Home > Gesellschaft, Wired world > Video identification.

Video identification.

February 12, 2010 Leave a comment Go to comments

Dat heescht jo, dass wann Youtube/Google eng offiziell Kopie vun all Lidd, Film oder TV-Show, déi je ausgestrahlt gouff, bei sech op de Serveren hätt (bräichten jo net public ze sinn), da kéinten sie all net authoriséierten Upload vun geschütztem Material automatesch indizéieren. Och wann dat natierlech hannert de Kulissen (nach) extrem rechenintensiv wier. Mee natierlech méi efficace, wéi dass Mataarbechter déi oh su ultraschlëmm Verstéiss selwer siche mussen.

Als Approche a mengen Aan awer eng Grëtz ze krass well sou kann jo och d’Scientology, en Noriichtensender, etc hinnen am nachhinein peinlech (oder skandaléis) Ausschnëtter ganz einfach verhënneren loossen …

(via)

Categories: Gesellschaft, Wired world
  1. pa
    February 13, 2010 at 7:50 am

    Ech wollt des läscht eng Szene aus enger Serie op Youtube nosichen. Ech hun di Szene och ë puer mol fonnt, awer all Kéiers war de Video gespijhelt, also säiteverkéiert. Aus de Kommentarer hun ech dunn eraus fonnt, datt de normale Video automatesch no ë puer Minutten nom Upload ëmmer rem geläscht gouf, sou datt d’Leit de Video einfach verkéiert erop gelueden hun, fir datt den Algorithmus kéng Ähnlechkeet kann fest stellen.

    U séch keng schlecht Iddi, mee wann YouTube einfach nom Numm gesicht hätt, hätten së di Videoen wahrscheinlech all vill mi einfach fonnt, anstatt de ganze Video z’analyséiren.

  2. Pancho
    February 13, 2010 at 12:44 pm

    Holà,
    @pa
    “…fir datt den Algorithmus kéng Ähnlechkeet kann fest stellen.”

    Jo, mä da kannste secher sinn daat Youtube all Upload och spiggelverkéiert wäert analyséieren…(add-fonctioun déi eng Drëps Schweess kascht)

    Nächst Etapp…A plaaz eng Plattform ze hunn, wou all Mënsch zentraliséiert muss uploaden, eng Plattform wou alles lokal bläiwt mä global zur Verfügung gestallt gëtt
    De plus méngen ech, daat d’Méigelechkeet (app) vun enger Implementatioun vun stochasteschen “Verzerrungsalgos” (fir den “Uralgo” ze verzerren) ouni weiderhin Probleemer méigelech ass…dann ass deen “Rumtata” och hin…

    Hasta

  3. Pancho
    February 28, 2010 at 12:26 pm

    Holà,

    …huet zwar (nach…) Näischt mat Filmer ze dinn, mä mat Algorithmen…

    http://www.wired.com/magazine/2010/02/ff_algorithm

    Hasta
    Pancho

  4. Pancho
    March 2, 2010 at 12:42 am

    Holà,

    …aanert Gebidd waat mam “Sparse Coding” a Verbindung steeht…
    http://spectrum.ieee.org/computing/software/a-new-algorithm-to-attack-art-fraud

    Hasta
    Pancho

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: