Home > Literatur, Wired world > eBook Präisser, wtf?

eBook Präisser, wtf?

February 21, 2010 Leave a comment Go to comments

Wéi ass et ze rechtfertegen, dass d’Hardcover Editioun vun engem Buch $23.10 kascht an d’Kindle Versioun $24.44??

Categories: Literatur, Wired world
  1. February 21, 2010 at 7:58 pm

    Dat ass den Oppräiss fir den DRM, deen der esou ee grousse Mehrwert bréngt. An dat ass bei allem esou. iTunes ass och dräimol méi deier ewéi eng CD oder eng DVD, wells de d’iTunes Dateien jo just dierfs op dengem Computer kucken a net op der Telé.

  2. February 21, 2010 at 8:23 pm

    Dat ass dach net wouer. En Album kascht ‘säit Eiwegkeeten’ bei iTunes 9,99.- an CDen hunn, wéi ech die läscht Kéier eng kaaft hat (also virun e puer Joer) nach ëmmer em die 15 Euro kascht.

    Firwat ass dat bei den eBooks net och sou? Et gët keen Pabéier gebraucht an Transportkäschten falen och fort …

  3. February 21, 2010 at 8:27 pm

    Konkret Beispill:

    Serge Gainsbourg ‘Gold’
    -> als CD bei amazon.fr 20,70.- (bei amazon.de suguer 29,99.-!)
    -> bei iTunes 9,99.-

    Ok, bei der CD ass wuel e Booklet dobäi mee trotzdem. Dann hätt ech nach léiwer en iTunes LP Album fir 11,99.- …

  4. denjclaude
    February 22, 2010 at 10:22 am

    Et kennt ob CD un, mee wann een bei dem amerikaneschen Amazon bestellt kritt een dei meeschten Cden fier 10-13$. Emgerechent ob € ass CD mei belleg, ab enger gewessener Unzuel rechent et sech och nach mam Versand. An dann huet een eng Cd wou een d’Format an deer een se well rippen selwer wielen kann.

    Mam Buchpreis an dem Kindle ass esou eng Sach. D’Verlager färten genau ewei d’Musëcksindustrie datt ewei well kopeiert gett. Datt sie domadder hier wahrscheinlech eenzeg Chance ze iwerliewen verpennen, ass en net bewosst.

    Mat den Käschten fier Pabeier an Transport hues Du eigentlech recht. Mee den Kinosticket ass och net mei belleg gin seit se d’Filmer digital via d’Netz kreien an net mei mussen Bobinnen hin an hier geschleeft gin.

    Dobei kennt nach en aneren Problem spezifesch fier kleng Länner ewei Lëtzebuerg. Mir hun an villen Bereicher net den Choix un Online-Händleren. Ob dat elo mp3 en oder Bicher sinn. Dei meeschten Firmaen machen sech net d’Meih fier fier Lëtzebuerg d’Verkaafsrechter mat ze froen. Et rechent sech wahrscheinlech einfach net an den Obwand steet a kengem Verhältnis zum Bénéfice.

  5. February 22, 2010 at 10:50 am

    JC:

    Wanns de am amerikaneschen Amazon CDen bestells, da kommen nach Transportkäschten plus Importtaxen dobäi. Do muss de der awer schon vill beieneen bestellen fir dass dat sech rentéiert. An x Deeg voir Wochen op den CDen waarden … ween mecht dat dann?

    Wanns du am iTunes en Album keefs, da kanns de deen brennen. An dann kanns de déi CD och esou oft rippen wéis de wëlls.

    A wat Filmer an eBooks ugeet: wann een mir keng einfach a bëlleg Méiglechkeet gët fir se legal ze kafen, da muss ech halt aner Wéeër benotzen.

    Wat de Kino ugeet sou fannen ech dat eng Frechheet, dass d’Präisser permanent erop ginn AN ech en plus nach muss Reklammen iwwert mech ergoen loossen. Dat ass wéi PayTV mat Reklammen!? Mee well een jo keen aneren Choix huet (wann een e Film am groussen Format well kucken), da muss een halt déi Monopolskonditiounen a Kaf huelen.

  6. Pancho
    February 22, 2010 at 11:24 am

    Holà Grommel,

    “… ween mecht dat dann?”
    Ech? D’Musék leeft jo net fort, oder…? (Ah dach! Ech muss esouschnell ewéi méigelech déi lescht Lady-Ga…Hansi Hinterseer-CD kréien, fir mäi “materiellt an spirituellt Verlaangen” ze befriddegen…)

    “…da muss ech halt aner Wéeër benotzen.”
    “Den Zwéck héllegt d’Mëttelen”…LOL…

    “Wat de Kino ugeet sou fannen ech dat eng Frechheet, dass d’Präisser permanent erop ginn AN ech en plus nach muss Reklammen iwwert mech ergoen loossen.”
    Yep, duerfir ginn ech schons säit Joeren nët méi an den “trendy meeting point”…äusser wann et sech ëm “no-no-noname” Filmer handelt…(P.S.: 3 euro fir 50gr pop-corn…losst dir et ganz gudd schmaachen…)

    “…da muss een halt déi Monopolskonditiounen a Kaf huelen.”
    …oder ganz einfach boykottéieren…et ginn och aaner Saachen am Liewen…

    Hasta
    Pancho

  7. February 22, 2010 at 11:32 am

    Pancho:

    Du bestells der CDen bei amazon.com? A kanns de do en Präisbeispill ginn fir ze gesinn op dat sech en effet rechent?

    Jo, wann se mer keng praktesch legal Méiglechkeeten ginn, da benotzen ech halt illegaler. Hiere Problem, wann se mir näischt wëllen verkafen?

    Ech fannen et awer flott e Film um groussen Ecran ze kucken. Ass eppes ganz anescht wéi doheem op der Tele.

    Natierlech ginn et och aner Saachen. Mee wann een Loscht op Kino befriddegen wëll, da muss een hier Konditiounen akzeptéieren.

  8. Pancho
    February 22, 2010 at 11:59 am

    Holà Grommel,

    “Du bestells der CDen bei amazon.com?”
    Nët CDen awer DVDen…als “second-hand”…Hun zwar d’Eier nët als alleréischten den Cellophan an ménger hedonistescher Ekstaas opzerappen…(c’est un scandale!)…ass och esou ëppes vu Schnuppe…d’Wuer(en) ass esougudd ewéi nei…(50-70% Rabatt, jee nodeem…an nii Probleemer gehaat…d’Schréipsen si bei mir esouwéisou im Nachhinein onvermeidlech…)

    “Ech fannen et awer flott e Film um groussen Ecran ze kucken.”
    Ech och…mä dann wuaarden ech oof…an dann hunn ech (oft) eng “Leinwand” nëmmen fir mech…(u sech missten d’Präiser vum Entreesticket a funktioun vun der Zäit eroofgoen…ass awer leider nët de Fall…avis à la bonne gestion et aux fans de la “EMH”…)

    “…da muss een hier Konditiounen akzeptéieren.”
    Jo, “sie” diktéieren d’Reegelen (do si mer am Beräich vun den “supply-side-economics”), mä du kanns domadder averstaanen sinn oder och nët…a wann d’Hoi Polloi synchron an “unisono” NJET! seet…da sinn “sie” meeschtens gezwongen d’Reegelen äenneren…(Ech géif ower genau esou fueren ewéi “sie” daat maachen…)

    Hasta
    Pancho

    Neen, kann ech nët…mä, en effet, 9,99- ass “pas mal”…

  9. Pancho
    February 22, 2010 at 12:01 pm

    Holà Grommel,

    “Neen, kann ech nët…mä, en effet, 9,99- ass “pas mal”…”

    …forget it!

    Ee “résidu” deen sech beim posting “duerchgemogelt” huet…sorry…

    Hasta
    Pancho

  10. February 22, 2010 at 1:15 pm

    Pancho:

    An Second-hand DVDen aus den USA bréngt et? Mee do sinn mer lo bei Filmer an net méi bei der Musek. Woubäi ech perséinlech awer och keen Problem hätt fir mer en aktuellen Film fir, maximal, 10 Euro am HD Format bei iTunes ze kafen.

    En plus sinn ech jo nach ëmmer dofir, dass die éischt 15 Minutten vun ALL Film missten gratis sinn an dass een réischt duerno decidéiert op een de Film wëll ganz kucken oder net. Esou ähnlech wéi een bei Kindle-Bicher kann dat eischt Kapitel jeweils gratis eroflueden.

    An 9,99.- ass dach den Standardpräiss fir Albummen op iTunes?

  11. Pancho
    February 22, 2010 at 1:58 pm

    Holà Grommel,

    “An Second-hand DVDen aus den USA bréngt et?”
    Hhmmm…daat hängt vun den Fuerderungen vum Keefer (“caveat emptor”) aaf…wannste onbedingt wëlls all eenzelnen “Film-Hoer” op dénger 10mio*5mio pix. Telé zielen kënnen…dann ass daat eng Saach…wann nët, eng aaner…(den Marshall McLuhan soot schons deemools…”The medium is the message.”…)
    Waat elo d’DVDen äus den USA ubelaangt…sinn se fir mech ganz ok (et sinn mol DVDen, ouf!)…äusser dee blöden “Codec-Zone-Stresshéich10-Rumtata”…

    “…dass die éischt 15 Minutten vun ALL Film missten gratis sinn an dass een réischt duerno decidéiert op een de Film wëll ganz kucken oder net.”
    Ass jo och ëmmer méi en Trend fir iwwert Internet (vläicht net graad elo bei der itunes-database) eng preview als Virgeschmaach ze unzebidden…

    “An 9,99.- ass dach den Standardpräiss fir Albummen op iTunes?”
    Sorry, kénne mech mam itunes guer nët äus…mä falls daat och de Präis fir een Album vum Michael Wendler ass…dann läit en fir mech définitiv ze héich…🙂

    Hasta
    Pancho

  12. February 22, 2010 at 2:06 pm

    Huh? Lo fënns de 9,99 op eemol vill fir e ganzen Album?? Ech zwar net.

    A ween ass Michael Wendler?

  13. Pancho
    February 22, 2010 at 2:22 pm

    Holà Grommel,


    (P.S.: ech wor awer tescht 1976 an 1979 e fan vun him…)

    Hasta
    Pancho

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: