Home > Medien, Wired world > Gedanken zu apps, micropayments an eCommerce am Allgemengen.

Gedanken zu apps, micropayments an eCommerce am Allgemengen.

January 31, 2010 Leave a comment Go to comments

Et ginn jo Läit, déi beschwéieren sech iwwert Apps oder den AppStore. Ech verstinn awer net ganz firwat. Well et get jo keen gezwongen, se ze kafen. Wann se dann iwwerhaapt eppes kaschten.

Ech fannen Apps eng wierklech flott, an oft praktesch, Saach. An en immens gudden Moyen fir kreativ Läit et ze erméiglechen fir vun hierer Kreativitéit liewen ze kënnen. Wann se dann eng gutt Iddi hunn an se och gutt emsetzen kënnen! Wou, oder wéi, soss kann een mat engem Spill oder soss enger Applikatioun, déi een fir e puer Euro verkeeft Honnertdausenden vun Euro verdéngen? Ech giff soen néirens.

Micropayments kënnen also funktionnéieren an béid Säiten, dem Verkeefer an dem Keefer, eppes bréngen. Dem Verkeefer Suen mat deem en liewen kann an dem Keefer en Qualitéitsproduit (wou bäi Goûten natierlech ënnerscheedlech kënnen sinn!). An Qualitéit muss ëmmer bezuelt ginn. Soit vun engem selwer (duerch Zäit an/oder Suen), soit duerch Reklammen. An da bezuelen ech perséinlech léiwer eppes, wéi dass ech vun Reklammen bombardéiert ginn (d’Reklammen erauszefilteren ass ähnlech wéi wann een eppes giff klauen – an kontraproduktiv à la longue, well Qualitéit net gratis hierzestellen ass – wann een net schon duerch aner Saachen finanziell ofgeséchert ass).

Duerfir sinn ech och zB bereet fir Musek, Filmer, eBooks an Qualitéitsjournalismus online ze bezuelen. Ennert zwou Konditiounen: (1) d’Präisser mussen raisonabel sinn an (2) d’Bezuelen einfach.

Zu (1): et geet net, dass digital Versiounen sou déier sinn wéi physesch Objeten. D’Vervielfältegen vun digitalem Contenu kascht jo näischt. En plus fällt Verpackung an Transport fort. Also däerf een d’Läit och net fir blöd verkafen an de Präis muss einfach gesenkt ginn. En plus gët jo all Mënsch mat engem Internetuschloss zum potentiellen Client, duerfir kann een jo, theoretesch, x mol méi verkafen.

Zu (2): ech well net ëmmer rem missen meng Kreditkaart uginn oder mech soss irgendwéi registréieren. Bitt Paypal un! Oder vu mir aus och AmazonPayments. Mee et muss einfach sinn. Ee Passwuert, färdeg. Ech hunn dat och schon x ONGen oder gewëssen Siten gemailt, déi zu Spenden fir sech opgeruffen. Baut keng Hürden an. Mat engem Klick muss dat gedoen sinn.

En plus, wann ech fir eppes bezuelen muss, da ginn ech och nees méi selektiv. Ech maache mer Gedanken op ech dat lo wierklech wëll, brauch oder och nëmmen iwwerhaapt gutt fannen. Trotzdem erlaben ech mer awer souvill Fräiheet fir fir d’éischt ze testen op ech eppes gutt fannen éier ech et kafen. Bei Amazon kann een via Kindle App dat éischt Kapitel vun engem Buch downloaden an dann reischt decidéieren op een dat ganzt wëll kafen. Fannen ech super. Ass jo ähnlech, wéi 30 Sekonnen Musik ulauschteren. Bei Serien fannen ech misst par defaut déi éischt Episode gratis sinn. Bei Filmer villäicht déi eischt Véirelstonn.

Och fannen ech et richteg fir Läit fir hier (gutt) Aarbecht ze bezuelen. Mir schaffen jo och net gratis.

Wann awer lo zB een mir d’Méiglechkeet net gët fir eppes direkt online ze kafen, aus wat fir engen Grënn och ëmmer, da ginn ech jo quasi gezwongen fir illegal Methoden ze gebrauchen. Wéi zb, dass ech mer muss amerikanesch Serien illegal eroflueden well ech se net legal online kafen kann. Awer dat ass eng ‘Nout’situatioun. Normalerweis, an ënnert deen uewen erwähnten Konditiounen, sinn ech bereet fir ze bezuelen. Ech muss een mir just, oder opmanst awer, d’Méiglechkeet ginn.

Op der anerer Säit gi mer Freeloader, zumools därer, déi et sech leeschten kéint fir ze bezuelen an déi selwer och net fir lau schaffen, ëmmer méi op d’Nerven mat hierer kannerecher Attitüde, dass sie alles (mir schwätzen vun Entertainment an ‘Luxusartikelen’ hei) missten gratis kréien.

Categories: Medien, Wired world
  1. January 31, 2010 at 4:38 pm

    Ech hunn näischt géint den Appstore un sech, just dass ech gezwongen ginn en ze benotzen. Dozou gehéiert natierlech och, dass Apple den absoluten Muechtmonopol iwwert hiren Store an natierlech domatter och d’Geräter huet.

    Déi Beispiller, wou leit mat enger App räich gi sinn, loossen sech och un enger Hand opzielen an mëttlerweil ginn et och vill Konkurrenz Plattformen, wou een seng Spiller kann publizéieren. Steam/Impulse (PC), XNA indie games (Xbox) an mëttlerweil och PSN/PS3 Minis (Sony) an Wiiware (Nintendo), wieren do nëmmen e puer Beispiller, wou een seng Spiller bequem an einfach ënnert de Mann kann bréngen. Eng aner ganz einfach Méiglechkeet, ass eng Website mat paypal (jo dat ass och efficace an de gesamte Benefice geet direkt un den Entweckler).

    Dat éischt wat ech gemeet hunn, ewéi ech mäin iPod krut, war Yamipod/Rockbox ze installéieren fir deem eekelegen iTunes aus dem Wee kennen ze goen. Mä bon, fir vill Leit ass et eben méi einfach fir 50 Cent oder 1 Euro iergendeng App aus dem Store ze zéien ewéi se gratis (an legal) um Internet rofzelueden.

  2. January 31, 2010 at 4:44 pm

    Patrick:

    Ech hunn näischt géint den Appstore un sech, just dass ech gezwongen ginn en ze benotzen.

    Huh? Wéi huet Apple dech dann gezwongen kritt fir en iPod ze kafen??

    mëttlerweil ginn et och vill Konkurrenz Plattformen, wou een seng Spiller kann publizéieren.

    A wéivill verkafen déi?😉
    Hunn déi och eng Base vun 120 Milliounen Kreditkaarten?

    Dat éischt wat ech gemeet hunn, ewéi ech mäin iPod krut, war Yamipod/Rockbox ze installéieren fir deem eekelegen iTunes aus dem Wee kennen ze goen.

    Firwat benotz de dann net einfach en aneren MP3 Player??

    Mä bon, fir vill Leit ass et eben méi einfach fir 50 Cent oder 1 Euro iergendeng App aus dem Store ze zéien ewéi se gratis (an legal) um Internet rofzelueden.

    Vill Läit bezuelen gären fir Einfachheet. Ech enner anerem och. Et spuert een nämlech massiv Zäit.

    A wat fir eng App wier dat déi een amplaz kéint gratis an legal um Internet eroflueden … ?

  3. January 31, 2010 at 5:37 pm

    1) Ech krut den iPod geschenkt an och wann an dësem Fall d’Hardware wierklech gutt ass, d’Software ass net akzeptabel.

    2) Steam huet eng Userbase vun 25 Milliounen Leit. PSN an PS3 install base huet zesummen ëm déi 60 Milliounen. An d’Xbox 360 huet eng install base vun 28 Milliounen. Wiiware ass nach relativ jonk an huet em déi 10 Milliounen User. DSware install base huet 152 Milliounen User. Ech kann der leider net soen wei vill Kreditkaarten dat sinn. Fest steet, dass den iPhone Marché zimlech iwwersättegt ass an d’Gewennmargen deementspriechend gefall sinn. Ech géif och soen, dass een bei Steam besser Chancen huet säin Spill ze verkafen, well einfach d’Zielgruppe besser ugeschwat gëtt.

    3) Ech fannen et ëmmer komesch ewéi Apple seng User zur Onmündegkeet erzitt. Ech weess éierlech gesot net, wou hautdesdaags nach de Problem ass eng Programm rofzelueden an einfach ze installéieren. Mä bon, dat ass och de Grond wisou Jamba an dat ganzt Gedöns esou profitabel ass. Well déi meescht Leit selwer ze faul sinn sech eng gratis Midi-Datei als Klingelton ze installéieren.

    4) Do ginn et vill indie Beispiller. Rezent wier do z.B. tumbledrop. Natierlech ginn och och eng ganz Rei super gutt gratis Spiller déi et am Appstore net ginn: Spelunky oder Cave Story. Naja an da ginn et nach eng ganz Rëtsch aner sou “fun apps”, déi een och gratis um Internet kritt.

    Éierlech gesot, den Appstore funktionéiert nëmmen, well en seng Geräter un sech
    bënnt. Hätten d’Leit Alternativen zur Verfügung, hätt den Appstore wesentlech manner Succès. Mä do soll Jiddereen selwer man, wéi en gären hätt.

  4. January 31, 2010 at 5:56 pm

    1. Dat ass wéi gesot affaire de goût😉

    2. Wéivill Emsaatz maachen déi Storen dann? Eng Userbase x translatéiert jo net an x Client’en, déi eppes kafen. An dat ass jo, wat bei sou engem Store zielt.

    3. Dat huet näischt mat Erzéien zur Onmündegkeet ze dinn. Läit, déi alles gären wëllen selwer maachen kënnen sech jo en MacBook kafen. En iPhone, en iPod an en iPad sollen einfach sinn. An dat ass och wat de Marché wëll. Wéi oft huet den Nexus One sech verkaaft bis elo? 20’000 mol? An der selwechter Zäit hat den iPhone iwwert eng Millioun.

    4. TumbleDrop: firwat muss ech mir do nach e Player eroflueden? Firwat kann deen net mat Software lafen, déi et schon gët? Ech well mäin Computer net voll irgendwelch kleng Programmer hunn … A woumadder mecht d’Firma vun TumbleDrop hiert Geld, wann net duerch eng app payant? Hier gratis Webversioun mécht hinnen jo wuel keent …

    5. Den AppStore funktionnéiert natierlech just well en perfekt un d’iProdukter ugepasst/ugebonnen ass. Mee den Succès vun engem iPod oder iPhone iwwert den Rescht läit awer einfach un der Qualitéit an der Einfachheet vum Produit.

  5. January 31, 2010 at 5:59 pm

    ps. TumbleDrop ass saucool! Direkt mol fir 0.79 Euro kaaft🙂

    An hiere Player verbraucht och manner CPU wéi den Flash. Wat nees beweist, dass den Flash extrem schlecht op Mac portéiert gouff. En plus sinn sie awer dem iPhone vis-à-vis ganz oppen: http://unity3d.com/unity/whats-new/iphone-1.5.1

  6. johnny chicago
    February 1, 2010 at 11:40 am

    De Problem beim Appstore (a beim Räscht vum Apple-Universe), ass jo dass et e Lock In gett: Apple decidéiert, wat’s de dierfs hunn. D’Qualitéit vun enger App ass net relevant (gudd Beispill: d’HotCity App), mee just de Fait, dass Apple emmer tescht dem Developer an dem User steet an d’Konditioune vun der Stee festleet. Sou däerfs de z.B. am Appstore näischt offréiren, wat Konkurrenz zu Apple-Produit’en ass, wéi z.B. en Browser, oder en Mailprogramm, an och näischt, wat Apple ofleehnt, wéi z.B. Porno. Domadder hun ech e Problem (also lo net mam Porno, mee ech hätt gären e Firefox)

    Wat de Succes vum Iphone ugeet, huet deen glad a guer näischt mam Appstore ze dinn. Den Telefon gouf et laang virum Store.

  7. February 1, 2010 at 11:58 am

    Johnny:

    De Problem beim Appstore (a beim Räscht vum Apple-Universe), ass jo dass et e Lock In gett: Apple decidéiert, wat’s de dierfs hunn.

    Am Fall vum AppStore: jo. Am Fall vum Apple-Universe: nee.

    An Apple decidéiert dat am AppStore fir keen Wildwuchs ze hunn. Dat ass e Kompromess, deen a mengen Aan ok ass och wann et natierlech heiandsdo Grenzfäll ginn.

    mee just de Fait, dass Apple emmer tescht dem Developer an dem User steet an d’Konditioune vun der Stee festleet

    Wou ass de Problem? 1. Kritt den Developer duerfir eng ganz Infrastruktur an potentiell Clienten ugebueden an 2. muss en jo net fir den iPhone developpéieren.

    Sou däerfs de z.B. am Appstore näischt offréiren, wat Konkurrenz zu Apple-Produit’en ass, wéi z.B. en Browser, oder en Mailprogramm, an och näischt, wat Apple ofleehnt, wéi z.B. Porno.

    Perséinlech fannen ech, dass den Safari an den Mail um iPhone déck duerginn, duerfir vermessen ech déi aner net. Wat d’Porno-Apps ugeet, sou ass dat en effet onlogesch well mam Safari kenns de jo op Pornositen? Ech huelen un, dat huet domadder ze dinn well Apple den AppStore well kannerffrëndlech halen. Wat ech ok fannen. Ech hu keen Problem domadder wann Porno- oder Gewaltapps net erlaabt ginn.

    Wat de Succes vum Iphone ugeet, huet deen glad a guer näischt mam Appstore ze dinn. Den Telefon gouf et laang virum Store.

    Net d’accord. Den Succès vum iPhone huet vill mat den zousätzlechen Apps ze dinn, déi d’Läit konnten roflueden. Ouni Apps wier et just en Telefon. An den iPhone ass jo méi wéi just en Telefon.

  8. February 1, 2010 at 11:59 am

    Ech haase di ganz Apps Geschicht ganz einfach aus der Tatsaach eraus dass ech fir all kleng banalitéit muss bezuelen fir eppes gemaa ze kreien.

    Nagios? 10€
    Eng SSH-Shell? 5€ fir eng anstänneg
    Klingelton vun enger Musek? 1€ pro Klingelton… fir 30s vum original deen och 1€ kascht!

    Geet et dann net duer dass ech muss 50€ de Mount bezuelen fir dierfen op enger miserabler Fläche vun 2500km2 gratis ze telefoneieren an ze surfen?

    An wann een dann emol eng App huet dann mescht se wann et gudd geet genau daat waat se versprecht… awer och kee besse mei. Et get fir mech naischt mei enervantes wann ech fir eng Aufgab muss 5 Apps erooflueden an tescht den Apps hin an hier sprangen wi en Kangoroo.

    Vue que dass ech sou een nonsense eh net machen an main MBP dann awer fiirzeien fir ze schaffen, ass mer et awer nach net esou fiirkomm, mee damn… et nervt beim casual working schon genuch.

  9. February 1, 2010 at 12:03 pm

    Mike:

    Ech haase di ganz Apps Geschicht ganz einfach aus der Tatsaach eraus dass ech fir all kleng banalitéit muss bezuelen fir eppes gemaa ze kreien.
    Nagios? 10€
    Eng SSH-Shell? 5€ fir eng anstänneg
    Klingelton vun enger Musek? 1€ pro Klingelton… fir 30s vum original deen och 1€ kascht!

    Da kaaf der keen! An dass déi Läit fir hier Apps Suen froen ass net Apple hier Schold! Et gët jo schliesslech och d’Méiglechkeet fir seng Apps gratis unzebidden.

    Ech hu keen Problem domadder fir Qualitéit Suen ze bezuelen.

    An du gëss jo och fir deng aarbecht bezuelt, oder?

    Geet et dann net duer dass ech muss 50€ de Mount bezuelen fir dierfen op enger miserabler Fläche vun 2500km2 gratis ze telefoneieren an ze surfen?

    Uh … a wéivill giff dat dech soss kaschten fir mobil onlimitéiert ze telefonéieren an ze surfen?? Dat mat der Fläch ass leider e Nodeel vun engem klengen Land😦 Huet nees näischt mat Apple ze dinn.

    An wann een dann emol eng App huet dann mescht se wann et gudd geet genau daat waat se versprecht… awer och kee besse mei. Et get fir mech naischt mei enervantes wann ech fir eng Aufgab muss 5 Apps erooflueden an tescht den Apps hin an hier sprangen wi en Kangoroo.

    Wat fir eng Aufgab wier dat zb?

    Vue que dass ech sou een nonsense eh net machen an main MBP dann awer fiirzeien fir ze schaffen, ass mer et awer nach net esou fiirkomm, mee damn… et nervt beim casual working schon genuch.

    Weder en iPhone nach en iPod nach en iPad sinn geduecht als Haaptcomputer.

  10. Petrit
    February 1, 2010 at 1:11 pm

    Vireweg muss ech dem Grommel Recht gin. D’Appstores sin effektiv deen einfachste Wee fir d’Developer Suen an hier Kees ze spullen.

    Grommel:”Duerfir sinn ech och zB bereet fir Musek, Filmer, eBooks an Qualitéitsjournalismus online ze bezuelen. Ennert zwou Konditiounen: (1) d’Präisser mussen raisonabel sinn an (2) d’Bezuelen einfach.”
    Ech geif nach en 3. derbai setzen, deen fir mech vill mei wichteg as:
    Den Créateur(op Journalist, Museker etc pp) muss dervunner profiteiren, an net iergend eng Multinational. Domadder well ech soen dass een domadder keint geziilt den ‘Qualiteitsjournalismus’ förderen, well Journalisten(oder Museker etc pp.) manner oofhängeg wieren vun ‘Spenden-Gelder’ saitens vum Verlaag(oder Label),fir nemmen daat ze produzeiren waat Main-Stream-Adequat wier.

    Als Apple-Fan sin ech awer e bessi enttäuscht em d’Maneier wei se alles op den ITunes reduzeiert hun. Bis op en aalen PowerBook(G4) wou den aktuellen iTunes net drop leeft, an den G5, laafen main Netbook an dei aaner 2 Compis ennert Linux. Vun do aus hun ech mer schon e puer mol iwwerluecht op an iwwerhaapt ech mer sollt sou en Gadget leeschten. Ech un einfach oofgeward waat sech dunn dann nach sou bei den Smartphones sollt doen…

    Haut sin ech Besetzer vun engem HTC Hero, an kann mech eierlech gesoot net bekloen. En kruut en neien Kernel(den MoDaco-Rom an senger leschter Versioun), waarden lo nach e bessi oof, a wann HTC sech net begannt fir endlech op Android 2.1 upzedaten, puchen ech mer en einfach drop.
    @Mike: Ech hun op mengem en FTP-App,en SSH-app..wordpress editor, meng Schellen kann ech mer selwer schneiden aus deenen MP3’n dei ech op mengem phone hun – de Programm as zimlech räu, eng op den Android geschnidde Versioun vun Audacity, root-zougang zum Phone etc pp., ouni lo mussen groussarteg fill derfir ze bedaalen.

  11. February 1, 2010 at 6:59 pm

    Petrit:

    Ech geif nach en 3. derbai setzen, deen fir mech vill mei wichteg as:
    Den Créateur(op Journalist, Museker etc pp) muss dervunner profiteiren, an net iergend eng Multinational. Domadder well ech soen dass een domadder keint geziilt den ‘Qualiteitsjournalismus’ förderen, well Journalisten(oder Museker etc pp.) manner oofhängeg wieren vun ‘Spenden-Gelder’ saitens vum Verlaag(oder Label),fir nemmen daat ze produzeiren waat Main-Stream-Adequat wier.

    Gudde Punkt. Giff ech och ennerstëtzen.

    Bis op en aalen PowerBook(G4) wou den aktuellen iTunes net drop leeft, an den G5, laafen main Netbook an dei aaner 2 Compis ennert Linux.

    Linux ass awer ëmmer nach eppes fir Bastler an Geeks. Ech hunn och nach en alen Laptop op deen ech Ubuntu gesat hunn fir en mobilen Mediacenter ze hunn. Funktionnéiert gutt. Ausser fir Flash. Deen pakt en net😦

  12. Petrit
    February 4, 2010 at 4:54 pm

    Grommel:
    Linux ass awer ëmmer nach eppes fir Bastler an Geeks. Ech hunn och nach en alen Laptop op deen ech Ubuntu gesat hunn fir en mobilen Mediacenter ze hunn. Funktionnéiert gutt. Ausser fir Flash. Deen pakt en net.

    Mam Flash hues de Recht. Mee, do leen ech meng Hoffnung op HTML5, YouTube hun anscheinend schon eng BetaVersioun vun hierem Site wou se gänzlech op Flash verzichten, an statt dessen deen neien -tag benotzen…Ech gin dervunner aus dass daat de Schluss vun Flash fir Video-Duerstellung aleet…An wann een dei nei meiglechkeeten mat CSS3 kombineiert an enger gudder JS-Library bräuchen nach jhust verschidden Designer Flash fir sech um Inet ze bretzen😉
    Hun sws ni verstaanen fiirwaat sech d’Leit sou mam Flash blenden geloos hun..mee daat as meng perseinlech Meenung als WebCoder.

    Deng Ausso dass Linux nach emmer eppes fir Leit wei ech sin😉 kann ech awer net be-joen. Ech benotzen et wierklech als Primärt OS(hun dei leschten Ubuntu Versioun) an kann mech wierklech net bekloen. Alles ass tiptop erkannt gin(souguer meng Radeon, wou bekannt as dass do emmer Probs mat driver woren) wei deen ganze aanren Quatsch(Cam,Ipod asw asf…) D’Jungs hun mat der läschter Versioun eng immens Arbescht geleescht, an ech freen mech schon op dei nxt Versioun mat dem neien Gnome(hoffentlech), deen huet e puer ganz rauer Tricker parat(..kukks du hier

    http://www.omgubuntu.co.uk/2009/09/gnome-3-quick-visual-tour.html

    Natierlech, alles waat mat Musek/Video/DTP ze din huet graifen ech nach emmer op main G5 zereck. Du hues ganz passabel alternativen fir zB Video Editing -> Cinelarra, an eng AudioSoft -> Ardour dei vun menger aaéer Schoul SAE mat entweckelt gett an et wierklech an sech huet.
    Mee bon, ech muss zouginn dass ech Adobe/AppleLogic geschiedegt sin…

  13. February 7, 2010 at 10:46 am

    Petrit:

    Linux ass awer ëmmer nach eppes fir Bastler an Geeks.

    D’accord.

    Ausser fir Flash. Deen pakt en net.

    Jo. Schlecht op Linux an Mac migréiert.

    YouTube hun anscheinend schon eng BetaVersioun vun hierem Site wou se gänzlech op Flash verzichten, an statt dessen deen neien -tag benotzen

    Hei ass de Link: http://www.youtube.com/html5

    An wann een dei nei meiglechkeeten mat CSS3 kombineiert an enger gudder JS-Library bräuchen nach jhust verschidden Designer Flash fir sech um Inet ze bretzen

    Genau!

  14. Pancho
    April 22, 2010 at 7:13 pm

    Holà,

    …”Apple decidéiert, wat’s de dierfs hunn.”…oder waaste däerfs kréien…

    http://gizmodo.com/5517890/apple-blocks-pulitzer-prize+winning-cartoonist-from-app-store

    Hasta
    Pancho

  15. April 23, 2010 at 7:16 am

    Sie ass an der Tëschenzäit akzeptéiert ginn: http://bit.ly/9GfFti

    Trotzdem fannen ech, dass se hei en effet ze wäit ginn. Wa se keng Porno-Apps wëllen, ok. Mee dass een ëffentlech Persounen net méi därf duerch den Kakao zéien oder sou geet ze wäit.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: