Home > Gesellschaft, Religion/Philosophy, Video > Beyond meritocracy.

Beyond meritocracy.

January 24, 2010 Leave a comment Go to comments

Ech hunn en neien Held (sou wäit ech dat bis elo beurteelen kann), wat moralesch Philosophie ugeet: den John Rawls.

An hien artikuléiert gutt, wat mech perséinlech och ëmmer un Iddien wéi der Meritocracy (an hieren Verteideger) stéiert: sie ginn net wäit genuch! Respektiv sie ginn net wierklech un d’Wuerzel vum Problem a vun den Differenzen tëschent de Mënschen: den Zoufall, wou een gebuer gouff, wat fir Genen een matkritt huet, wat fir eng Edukatioun an sozialt Emfëld een kritt huet, etc. Dat sinn alles Fakteuren, déi een net ignoréieren däerf, wann een wierklech u Gerechtegkeet  a Fairness interesséiert ass.

Natierlech sollen Effort a Succès belount ginn. Mee béides sinn oft, wann net ëmmer, och zu engem groussen Deel d’Resultat vun glécklechen, äusseren Emstänn. An DAT soll an der Equatioun, fir erauszefannen, wat gerecht ass, consideréiert ginn! An duerfir ass et fair fir en Michael Jordan oder e Bill Gates och héich ze besteieren. Hinnen geet et duerno ëmmer nach extrem gutt an die Steiersuen kënnen benotzt ginn fir der Allgemeinheet, där et jo definitiv méi schlecht geet wéi deenen zwee, ze hëllefen (am Beschten sou, dass sie dann d’Méiglechkeet hunn hier Lag selwer nach ze verbesseren).

Et geet also net dorëms fir engem MJ oder BG ze verbidden fir onmoosseg Geld ze verdëngen. Et geet just drëm fir déi Avantagen, déi sie haten an déi dozou geféiert hunn, dass sie do sinn, wou se lo sinn, e bëssen auszegläichen. An dat heescht jo net, dass dofir lo Läit, déi net gewëllt sinn, eppes selwer ze maachen einfach Geld an den Aarsch geblosen sollen kréien. Loin de là! Mee déi Suen sollen (idealerweis) geholl ginn fir deenen mat manner Chancen méi Chancen ze ginn oder fir deenen, déi et einfach net besser kënnen, trotzdem en eenegermoossen liewenswäert Liewen kënnen ze offréieren (ënnert Konditiounen natierlech, d’Faulenzerei soll jo net gefördert ginn).

Dem John Rawls seng Iddien ginn an der éischter Halschent vun der 8. Episode vun ‘Justice with Michael Sandel‘, déi ech jo och schon hei erwähnt hat, thematiséiert an erkläert:

A Läit, déi lo weiderhin d’Meritocracy wëllen verteigen, wéilt ech (wéi den Rawls mat sengem ‘veil of ignorance‘ Gedankenexperiment) froen:

Wier dier och ëmmer nach fir dee System, wann alles nach eng Kéier giff vun vir ufänken an dier NET wëssen géifft, wou der gifft op d’Welt kommen, a wat fir engem sozialen Kader, mat wat fir Fähegkeeten, mat wat fir Méiglechkeeten, etc? Gifft dier dee Risiko wëllen agoen fir die sougenannt Aarschkaarten (suwuel sozial wéi genetesch) ze zéien an d’Konsequenzen dovunner missen ze erdroen?

  1. Pancho
    January 24, 2010 at 12:45 pm

    Holà Grommel (switch),

    “An duerfir ass et fair fir en Michael Jordan oder e Bill Gates och héich ze besteieren.”

    Jaein…do basste an der Problematik vun der “indirekter duebeler Besteierung”…

    Hasta
    Pancho

  2. Grommel
    January 24, 2010 at 1:18 pm

    @pancho:

    Kanns de dat bessen mei genau erklären? Wou ass do denger Meenung no den Problem?

    An ass dat dat eenzegt, wat der zu deser Thematik afällt?😉 Bass de mam Recht d’accord?

  3. Pancho
    January 24, 2010 at 1:30 pm

    Holà Grommel (“Ech erklären mech…”-part)

    “Strukturéierten🙂 ” Gendankenopbäu waat d’Realwirtschaft ubelaangt…

    Mier kënnen dovunner äusgoen:

    1. De Räichtem vum “Billy” (Gates) ass jo nët vun haut op muar zestaane komm…gell?

    2. Säin aktuellen Räichtem besteeht aus “Mini-Räichtemtransfertën” vun x-Millionen Leit (Konsument) déi bereet woren e puer/een vun séngen Produitën ze kaafen…gell? (de Pancho huet nach nie ee Produit vun “MS” kaaf !)

    3. Wann kee Mensch (Konsument) een/ e puer vun sénge Produitën kaafe géif, wier de “Billy” plaakeg ewéi e Kinneg…gell?

    4. De (Gros vum) Goss mat deem d’Leit (Konsument) ee Produit vum “Billy” kaaf hunn ass (logescherweis) schons besteiert ginn…gell?

    5. Ergo, wannste dem “Billy” säin Räichtem (Räichtem deen eigentlech aus der “Güte?” vun x-millioune Leit besteeht) giffs besteieren, da géifste de “Goss/Money/Knete” indirekt 2mol besteieren…gell?

    6. Ass ee Produit vun “MS” iwwerliewenswichteg? Neen…gell?

    7. Ass d’Gesondheet net méi wichteg ewéi déi “materiell Oofhängegkeet” vun éngem MS-Produit? Méngen dach…gell?

    8. Dee selwechten “Gedankenopbäu” kann och fir de MJ gellen…gell?
    (wa kee Mensch Basket gekuckt hätt, wier de MJ niimools de räichsten Sportler (duerno ass de Schumacher ginn) vun der Welt ginn)

    9. Ergo…

    Hasta
    Pancho

  4. CK
    January 24, 2010 at 1:39 pm

    Liberal an Libertär sinn fir eng Meritokratie wat d´Economie ugeet. Mee d´Economie ass jhust een Deel vun enger Gesellschaft.

    Hei erwähnen ech emmer den Hayek mat sengen zwee Welten: der klenger, schnuckleger Gemeinschaft (d´Ursippe oder haut bspw. Famill, den Sportverain asw.) an dei komplex grouss Welt vum Marché. Déi zwee Welten mussen ennerschiddlechen Regelen opleien. Ween déi vun der klenger Welt op déi grouss Welt applizéiert, mecht d´Economie freckt, emgedréit (an daat erliewen mer leider och deelweis haut) zermalmt een ower déi kleng Strukturen, wat zu Kritik um Hedonismus an Materialismus féiert, deen dem Neoliberalismus dann zougerechnet gett. (D´68er wollten jo d´Famill als repressiv Struktur allerdengs och komplett zerschloen. Net aleng déi patriarchalesch (een zurecht ofgelafenen Modell) mee d´Famill als solch. Alles sollt durch de Staat ersat ginn bzw. durch eng grouss Menschenfamill.)

    Et ass d´Aufgab vun der Zivilgesellschaft, vun eis all, sech em wirklech Affer, déi haut leider oft vun selbsternannten Affergruppen ofgedrängt ginn, se kemmeren. Denken do un schwéier Behennerter, Onmündeger, verloossen Kanner an Jugendlecher bspw. Am beschten geschitt daat zwar alles privat, mee géint een minimalen Sozialstaat fannen ech hei mol nach naischt anzewenden. A wuel och soss baal keen.
    (Woubai grad dann zwar een fraiwellegen Financement denkbar wir.)

    De Rawls huet recht mat sengem Hinweis op extern Afless, mee se legitimeieren mMn keen Zwang. Een MJ oder BG engagéieren sech schons fraiwelleg sozial. De Mensch ass jo och een Sozialwiesen an muss net eréischt derzou vun Politiker gezwongen ginn.

    Den Schleier ass een interessant Konstrukt. (Ech hunn Theory of Justice iwwregens och heiheem, och wann ech beim Liesen nach net wait komm sinn.) Et ass kloer, datt keen Mensch wielt an enger onsozialer Welt liewen wou hien giew komplett am Stach gelooss ginn, wann hien schwéier krank, behennert oder esou wir. An dementspriechend sollt een dann och perséinlech handeln.

    Et muss een eben erkennen, datt Meritokratie als Wirtschaftsorganisatiounsprinzip gutt ass, mee eben net das Mass aller Dinge. Egtl. ass daat den ganzen Trick. Rawls an Nozick hunn allen zwee zurecht den Utilitarismus ugegraff, mee punkto Egalitarismus bzw. Emverdeelung op politeschem Plang an Role vum Staat wuaren se diametral opposéiert.

  5. Pancho
    January 24, 2010 at 1:56 pm

    Holà,

    @ CK & Grommel,

    “…an dei komplex grouss Welt vum Marché.” (de “Pancho” gleewt nët graad un d’Komplexitéit…par konter awer un den “Dualismus”…)

    Yep, mäin Beispill vun virdrun ass eng “archi” vereinfacht Vue vun enger eenzeger “Wiesselwiirkung” tëscht Marché an Staat(=Gesellschaft)…

    Méng Froen bläiwen awer…(am Kontext “MJ”, “BG” & “Staat”…)

    1. “Wéi soll eng optimal Besteierungspolitik äusgesinn…?”
    2. “Ass dann elo eng indirekt duebel Besteierung wiirklech fair?”

    Hasta
    Pancho

  6. Pancho
    January 24, 2010 at 2:16 pm

    Holà CK,

    “Ween déi vun der klenger Welt op déi grouss Welt applizéiert, mecht d´Economie freckt…”

    An waat seet de “Pitt” dozou…🙂
    http://en.wikipedia.org/wiki/Peter_principle

    “De Mensch ass jo och een Sozialwiesen an muss net eréischt derzou vun Politiker gezwongen ginn.”

    Individuell Initiatiivergräifung vs. Kollektiv Initiatiivergräifung…

    De Prob bei der “Meritokratie” besteeht wann de legitimen menschlechen “Raffinéierungsprozess” eng kritesch Konzentratioun erreecht…dann setzt d’Aafhängegkeet an…(genau ewéi bei “Drogien” oder neierdéngs “Banken”…)

    P.S.: “It always takes two to tango”…

    Hasta
    Pancho

  7. January 24, 2010 at 3:44 pm

    CK:

    De Rawls huet recht mat sengem Hinweis op extern Afless, mee se legitimeieren mMn keen Zwang. Een MJ oder BG engagéieren sech schons fraiwelleg sozial. De Mensch ass jo och een Sozialwiesen an muss net eréischt derzou vun Politiker gezwongen ginn.

    Engem MJ oder BG stinn x aner Milliardären vis-à-vis déi sech en aal Sch**ss em déi këmmeren, déi manner Chance haten am Liewen. Op fräiwëlleg Aktiounen ze zielen geet menger Meenung no net duer. Dat hei soll lo awer keng speziell Steierdiskussioun ginn, dat kënne mer eng aner Kéier maachen.

    Mir geet et méi em den ‘veil of ignorance’.

    Et muss een eben erkennen, datt Meritokratie als Wirtschaftsorganisatiounsprinzip gutt ass, mee eben net das Mass aller Dinge. Egtl. ass daat den ganzen Trick. Rawls an Nozick hunn allen zwee zurecht den Utilitarismus ugegraff, mee punkto Egalitarismus bzw. Emverdeelung op politeschem Plang an Role vum Staat wuaren se diametral opposéiert.

    Dat heescht du wiers och am Gedankenexperiment vum ‘Veil of Ignorance’ fir d’Meritokratie? Och wann s du dobäi kéins d’Aarschkaart (wéi do uewen erkläert) zéien?

    A wat stéiert dech um Rawls senger Positioun? Dass hien seet, dass déi mat méi Chance a méi Mëttelen (och mat méi Wëllen) deenen, déi die Saachen net haten oder hunn, eppes solle mat ofginn well keen sech ausgewielt huet wou en op d’Welt kennt, wat säin sozialt Emfeld ass an wat fir eng Weltvirstellung en vermëttelt krut?

  8. January 24, 2010 at 3:45 pm

    Pancho:

    Méng Froen bläiwen awer…(am Kontext “MJ”, “BG” & “Staat”…)
    1. “Wéi soll eng optimal Besteierungspolitik äusgesinn…?”
    2. “Ass dann elo eng indirekt duebel Besteierung wiirklech fair?”

    Dat wier usech en separaten Post wäert. Sinn awer natierlech och interessant a pertinent Froen.

    A wiers du dann lo och nach fir eng Meritokratie, wann s de net wéiss, ennert wat fir Konditiounen du giffs op d’Welt kommen?

  9. Pancho
    January 24, 2010 at 5:55 pm

    Holà Grommel,

    “A wiers du dann lo och nach fir eng Meritokratie, wann s de net wéiss, ennert wat fir Konditiounen du giffs op d’Welt kommen?”

    Mann…Grommel…wiirklech nët déi einfachst Fro…

    Hun kéng Äentwert duerobber…tendéieren awer “spontan an prinzipiell” (vum subjektiven Gefill äus) fir ee moderaten “jo” ze soen…
    (leider kann een de “Graad” vun enger “Meritokratie” qualitatiiv nët festhaalen…)

    Hasta
    Pancho

  10. CK
    January 24, 2010 at 6:10 pm

    @Pancho: Eng Economie ass eppes héich komplexes, soss wir d´Planwirtschaft net gescheitert. Wéi een Besteierungssystem wirklech fair an optimal wir, ass eng Fro fir d´Eiwegkeet. Vlait jo och guer keen an et misst een ganz aner Weer zur Staatsfinanzéierung fannen. Mee daat wir elo alles een ganz anert Thema. Derfir stoppen ech hei emol.

    Wat de Peter Principle elo mat mengem Satz ze dinn huet, verstinn ech net. Een Inkompetenten vun Aneren matzéien ze loossen, ass op Dauer méi schiedlech fir eng Firma wéi en ofzesetzen an durch een Kompetenten ze ersetzen. An geféierlech Muechtkonzentratiounen mussen durch méi Concours opgebrach ginn.

    @Grommel: Engem MJ oder BG stinn x aner Milliardären vis-à-vis déi sech en aal Sch**ss em déi këmmeren, déi manner Chance haten am Liewen.

    Jo, mee wéi de Pancho schons soot, déi Leit hunn schons vill fir d´Gesellschaft gemécht. Se hunn Arbechtsplatzen geschaff, Wuelstand, Produkter, déi d´Leit wellen hunn. Wat eben mat vill Freck renuméreiert ginn ass. Alles wat se doriwwer eraus aneren Leit schenken, ass eng fraiwelleg Gratitude an keng Mussesaach.

    Op fräiwëlleg Aktiounen ze zielen geet menger Meenung no net duer.

    Esouguer wann daat wouer wir, wat ech bezweifelen, wir daat emmer nach keen Argument fir Zwang.

    Dat heescht du wiers och am Gedankenexperiment vum ‘Veil of Ignorance’ fir d’Meritokratie? Och wann s du dobäi kéins d’Aarschkaart (wéi do uewen erkläert) zéien?

    An der Economie: jo. Mee ech wollt eben drobber eraus, datt Economie net alles ass. Ech wielt net an enger sozialdarwinistescher Welt liewen, wuel ower an enger mat fraien Märt, déi op Meritokratie baséieren AN zuglaich mat enger anstaenneger Zivilgesellschaft an gudden sozialen Strukturen.

    A wat stéiert dech um Rawls senger Positioun?

    Datt hien eng Pflicht aus sengen altruisteschen Iwwerleeungen eraus konstruéiert an dermatter villen Politiker leider d´Wuert ried.

  11. January 24, 2010 at 6:13 pm

    Pancho:

    Dat heescht du giffs also ‘Kugel bäissen’ an de Risiko agoen fir als Bouw vun enger eenzel erzéihender Mamm, déi während der Schwangerschaft Alkohol gedronk huet an der doduerch net grad en héijen IQ verschaaft huet an déi en plus séch net wierklech em dech këmmert an dech einfach sou virun dech hier lotteren léisst, op d’Welt ze kommen?

    Oder als Meedchen an enger fundamentalistescher Sekt, wou et normal ass mat 14 schwanger ze ginn, net wierklech eng Edukatioun ze kréien an schlussendlech däin Liewen just aus Kannerproduzéieren an Haushaltsaarbechten besteet?

    Oder och einfach als Jong oder Meedchen an enger aarmen, komplett dysfunktionneller Famill, wou keen eens gët, wou keng Strukturen sinn, wou keng Disziplin geléiert gët, wou Gewalt zum Alldag gehéiert an wou mat Läit, déi e Buch liesen de Géck gemaach gët?

    Wéils du wierklech déi Chance huelen fir esou eng Existenz missen duerchzemaachen (wanns de net duerch en GLECKLECHEN ZOUFALL op eemol op eng aner Bunn gezunn gëss)?

  12. January 24, 2010 at 6:19 pm

    CK:

    Jo, mee wéi de Pancho schons soot, déi Leit hunn schons vill fir d´Gesellschaft gemécht. Se hunn Arbechtsplatzen geschaff, Wuelstand, Produkter, déi d´Leit wellen hunn. Wat eben mat vill Freck renuméreiert ginn ass. Alles wat se doriwwer eraus aneren Leit schenken, ass eng fraiwelleg Gratitude an keng Mussesaach.

    Bon, ech diskutéieren lo den Sënn oder Onsënn vun Stéieren net an dësem Thread. Kënne mer nees eng aner Kéier maachen. Ass eng interessant Fro.

    Esouguer wann daat wouer wir, wat ech bezweifelen, wir daat emmer nach keen Argument fir Zwang.

    Dat gesinn ech anescht. Ech sinn fir ausgläichend Gerechtegkeet (wat net heescht, dass jidereen muss dat selwecht hunn oder verdëngen!).

    An der Economie: jo. Mee ech wollt eben drobber eraus, datt Economie net alles ass. Ech wielt net an enger sozialdarwinistescher Welt liewen, wuel ower an enger mat fraien Märt, déi op Meritokratie baséieren AN zuglaich mat enger anstaenneger Zivilgesellschaft an gudden sozialen Strukturen.

    Du weichs der Fro aus! Duerfir nach eng Kéier: Wiers du och ëmmer nach fir dee System, wann alles nach eng Kéier giff vun vir ufänken an du NET wëssen giffs, wou s du giffs op d’Welt kommen, a wat fir engem sozialen Kader, mat wat fir Fähegkeeten, mat wat fir Méiglechkeeten, etc? Gifft dier dee Risiko wëllen agoen fir die sougenannt Aarschkaarten (suwuel sozial wéi genetesch) ze zéien an d’Konsequenzen dovunner missen ze erdroen? Cf meng Beispiller an der Äntwert fir de Pancho.

    Datt hien eng Pflicht aus sengen altruisteschen Iwwerleeungen eraus konstruéiert an dermatter villen Politiker leider d´Wuert ried.

    Du wäers jo awer nët wëllen behaapten, dass jidereen en effet déi selwechten Chancen oder Méiglechkeeten huet??

  13. CK
    January 24, 2010 at 6:43 pm

    Ech sinn fir ausgläichend Gerechtegkeet

    Gerechtegkeet an Zwang schléissen sech fir mech aus. Zwang an Gewalt sinn emmer jhust zur Selbstverteidegung an als (verhältnismässeg) Bestrofung fir kriminell Verhaalen legitim.

    Wiers du och ëmmer nach fir dee System

    Ech vertrieden deen System/dei politesch Iddien, deen/déi ech fir richteg fannen, woubai ech durchaus esou sozial Faktoren bedenken. Also: jo!

    Ech sinn iwwregens der Meenung, datt de Staat d´Elteren an d´Pflicht huelen muss, de Kanner eng vernünfteg Erzeiong unzegedeihen an och eng Grondbildung ze assuréieren. Meritokratie/Liberalismus huet naischt dermatter ze dinn, datt asozial Leit daerfen egal wat mat Schutzbefohlener maan. Au contraire. Kannerrechter sinn enorm wichteg.

    Du wäers jo awer nët wëllen behaapten, dass jidereen en effet déi selwechten Chancen oder Méiglechkeeten huet??

    Nee, Chancenglaichheet ass eng Schimär.

  14. January 24, 2010 at 6:51 pm

    CK:

    Gerechtegkeet an Zwang schléissen sech fir mech aus. Zwang an Gewalt sinn emmer jhust zur Selbstverteidegung an als (verhältnismässeg) Bestrofung fir kriminell Verhaalen legitim.

    Dat bréngt mech op eng aner Fro: Kënnen denger Meenung no Aarbechter je ausgenotzt ginn?

    Ech vertrieden deen System/dei politesch Iddien, deen/déi ech fir richteg fannen, woubai ech durchaus esou sozial Faktoren bedenken. Also: jo!

    Ok, just fir ganz kloer ze sinn: du giffs de Risiko agoen als beschränkten Ignorant, deen sech méi recht als schlecht duerchschleit, duerch d’Liewen missen ze goen?

    Ech sinn iwwregens der Meenung, datt de Staat d´Elteren an d´Pflicht huelen muss, de Kanner eng vernünfteg Erzeiong unzegedeihen an och eng Grondbildung ze assuréieren. Meritokratie/Liberalismus huet naischt dermatter ze dinn, datt asozial Leit daerfen egal wat mat Schutzbefohlener maan. Au contraire. Kannerrechter sinn enorm wichteg.

    Eng Meritokratie ass awer just gerecht, wa jidereen déi selwecht Chancen huet. Oder, wann een déi net huet, dass se opmanst deelweis ausgeglach ginn.

    A wéi giff de Staat d’Elteren dozou bréngen? Sollt en se zwëngen? Kanner wechhuelen? Wéini ass een asozial?

    Nee, Chancenglaichheet ass eng Schimär.

    An dat stéiert dech och net? Déi, die manner Chance haten, haten eben Pech? An déi die Gléck haten, haten eben Gléck? End of story?

  15. Pancho
    January 24, 2010 at 9:00 pm

    Holà Grommel & CK,

    “Dat bréngt mech op eng aner Fro: Kënnen denger Meenung no Aarbechter je ausgenotzt ginn?”
    All Mënsch (esouguer Bänker) gëtt ënnert eng oder deer aanerer Form äusgenotzt…den Ënnerscheed läit an der pseudo-Relevanz vum “Ego”…(gesellschaftlech Hierarchie, Gesellschaftsstabilitéit)

    “Ok, just fir ganz kloer ze sinn: du giffs de Risiko agoen als beschränkten Ignorant…”
    Heiantdo vereinfachste der d’Liewen esouguer domadder…
    (Blessed are the blind, for they know not enough to ask why.?)

    “Eng Meritokratie ass awer just gerecht, wa jidereen déi selwecht Chancen huet.”
    Deejeenegen, deen sech “eropgeschafft” huet kann och eng eenorm “plus value” (Gerechtegkeet?) fir de Systeem matbréngen…

    “Oder, wann een déi net huet, dass se opmanst deelweis ausgeglach ginn.”
    Firwaat? Waat soll den Zwéck dann sinn?

    “Nee, Chancenglaichheet ass eng Schimär.”
    Kéng Schimär…eng batter Réalitéit…Du kanns leider nët eng “Mutter Theresa” fir all Mensch sinn…

    Pancho

  16. Pancho
    January 24, 2010 at 9:13 pm

    Ooops…(rectif.)

    “Nee, Chancenglaichheet ass eng Schimär.”
    Jo, Schimär oder eng réng Utopie…Eng “Ober-Mutter Theresa” fir all Mensch ass et nach nii ginn…(sorry fir de Feehler CK)

    Hasta

  17. January 24, 2010 at 9:25 pm

    Pancho:

    All Mënsch (esouguer Bänker) gëtt ënnert eng oder deer aanerer Form äusgenotzt…den Ënnerscheed läit an der pseudo-Relevanz vum “Ego”…(gesellschaftlech Hierarchie, Gesellschaftsstabilitéit)

    Dat ass erem eng Ausweich-Äntwert! An ech si mer sécher du wees dat. Oder wëlls du eis weismaachen, dass en Banker d’selwecht ‘ausgenotzt’ gët wéi een, deen an enger südafrikanescher Goldminn schafft a säin Liewen, oder opmanst seng Gesondheet riskéiert?

    Heiantdo vereinfachste der d’Liewen esouguer domadder…

    Ech?? Du schéngs der et ze einfach ze maachen, wéi een un dengem Ausweichen gesäit. Duerfir nach eng Kéier: giffs du de Risiko lo agoen fir als ‘Sozialfall’ an enger Meritokratie op d’Welt ze kommen? Jo oder Nee?

    Deejeenegen, deen sech “eropgeschafft” huet kann och eng eenorm “plus value” (Gerechtegkeet?) fir de Systeem matbréngen…

    Sécher kënnen déi eng gewëss Plusvalue bréngen, mee de Problem sinn jo d’Exzesser oder die absurd Differenzen déi sech a Punkto Verméigen erginn. De Punkt ass: net jidereen huet déi (sozial, ekonomesch oder genetesch) Méiglechkeeten fir sech eropzeschaffen déi anerer hunn. Firwat sollen also net déi, déi d’Chance haten, déi Méiglechkeeten ze hunn, en Deel vun hierer Chance mat deenen, déi manner Chance haten, deelen?

    Firwaat? Waat soll den Zwéck dann sinn?

    Dass och déi, die manner Chance am Liewen haten, d’Méiglechkeet kréien en mënschenwierdegt Liewen ze liewen, voire doduerch d’Méiglchkeet kréien hiert eegen Liewen ze verbesseren.

    Mee ech huelen un die Aarem si selwer schold, dass se aarem sinn?

    Kéng Schimär…eng batter Réalitéit…Du kanns leider nët eng “Mutter Theresa” fir all Mensch sinn…

    Dorëms geet et och net. Läit, déi vill schaffen a vill Responsabilitéit iwwerhuelen, sollen och méi verdéngen. Der sozialer Kohäsion zu Léift, an aus Menschlechkeet, sollten sie awer en Deel vun hierem Benefice nees missen ofginn a mat deenen, déi net souvill Chance haten deelen. Dat awer natierlech op eng Manéier, déi deenen aneren hëlleft (sou dass déi, zb, se net einfach versaufen kéinten).

  18. CK
    January 24, 2010 at 10:57 pm

    @Grommel:Dat bréngt mech op eng aner Fro: Kënnen denger Meenung no Aarbechter je ausgenotzt ginn?

    All Mensch kann ausgenotzt ginn. Ech haalen daat allerdéngs fir onmoralesch an optéieren fir een respektvollen, éierlechen an mat gegensaitegem Gewenn verbonnenen Emgang mateneen.

    Ok, just fir ganz kloer ze sinn: du giffs de Risiko agoen als beschränkten Ignorant, deen sech méi recht als schlecht duerchschleit, duerch d’Liewen missen ze goen?

    Als Ignorant muss an mengem Système keen durch d´Liewen goen. Ausser en wir wirklech genetesch net zu méi faerdeg. Mee do seet jo esouguer de Rawls, datt Fakten vun der Natur eben leider net ze aenneren sin.

    Mee ech giew de Risiko agoen, bspw. behennert op d´Welt ze kommen. Selbstverständlech wenschen ech mir keng Welt wou Behennerter net gehollef gett, ech wenschen mir eng wou hinnen fraiwelleg gehollef gett. Eng asozial Welt dergéint wou d´Leit net bereed sinn sech ze hellefen, wielt ech guer net liewen, egal an wéi engem Zoustand ech perséinlech wir.

    Eng Meritokratie ass awer just gerecht, wa jidereen déi selwecht Chancen huet.

    Daat ass leider net méiglech.

    A wéi giff de Staat d’Elteren dozou bréngen? Sollt en se zwëngen? Kanner wechhuelen? Wéini ass een asozial?

    Jo, eng Bildungspflicht (ähnlech dem heitegen Schoulzwang) haalen ech durchaus fir ubruet. Kanner ewechhuelen- jo an besonnesch schlemmen Fäll. Virdrunner sinn vlait aner Mesuren nach méiglech. Dat wir un Experten ze décidéieren, wéi genau am Detail hei d´Gesetzer ausgesinn. Mee et daerf weder sinn, datt d´Famill komplett vum Staat ersaat gett nach datt d´Elteren maan wat se grad wellen mat hiren Kanner. An déng Beispiller sinn jo wuel definitiv asozial.

    An dat stéiert dech och net? Déi, die manner Chance haten, haten eben Pech? An déi die Gléck haten, haten eben Gléck? End of story?

    Nee, ech weess datt ech daat an Kaaf huelen muss. Onglaichheeten sinn nun emol zwangsleefeg an engem fraiheetlechen Système. Och Pech an Gléck sinn onvermeidbar. Et schwätzt ower naischt géint Sozialhellef.

    @Pancho: Ob d´Mutter Theresa elo een gutt Beispill ass, siew emol derhingestallt. Déi Ideologie vun daer Fra wuar deelweis furchtbar krank. Et gett och genuuch negativ Artikelen iwwert déi Helleggesprachen am Internet. Enner Objektivisten gellt Mutter Theresa als eng absolut “evil person” esouguer😉

  19. January 25, 2010 at 8:25 am

    CK:

    All Mensch kann ausgenotzt ginn. Ech haalen daat allerdéngs fir onmoralesch an optéieren fir een respektvollen, éierlechen an mat gegensaitegem Gewenn verbonnenen Emgang mateneen.

    A wee garantéiert dat ouni eng gewëss Supervisioun?? Wann dat esou einfach wier, firwat ass dat haut oft net esou? Ginn déi grouss Firmen mat hieren Bellegaarbechtskräften respektvoll an éierlech ëm an ginn sie fair um Gewënn bedeelegt?

    Als Ignorant muss an mengem Système keen durch d´Liewen goen. Ausser en wir wirklech genetesch net zu méi faerdeg. Mee do seet jo esouguer de Rawls, datt Fakten vun der Natur eben leider net ze aenneren sin.

    All Respekt fir däi System, mee dat kléngt nees no Utopie! Wéi wëlls du Ignoranten verhënneren? A genetesch SINN mer all einfach verschidden. Net jidereen ass gebuer zum nächsten Stephen Hawking, Michael Jordan oder Bill Gates ze ginn. A suguer ugeholl jidereen wier op eemol edukéiert, giff studéieren, etc. Ween giff dann all déi kleng, dreckeg a schlecht bezuelten Aarbechten man?

    Mee ech giew de Risiko agoen, bspw. behennert op d´Welt ze kommen. Selbstverständlech wenschen ech mir keng Welt wou Behennerter net gehollef gett, ech wenschen mir eng wou hinnen fraiwelleg gehollef gett. Eng asozial Welt dergéint wou d´Leit net bereed sinn sech ze hellefen, wielt ech guer net liewen, egal an wéi engem Zoustand ech perséinlech wir.

    Mee ween seet dann, dass Behënnerter an enger purer Meritokratie gehollef kréien?

    An jo, die meescht Läit sie bereed sech ze hëllefen, mee dat alleng geet seelen duer. A ween giff dat alles koordonnéieren? Ween giff vun weem fir déi Koordinatiounsaarbecht bezuelt ginn etc?

    Ech mengen awer och du hues nach ëmmer net den Eescht vun der Saach verstan, duerfir nach eng Kéier: Huele mer un du gess an eng dysfunktional Famill eragebuer, wou rau Sitten herrschen, d’Elteren keng Aarbecht hunn, Bildung kleng geschriwwen gët an Unterschichtenfernseh un der Norm ass. Deng schoulesch Exploiten si gereng wells de net vun doheem aus ennerstëtzt gëss an en plus just schlecht Frënn hues, well dat an deem Quartier wou s de wunns sou üblech ass. Du ratéiers deng Schoul, kriss just schlechtbezuelten Job, fänks aus Frust an Ignoranz mat Saufen un. Du kriss Kanner, net wierklech gewollt, an fills dech iwwerfuedert mat hinnen. Deng Kanner sinn zwar erstaunlecherweis mol guer net sou schlecht an der Schoul, mee du kanns der et einfach finanziell net leeschten fir se op d’Uni ze schécken. Sie ginn sech dann mat engem einfachen, mee schlechten, Job zefridden. Mat 65 gëss de pensionnéiert a liews méi schlecht wéi recht vun denger mickreger Pensioun.

    Giffs de sou en Liewen riskéieren wëllen? A besonnesch an enger Meritokratie OUNI obligatoresch Stéieren?

    A so lo net, dass sou eppes dir net giff passéieren, wells du sou clever an informéiert wiers. Da verännerst du d’Prämisse! Oder wells du soen, dass ALL déi die haut Aarem sinn selwer schold sinn an dat bewosst gi sinn?

    En plus wieren an enger Meritokratie, wéi se dir virschwieft (also eng mat wéineg bis guer keng Steieren) déi Aarem, déi Schwaach an die ‘Domm’ komplett ofhängeg vum ‘gudden Wëllen’ vun deenen Räichen, deenen Staarken an deenen Intelligenten. Wann déi läscht net vun sech aus sech selwer giffen ‘besteieren’, da géiffen an kéinten vill sozial an ëffentlech Funktionen net existéieren. En plus crééiert sou en System, wou et op fräiwëllegt Spenden ukënt, eng Attitüde à la ‘Oh, kuck wéi spendabel an grousszügeg ech sinn! Wat muss ech e gudde Mënsch sinn fir dat kënnen se maachen. Ech hunn d’Muecht fir alleng x Läit d’Iwwerliewen ze erméiglechen! Nee, wat sinn ech dach en Wohltäter!”, wat menger Meenung no net gutt ass. Besser et këmmert sech eng neutral Entitéit (de Staat) em déi Saachen, finanzéiert duerch en gemeinsamt ‘Dëppen’, wou jiddereen muss erabezuelen.

    Jo, eng Bildungspflicht (ähnlech dem heitegen Schoulzwang) haalen ech durchaus fir ubruet. Kanner ewechhuelen- jo an besonnesch schlemmen Fäll. Virdrunner sinn vlait aner Mesuren nach méiglech. Dat wir un Experten ze décidéieren, wéi genau am Detail hei d´Gesetzer ausgesinn. Mee et daerf weder sinn, datt d´Famill komplett vum Staat ersaat gett nach datt d´Elteren maan wat se grad wellen mat hiren Kanner. An déng Beispiller sinn jo wuel definitiv asozial.

    Dat kléngt awer ferme paternalistesch! Ech duecht dat wier net denges? Niewent der Schoulpflicht giffs du also nach eng zweet Pflicht crééieren?

    Ween kontrolléiert dann wéi d’Elteren hier Kanner erzéien? Ween sanktionnéiert se, wann se et net gutt maachen? Op wat fir Critèren? Ween stellt d’Regelen op?

    Meng Beispiller si villäich asozial, mee sie kommen leider oft genuch vir. An all déi involvéiert sinn iwwerzeegt, richteg ze handelen. Oder wëssen net, wéi se anescht handelen kéinten.

    Daat ass leider net méiglech.

    Déi Schwaach, die Aarem an die Domm haten also Pech an ët gët keen Grond oder Verpflichtung fir dass déi Staark, déi Räich an die Intelligent hinnen hëllefen?

    Nee, ech weess datt ech daat an Kaaf huelen muss. Onglaichheeten sinn nun emol zwangsleefeg an engem fraiheetlechen Système. Och Pech an Gléck sinn onvermeidbar. Et schwätzt ower naischt géint Sozialhellef.

    Du méngs ‘Sozialhëllef, déi op fräiwëllegen Spenden’ opgebaut ass? Dat funktionnéiert villäicht an enger klenger Hippie-Kommune awer wuel kaum, ouni bëssen Zwang, op dem Niveau vun engem Land …

    ps. d’Mutter Theresa woer en effet eng ganz louche Persoun. Cf och dem Hitchens säi Buch iwwert sie.

  20. January 25, 2010 at 1:35 pm

    Hey wat en Zoufall, ech hunn virun engem Semester eng Aarbecht iwwert dem Rawls säin “Schleier des Nichtwissens” geschriwwen mat der Konklusioun, dass allgemeng Ongewëssheet net automatesch zu Gerechtegkeet an der Gesellschaft féiert. Ech géif dat elo gären verdéiwen, mä leider géif dat déi Diskussioun hei total sprengen. Meng Aarbecht ass allerdéngs ob zimlech vill positiv Resonanz gestouss, wann och méi vun philosophescher Säit aus, ewéi der politikwëssenschaftlecher.

    Ech verstinn allerdéngs däin Zesummenhang tëschent dem Rawls an der Meritokratie net, well ech erënneren mech net an senger “theory of justice” eng eigentlech Kapitel zur Meritokratie gelies ze hunn. Den Rawls huet allgemeng eppes géint den Utilitarismus, mä dat ass jo net synonym ze begräifen. Däin leschten Abschnitt verréit zwar e bëssi wouropper dass de hinaus wëlls, mä ech kann do héchstens eng labber Korrelatioun feststellen ewéi eng konkret Kausalverbindung.

    Bon, fir et emol ganz salopp ze soen ech sinn och keen wierklechen Fan vun der Meritokratie aus zwee ganz einfache Grënn:

    1. Ech hunn net ëmmer Bock produktiv ze sinn, schliisslech sinn ech kee Roboter.
    2. Succès ass och oft eng Fro vun Gléck an dat léisst sech net quantifizéieren.

    An jo den Rawls ass iergendwéi zum Held vun der moderner politescher Philosophie ginn. Menger Meenung no awer net, well hien onbedéngt eppes gescheites gesot huet, mä well säin zimlech banaalt Gerechtegkeetskonzept iergendwéi den Nerv vun der Zäit getraff huet. Mä engem wierklechen Philosoph leeft et beim dem Gedanken, dass Gerechtegkeet aus Onwessenheet kann entstoen, äiskal de Réck erof😉

  21. Pancho
    January 25, 2010 at 5:50 pm

    @Patrick:

    “Ech verstinn allerdéngs däin Zesummenhang tëschent dem Rawls an der Meritokratie net…”
    Merci Patrick…du hues genau daat geschriwwen waat ech mer och gesoot hunn…

    Hasta

  22. January 25, 2010 at 6:03 pm

    Pancho:

    Ech waarden nach ëmmer op Äntwerten vun dir … ?

    An den Zesummenhang tëschent dem Rawls an der Meritokratie ass, dass den Rawls gesot huet, dass die traditionell Meritokratie net gerecht ass an net gerecht ka sinn well d’Läit ëmmer all vun verschiddenen Positiounen starten.

  23. January 25, 2010 at 6:04 pm

    Patrick:

    Och ‘banal’ Konzepter kënnen vill Wourecht enthalen.

  24. Pancho
    January 25, 2010 at 6:17 pm

    Holà Grommel,

    “…well d’Läit ëmmer all vun verschiddenen Positiounen starten.”

    Brad Pitt (oder Angelina Jolie) vs. Quasimodo (oder Gundel Gaukeley)…wien ass de Gewënner…?

    Da misst ee jo mat der “Uniforméierung” bei de Genen ufänken…LOL…(sorry, mä ‘t ass wouer…neen…?…Viva la manipulación genética…)

    Hasta
    Pancho

  25. January 25, 2010 at 6:53 pm

    Pancho:

    Da widderhuelen ech mech halt …

    1. Oder wëlls du eis weismaachen, dass en Banker d’selwecht ‘ausgenotzt’ gët wéi een, deen an enger südafrikanescher Goldminn schafft a säin Liewen, oder opmanst seng Gesondheet riskéiert?

    2. Giffs du de Risiko lo agoen fir als ‘Sozialfall’ an enger Meritokratie op d’Welt ze kommen? Jo oder Nee?

    3. De Punkt ass: net jidereen huet déi (sozial, ekonomesch oder genetesch) Méiglechkeeten fir sech eropzeschaffen déi anerer hunn. Firwat sollen also net déi, déi d’Chance haten, déi Méiglechkeeten ze hunn, en Deel vun hierer Chance mat deenen, déi manner Chance haten, deelen?

  26. Pancho
    January 25, 2010 at 8:38 pm

    Holà,

    @Grommel:

    “Da widderhuelen ech mech halt …”

    Ech mech och…”Mann…Grommel…wiirklech nët déi einfachst Fro…” (*Grübel*)

    @Patrick:

    “1. Ech hunn net ëmmer Bock produktiv ze sinn…”
    Hängt dann nët d’Gesamtproduktivitéit (déi jo äus x-kléng-Produktivitéiten besteeht) indirekt mat der “allgeménger Loscht” zesummen…?
    (do komme mer op de “Pitt” zeréck…)

    “…schliisslech sinn ech kee Roboter.”
    Méngste wiirklech daat déi Leit, déi et bis am “cercle des heureux élus” geschafft hunn, “virdrun” eng “monoton an mechanesch” Aarbescht haaten?

    Hasta
    Pancho

  27. January 25, 2010 at 8:44 pm

    Pancho:

    Ech mech och…”Mann…Grommel…wiirklech nët déi einfachst Fro…” (*Grübel*)

    Sou schwéier ass se och rem net … et sief dann et wéilt ee keen Rass a seng Illusioun kommen loossen😉

    En plus sinn et 3 Froen. Wat ass sou schwéier un hinnen?

  28. Pancho
    January 25, 2010 at 9:10 pm

    Holà Grommel, (neen, hunn nach kéng Äentwert parat…;-) )

    OT:
    …mä…et schéngt daat den “HB” däi Blog liest…😉 (…käum ugeschwaat an schons publizéiert…waat fir een “Zoufall”…LOL…)
    http://www.handelsblatt.com/technologie/schneller-schlau/schneller-schlau-wie-verhindert-das-peter-prinzip-die-karriere;2518409

    Hasta
    Pancho

  29. January 25, 2010 at 9:57 pm

    Dëst Peter Prinzip ass en effet interessant.

    Genau wéi deng Weigerung déi 3 Froen ze beäntwerten😉

  30. January 25, 2010 at 10:13 pm

    Fir nach eng weider Positioun an de Reng ze geheien: Liberaler/Libertärer, déi de Begreff Meritokratie kritiséieren:
    http://tj-place.blogspot.com/2009/08/why-free-market-is-not-meritocratic.html
    http://stumblingandmumbling.typepad.com/stumbling_and_mumbling/2007/02/against_meritoc.html

  31. CK
    January 25, 2010 at 10:21 pm

    @Grommel:

    A wee garantéiert dat ouni eng gewëss Supervisioun?? Wann dat esou einfach wier, firwat ass dat haut oft net esou? Ginn déi grouss Firmen mat hieren Bellegaarbechtskräften respektvoll an éierlech ëm an ginn sie fair um Gewënn bedeelegt?

    1.Betriebsriet, Gewerkschaften, deen eenzelnen Aarbechter selwer, deen sech net alles gefaalen léisst. Ass och eng Form vun Supervisioun iwwregens.

    2.Vun einfach wuar nie d’Ried, mee vill Problemer haut sinn op falsch Philosophien/Liewensastellungen/Educatioun zereckzeféieren.

    3.Dat sollen déi betraffen Leit beentweren, mee den Niddreglounsektor ass een staatlech subsidéierten Secteur, deen an daer Form och jhust op engem kapotten Arbechtsmarché wéi dem daitschen existéieren kann. Do wir secher genuuch derzou ze soen, zumols peinlecherweis d’FDP daat alles verteidegt.

    Wéi wëlls du Ignoranten verhënneren?

    Eng gewessen Grondbildung misst emmer dra sinn. Natirlech kann een Problemfäll trotzdem nie ganz verhenneren, well jo och de Wellen vum Eenzelnen eng Roll spillt, derfir hat ech „MUSS“ geschriwwen.

    A suguer ugeholl jidereen wier op eemol edukéiert, giff studéieren, etc. Ween giff dann all déi kleng, dreckeg a schlecht bezuelten Aarbechten man?

    Um Marché regelt daat sech vum selwen. Wann haut keen méi well niddreg qualifizéiert Arbechten (déi jo sws ausstierwen bzw. durch Maschinen ersaat gin) maan, giewen d’Salaire steigen an dann giewen erem Leit sech fannen, déi et ower wellen maan. Oder d’Platzen giewen mat Migranten an/oder Frontaliers gefellt ginn.

    Mee ween seet dann, dass Behënnerter an enger purer Meritokratie gehollef kréien?

    Keen. Wéi sozial eng Gesellschaft ass oder net ass, haenkt vun eis Menschen of.

    A ween giff dat alles koordonnéieren? Ween giff vun weem fir déi Koordinatiounsaarbecht bezuelt ginn etc?

    Leit, déi deen Beruff gewielt hunn. Bezuelt vun deenen, déi eben derfir bezuelen an Rechenschaft verlangen.

    Giffs de sou en Liewen riskéieren wëllen?

    Eng absolut Secherheet gett et leider nie. Esou Beispiller waert och keen Système verhenneren kennen. Mee ech sinn fir Regelen, déi Arbecht an Bildung méiglechst maximéieren.

    En plus crééiert sou en System, wou et op fräiwëllegt Spenden ukënt, eng Attitüde à la ‘Oh, kuck wéi spendabel an grousszügeg ech sinn! Wat muss ech e gudde Mënsch sinn fir dat kënnen se maachen. Ech hunn d’Muecht fir alleng x Läit d’Iwwerliewen ze erméiglechen! Nee, wat sinn ech dach en Wohltäter!”, wat menger Meenung no net gutt ass.

    Majo déi Roll hun haut de Sozialstaat an d’Politiker.

    Dat kléngt awer ferme paternalistesch! Ech duecht dat wier net denges? Niewent der Schoulpflicht giffs du also nach eng zweet Pflicht crééieren?

    Nee, de Schoulzwang gehéiert durch eng Bildungspflicht ersat. Gewessen Leeschtungstests muss een dann ower schons regelméisseg maan. A bezuuch op Kanner an Jugendlechen ass een gewessen Paternalismus jo och net falsch.

    Ween kontrolléiert dann wéi d’Elteren hier Kanner erzéien? Ween sanktionnéiert se, wann se et net gutt maachen? Op wat fir Critèren? Ween stellt d’Regelen op?

    Verhaalensgestéiert Kanner mussen wéi haut schons vum Schoulmeeschter dem Jugendamt gemellt ginn. Déi kennen dann Elteren convoquéieren oder och mol doheem erakucken. Och privat Hellef an Form vun „Supernannys“ ass denkbar. Sanktiounen mussen genau iwwerluet sinn an op der Basis vun méiglechst gerechten Gesetzer, wou d’Critèren vun Politiker zesummen mat pädagogeschen Experten opgestallt gin sinn.

    Déi Schwaach, die Aarem an die Domm haten also Pech an ët gët keen Grond oder Verpflichtung fir dass déi Staark, déi Räich an die Intelligent hinnen hëllefen?

    Ofgesinn dervunner datt déi Lescht daat sws schons maan andeem se Arbecht, Produkter asw. schaffen, nee et gett mMn keng Verpflichtung zur Hellef. Vlait ower aner Grenn.

    Dat funktionnéiert villäicht an enger klenger Hippie-Kommune awer wuel kaum, ouni bëssen Zwang, op dem Niveau vun engem Land …

    Op dem Niveau vun engem Land (mat Ausnahm vlait vun engem Zwergenstaat wéi Liechtenstein oder Letzebuerg an dann nach) gehéiert esou eppes souwiesou net organiséiert. Daat ass zevill zentralistesch an zudem monopolistesch. Dezentral an vielfälteg Strukturen sinn emmer besser.

  32. CK
    January 25, 2010 at 10:43 pm

    @nestor: Daat ass erem den Punkt mat den zwee Richterinnen, wou ech jo schons mam Grommel diskuteiert hat. Oder och dem Rawls seng Ennerscheedung vun Effort an Contribution to Society. An wei de Miersch schons emol geschriwwen huet, vlait ass daat de Grond datt vill biergerlech Lénk an Konservativer den fraien Marché hassen, well do ee beemol hir Unititelen/hir ganz Bildung asw. naischt méi vlait wert sinn an stattdessen vill Frick mat Topegkeeten verdéngt ginn. Cf. Musékindustrie.

    Insoufern ass de fraien Marché effektiv NET meritokratesch. Den Howard Roark ass jo och uarm wéi eng Kirchenmaus am Ufank, well nemmen wéineg Leit hien als Architekt iwwerhapt gutt fannen. Mee d´Léisung kann net sinn eng Elit dann bestemmen ze looosen, wat wertvoll ass fir d´Gesellschaft an wat net. Grad net am Interet vum Rawls sengen Uarmen, Dommen, Schwaachen asw.

  33. January 26, 2010 at 8:24 am

    CK:

    Eng gewessen Grondbildung misst emmer dra sinn. Natirlech kann een Problemfäll trotzdem nie ganz verhenneren, well jo och de Wellen vum Eenzelnen eng Roll spillt, derfir hat ech „MUSS“ geschriwwen.

    An de Wëllen ass natierlech komplett onofhängeg vun all externen Parameteren … ?

    Um Marché regelt daat sech vum selwen. Wann haut keen méi well niddreg qualifizéiert Arbechten (déi jo sws ausstierwen bzw. durch Maschinen ersaat gin) maan, giewen d’Salaire steigen an dann giewen erem Leit sech fannen, déi et ower wellen maan. Oder d’Platzen giewen mat Migranten an/oder Frontaliers gefellt ginn.

    Dat heescht aus Frust oder Verzweiflung giffen dann studéiert Läit bei d’Poubellen schaffen goen well se do opmanst net am Chômage sinn? Sou eng Perspektiv motivéiert Jonker net onbedengt fir studéieren ze goen … da kënnen se och direkt bei d’Poubellen goen. Sou eng Astellung fördert awer natierlech d’Beschränktsinn (vu de moins un Edukatioun).

    Keen. Wéi sozial eng Gesellschaft ass oder net ass, haenkt vun eis Menschen of.

    An wat sinn d’Beweiser, dass eng Gesellschaft, wéi se dir virschwieft méi sozial (oder opmanst genausou sozial) ass, wéi eis aktuell? Wou die Behënnert etc jo och duerch den Staat gehollef kréien.

    Leit, déi deen Beruff gewielt hunn. Bezuelt vun deenen, déi eben derfir bezuelen an Rechenschaft verlangen.

    Giffs DU dann fir esou eng Institution, an die Organisation, déi dohannert stiecht, bezuelen? Regelméisseg an och wanns de net esou vill verdëngs?

    De Problem bei denger Theorie ass, dass de ganzen System +- op der Spendenfreedegkeet vun de Läit opgebaut ass … dat fannen ech en extrem wackelegen System!

    Eng absolut Secherheet gett et leider nie. Esou Beispiller waert och keen Système verhenneren kennen. Mee ech sinn fir Regelen, déi Arbecht an Bildung méiglechst maximéieren.

    Mee du giffs dee Risiko agoen? Dass du als een op d’Welt kënt deen duerch ‘cracks’ fällt? Dee sengen Kanner keng Ausbildung ka bezuelen an deen eng mickreg Rent kritt well en keng gutt bezuelten Aarbecht hat an och keng Moyen’en hat fir sech eng ordentlech Zousaatzpensioun ze leeschten?

    Majo déi Roll hun haut de Sozialstaat an d’Politiker.

    Emmer besser wéi individuell Räicher, déi sech als ‘Mutter Theresa’ (am positiven Sënn) opspillen kënnen an souzesoen Gott spillen kënnen (‘dech retten ech an dech net’)!

    Nee, de Schoulzwang gehéiert durch eng Bildungspflicht ersat. Gewessen Leeschtungstests muss een dann ower schons regelméisseg maan. A bezuuch op Kanner an Jugendlechen ass een gewessen Paternalismus jo och net falsch.

    Wat wier dann den Ennerscheed tëschent Schoulzwang an Bildungszwang? A wéini giff deen Zwang ufänken? Wéi giff en kontrolléiert ginn? Wéi giff en sanktionnéiert ginn?

    En plus wiers du net nëmmen Kanner, déi net deng eegen sinn, géigeniwwer paternalistesch mee och hieren Elteren vis-à-vis. A ween giff eigentlech op wat fir enger Basis jugéieren, wat fir eng Elteren gutt a wat fir eng schlecht sinn? Wat fir en Organ giff dat man, wa net den Staat?

    Deng Iddien zu dem Thema erënneren mëch e bëssen un dem Platon seng Republik.

    Verhaalensgestéiert Kanner mussen wéi haut schons vum Schoulmeeschter dem Jugendamt gemellt ginn. Déi kennen dann Elteren convoquéieren oder och mol doheem erakucken. Och privat Hellef an Form vun „Supernannys“ ass denkbar. Sanktiounen mussen genau iwwerluet sinn an op der Basis vun méiglechst gerechten Gesetzer, wou d’Critèren vun Politiker zesummen mat pädagogeschen Experten opgestallt gin sinn.

    Wann s du réischt mat der Kontroll ufänks, wann d’Kanner an d’Schoul kommen, da bass de schon ze spéit! Die EISCHT 3-4 Joer sinn EXTREM wichteg, wat den Developpement vum Kand ugeet. DO gët seng Zukunft schon zu groussen Deeler festgeluegt. Du miss also direkt no der Gebuert ufänken ze intervenéieren an ze kontrolléieren!

    A just mat den Elteren schwätzen a mol doheem erakucken hëlleft och net vill an ass naiv! ‘Privat Hëllef’? Heescht dat die Elteren missten dofir bezuelen? Ma dann bonn Chance mat esou engem Konzept bei der Unterschicht (déi et jo am néidegsten huet)!!! Nee eng naiv Vue, sorry.

    An die Sanktiounen sinn jo dann näischt aneschters wéi den Papa Staat, deen sengen inkompetenten Kanner (an deem Fall d’Elteren) bestrooft an versicht ze erzéien.

    Ofgesinn dervunner datt déi Lescht daat sws schons maan andeem se Arbecht, Produkter asw. schaffen, nee et gett mMn keng Verpflichtung zur Hellef. Vlait ower aner Grenn.

    Duerch eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum kéinten awer nach vill méi Aarmen, Schwaachen an Dommer gehollef kréien a fit gemaach ginn fir selwer méi op eegenen Been ze stoen! Mee ech huelen un et ass méi wichteg dass den Entrepreneur X sech en zweeten oder drëtten Porsche ka kafen?

    Op dem Niveau vun engem Land (mat Ausnahm vlait vun engem Zwergenstaat wéi Liechtenstein oder Letzebuerg an dann nach) gehéiert esou eppes souwiesou net organiséiert. Daat ass zevill zentralistesch an zudem monopolistesch. Dezentral an vielfälteg Strukturen sinn emmer besser.

    An Beweiser, dass dezentral Strukturen national besser funktionnéieren (an méi gerecht sinn) sinn? Wat ass de Beweis, dass all dëst OUNI e gëwessen ZWANG besser funktionnéiert an dass die doraus resultéierend Gesellschaft fir jidereen besser ass?

  34. CK
    January 26, 2010 at 10:18 pm

    An de Wëllen ass natierlech komplett onofhängeg vun all externen Parameteren?

    Nee, mee och net onwichteg.

    Dat heescht aus Frust oder Verzweiflung giffen dann studéiert Läit bei d’Poubellen schaffen goen well se do opmanst net am Chômage sinn? Sou eng Perspektiv motivéiert Jonker net onbedengt fir studéieren ze goen … da kënnen se och direkt bei d’Poubellen goen. Sou eng Astellung fördert awer natierlech d’Beschränktsinn (vu de moins un Edukatioun).

    Nee, well et (gutt) Suen giew derfir ginn. Mee u sech strebt een kapitalistesch System schons eng Dengschtleeschtungs- an Bildungsbirgergesellschaft un, aléng durch technesch Innovatiounen, zounehmend Maschiniséierung an Automatiseierung etc.

    An wat sinn d’Beweiser, dass eng Gesellschaft, wéi se dir virschwieft méi sozial (oder opmanst genausou sozial) ass, wéi eis aktuell? Wou die Behënnert etc jo och duerch den Staat gehollef kréien.

    Wéi sozial eng Gesellschaft ass, haenkt vun den Menschen of! Ech well och net vun haut op muer direkt den Sozialstaat ofschaffen, ech soen jhust, datt Sozialhellef net onbedengt vum Staat muss organiséiert sinn/ginn, zumols ech Zwang aus moraleschen Iwwerleeungen fir falsch haalen.

    Giffs DU dann fir esou eng Institution, an die Organisation, déi dohannert stiecht, bezuelen? Regelméisseg an och wanns de net esou vill verdëngs?

    Jo, fir gutt Servicer durchaus.

    De Problem bei denger Theorie ass, dass de ganzen System +- op der Spendenfreedegkeet vun de Läit opgebaut ass … dat fannen ech en extrem wackelegen System!

    Net jhust Spenden, och fraiwelleg Selbstverpflichtungen op Kontraktbasis. Hells du den ACL bspw. fir een wackelegt System? Ech net, fonctionnéiert dach optimal esouguer.

    Mee du giffs dee Risiko agoen?

    Jo. Well keen Systeme komplett risikolos ass an ech denken datt Fraiheet nach zum meeschten Wuelstand fir jhiddereen féiert.

    Wat wier dann den Ennerscheed tëschent Schoulzwang an Bildungszwang? A wéini giff deen Zwang ufänken? Wéi giff en kontrolléiert ginn? Wéi giff en sanktionnéiert ginn?

    Majo bei der Bildungspflicht sinn och Alternativmodeller erlaabt. Esouguer Homeschooling. Ab 6 Joer. Kontroller durch Tester/Prüfungen. Bei schlechten Ergebnissen -> Schoulzwang.

    En plus wiers du net nëmmen Kanner, déi net deng eegen sinn, géigeniwwer paternalistesch mee och hieren Elteren vis-à-vis. A ween giff eigentlech op wat fir enger Basis jugéieren, wat fir eng Elteren gutt a wat fir eng schlecht sinn? Wat fir en Organ giff dat man, wa net den Staat?

    Et ass effektiv en Problem an engem liberalen Staat wéi een Onmündeger schützt an derfir suergt, datt se einegermossen vernünfteg kennen opwuessen an zu mündegen Erwuessenen ginn. Laanscht een gewessenen Paternalismus kennt een do wuel net. Natirlech wiren derfir öffentlech Ariitungen, Kanner- a Jugendämter zoustaenneg, déi sech un vernünfteg Regelen missten haalen.

    Deng Iddien zu dem Thema erënneren mëch e bëssen un dem Platon seng Republik.

    Secher net, de Plato wollt een quasi-totalitären Staat.

    Du miss also direkt no der Gebuert ufänken ze intervenéieren an ze kontrolléieren!

    An dermatter d’Famill futti maan? Nee. Et muss een sech op den noutwendegen Minimum (Verbued vun Gewalt bspw.) beschränken, och wann vereenzelt Kanner vlait dorenner leiden. Et gett keng absolut Secherheet.

    A just mat den Elteren schwätzen a mol doheem erakucken hëlleft och net vill an ass naiv! ‘Privat Hëllef’? Heescht dat die Elteren missten dofir bezuelen?

    Net onbedengt, derfir kennen och Helleforganisatiounen bezuelen oder esouguer den Fernseh. An daat esou Leit hellefen kennen, gesais de jo ower bei der Madame Saalfrank op RTL (net datt ech selwer esou eppes giew oft kucken, mee heiansdo kritt een esou eppes jo mol iwwer aner Leit mat).

    Duerch eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum kéinten awer nach vill méi Aarmen, Schwaachen an Dommer gehollef kréien a fit gemaach ginn fir selwer méi op eegenen Been ze stoen!

    Emverdeelung ass net déi eenzeg Léisung. D’Dynamik vum Marché ze entfesselen ass mindestens genausou wichteg.

    An Beweiser, dass dezentral Strukturen national besser funktionnéieren (an méi gerecht sinn) sinn? Wat ass de Beweis, dass all dëst OUNI e gëwessen ZWANG besser funktionnéiert an dass die doraus resultéierend Gesellschaft fir jidereen besser ass?

    1. Zentralistesch Strukturen leiden emmer ennert hirer Gréisst an Oniwwersichtlechkeet. Do weess déi lénk Hand oft net wat déi riets mécht, et gett Kommunikatiounsproblemer asw. Fro mol Planwirten aus dem Staatssozialismus. Oder och heiteg Fonctionnairen bei eisem Staat oder den Noperstaaten. Oder och Leit déi an groussen Privatboîten schaffen. Dezentral organiséiert Netzwierker maan de Match.

    2. Ech sinn „Naturrechtler“, net Utilitarist. Trotzdem sinn ech iwwerzeecht dervunner, datt Fraiheet wirklech fonctionnéiert an d’Realitéit et giew demonstréieren, genauso wei dei heiteg Fraiheet schons besser funktionneiert wéi all Realsozialismus.😉

  35. January 27, 2010 at 9:39 am

    Nee, mee och net onwichteg.

    Wann de Wëllen net onofhängeg vun externen Parameteren ass, wéi kanns de dann Läit fir hieren Wëllen verantwortlech man?

    Nee, well et (gutt) Suen giew derfir ginn. Mee u sech strebt een kapitalistesch System schons eng Dengschtleeschtungs- an Bildungsbirgergesellschaft un, aléng durch technesch Innovatiounen, zounehmend Maschiniséierung an Automatiseierung etc.

    Wéi fördert eng gutt Paye fir en stupiden Job d’Intelligenz??

    Wéi sozial eng Gesellschaft ass, haenkt vun den Menschen of! Ech well och net vun haut op muer direkt den Sozialstaat ofschaffen, ech soen jhust, datt Sozialhellef net onbedengt vum Staat muss organiséiert sinn/ginn, zumols ech Zwang aus moraleschen Iwwerleeungen fir falsch haalen.

    Du hues awer nach ëmmer net gewiesen, dass esou e System ouni Zwang funktionnéieren giff an die Schwaach iwwerliewen kéinten!

    Jo, fir gutt Servicer durchaus.

    Du giffs fir sozial Institutiounen bezuelen och wann s du selwer se dee Moment net bräichs??

    Net jhust Spenden, och fraiwelleg Selbstverpflichtungen op Kontraktbasis. Hells du den ACL bspw. fir een wackelegt System? Ech net, fonctionnéiert dach optimal esouguer.

    Ech mengen net, dass een den ACL mat enger Institutioun wéi zb der Krankekees vergläichen kann. Dat sinn jo ganz aner Welten!

    Jo. Well keen Systeme komplett risikolos ass an ech denken datt Fraiheet nach zum meeschten Wuelstand fir jhiddereen féiert.

    Äntwer wgl die genau Fro: du giffs also riskéieren als een op d’Welt ze kommen deen duerch ‘cracks’ fällt? Dee sengen Kanner keng Ausbildung ka bezuelen an deen eng mickreg Rent kritt well en keng gutt bezuelten Aarbecht hat an och keng Moyen’en hat fir sech eng ordentlech Zousaatzpensioun ze leeschten?

    Majo bei der Bildungspflicht sinn och Alternativmodeller erlaabt. Esouguer Homeschooling. Ab 6 Joer. Kontroller durch Tester/Prüfungen. Bei schlechten Ergebnissen -> Schoulzwang.

    Ab 6 Joer ass wéi gesot VILL ZE SPEIT. Zu deem Zäitpunkt sinn d’Kanner aus Unterschichten oft schon fir d’Liewen geschiedegt oder hunn opmanst e riesen Retard vis-à-vis vun Kanner, déi aus stabilen Familien kommen, déi gefördert ginn, etc.

    A wéi wëlls de garantéieren, dass ‘asozial’ Elteren hier Kanner doheem richteg förderen an hinnen dat ginn, wat se brauchen?

    Et ass effektiv en Problem an engem liberalen Staat wéi een Onmündeger schützt an derfir suergt, datt se einegermossen vernünfteg kennen opwuessen an zu mündegen Erwuessenen ginn. Laanscht een gewessenen Paternalismus kennt een do wuel net. Natirlech wiren derfir öffentlech Ariitungen, Kanner- a Jugendämter zoustaenneg, déi sech un vernünfteg Regelen missten haalen.

    Ganz ouni Paternalismus geet et also net? Ech si frou, dass de awer sou raisonabel an éierlech bass😉

    A wéi giffen déi ëffentlech Ariichtungen an Ämter finanzéiert ginn? Wee gifft déi ‘vernünfteg Regelen’ festléeën?

    An dermatter d’Famill futti maan? Nee. Et muss een sech op den noutwendegen Minimum (Verbued vun Gewalt bspw.) beschränken, och wann vereenzelt Kanner vlait dorenner leiden. Et gett keng absolut Secherheet.

    Uh, wanns de net intervenéiers da ginn x Familjen och futti resp. bléiwen et! An eng Interventioun muss d’Famill net futti maachen, au contraire. Dat kann onfähegen oder iwwerfuederten Familien enorm hëllefen!

    Net onbedengt, derfir kennen och Helleforganisatiounen bezuelen oder esouguer den Fernseh. An daat esou Leit hellefen kennen, gesais de jo ower bei der Madame Saalfrank op RTL (net datt ech selwer esou eppes giew oft kucken, mee heiansdo kritt een esou eppes jo mol iwwer aner Leit mat).

    A ween finanzéiert déi Hëllefsorganisatiounen nees? An eng ‘SuperNanny’ ass bestëmmt net schlecht (mee och déi misst een kontrolléieren). Mee du bräichs Dausenden vun SuperNannien fir asozial an ignorant Familien, déi et einfach net besser wëssen, ze edukéieren! An och ze begleeden. Well soss ass no kuerzer Zäit nees alles futsch! Zumools wann d’Elteren net vill verdéngen, hier eegen Problemer hunn, etc … da bléiwen d’Kanner genausou asozial an ignorant.

    Emverdeelung ass net déi eenzeg Léisung. D’Dynamik vum Marché ze entfesselen ass mindestens genausou wichteg.

    An de Beweis, dass dat och um sozialen Plang klappt ass … ?

    1. Zentralistesch Strukturen leiden emmer ennert hirer Gréisst an Oniwwersichtlechkeet. Do weess déi lénk Hand oft net wat déi riets mécht, et gett Kommunikatiounsproblemer asw. Fro mol Planwirten aus dem Staatssozialismus. Oder och heiteg Fonctionnairen bei eisem Staat oder den Noperstaaten. Oder och Leit déi an groussen Privatboîten schaffen. Dezentral organiséiert Netzwierker maan de Match.

    Hues de Beispiller wéi dezentral organiséiert Netzwierker e Land kënnen um Lafen halen?

    2. Ech sinn „Naturrechtler“, net Utilitarist. Trotzdem sinn ech iwwerzeecht dervunner, datt Fraiheet wirklech fonctionnéiert an d’Realitéit et giew demonstréieren, genauso wei dei heiteg Fraiheet schons besser funktionneiert wéi all Realsozialismus.

    Iwwert de Sënn an Onsënn vun engem ‘Naturrecht’, resp. senger Validitéit, kéint een och rem stonnelaang philsophéieren …

  36. CK
    January 27, 2010 at 7:50 pm

    Wann de Wëllen net onofhängeg vun externen Parameteren ass, wéi kanns de dann Läit fir hieren Wëllen verantwortlech man?

    Op eng nei Diskussioun iwwer Determinismus loossen ech mech elo net an, sorry.

    Wéi fördert eng gutt Paye fir en stupiden Job d’Intelligenz??

    Guer net, mee et verhennert jo schonsmol datt een verhongert.

    Du giffs fir sozial Institutiounen bezuelen och wann s du selwer se dee Moment net bräichs??

    Kloer. Well irgendwann kinnt ech se vlait jo mol selwer brauchen. Et ass jo wuel bspw. sennvoll eng Kranken- an Pflegeversecherung ze hun. An fir séng Rent herno well jo wuel jhiddereen virsuergen, et siew dann et wielt een bis zum Doud schaffen goen. Oder Arbechtslosenhellefkeessen (jhiddereen kinnt provisoresch an de Chomage kommen). Eis sozialstaatlech Institutiounen existéieren jo net fir naischt, ech kritiséieren “jhust” hir Monopol bzw. Virmachtstellung.

    Dat sinn jo ganz aner Welten!

    Den Prinzip ass beim ACL ower exakt deen nämlechten. An doremmer ass et mir gaangen. Ech giew éischter op den ACL verzichten wéi op eng Assurance.

    Äntwer wgl die genau Fro: du giffs also riskéieren als een op d’Welt ze kommen deen duerch ‘cracks’ fällt?

    Jo. (Woubai ech allerdengs och net déi Meenung deelen, datt een forcément MUSS arm enden, wann een an enger armer Famill gebuer gett, mee datt all Mensch sech kann drugin fir zu eppes ze kommen.)

    A wéi wëlls de garantéieren, dass ‘asozial’ Elteren hier Kanner doheem richteg förderen an hinnen dat ginn, wat se brauchen?

    Eng absolut Garantie ass nie méiglech. Genausou gutt kanns de froen, wéi ech Verbriechenlosegkeet wielt garantéieren. Ech behaapten net wéi Sozialisten (oder vlait munch verblend Libertär) een himmlescht Paradéis kennen ze schaffen. Esou Versiich landen meeschtens éischter an der Hell.

    Ganz ouni Paternalismus geet et also net?

    Een absoluten Minimum muss wuel sinn, ower och nemmen wann et em Onmündeger geet, déi besonneschen Schutz brauchen. Daat soot ech iwwregens nach emmer.

    A wéi giffen déi ëffentlech Ariichtungen an Ämter finanzéiert ginn? Wee gifft déi ‘vernünfteg Regelen’ festléeën?

    Durch Memberen, durch Spendengeber, Mäzen, Sponsoren asw. Oder durch Staatseinnahmen (haut nach Steieren, irgendwann vlait een aneren Système). Regeln ergin sech vum selwen an/oder durch ordnungspolitesch Mesuren.

    A ween finanzéiert déi Hëllefsorganisatiounen nees? An eng ‘SuperNanny’ ass bestëmmt net schlecht (mee och déi misst een kontrolléieren).

    1. D’Bierger natirlech.

    2. Leids du ennert engem Kontrollwahn? Dat regelt de Marché. Wann se keen Erfolleg huet, ass se fort vun der Fenster.

    Mee du bräichs Dausenden vun SuperNannien fir asozial an ignorant Familien, déi et einfach net besser wëssen, ze edukéieren!

    Majo wann daat esou ass, hunn mir jo schons mol erem an dem Secteur genuuch Arbecht. Du freess jo gaeren wou sollen Arbechtsplatzen nach entstoen.

    Du hues awer nach ëmmer net gewiesen, dass esou e System ouni Zwang funktionnéieren giff an die Schwaach iwwerliewen kéinten! (…)An de Beweis, dass dat och um sozialen Plang klappt ass?

    Daat kann nemmen empiresch bewiesen ginn, also let’s try it! Wer nichts wagt, der nichts gewinnt. Ower net vun haut op muer. Daat muss natirlech an sukzessiven Schrett geschéien.

    Hues de Beispiller wéi dezentral organiséiert Netzwierker e Land kënnen um Lafen halen?

    Jo, déi heiteg „mixed economy“ ass ower schons/nach zu engem groussen Deel dezentral organiséiert an huet haut la main de Concours mat der zentralistescher Verwaltungswirtschaft am Osten gewonn, déi definitiv keen Land um Lafen konnt haalen.

    Sou, daat wuar alles vu mir zu deem Thema do. Esou Grondsatzdiskussiounen sin leider enorm zaitopwenneg.

    Jhust nach eppes: beschäfteg dech emol mam F.A. von Hayek (haut Thema op eisem Blog), Konstruktivismus ass Umossung vun Wessen. Ech haalen guer naischt dervunner en detail sech Systèmer auszedenken an dann ze mengen, elo haett een eppes fonnt fir d’Gesellschaft duerno ze designen. Do ass sech iwwregens dat ansonsten oft oneenz LfL-Team ower elo wirklech mol eenz.

  37. January 28, 2010 at 8:44 am

    CK:

    Op eng nei Diskussioun iwwer Determinismus loossen ech mech elo net an, sorry.

    Natierlech net. Well dat een vun dengen Haaptargumenter giff zertrümmeren.

    Guer net, mee et verhennert jo schonsmol datt een verhongert.

    Dorëms woer et bei menger Fro awer net gaang. Et ass dorëms gaang wéi d’allgemein Bildung kéint erhéicht ginn.

    Kloer. Well irgendwann kinnt ech se vlait jo mol selwer brauchen. Et ass jo wuel bspw. sennvoll eng Kranken- an Pflegeversecherung ze hun. An fir séng Rent herno well jo wuel jhiddereen virsuergen, et siew dann et wielt een bis zum Doud schaffen goen. Oder Arbechtslosenhellefkeessen (jhiddereen kinnt provisoresch an de Chomage kommen). Eis sozialstaatlech Institutiounen existéieren jo net fir naischt, ech kritiséieren “jhust” hir Monopol bzw. Virmachtstellung.

    A wat fir engem Sënn wier dann eng privat Renten-, Kranken- oder Pflegeversécherung resp. Aarbechtslosenhellefkees besser wéi déi staatlech?

    Den Prinzip ass beim ACL ower exakt deen nämlechten. An doremmer ass et mir gaangen. Ech giew éischter op den ACL verzichten wéi op eng Assurance.

    Just, dass et do em radikal ennerscheedlech Montant’en geet! Duerfir bleift den ACL e schlecht Beispill.

    Jo. (Woubai ech allerdengs och net déi Meenung deelen, datt een forcément MUSS arm enden, wann een an enger armer Famill gebuer gett, mee datt all Mensch sech kann drugin fir zu eppes ze kommen.)

    WANN een Chance huet. WANN een eng aarem, mee motivéiert Famill huet. WANN een net an engem asozialen Kader opwiesst. Etc.

    A menger Meenung no, bass du just bereet, dësen Risiko anzegoen wells DU mengs, dass DU géint all odds do kéins bestoen a gewannen. Mee dat sees de LO, mat dengem JETZEGEN Wëssen, dengem JETZEGEN Charakter, etc. Dat ännert awer d’Prämisse vu menger Fro.

    Eng absolut Garantie ass nie méiglech. Genausou gutt kanns de froen, wéi ech Verbriechenlosegkeet wielt garantéieren. Ech behaapten net wéi Sozialisten (oder vlait munch verblend Libertär) een himmlescht Paradéis kennen ze schaffen. Esou Versiich landen meeschtens éischter an der Hell.

    Ech sinn d’accord, dass d’Sozialisten och Utopien hunn, déi net realisabel sinn oder dass d’Versich dohinner ze kommen negativ Konsequenzen hunn.

    Mee bei dir schéngt et jo dann och rem drop erauszelafen: Ben, dann hunn eben verschidden Läit Pech an d’Aarschkaart gezunn.

    Een absoluten Minimum muss wuel sinn, ower och nemmen wann et em Onmündeger geet, déi besonneschen Schutz brauchen. Daat soot ech iwwregens nach emmer.

    Mir woren awr lo net bei Onmündegen, mee ELTEREN, déi inkapabel sinn hier Kanner richteg ze erzéien.

    Durch Memberen, durch Spendengeber, Mäzen, Sponsoren asw. Oder durch Staatseinnahmen (haut nach Steieren, irgendwann vlait een aneren Système). Regeln ergin sech vum selwen an/oder durch ordnungspolitesch Mesuren.

    Spenden? Bonne Chance!
    Mäzen? Bonne Chance again, där ginn et der net vill. Geet sécher net duer fir eng Gesellschaft am Ganzen.
    Sponsoren? Déi kriss de nëmmen, wann déi sech e BENEFICE dovunner verspriechen. Och net realistesch op nationalem Plang.

    An sou e System wier vill ze vill wakkeleg! Fällt een Mäzen oder Sponsor fort, dann hänks de. De Staat kann opmanst temporär Engpäss iwwerstoen an einfach méi Scholden man, wann et da wierklech muss sinn.

    1. D’Bierger natirlech.

    Wéi finanzéiert de Bierger dat dann? Nees aus Nächstenléift a per Don … ?

    2. Leids du ennert engem Kontrollwahn? Dat regelt de Marché. Wann se keen Erfolleg huet, ass se fort vun der Fenster.

    A ween leet fest, wat Erfolleg heescht? Ween kontrolléiert dat? A wat wann de Misère ze spéit entdeckt gët?

    Majo wann daat esou ass, hunn mir jo schons mol erem an dem Secteur genuuch Arbecht. Du freess jo gaeren wou sollen Arbechtsplatzen nach entstoen.

    A ween giff all déi Dausenden vun SuperNannies bezuelen? Déi asozial Familjen kënnen et jo mol sécher net …

    Daat kann nemmen empiresch bewiesen ginn, also let’s try it! Wer nichts wagt, der nichts gewinnt. Ower net vun haut op muer. Daat muss natirlech an sukzessiven Schrett geschéien.

    A wat wier deen eischten?

    Jo, déi heiteg „mixed economy“ ass ower schons/nach zu engem groussen Deel dezentral organiséiert an huet haut la main de Concours mat der zentralistescher Verwaltungswirtschaft am Osten gewonn, déi definitiv keen Land um Lafen konnt haalen.

    Ech hunn awer net vun enger mixed Economy geschwat, mee vun enger dezentraliséierter. Also keen Beispill?

    Sou, daat wuar alles vu mir zu deem Thema do. Esou Grondsatzdiskussiounen sin leider enorm zaitopwenneg.

    Ah, wann et an den Detail geet leefs de nees fort😉 Wonnert mech awer lo net.

    Jhust nach eppes: beschäfteg dech emol mam F.A. von Hayek (haut Thema op eisem Blog), Konstruktivismus ass Umossung vun Wessen. Ech haalen guer naischt dervunner en detail sech Systèmer auszedenken an dann ze mengen, elo haett een eppes fonnt fir d’Gesellschaft duerno ze designen. Do ass sech iwwregens dat ansonsten oft oneenz LfL-Team ower elo wirklech mol eenz.

    An ech halen näischt vun utopeschem Geschwätz ouni konkret, praktesch Emsetzungsvirschlei oder Beweiser, dass sou Systemer kéinten funktionnéieren.

  38. CK
    January 28, 2010 at 9:31 pm

    Jhust nach daat heiten vun mir derzou zum Ofschloss:

    A wat fir engem Sënn wier dann eng privat Renten-, Kranken- oder Pflegeversécherung resp. Aarbechtslosenhellefkees besser wéi déi staatlech?

    Concours an Diversitéit sinn emmer besser wéi Eenheetlechkeet an Monopoler. Déi staatlech ass net per se schlecht, mee et stéiert mech, datt se op Zwang baséiert (ech MUSS abbezuelen, ech MUSS een bestemmten Satz abbezuelen, net manner, ower och net méi, wann ech dat wielt, ech kréien datt wat Bürokraten mer zougestinn asw.) an sech kengem fairen Concours mat Privaten stellt.

    A wat wier deen eischten?

    Zu deem Thema gett et bei Gelegenheet een eegenen Blogandrach. Mee een Embau vun den Sozialsystemer an Arbechtsmarktsmarktreformen wiren wuel am Wichtegsten.

    Also keen Beispill?

    De Verkéier, d’menschlech Gehir, eben den Marché, Internet (allg.Netzwierker), föderal politesch Systemer bspw.

    Ah, wann et an den Detail geet leefs de nees fort.

    Wéi gesoot: Hayek! Politesch Zaren, déi en detail d’Economie an esouguer d’ganz Gesellschaft wellen plangen/steieren, hunn mer schons genuch. Do muss ech net och nach matmaan.

    An ech halen näischt vun utopeschem Geschwätz ouni konkret, praktesch Emsetzungsvirschlei oder Beweiser, dass sou Systemer kéinten funktionnéieren.

    Datt Fraiheet fonctionnéiert an Planwirtschaft net, ass jo elo wirklech evident. Beweiser gett et genuuch, jhust d’Aen opmaan. An fir Utopien sin Anerer zoustaenneg, net (ideologiekritesch) Liberaler.

  39. January 30, 2010 at 9:47 am

    CK:

    Concours an Diversitéit sinn emmer besser wéi Eenheetlechkeet an Monopoler. Déi staatlech ass net per se schlecht, mee et stéiert mech, datt se op Zwang baséiert (ech MUSS abbezuelen, ech MUSS een bestemmten Satz abbezuelen, net manner, ower och net méi, wann ech dat wielt, ech kréien datt wat Bürokraten mer zougestinn asw.) an sech kengem fairen Concours mat Privaten stellt.

    Ech bezuelen awer léiwer en Staat fir mer déi Servicer ze garantéieren wéi eng privat Firma, déi just op hieren kommerziellen Notzen u mir kuckt!! Do vertrauen ech eisem Staat awer definitiv méi.

    Zu deem Thema gett et bei Gelegenheet een eegenen Blogandrach. Mee een Embau vun den Sozialsystemer an Arbechtsmarktsmarktreformen wiren wuel am Wichtegsten.

    Da sinn ech mol gespaant, wéis de dat gedenks hinzekréien.

    De Verkéier, d’menschlech Gehir, eben den Marché, Internet (allg.Netzwierker), föderal politesch Systemer bspw.

    Dat ass ëmmer nach keen Beispill vun enger mixed ECONOMY.

    Wéi gesoot: Hayek! Politesch Zaren, déi en detail d’Economie an esouguer d’ganz Gesellschaft wellen plangen/steieren, hunn mer schons genuch. Do muss ech net och nach matmaan.

    Natierlech net. Just, dass deng Approche nach manner effektiv schéngt? Déi aner probéieren opmanst eppes emzesetzen.

    Datt Fraiheet fonctionnéiert an Planwirtschaft net, ass jo elo wirklech evident. Beweiser gett et genuuch, jhust d’Aen opmaan. An fir Utopien sin Anerer zoustaenneg, net (ideologiekritesch) Liberaler.

    Ech hu jo och net vun der Planwirtschaft geschwat. Ech hunn vun der Wirtschaft usech, an och de sozialen Aspekter dovunner, geschwat. Do hunn ech wéineg Konkretes gesinn. An och du mëchs haaptsächlech utopesch Virschléi. Wat se all sinn sou laang se net getest gouffen.

  40. Pancho
    March 11, 2010 at 11:36 pm

    Holà,

    “Rawls on Marx; December 1973”
    http://understandingsociety.blogspot.com/2010/03/rawls-on-marx-december-1973.html

    Hasta
    Pancho

  41. Pancho
    March 22, 2010 at 12:53 am

    Holà,

    “Marx’s influence on Rawls”
    http://understandingsociety.blogspot.com/2010/03/marxs-influence-on-rawls.html

    Hasta
    Pancho

  42. March 22, 2010 at 8:09 am

    And your point is … ?

  43. Pancho
    March 22, 2010 at 2:54 pm

    Holà,

    …my point is…that I haven’t got any…LOL…

    …äusser, daat ech der Meenung sinn, daat de “Kater Carlo” aka Reinh…Oopps..Karl Marx eigentlech ee groussen komplexéierten “frusti-Pedant” wor…(no der drëtter Säit vum “Kapital” hunn ech d’Buch zougeschmass an an den Eck gehäit…lol…)

    P.S.:…vir zeréckzekommen…sinn awer am Gaangen éng Äentwert (point) “äuszeschaffen”…

    Hasta
    Pancho

  44. Pancho
    March 22, 2010 at 8:20 pm

    Holà,

    …den Ament leider net esou richteg Zäit…(mä kommen nach duerobber zeréck!)

    P.S.: Si graad am gaangen “GUTE SITTEN UND ORDRE PUBLIQUE”??? vum K. Simitis (griischechen ex-“voll-mat-dobäi-Premier”) ze liesen…(Kappschlogéintmauer&ROTFTL!!!)…
    N.B.: déi “griichesch Trag…Comédie” gëtt jo ëmmer méi traureg&lächerlech…

    …parallel dozou…:
    “Europa als politische Utopie und als unrechtliche Form”…oooppps…giert!…
    “Europa als politische Idee und als rechtliche Form”…
    Éng Zësummefaassung vun “Philo”, “Politik”, “Wirtschaft” an “Geistesgeschichte”…vun den Hären Kirchhof, Tietmeyer an Schäfer…

    P.P.S. (au cas où): D’Nachwort vum J. Isensee ass wiirklech exzellent an méi ewéi liesenswäert…

    Hasta
    Pancho

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: