Home > Gesellschaft > Men to boys.

Men to boys.

Interessanten Kommentar och am Kader vun dësen ganzen Gender-Diskussiounen etc: ‘The Basement Boys.  The making of modern immaturity‘.

Gary Cross, a Penn State University historian, wonders, “Where have all the men gone?” His book, Men to Boys: The Making of Modern Immaturity, argues that “the culture of the boy-men today is less a life stage than a lifestyle.” If you wonder what has become of manliness, he says, note the differences between Cary Grant and Hugh Grant, the former, dapper and debonair, the latter, a perpetually befuddled boy.

Do ass eppes drun. Et brauch een och just all déi ‘Männer’ ze kucken, déi léiwer permanent mat hierer XBox daddelen (villäicht suguer nach bei den Elteren wunnend) wéi selwer en Liewen mat entspriechenden eegenen Responsabilitéiten opzebauen … Mee bon, wann een d’Méiglechkeet (oder den Luxus?) huet fir net brauchen richteg erwuessen ze ginn, dann kann et natierlech attraktiv sinn fir en éiwegen Bouw ze bléiwen. Mat all den Konsequenzen, déi dat huet.

Och fehlen eis natierlech haut Ritualer, déi den Iwwergang vum ‘Bouw’ zum ‘Mann’ giffen kloer an public man.

Categories: Gesellschaft
  1. March 3, 2010 at 12:27 pm

    Wéini sinn ech da lo e Mann?
    Dee Moment wou ech Responsabilitéit unhuelen?
    Sinn ech kee Mann, wann ech Gefiller ausdrécken?
    Wéi krass entmännlecht et mech, dass ech gär Comics liesen, Disneyfilmer an Musicals kucken?
    Ass et männlech fir “Football Manager 2010” ze spillen?
    Ass eng Fra, déi Responsabilitéit iwwerhëlt eng Fra?
    Wéi eng Ritualer hu fréier den “Iwwergang vum vum ‘Bouw’ zum ‘Mann’” kloer gemaach? Kricher? Zwangshochzäiten?
    Wéi eng Alternativen dozou (wann iwwerhaapt) stells du dir als Ritual vir?
    Soll e Mann sech fënnef Mol bestueden, sou wéi de Cary Grant oder soll en sech ni bestueden, sou wéi den Hugh Grant?
    Sinn dem Cary Grant seng Bisexualitéit, Drogesucht an kommunistesch Frënn en Challenge u seng Männlechkeet?
    (Ech kann nach ëm puer Froe stellen. Mä ech denken dat hei geet mol duer fir de Moment. An nee, ech wäert net rëm ufänken op dengem Blog regelméisseg ze kommentéieren.)

  2. March 3, 2010 at 12:42 pm

    Jo, ech giff soen, dass Responsabilitéiten, fir sech an anerer, z’iwwerhuelen, een schon zum ‘Mann’ (resp. ‘Fra’) mécht. Permanent XBox oder Wow spillen (oder chatten etc) sécher net.

    An dass generell eng Trend zur Infantilization do ass, ass och e Fait. Genau wéi deen, dass sech spéider bestued gët, spéider Kanner gemaach ginn etc. A menger Meenung no hëlleft eng fest Partnerschaft an zumools Kanner, suwuel den Männer wéi den Fraen, fir ‘erwuessen’ ze ginn. Dat heescht net nëmmen no sech selwer ze kucken an +- infantil Besoins ze befriddegen.

    Natierlech kënnen, a sollen, Männer Gefiller ausdrécken. Opmanst zu engem gewëssen Grad. Bei permanenten Heulsusen leeft eppes falsch, genau wéi bei entspriechenden Fraen.

    Comics, Diskeyfilmer a Musicals hunn näischt direkt domadder ze dinn. Et sief dann déi Saachen giffen den Groussdeel vun dengem Liewen ausman, am beschten nach bei der Mami op der Couch. Wat mech bei dir awer giff wonneren.

    Mee Läit Genre ‘Comic Book Guy’ aus den Simpsons sinn definitiv net erwuessen, räif oder männlech. Sie sinn ëmmer nach kleng Jongen.

  3. March 3, 2010 at 12:44 pm

    Dat hei ass och manner eng Gender-Fro wéi eng Infantilization-Fro. Allerdëngs schéngen Tippen jo méi dovunner betraff ze sinn wéi d’Fraen. Wat jo awer d’Fro no dem Firwat opwërft.

  4. Pancho
    March 3, 2010 at 2:11 pm

    Holà,

    @Chris:

    “Wéini sinn ech da lo e Mann?”
    Wann ech mat méngen “Macho-Gehabe” esouvill ewéi méigelech Fraen “begattert” kréien…wéini soss…LOL…

    Hasta
    Pancho

  5. March 3, 2010 at 2:14 pm

    De Cary Grant huet jo awer – obwuel en als Besipill fir ee “richtege Mann” genannt gëtt – ewéi de Chris och schon sot, definitiv seng Macke gehat, an esou erwuessen ass Drogesucht dach net. Oder muss ech elo ufänken mer d’Sprëtz ze setzen an wäisse Puder duerch d’Nues ze zéien, fir erwuessen ze sinn? Mécht mech ee Methlab dann zum ultimative Mann?

    Ech kennen extrem vill Leit a mengem Alter, déi doheem bei den Elteren wunnen, well se néirens eng Arbëscht fannen, trotz Unisofschloss an permanentem Verschécken vun CVen, Virstellungsgespréicher, asw. Dass déi mat FarmVille Resultater a mengem Newsfeed opdauchen wonnert mech net, an doranner ass nëmmen een Schold an wierklech nemmen een: déi al Generatioun, i.e. déi “richteg Männer”, déi eis Wirtschaft esou komplett an de Sand gesat hunn, dass d’Jugend keng Perspektiven méi huet. Wéi soll een dann zu engem “richtege Mann” ginn, dee säi Broud verdéngt an eng Famill grënnt, wann en fir eng Plaz an der Keess an engem Kiosk op der Gare mat drësseg anere Kandidaten do sëtzt. (JO!)

    Opmanst zu engem gewëssen Grad.

    Wat ass dann deen “gewësse Grad”? Dierf ech engem eng an d’Schnëss schloen wann ech rosen sinn, awer net kräischen wann ech selwer geschloen ginn?

    Allerdëngs schéngen Tippen jo méi dovunner betraff ze sinn wéi d’Fraen.

    Ee vu menge Proffen an der Germanistik sot virun e puer joer an enger Virliesung eng Kéier: déi virëscht Generatioun probéiert emmer déi aktuell z’analyséieren a mengt, si géing se da verstoen. Dobäi sinn se esou wäit vuneneen ewech ewéi et nëmme méiglech ass. Ech kenne jiddefalls méi Meedecher / Fraen, déi nach doheem wunnen, ewéi Typen.

  6. Pancho
    March 3, 2010 at 2:19 pm

    Holà,

    P.S.:…wor dann den Ex-Prési vun den Staaten ee richtege Mann…?

    Deen haat jo esouvill respektabel “Männertugenden”…LOL…

    Hasta
    Pancho

  7. March 3, 2010 at 2:23 pm

    Ech mengen, dass den Vergläich Cary Grant – Hugh Grant méi op hier Männer-Schauspillrollen wéi op sie selwer bezunn woer.

    A Läit, déi doheem wunnen, well se keng Aarbecht/Suen hunn, dat ass och nees eppes anescht. Eng ganz Rëtsch bléiwen awer och doheem well den Hotel Mama jo awer gemittlech ass an du brauchs der och keng Kächin oder Botzfra ze leeschten.

    De gewësse Grad gouff mat den Heulsusen/Mimosen erkläert. Och hunn ech net implizéiert, dass et männlech wier engem direkt eng an d’Schnëss ze ginn oder dass et onmännlech wier ze kréien, well een selwer eng an d’Schnëss kritt.

    Du kenns villäicht méi Meedercher déi doheem wunnen (firwat man se dat? wéinst de Suen oder well et praktesch ass?), mee d’Statistiken overall soen, dass et éischter d’Jongen/Männer sinn. Genausou wéi d’Statistiken besoen, dass méi Fraen hieren Studienofschloss maachen wéi Männer etc.

    Wier dach interessant ze wëssen firwat dat sou ass.

    An ech bleiwen dobäi, dass an eiser Gesellschaft eng gëwess Infantilization stattfënnt resp. gefördert gët. Dozou och d’Buch: ‘Big Babies. Why can’t we just grow up?‘.

  8. March 3, 2010 at 3:33 pm

    Ewéi et esou schéin heescht: ech gleewe kenger Statistik, déi ech net selwer gefälscht hunn.😉 Ech kennen och méi Meedecher, déi d’Uni ofgebrach hunn, ewéi Jongen. Firwat se dat gemaach hunn weess ech net, dat waren alles Leit mat deenen ech just sporadesch Kontakt hat. Firwat der esouvill doheem liewen weess ech awer: si hunn keng Arbëscht, oder si verdéngen mat hieren dräi Teilzeitjobs (jo, ech hunn där Frënn!) nach emmer net genuch fir sech eng eege Wunneng ze leeschten.

    Fir mech ass déi ganz Diskussioun erem dat alt Rad nei erfonnt. Déi Al fannen dach emmer, dass déi Jonk sech net richteg verhalen. Just well et modern ass an de Medien, den “Hotel Mama” ze pushen, heescht dat net, dass do eng ganz Generatioun opwiisst déi sech weigert erwuessen ze ginn.

  9. March 3, 2010 at 5:34 pm

    Ok, meng Referenz zu der Gender-Diskussioun woer iwwerflësseg😉

    Et geet jo och éischter em d’Erwuessenginn resp. der Tendenz zum Infantilbléiwen. An dat trëfft jo op Männer wéi Fraen zou. Och wann et, ‘selon Statistik’, éischter op Männer zoutrëfft.

  10. Pancho
    March 3, 2010 at 7:51 pm

    Holà,

    …neen…ganz serieux elo…
    Et ass een mMn. “Mann”/”Fra”, wann een et fäerdeg bréngt d’Verantwortung vun énger Famill z’iwwerhuelen, wou een d’Kanner op énger “génialer”? Manéier op d’Liewen virbereed (càd. daat duerno d’erwuessen Kanner soen: Dad(s?), Mum(s?)…dier woort/sidd génial), an daat d’Koppel (aka d’Elteren) géint dem Liewesowend sech seet…:”Et wor gudd, et wor heiantdo schlecht…mier sinn gemeinsam duerch déck an dënn gaangen, an mier bereien guer näischt well mier ëmmer trei zueneen gestaanen hunn…

    Zesummegefaasst heescht et…daat den Zyklus vun der Räifheet eigentlech bis um “Enn” bestoë sollt? bleiwen…Zyklus, deen bildlech gesinn, ewéi deen vun éngem gudde Wäin (Cheval Blanc?) entsprieche soll…

    P.S.:…zemools Ufank bis Mëtt 70er Joer…😉

    Hasta
    Pancho

  11. lapoupeerusse
    March 6, 2010 at 1:34 am

    Ech gin der bei der Idi mat der freiher fester Partnerschaft an den Kanner net onbedengt Recht. As et net mei sennvoll sech an senger Entwecklung gutt Zait ze loossen, ze leiren mat sech selwer eenz ze gin (ech bezweifelen ganz stark, dass dei meescht “jonk” Menschen daat wirklech kennen) an sech och mat dem Choix vum Partner vill Zait ze huelen? Ech mengen, dass een befir een en klengen Mensch an d’Welt setzt, d’Prioriteit ass en raifen Mensche ze sin, den weinstens mei oder manner eenz gett an sech als Persoun gutt kennt.

  12. March 6, 2010 at 8:49 am

    Poupée:

    Ech si mer net sécher, wou ech lo gesot hunn, et misst een ‘fréi’ eng fest Partnerschaft a ‘fréi’ Kanner hunn? Well ech sinn definitiv bei Hochzäiten vun 20jähregen skeptesch, genau wéi bei Läit, déi mat 22 schon 3 Kanner hunn. Mee bon, och dat KANN gutt goen. Ass awer nach laang net gesot. Perséinlech fannen ech souwuel Hochzäiten wéi Kanner ab 27, 28 gutt. Bis dohinner misst een wuel schon genuch Zäit gehat hunn fir sech ze ‘entwéckelen’ an mat sech eenz ze ginn. Wann dat bis dohinner net de Fall ass, dann kënnen déi Saachen och séier an Neurosen ausaarten …

    A wéini kennt een sech schon wierklech?? Ass den ‘Ech’ net eppes extrem Fluides, wat sech ëmmer rem ännert an duerch gewëss extern Evenementer och op eemol radikal an aner Richtungen kann gedriwwen ginn? Wann een waart bis een sech ‘selwer richteg kennt’, da waart een villäicht fir ëmmer!

    An ech bléiwen bei menger These, dass réischt fir Responsabilitéit iwwert anerer ze hunn, een richteg ‘räif’ ginn léisst. Net, dass een virdrun net kéint zum Deel räif sinn oder dass Elteren ze sinn jidereen räifen léisst (obwuel et fir déi meescht en ziemlech heftegen Impakt huet).

    Ech gesinn dat an Etappen:

    – fir d’éischt ass e ganz mat sech selwer beschäftegt (Kand, Teenager, Single) … do léiert een vill iwwert sech, mee dat meescht ass ech-bezunn (mono)

    – dann mat engem aneren, Gläichberechtegten an dësem Fall (Koppel/Marriage) … do léiert een och vill iwwert sech, awer dës Kéier méi doriwwer wéi een selwer mat engem Partner eens gët, wéi een Kompromisser schléisst, wéi een zesummen sou eng ‘Entreprise’ schaukelen kann (stereo), etc

    – duerno dann mat aneren iwwert déi een d’Responsabilitéit hunn an déi vun engem ofhängeg sinn (opmanst am Ufank) … do léiert een vill iwwer Responsabilitéit, dass d’Welt nët nëmmen em sech selwer dréit, dass een net einfach Saachen hischmäissen kann, wann se haart ginn, etc …

    An all Etapp bréngt neit Wëssen, nei Erkenntnisser a nei Experienzen an doduerch och méi Räifheet (op alle Fall bei deenen meeschten).

    An déi kritt een net, wann een éiweg bei den Elteren wunnt a nie serieux Partnerschaften huet/hat. Do fehlt einfach e gewëssen Input.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: