Home > Design, Wired world > iPad.

iPad.

January 30, 2010 Leave a comment Go to comments

Ech hunn mech zwar schon hei zum Thema geäussert, mee ech wëll awer nach e puer Gedanken zum iPad lass ginn an och op e puer ganz interessant Zitater, déi ech um Internet sou fonnt hun, hiweisen.

Fir d’éischt emol ass et ziemlech witzeg ze gesinn, wéi die meescht Geeks (meeschtens och oft professionell Apple-Haasser) nees e Gerät zerappen, dat se mol nach selwer net am Grapp haten an fir dat sie selwer mol net d’Zielgrupp sinn.

Den iPad ass, an dat huet den Jobs oft genuch betount, keen Laptop. Duerfir wäert en och an deenen wéinegsten Fäll, wou en Laptop wierklech gebraucht (an ausgereizt) gët, deen ersetzen. Mee doniewent ginn et immens vill Läit, déi en Laptop hunn mee deen net wierklech brauchen oder suguer wierklech gebrauchen kënnen. Sie hunn e Laptop well sie gären mobil am Internet surfen, hier E-Mail checken oder Filmer kucke wëllen. A net well sie lo do irgendwelch geeky Saachen dropmaachen wëllen. Fir esou Läit ass en iPad geduecht: einfach, stabil, keng Viren. An den Interface kennen se jo schon vun hierem iPhone, deen se, obwuel se keng Geeks sinn, extrem gären hunn a super fannen.

Dat sinn och Läit, déi sech DVDen kafen ginn amplaz Filmer iwwer Torrents erofzelueden. Gëff deenen e schéinen, einfachen Interface an déi kafen och Filmer a Serien online. Suguer ech giff dat man (aus Einfachheet awer och aus Respekt virum Kreativen, deen et gemaach huet – wann de Präis stëmmt).

Perséinlech wäert ech zwar wahrscheinlech waarden bis déi zweet Generatioun vum iPad erauskënt (obwuel ech mer villäicht aus Virwëtz awer deen bëllegesten iPad wäert kafen, ass jo net sou eng riesen Investitioun). Well et ass jo bekanntlecherweis déi zweet Generatioun vun den Apple Produiten, déi wierklech de Marché duerch hier Genialitéit emkrempelt. An dann wäert en jo och endlech zb eng Webcam hunn.

Witzeg fannen ech och die ‘Fehde’ tëschent Apple an Adobe. Natierlech beschränkt dat am Ufank d’Siten, déi en iPad, an och iPhone an iPod, kënnen usteieren, mee et däerf een och net vergiessen, dass Flash a. proprietär ass an b. op Mac an Linux extrem vill CPU verbraucht. Duerfir kann ech verstoen, dass Apple probéiert den HTML5 & CSS ze pushen. Fannen ech gutt. Am Géigensaatz natierlech zu Adobe, déi verzweifelt probéieren dogéint ze halen an souguer deelweis esou wäit ginn, ze behaapten, dass jo dann och zb die meescht Pornositen net méi accessibel wieren, lol! Wéi wann d’Porno-Siten den iPhone verschlof hätten oder nëmmen op Flash ugewiesen wieren …

Ah jo, a wat den Multitasking ugeet, sou stéiert deem seng Absence mech op mengem iPod Touch just, wann eppes net séier genuch gelueden gët a well ech dann waarden muss! Wier dat awer de Fall, firwat misst, oder wéi kéint, ech zum gläichen Zäitpunkt eppes anescht man?

Dat kéint een lo alles nach vill méi am Detail diskutéieren, mee lo mol zu den Zitater:

The Old World: In the Old World, computers are general purpose, do-it-all machines. They can do hundreds of thousands of different things, sometimes all at the same time. We buy them for pennies, load them up to the gills with whatever we feel like, and then we pay for it with instability, performance degradation, viruses, and steep learning curves. Old World computers can do pretty much anything, but carry the burden of 30 years of rapid, unplanned change. Windows, Linux, and Mac OS X based computers all fall into this category.

The New World: In the New World, computers are task-centric. We are reading email, browsing the web, playing a game, but not all at once. Applications are sandboxed, then moats dug around the sandboxes, and then barbed wire placed around the moats. As a direct result, New World computers do not need virus scanners, their batteries last longer, and they rarely crash, but their users have lost a degree of freedom. New World computers have unprecedented ease of use, and benefit from decades of research into human-computer interaction. They are immediately understandable, fast, stable, and laser-focused on the 80% of the famous 80/20 rule.

Is the New World better than the Old World? Nothing’s ever simply black or white.

(source – villäicht een vun deenen beschten Artikelen zum Thema)

Today Apple finally unveiled its tablet computer, the iPad. Thus concludes Phase 1 of the standard Apple new-category roll-out: months of feverish speculation and hype online, without any official indication by Apple that the product even exists.

Now Phase 2 can begin: the bashing by the bloggers who’ve never even tried it: “No physical keyboard!” “No removable battery!” “Way too expensive!” “Doesn’t multitask!” “No memory-card slot!”

That will last until the iPad actually goes on sale in April. Then, if history is any guide, Phase 3 will begin: positive reviews, people lining up to buy the thing, and the mysterious disappearance of the basher-bloggers.

(source)

Once you hit that power button, though, and start looking at apps, you begin to feel the difference. No longer restricted by a 480px x 320px resolution, applications begin to approximate their desktop counterparts in a way we’ve never seen. Instead of focusing on adding a camera or dishwasher, Apple put all of its effort into software, by redefining the UI iPod, Mail, Calendar, Contacts, andevery other default app. They then went a step further and ported all of the iWork apps, including Pages, Keynote, and Numbers to function on the iPad. They did this to set a bar, a standard. To show that it does things that the iPod touch will never be able to do. Think of the apps you use on the desktop—most of these could/will function on the iPad. Apps like Photoshop, OmniGraffle, Coda/Espresso. Even existing mobile/desktop apps, like Tweetie, will become immensely more powerful and usable.

(source)

Categories: Design, Wired world
  1. January 30, 2010 at 11:19 am

    An nach en Zitat:

    The one thing that makes an iPhone/iPad app “closed” is that it lives in a sandbox, which means it can’t just read and write willy-nilly to the file system, access hardware, or interfere with other apps. In my mind, this is one of the best features of the OS. It makes native apps more like web apps, which are similarly sandboxed, and therefore much more secure. On Macs and PCs, you have to re-install the OS every couple years or so just to undo the damage done by apps, but iPhone OS is completely immune to this.

    An dat ass souwiesou d’Richtung, wou et hinner geet: SaaS (software as service). Et installéiert een keng Programmer mei lokal. Amplaz abonnéiert een sech (soit gratis oder payant, je no Anbieter) iwwert de Web. Sou wéi dat lo schon beim Webmail an ähnlechen Geschichten ass.

    De Computer wéi mir e kannt hunn läit am Stierwen. Dat hunn ech jo schon hei erwähnt.

  2. pa
    January 30, 2010 at 2:39 pm

    Dat béschtent Zitat, dat ech bis ëlo doriwwer héiren hun, ass dat heitent:

    Den iPad ass ën iPhone fir kuerzsichteg Leit. A wéll ë keen Handy intégréiert huet, ass ët sou guer ën iPhone fir daf a kuerzsichteg Leit.

  3. Cartman
    January 30, 2010 at 3:31 pm

    Nach en Zitat: Den iPad ass naischt anescht wéi e groussen iPod Touch!

  4. January 30, 2010 at 4:49 pm

    Pa:

    Den iPad ass ën iPhone fir kuerzsichteg Leit. A wéll ë keen Handy intégréiert huet, ass ët sou guer ën iPhone fir daf a kuerzsichteg Leit.

    Dat kënt bestëmmt vun deenen selwechten Läit, déi um Ufank de Geck mam iPhone gemaach hunn😉 Am Eescht, Läit déi den Potential vun sou engem iPad net gesinn, sinn déi die kuerzsiichteg schéngen ze sinn!

    Cartman:

    Den iPad ass naischt anescht wéi e groussen iPod Touch!

    1. Ass dat net onbedengt eng Frechheet.
    2. Kann ee mat engem groussen iPod Touch ganz aner Saachen maachen wéi en klengen iPod Touch😉

    Ech sinn op alle Fall gespaant, wéi et weidergeet an ech sinn iwwerzeegt et kommen eng ganz Rëtsch exzellent Apps (an och Spiller).

  5. January 30, 2010 at 5:56 pm

    A nach eng Zielgrupp: http://bit.ly/cHxQG1

    Eng Anekdote an deem Kader: mäi Neveu (5) spillt um iPhone vu senger Mamm oft e Memory. Dunn wollt sie, fir d’éischt Kéier, e Spill mat him um Laptop spillen. Seng éischt Reaktioun: mam Fanger op den Ecran fir den Pfeil ze bewegen!

  6. January 30, 2010 at 6:00 pm

    An zum Thema Flash:

    This whole Flash issue is all about hardware vs software decoding.

    The only way the iPad can achieve its “10h of HD video” claim will be through some pretty smart dedicated video hardware. Which is fine, because that’s the “right” way to do it. Video decoding is one of those problems that works well with dedicated silicon.

    By comparison Flash is fully software decoded. In the past that’s been one of its strengths, CPU time is cheap and it guaranteed reliable playback regardless of the platform, but it isn’t really the “right” way to do it. Just because software rendering would allow games to play the same regardless of your graphics card doesn’t mean we should be using it.

    Software decoded Flash video on the iPhone/iPad would be a major battery drain and wouldn’t play back at the same quality. The casual user isn’t going to know the difference between an HTML5 and Flash video site and will just come to the conclusion that the iPad isn’t very good for online video. This is Apple after all, the “user experience” is everything.

    En effet e weideren Grond fir Apple fir Flash wëllen lasszeginn! E frësst onmoosseg Energie duerch säin Software Decoding.

  7. January 30, 2010 at 9:35 pm

    Ech fannen dee ganze Flashproblem gëtt komplett falsch ugaangen. Natirlech kascht Flash vill CPU, mä dat ass awer absolut keng Excuse fir et net ze ennerstëtzen. Dann soll Apple en anstännege Proessor abauen amplaz hiert eegen Gespills (1 GHz – sinn mer nach 2008 oder wéi? De Snapdragon vu Qualcomm kann mëttlerweil schon 1,5GHz (an huet zwee Prozesserkären!).

    Du kanns net ee Produit op de Marché werfen, bei deem et soll drëm goen fir zu surfen – an dann een wahnsinneg grousse Prozensaz vum Webinhalt einfach konsequent net ennersëtzen. Apple mécht sech dach lächerlech. Kuck emol d’Keynote. Dee ganze Sall fänkt haart u mat laachen wéi den Jobs op d’NY Times Websäit geet fir ze weisen wéi cool dat um iPad ausgesäit, an dann ass just een klengt Legostéck ze gesinn.

    HTML5 hin oder hier (an wien sech domatter beschäftegt mierkt ganz schnell, dass de Tag vill méi Problemer mat sech bréngt ewéi e léisst, well een mat HTML5 all Video muss zweemol um Server hunn, eemol als MP4 an eemol als OGG), wat Apple sech hei geleescht huet ass lächerlech.

    Dat soen ech als Fan vun Apple Produiten. An ech gesinn duerchaus an, dass Geeks einfach net d’Zilgrupp sinn vum iPad, mä dass dat technophob Leit sinn déi schon erschloen sinn wann se sollen e Podcast am iTunes abonnéieren. A wéi erklärs de deene Konsumenten dann, dass se zwar kënnen mam iPad surfen – awer nemmen op vun Apple erlaabte Säiten?

  8. January 30, 2010 at 11:25 pm

    Den 1.5 Ghz Snapdragon gët et nach net, deen kënt eréischt eraus.

    An egal wéi ass Flash eng ressource hog. Ech kann op engem 4 Joer alen Laptop mat Ubuntu drop mol keng normal Flash-Video’en kucken! Flash ass Krätz. Desto méi séier mer deen lass ginn, desto besser. Ech hu mir schon virun Méint en Flash-Block installéiert, sou dass ech nëmmen deen Flash installéieren kann, deen ech wëll oder brauch.

    Apple, an domadder den Jobs, hu ganz BEWOSST Flash dobaussen gelooss an sie hunn dat och ganz kloer wollten maachen, duerfir och de Site mam missing Flash-Plugin. Oder mengs de dat wier en Zoufall gewiescht??😉

    E Podcast ass nach net Mainstream. Vill Läit wëssen net, wat dat ass oder wat se domadder kënnen ufänken. Mee vill vun deenen selwechten Läit hunn awer keen Problem fir sech Apps op den iPhone ze lueden.

    Apple erlaabt der op alle Säiten ze surfen. Just, dass déi mat Flash net richteg funktionnéieren oder dass verschidden Elementer op enger Säit net ginn wäerten (ass natierlech net optimal). Dat mussen se natierlech virdrun de Läit kloer man. Soss wier et ‘publicité mensongère’, cf och dat hei: http://bit.ly/dhbMir, sief lo mol dohigestallt op dat eng bewosst Manipulatioun oder just eng Onachtsamkeet vum Web-Designer woer).

    Perséinlech gesinn ech nach keen riesen Problem: wann Läit onbedengt Flash-kompatibel wëllen sinn, da sollen se halt en Netbook kafen. Op der anerer Säit brauch Farmville just eng iPhone App erauszebréngen a schon sinn d’Läit nees zefridden. Den Flash CS5 soll jo anscheinend och Flash Applikatiounen als App ofspäicheren kënnen … (http://bit.ly/9TLcl8) ?

  9. January 31, 2010 at 3:56 pm

    Ech waarden léiwer nach e puer Méint an entscheeden mech fir eng Alternative, déi mir weder diktéiert wéi ech d’Gerät ze benotzen hunn, multitasken kann, flash kompatibel ass, een USB Uschloss huet, eng Kamera integréiert huet an präislech an der selwechter Regioun läit oder souguer méi bëlleg. Hei sinn direkt dräi Beispiller:

    1. MSI Android Tablet (leeft mat android, wéi den Numm scho seet)
    2. HP Slate (leeft mat Windows 7)
    3. Microsoft Courier Tablet

  10. January 31, 2010 at 4:04 pm

    Patrick:

    Dat kanns du natierlech man. Mee du repräsentéiers jo och net den Zielpublikum vun Apple. Du schéngs och éischter an d’Kategorie Geek ze falen.

    A wat den Slate ugeet, sou kann ech mer net virstellen, wéi dee funktionnéieren soll. Windows 7 ass einfach net op Touch ausgeluecht. Just well een Windows 7 op engem Touchscreen lafen léisst heescht dat net, dass de Betriebssystem och wierklech fir Touch optimiséiert ass. Ech wéilt alt nët missen all die eenzel kleng Fënsteren, Knäppercher an Felder missen mat mengen Fangeren manipuléieren … dat kléngt no PIA.

    Den iPad ass keen Netbook an soll och keen ersetzen. Den iPad ass fir Läit, déi mam iPhone OS super eens ginn mee deenen en Laptop ze komplex oder over-the-top ass. An déi keng Loscht op Viren, opwenneg Konfiguratiounen, etc hunn.

    Ech sinn iwwerzeegt, dass den iPad en Bestseller gët. Spéitestens an der 2. Generatioun. Wetten?😉

  11. Tom
    January 31, 2010 at 4:23 pm

    Naja, d’Apple Aktien si jo zenter dass den iPad virgestallt gouf nemmen sou am gaangen mat faalen.

    Interessant sinn och d’Reaktiounen um wichtegen Marché an Asien:
    „Market watchers here doubt the iPad will be able to reshape the local market as the iPhone did. They said the iPad may grab only a niche market in Korea.
    The new device is unlikely to pose a significant challenge to laptops, especially mini-laptops, although it could have a negative impact on local e-book firms and portable media player makers, they said.”
    (Source)

  12. January 31, 2010 at 4:25 pm

    Sorry Grommel, mä ech muss kee Geek sinn fir d’Virdeeler vun de Konkurrenzproduiten ze erkennen.

    Wat Windows 7 ubelaangt, sou kann ech nëmmen soen, dass dee ganzen OS ob touch-funktionalitéit ausgeluecht gouf. Ech gesinn do also keen wierklechen Problem.

    Jo den iPad ass keen Netbook, mä wann aner Produkter all déi Fehler vum iPad net maachen, wisou soll ech mech dann fir dat méi schlecht Produkt entscheeden? Ech well hei elo net iwwert den eventuellen Succès vum iPad diskutéieren. Sollt den iPad sech gutt verkafen, schéin, dat bedeit fir mech dass ech méi e groussen Choix un alternativ Produkter kréien, well Jiddereen e Stéck vum Marché well erofbäissen. Mä et muss ee bedenken, dass den Handy-Marché eppes ganz aneschters ass ewéi de Computer-Marché an vun dohier weess ech net ob den iPad den Succès vum iPhone kann widderhuelen.

    Nach eppes zu Flash:
    Flash ass net nëmmen gutt fir Filmer ze kucken, mä och vir eng ganz Rei un Applikatiounen an Spiller ze schreiwen, déi an direkter Konkurrenz mam Appstore stinn. Esou fënnt een z.B. vill Apps, déi am Appstore Sue kaschten, gratis fir de PC an ob diversen Websäiten (wéi z.B. Kongregate) kann een praktesch souvill Spiller gratis spillen ewéi een well. Dat ass wuel den Haaptgrond, wisou Apple keen Flash ob sengen Geräter erlaabt.

  13. January 31, 2010 at 4:33 pm

    Tom:

    Naja, d’Apple Aktien si jo zenter dass den iPad virgestallt gouf nemmen sou am gaangen mat faalen.

    So what? Dat ass einfach short-term trading. Buy on the rumors, sell on the news. D’Aktie wäert erem erop goen nodeem d’Läit sech berouegt hunn a feststellen wäerten, wat fir en Potential an der Maschinn stécht an wéi populär déi wäert ginn.

    Interessant sinn och d’Reaktiounen um wichtegen Marché an Asien

    Hunn se dat net och beim eischten iPhone gesot?😉

    An natierlech wäert en iPad sech net verkafen wéi en iPhone. Et ginn jo och méi Telefonen generell wéi Laptoppen. Den iPad wäert seng Client’en fannen.

  14. January 31, 2010 at 4:40 pm

    Patrick:

    Wat Windows 7 ubelaangt, sou kann ech nëmmen soen, dass dee ganzen OS ob touch-funktionalitéit ausgeluecht gouf. Ech gesinn do also keen wierklechen Problem.

    Ma dann vill Spaass mat all deenen klengen Bar’en, Knäppercher a Fënster🙂

    A wat ass bei Windows 7 Interface méi touch-frëndlech wéi bei deenen viireschten??

    Jo den iPad ass keen Netbook, mä wann aner Produkter all déi Fehler vum iPad net maachen, wisou soll ech mech dann fir dat méi schlecht Produkt entscheeden?

    De Produit ass nët automatesch schlecht just well en DENGEN Besoins net entsprëcht. Oder bass du d’Referenz?😉

    Mä et muss ee bedenken, dass den Handy-Marché eppes ganz aneschters ass ewéi de Computer-Marché an vun dohier weess ech net ob den iPad den Succès vum iPhone kann widderhuelen.

    Muss en och net onbedengt. Wéi schon gesot sinn Telefonen vill méi wäit verbreet wéi Netbooks, Laptops oder Tablets.

    Flash ass net nëmmen gutt fir Filmer ze kucken, mä och vir eng ganz Rei un Applikatiounen an Spiller ze schreiwen, déi an direkter Konkurrenz mam Appstore stinn. Esou fënnt een z.B. vill Apps, déi am Appstore Sue kaschten, gratis fir de PC an ob diversen Websäiten (wéi z.B. Kongregate) kann een praktesch souvill Spiller gratis spillen ewéi een well.

    Vill vun dësen Flash-Spiller sinn just begrenzt gratis (oder sie ginn massiv duerch Reklammen finanzéiert). Ech perséinlech bezuelen dann léiwer een Euro oder zwee fir keng Reklammen an dat komplett Spill ze hunn. Mee et forcéiert dech jo keen en iPad ze kafen oder fir e Spill ze bezuelen. Wou ass also däin Problem … ?

    Dat ass wuel den Haaptgrond, wisou Apple keen Flash ob sengen Geräter erlaabt.

    Dat ka matspillen, mee et kann een dach och bestemmt Spiller am HTML5 programméieren? Resp. d’Firmen kënnen jo einfach eng gratis App programméieren, wann se keng Suen domadder verdéngen wëllen?

    Flash ass, zumindest op Mac an Linux, Schrott. En plus kontrolléiert eng Firma (Adobe) dee ganzen Flash-Marché. Fënns du dat gutt?

  15. January 31, 2010 at 5:00 pm

    Grommel:

    1) Windows 7 ënnerstëtzt touch gestures an hält natierlech och eng extra GUI bereet, fir touch-produiten. Ech well hei elo MS net verteidegen, mä déi schaffen zënter “surfaces” schon zimlech laang un touch-fäegen Geräter.

    2) De Sënn vun engem USB-Port, enger Kamera an Multitasking dierft och dem gängegsten Benotzer geleefeg sinn, och wann en net onbedéngt muss den Notzen vun Flash oder offenen Betribssystemer muss erkennen. Ech ginn hei net vun menger eegener Präferenz aus, wann ech soen wat méi features wat besser.

    3) Genau. De Grond wisou den iPad villäicht keen esou enormen Succès wäert hunn, ass eben well den Handy-Marché vill méi grouss ass. Dat bestätegt just meng Vermuddung also.

    4) Ech hunn keen Problem. Wéi ech schonn a mengem leschten Kommentar gesot hunn kann ech vum eventuellen Succès vum iPad nëmmen profitéieren. Mä ech hunn alt ugeholl, dass hei soll den iPad diskutéiert ginn an dat och de Sënn an Zweck vun dengem Blogartikel ass🙂

    5) Ech gleewe kaum, dass an Zukunft Spiller an HTML5 programméiert ginn, dofir ass HTML nun wierklech net ausgeluecht. Mä et geet net nëmmen ëm Flash, och aner Runtimes sinn op Apple-Produkter verbueden. Dat heescht ënner anerem keng game maker Spiller, keng Emulatoren an och keen Unity.

    Wanns de un Flash wëlls kritiséieren, dass dat ganzt proprietaire ass, dann dierfs de wierklech keen Apple-Produkt benotzen, well déi sinn doranner vill schlëmmer. Hei muss ech der leider deng eege Kritik ënnert d’Nues halen🙂

  16. January 31, 2010 at 5:16 pm

    Patrick:

    Windows 7 ënnerstëtzt touch gestures an hält natierlech och eng extra GUI bereet, fir touch-produiten. Ech well hei elo MS net verteidegen, mä déi schaffen zënter “surfaces” schon zimlech laang un touch-fäegen Geräter.

    Mee sou wäit ech gesinn hunn leeft um Slate einfach just deen normalen Windows 7 mat senger normaler GUI just eben mat Touchsupport? Hunn ech do eppes verpasst?

    De Sënn vun engem USB-Port, enger Kamera an Multitasking dierft och dem gängegsten Benotzer geleefeg sinn, och wann en net onbedéngt muss den Notzen vun Flash oder offenen Betribssystemer muss erkennen. Ech ginn hei net vun menger eegener Präferenz aus, wann ech soen wat méi features wat besser.

    Amplaz vun engem USB Port fir e Port fir eng Späicherkaart menger Meenung no vill méi wichteg. An Zukunft connectéiert een souwiesou ëmmer méi iwwer Bluetooth oder wat och ëmmer, net iwwer Kabel. Eng Web-Kamera hätten se en effet schon kéinten virgesinn, wäerten se awer wéinst dem Präis an aus strategeschen Grënn bis d’Versioun 2 waarden. Multitasking brauch ech just, wann meng Internetconnectioun net séier genuch ass an ech waarden muss. An ech haassen waarden😉

    Zevill Features kënnen eng Saach och nees komplizéiert man. The more ass net emmer the better.

    Genau. De Grond wisou den iPad villäicht keen esou enormen Succès wäert hunn, ass eben well den Handy-Marché vill méi grouss ass. Dat bestätegt just meng Vermuddung also.

    Ech gesinn de Problem awer nach ëmmer net? Den iPad soll jo net en iPhone ersetzen. Eischter en Netbook oder Laptop (am Fall vun net-Geeks).

    Mä ech hunn alt ugeholl, dass hei soll den iPad diskutéiert ginn an dat och de Sënn an Zweck vun dengem Blogartikel ass

    Jo, kloer🙂 Mee et huet geschéngt, wéi wanns du dech perséinlech duerch d’Politik vun Apple giffs ageenkt gesinn, wann et jo awer vill Alternativen ginn.

    Ech gleewe kaum, dass an Zukunft Spiller an HTML5 programméiert ginn, dofir ass HTML nun wierklech net ausgeluecht.

    I bet to differ: http://www.kevs3d.co.uk/dev/asteroids/ , http://www.watersheep.org/~markh/html_canvas/game.html, http://www.benjoffe.com/code/games/torus/ , http://dev.opera.com/articles/view/creating-pseudo-3d-games-with-html-5-can-1/ , …

    Ass natierlech alles nach am Ufank, mee emmerhin. Flash ass also net onbedéngt néideg.

    Mä et geet net nëmmen ëm Flash, och aner Runtimes sinn op Apple-Produkter verbueden. Dat heescht ënner anerem keng game maker Spiller, keng Emulatoren an och keen Unity.

    A ween, ausser dir, vermësst déi Saachen op engem iPod, iPhone oder iPad … ? A wann dir déi Saachen sou wichteg sinn, gët et dach eng einfach Léisung: kaaf der en Netbook🙂

  17. February 1, 2010 at 10:35 am

    Nach en interessanten Kommentar zum Thema: http://speirs.org/blog/2010/1/29/future-shock.html

    “What you’re seeing in the industry’s reaction to the iPad is nothing less than future shock.”

    “The tech industry will be in paroxysms of future shock for some time to come. Many will cling to their January-26th notions of what it takes to get “real work” done; cling to the idea that the computer-based part of it is the “real work”.

    It’s not. The Real Work is not formatting the margins, installing the printer driver, uploading the document, finishing the PowerPoint slides, running the software update or reinstalling the OS.

    The Real Work is teaching the child, healing the patient, selling the house, logging the road defects, fixing the car at the roadside, capturing the table’s order, designing the house and organising the party”

  18. February 1, 2010 at 11:40 am

    “It is annoying, not being able to chat while watching a website” <- daat ass een ganz banalt Beispill wisou Multitasking haut esou een grousse MUST ass. Et ass eng teschnech klengegkeet, dei awer immens un der sog. "User Experience" knabbert.

    Fir den iPad gesin ech keen success an fir mech ass et ze deier. Ech gesin wuel een Notzen fir mech. Z.b. kinnt ech mam iPad energieeffizient an schnell op den Internet, wann et nemmen daat ass waat ech well fir haut maachen. Ech muss keen PC umaachen, an gin och net oofgelenkt. Allerdengs, de Präis fänkt bei 500$ un. Souvill gin ech nun awer net fir dei bequemlechkeet aus!

    Alles an engems ass den iPad an mengen aan een iwerdeiertet Steck Aluminium waat flott ausgesait an wahrscheinlech immens gudd doranner ass waat en kann… nämlech net vill. Wier en mi belleg (su ronderem 100€?) ging ech mer en awer wahrscheinlech kaafen.

    Den Haaptmarché schengt an mengen Aen dei Leid ze sin di vill liesen. Ech mengen se hun Tatsaach verfehlt dass, souguer fir agefleeschten Computerbenotzer, een Buch vill mi angenehm ze liesen ass wi een eBook. Daat gesoot, ass menger Meenung noo eBook och een Fail.

  19. February 1, 2010 at 11:50 am

    Mike:

    “It is annoying, not being able to chat while watching a website” <- daat ass een ganz banalt Beispill wisou Multitasking haut esou een grousse MUST ass.

    Also perséinlech chatten ech oder ech surfen. Béides zesummen ergët net vill Sënn. Ausser du chatts iwwert eng gewëss Websäit … En plus: op engem klengen Schierm (Netbook)chatten an surfen?? Kléngt och net immens.

    Et ass eng teschnech klengegkeet, dei awer immens un der sog. “User Experience” knabbert.

    Hänkt vum User of.

    Fir den iPad gesin ech keen success an fir mech ass et ze deier.

    Ze deier?? Par rapport zu wat? Engem Netbook?

    Allerdengs, de Präis fänkt bei 500$ un. Souvill gin ech nun awer net fir dei bequemlechkeet aus!

    Dat muss jidereen fir sech selwer decidéieren. Ech fannen $500 fir kënnen op der Couche ze surfen, meng Mailen ze checken, Spiler ze spillen, Filmer ze kucken, Musek ze lauschten, eBooks ze liesen, etc net ze deier.

    Den Haaptmarché schengt an mengen Aen dei Leid ze sin di vill liesen.

    Menger Meenung no net. Menger Meenung no sinn ‘normal’ Läit den Haaptmarché. Läit, déi mam iPhone Interface gutt eens ginn an déi en EINFACHT Multimedia Device wëllen hunn. Wou se net Programmer selwer mussen installéieren, op Viren oppassen mussen, etc.

    Den iPad gët e Succès (spéitestens an der Version 2), wetten?😉

  20. February 1, 2010 at 6:57 pm
  21. Pancho
    February 3, 2010 at 11:14 pm
  22. February 4, 2010 at 8:18 am

    Gouff et deen net schon fir den iPhone?

  23. February 7, 2010 at 1:28 pm

    Hei nach eng interessant Diskussioun iwwert d’Vir- an Nodeeler vum iPad: http://bit.ly/clxMJv

  24. March 4, 2010 at 12:51 pm

    Beispiller vun zukünftegen eBooks vun Penguin fir den iPad: http://www.youtube.com/watch?v=jdExukJVUGI

    Ech ginn nach ëmmer Wetten an, dass den iPad en Bestseller gët🙂

  25. Pancho
    April 4, 2010 at 9:24 am

    Holà,

    Hasta
    Pancho

  26. April 8, 2010 at 8:04 am

    Aal an technophob Männer sollen mat enger Päiff ‘on the front porch’ sëtzen amplaz Saachen erofzeman déi sie net verstinn😉

  27. Pancho
    April 8, 2010 at 9:39 am

    Holà Grommel,

    …Waat?…du vergräifs dech un der amerikanescher “late-night Majestät”…hueste wiirklech wëlles ee Krich äuszeléisen…😉

    Hasta
    Pancho

  28. April 8, 2010 at 10:10 am

    Ech stinn méi op déi ‘nei’ Generatioun, Jon Stewart a Steven Colbert🙂

  29. April 8, 2010 at 10:36 am

    Citrix & iPad ass och eng formidabel Kombinatioun (fir Firmen): http://bit.ly/d7Dcko

  30. Pancho
    April 8, 2010 at 12:03 pm

    Holà Grommel,

    “Ech stinn méi op déi ‘nei’ Generatioun, Jon Stewart a Steven Colbert🙂 ”

    Lol…ech och…hunn awer den ” (vläit?) manner subtillen mä méi rebelleschen Jon” léiwer…🙂

    Hasta
    Pancho

  31. Pancho
    April 8, 2010 at 8:18 pm

    Holà (“i-pad”-perséinlech-Meenung-update)

    …”Marketing is everything…”…hat tip to TBWA\Media Arts Lab…

    Hasta
    Pancho

  32. April 8, 2010 at 8:19 pm

    And your point is … ?

  33. Pancho
    April 8, 2010 at 9:50 pm

    Holà,

    …daat d’Bond&Share holders vun Apple sech kromm rullen…

    Hasta
    Pancho

  34. April 9, 2010 at 8:19 am

    Meng Apple-Aktien sinn lo 39% am Plus (hat se leider bëssen spéit kaaft resp. schon virdrun eng Kéier ze fréi verkaaf sou dass ech nees hunn missen nokafen), ech kann also net meckeren😉

    Dat huet awer näischt mat kromm rullen ze dinn well et gët jo keen veraarscht oder sou. Apple produzéiert just gutt Produit’en déi enorm erfollegräich sinn. Dat ass dach eng gutt Saach.

  35. April 9, 2010 at 4:18 pm

    Den Hitler ass och net vum iPad begeeschtert: http://www.youtube.com/watch?v=ht5a-Jtai0w

  36. Pancho
    April 10, 2010 at 12:16 pm
  37. April 14, 2010 at 2:03 pm

    den iPad kënnt lo e Mount méi spéit ausserhalb den USA well se an den USA méi verkaaft hunn, wéi geduecht (opmanst ass dat d’Erklärung): http://mediamemo.allthingsd.com/20100414/apple-us-ipad-sales-are-booming-so-everyone-else-has-to-wait-a-month/

  1. February 10, 2010 at 2:08 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: