp. domadder synchroniséiert ginn. An dat ass méi praktesch wéi se just op engem iPod ze hunn well du kanns vun x Apparaten drop zougräifen.

    Da fällt och dee ganze Stress fort, wann een en neien Computer keeft! Keen hassle méi fir deng aal Fichieren an Librairien mat eriwwer ze huelen.

    Rechtlech sinn och keng Problemer (décken Virdeel fir Apple am Géigensaz zu enger Subscription-Léisung), well een déi Dateien jo schon virdrun hat resp. iwwert iTunes kaaft huet a kafen wäert. Et ass jo net verbueden seng eegen Fichieren online, wou een just selwer drun kënt, ze stockéieren.

    Et ass also definitiv méi wéi just PR.

    Du kanns dech natierlech och deem techneschen Progrès verweigeren (wat awer, am Géigensaatz zu Facebook, nach vill manner Sënn mëcht, mee hei du kanns jo maachen, wats de mengs). Ech allerdëngs wäert et an dësem Fall net well et a. d’Zukunft an b. praktesch ass.

    An alles am HD ass just eng Fro vun der Zäit.

  3. johnnychicago
    January 19, 2010 at 10:55 pm

    Apple huet hei nach e besschen eppes viru sech, de ‘current state of affairs’ ass jo relativ lamentabel. Itunes um PC ass e miserable Media Player an eng zouen Affaire; et ass e Riesenopwand, Musek vu ‘baussen’ em Itunes ennerzejubelen. Et brauch een Itunes, fir Musek op den Player ze kréien. Bei engem Ipod ass dat jo ok, mee mäin Iphone huet Wifi a Bluetooth – firwat muss ech e Kabel mathuelen a kann nemmen vun engem eenzegen PC aus mat Kabel ‘synchroniséiren’?

    Wéi ech virun e puer Wochen de PC gewiesselt hun, woer Apple-Software bäi wäitem deen dramateschsten Deel vun der Affaire.

    Naja, mol kucken, wat kennt. Meng laangfristeg Strategie ass et op jidder Fall, fir vum Apel ewechzekommen. En mag idiotesecher sinn, mee ech sinn keen Idiot.

  4. denjclaude
    January 19, 2010 at 11:20 pm

    @johnnychicago
    “et ass e Riesenopwand, Musek vu ‘baussen’ em Itunes ennerzejubelen”

    Ech gesinn Du hues nach nie probeiert “aal” iTunes-Dateien mat DRM wellen ob engem nët Apple-Apparat ze lauschteren.

    Dei Cloud do erlaabt et Apple/Amazon/etc. iergendwann d’Musëck guer net mei mussen hier ze gin. Se gett just nach gestreamt an net mei dauerhaft lokal gespeichert. Dat huet extrem Fierdeeler (richteg Musëcksflatrates, Charts), ennert anerem awer (a wei schons ernimmt) total Kontroll iwwert wien wat kann lauschteren.
    A genau do leit den Problem. Et wert eis dann iergendwann genau d’selwecht ergoen ewei aktuell mat Hulu oder Maxdome, eng ganz frëndlech Noricht seet eis mier wieren am falschen Land an keinten deen Service net notzen…
    Ech well Apple elo net als deen beisen duerstellen, sie machen neischt anescht ewei Microsoft oder Intel firun en puer Joer. Apple schengt einfach dei besser Propagandamaschinn ze hunn.

  5. January 20, 2010 at 5:25 am

    @Johnny:

    Den iTunes usech stéiert mech net an ech ginn domadder eens. Sinn awer och keen Poweruser. Benotzen en haaptsächlech fir bëssen Musek (a vill Podcasts) op mäin iPod Touch ze lueden. Allerdëngs ass et wierklech pain in the ass fir en ze migréieren. Mee och dat wier dann mat der Cloud méi einfach. Du lueds der einfach deng ganz Library nees au fur et à mesure op däin neien, lokalen (an authoriséierten, wann se um DRM festhalen) Computer erof.

    Perséinlech fannen ech d’Integratioun vun Apple awer net schlecht. Mee Hardcore-Kniwweler, wéis du?, kënnen jo awer dann en Android oder Nexus One kafen a mat hieren OGG-Fichieren ënnert Linux synchroniséieren etc … Fir die meescht ass dat awer keng Alternative.

    @jclaude:

    Wanns de DRM Dateien op engem aneren Computer wëlls lauschteren sou kanns de se aus dem iTunes aus op eng CD brennen an dann op deem aneren nees eranrippen. Dat ass net dat bequemst, geet awer. En plus kanns de jo 5 Computeren mat dengem iTunes Account syncen. Misst jo fir d’éischt duergoen …

    Ech sinn och net mat denger Kritik un hierem Cloud-System averstan. Dat ass nees e bëssen paranoid. Du kanns mat deem System genau déi selwecht Musek kafen wéi elo. An dat ass jo lo och schon geographesch limitéiert. Wat awer net un Apple läit mee un de Copyrights vun der Musekindustrie. Idealerweis kéint een natierlech egal wat fir eng Musik egal wou kafen! An dogéint hätt och Apple sécher näischt.

    De Virdeel vun der Cloud ass
    – fir den User, dass en eng online Kopie/Backup vun senger Musek huet an se kann op vill verschidden Devices, an och per Browser, ka streamen. Am Géigensaatz vun elo wou dat just iwwert de lokalen Computer an en iPod/iPhone geet
    – fir Apple, dass sie keng nei Lizenzrechter mat der Museksindustrie mussen verhandelen well sie jo jhust e System ubidden fir dass een seng gekaaften Musek kann online syncen oder backuppen

    D’Vergläicher mat Hulu hinken dofir. An dee mat Microsoft stëmmt just an deem Sënn, dass Apple natierlech en System opbaut, deen trotz allem nach ëmmer no hierer Hardware verlaangt. Dat fannen ech legitim. En plus verhënnert dat net, dass se den System eng Kéier opmaachen falls se sech nëmmen nach wéilten op Software a Servicer wéilten konzentréieren. Mee do si mer nach net.

  6. denjclaude
    January 20, 2010 at 9:53 am

    Jo, CD brennen da rippen an dann erem importeieren geet. An dat klengt an der Theorie och gudd, mee wees Du wei lang een dofier brauch? An dobei hun ech guer net esou vill deer aler iTunes-Lidder.

    Mein Verglach mat Hulu ass guer net esou dernieft. Wou kann een dan aktuell hei zou Lëtzebuerg legal (!) Musëck erof lueden? Mir hun do quasi keen Choix an esou lang do keng Harmoniseierung fun den Rechter ob EU-Niveau kennt wert et och esou bleiwen. Et rechent sech fier Firmaen net, dei Prozeduren hei zou Lëtzebuerg un ze goen, well dei potentiell Clienten net zou genuch sinn.

  7. January 20, 2010 at 10:04 am

    jc:

    > Wou kann een dan aktuell hei zou Lëtzebuerg legal (!) Musëck erof lueden?

    iTunes zb. Ass jo emmerhin mol dat. An bei dësem Post geet et jo em iTunes an Apple.

  8. johnnychicago
    January 20, 2010 at 1:09 pm

    @Grommel,

    D’Integratioun vun Apple ass ganz ok – souguer impressionant gudd – wann een konsequent nemmen Apple asetzt, an d’Saachen och sou mecht, wéi si soen. Dat heescht, mäin Itunes soll meng Medienzentral sinn, meng CD’en iwwert den Itunes gerippt ginn, meng Playeren sollen Apple sinn, meng Musek kennt aus dem Apple-Store, a meng Playlists maachen ech no der Itunes-Logik.

    Nun huet mäi Laptop awer nemmen en Deel vu menger 80-GB-Library, deen zudeem no engem Roulement ausgetosch gett, meng Podcasts ginn vun hpodder verwalt, an meng CD’en rippen ech automatiséiert mat mengem Desktop-Computer, meng Musek kennt aus diverse Quellen a get och op Non-Apple-Players ofgespillt. Ennert deenen Konditiounen ass d’Integratioun vun Apple einfach sch*ss. Wann ee kuckt, dass et eigentlech e banalen Problem ass (meng Library läit an engem Folder, ass propper getaggt etc) an divers Playeren dermatt eens ginn (Squeezecenter, Amarok etc) ass dat fir Apple eng penibel Virstellung.

  9. January 20, 2010 at 1:48 pm

    johnny:

    OK, mee du schéngs jo awer och e Power-User ze sinn … die meescht sinn dat net. Mir geet en iTunes déck duer. Suguer fir meng Podcasts downzeloaden. Sinn der souwiesou schon méi wei ech der je en effet lauschteren kéint!

    Ech ginn der awer Recht, dass et praktesch wier, wann den iTunes och einfach op net-iTunes Folderen kéint zougräifen.

    A fir eng 80Gb+ Librairie muss een awer schon vill CDen kaaft hunn😉

  10. February 1, 2010 at 11:18 am

    Ech gesin do een Problem fir Leid di nach mat limiteiertem Traffic fueren. Där leid gin et nach. Ausserdem wieren ech mech wehement geint Cloud Computing. Et gin Saachen, dei menger Meenung no op MENGEM Computer geheieren. Een System ewei Steam well ech op dësser Platz luewen. Et ass zwar och Cloud Computing, mee du kanns all Content och lokal ofspaicheren an du muss net forcement ageloggt sin fir un deng SPiller ze kommen.

  11. February 1, 2010 at 11:43 am

    Mike:

    D’Vitesse vum Upload ass en effet nach dee gréissten Problem. Mee Cloud Computing wäert kommen. Do kanns de dech op de Kapp stellen souvill s de wëlls😉

    A fir Spiller oder Applikatiounen wäert et och en lokalen Cache ginn. Mee d’Original steet an der Wollek.

    Wat d’Privatsphäre ugeet sou kanns de deng Donnéen jo encryptéieren. Dat ass natierlech net 100% mee et kann och ee bei dech doheem abriechen an däin Computer schuppen. Da ginn deng ‘geheim Donnéeën’ och publique. Well du wäers se jo en plus net lokal encryptéiert hunn?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: