Home > Religion/Philosophy > Gott (2).

Gott (2).

Ugeholl et gët e Gott wéi d’Bibel en beschräiwt:

D’Chrëschten setzen ‘Gott’ oft mat ‘Léift’ gläich a soen duerfir Saachen wéi: ‘Gott ass Léift’. Dat héiert sech schéin un mee et ass usech eng extrem vague and diffuse Ausso, a widdersprëcht och nawell dem Alen Testament, mee huelen mer mol un et giff stëmmen. Heescht dat, dass Gott nëmmen Léift, oder léiw, si kann? Oder kéint hien och Haass an béiss sinn, falls hien dat wéilt?

Mee falls en just léif kéint sinn, ass en dann net eppes wéi en Roboter, deen drop programméiert ass eng Saach, a just eng Saach, ze empfannen?

Falls en awer och béiss kéint sinn, wéi  kann een dann d’Ausso ‘Gott ass Léift’ oprecht erhalen? Da misst een jo eigentlech soen ‘Gott ass, momentan an well hien dat lo sou decidéiert huet, Léift, mee hien kéint awer och ganz anescht sinn, wann en wéilt’. En plus hunn Läit, déi proklaméieren, dass Gott Léift ass och ëmmer ferme Krämpes fir den ‘Problem of Evil’ ze erklären …

Categories: Religion/Philosophy
  1. denjclaude
    March 7, 2010 at 11:32 am

    Dei Fro mat gudd a beis ass extrem interessant. Mech geif interesseieren wat do en modernen Theolog derzou seet.

    Ech gesinn hannert deer Gott-Iddi do den Erklärungsversuch fum Mensch Uerdnung an eppes ze kreien wat en bal net verstoen kann. Den Mensch geseit d’Welt an d’Natur a sicht no Erklärungen weisou a firwat. Hien fennt awer keng an d’Grausamkeet fun der Natur mecht em och nach Angscht.
    Also geet en hin an schaaft sech eng Figur. Wann en dei Figur schons erschaaft mecht en se natiirlech gudd. Doduerch datt sie gudd ass an eis gären huet leist sech d’Grausamkeet dei fun hier ausgeet mei liicht ze erdroen. Ähnlech esou ewei en Papp deen sengem Kand eng heet datt et dach endlech seng Hausaufgaben mecht.

    Natirlech hellft deen Gott do neischt, en ass jo erbeigeduecht. A Wierklechkeet ass d’Natur an d’Naturgesetzer um Wierk. An deer hier Aktiounen sinn net zielgerichtet. Sie halen sech un hier Gesetzer, dei mier zwar deels versteoen awer net änneren kennen. Et ass natiirlech datt enzwouch en Erdbiewen ass an et ass och natirlech datt an engem Stuerm Beem emfalen a Schued machen. Dat gefällt eis nët, ass dofier awer nach lang net beis oder grausam. Et ass einfach esou, war emmer esou a wert och emmer esou sinn.

    Allerdings kann den Mensch dat net akzepteieren, mier mussen jo fier eppes gudd sinn ob deser Welt.

    Dei Sach mat ass, war a wert emmer sinn ass och meng Äntwert ob Deng Fro fun geschter. Do gouf et wahrscheinlech nie en fierdrun an et gett och keen dono, et ass einfach emmer d’selwecht.

  2. March 7, 2010 at 12:19 pm

    Dei Fro mat gudd a beis ass extrem interessant. Mech geif interesseieren wat do en modernen Theolog derzou seet.

    Mëch och😉

    Do gouf et wahrscheinlech nie en fierdrun an et gett och keen dono, et ass einfach emmer d’selwecht.

    Dat sinn zwar Wieder déi eenzel Sënn maachen, mee den Saatz als Ganzt mécht keen. Opmanst net fir eis. Well mir eis esou eppes net virstellen kënnen. Firwat also sou en Saatz benotzen? An eppes wat ëmmer d’selwecht ass, ass dat net wéi erfruer?

    Och beäntwert sie net die Fro vun gëscht. Déi natierlech och net wierklech ze beäntwerten ass.

    Mat dem Rescht vun dengem Post sinn ech awer d’accord.

  3. denjclaude
    March 7, 2010 at 1:39 pm

    “An eppes wat ëmmer d’selwecht ass, ass dat net wéi erfruer?”

    D’Naturgesetzer an dei reng Matiere sinn ewei “erfruer”.
    Mat aner Wieder, d’Spillregelen an d’Spillfiguren stinn fest an awer ass hiert Zesummespill alles Aanescht ewei “erfruer”. D’Zesummespill ass trotz deene Fixpunkten esou komplex datt mer et weder am Ganzen nach am Klenge wirklech verstinn an genau daat mecht et jo spannend a liewenswert.

  4. March 7, 2010 at 4:43 pm

    Kloer mécht dat dat Ganzt spannend. Mir kënt et heiandsdo fir, wéi wa mer an engem Film wieren an ech sinn ëmmer nees gespaant, wat als Nächst kënt oder wat mäi Subconscient als nächst decidéiert an mëch fillen oder denken léisst.

    An jo, d’Naturgesetzer etc sinn stabel/erfruer, mee ech hat am Fong dat gemengt, wat ‘ausserhalb’ ass. Falls do eppes existéieren giff/kéint. Traditionell giff een esou eppes Gott nennen. Mee an deem Fall misst Gott och wéi erfruer an immobil sinn. Keng Zäit, keen Raum, keng Bewegung.

  5. March 7, 2010 at 6:19 pm

    d’Naturgesetzer etc sinn stabel/erfruer

    Dat stëmmt net ganz. Zum Beispill:

    Fakt 1: D’Luucht ass eng Well.
    Fakt 2: D’Luucht besteet aus Partikelen.

    Béid Fakten sinn zu 100% korrekt, ginn awer komplett géint eist Verständnis vu Naturgesetzer, well eppes net kann zwou Saachen sinn. De wierklech intressante Knackpunkt ass awer: du décidéiers am Viraus vun der Beobachtung, wat d’Luucht ass, an als solcht kanns de se da observéieren. Et ass awer onméiglech, déi zwou Saach gläichzäiteg ze gesinn.

    Vläit ass Gott och esou. Vläit ass Gott déi onendlech, onkonditionell Léiwt. A gläichzäiteg ass Gott dat absolut Béist. (Am Alen Testament ass Gott jo och en richtegt Arschlach, dat deelweis selwer pervers Ideen huet, deelweis sech vum (Has)satan – wat iwwregens just dat alt hebräescht Wuert fir Staatsanwalt ass – erausfuerdere léisst.)

  6. March 7, 2010 at 6:22 pm

    Thierry:

    Firwat kann eppes net eng Well sinn an aus Partikelen bestoen?

  7. denjclaude
    March 7, 2010 at 11:11 pm

    Thierry, däin Beispill ass aktuell a mat eisen beschränktenen Mëttelen an Erklärungen richteg. Allerding sinn net d’Luut, d’Wellen oder d’Partikelen den Problem mee eis Definitioun vun der Lut, den Wellen an de Partikelen. Eis Erklärungen dervun sinn mat Sécherheet falsch oder onkomplett.
    Ech wetten eng Fläsch uerdentleche Whisky datt se a spéitstens an 150 Joer iwwert eis Beschränktheet wat dat ugeet laachen. Genau esou ewéi mir haut iwwert eis Virfahren grinsen déi gemengt hunn d’Erd wier eng Scheif.

    „An jo, d’Naturgesetzer etc sinn stabel/erfruer, mee ech hat am Fong dat gemengt, wat ‘ausserhalb’ ass. Falls do eppes existéieren giff/kéint. Traditionell giff een esou eppes Gott nennen. Mee an deem Fall misst Gott och wéi erfruer an immobil sinn. Keng Zäit, keen Raum, keng Bewegung. “

    A wann Gott da genau den Geigendeel wier? Wann Gott all Verännerung wier awer ganz ouni physeschen Inhalt? Esou ze soen deen deen Spillfigueren (Matiere) no den Spillregelen (Naturgesetzer) zidd?

  8. March 8, 2010 at 8:27 am

    JC:

    Jo, sinn och der Meenung, dass eis Definitioun nach falsch ass.

    Ech ka mer eppes ‘ouni physeschen Inhalt’ net virstellen. Kanns du dat?

    En plus ass ‘Gott’ dann awer eppes total anescht wéi vun de jeweilegen Religiounen behaapt. An leeft dat dann net op en pantheisteschen Gott hin?

  9. denjclaude
    March 8, 2010 at 10:30 am

    “En plus ass ‘Gott’ dann awer eppes total anescht wéi vun de jeweilegen Religiounen behaapt. An leeft dat dann net op en pantheisteschen Gott hin?”

    Ass et wahrscheinlech och. Allerdengs därf een nie vergiessen datt d’Reliounen aus eng Zeit kommen wou dei meeschten Leit net liesen an net schreiwen konnten.

    “Ech ka mer eppes ‘ouni physeschen Inhalt’ net virstellen. Kanns du dat?”

    All Iddien, Gedanken a Gefiller sinn eigentlech ouni physeschen Inhalt. Scheinheet oder Leift kann een ob keng Wo leen, an awer gett et se.

  10. March 8, 2010 at 10:36 am

    All Iddien, Gedanken a Gefiller sinn eigentlech ouni physeschen Inhalt. Scheinheet oder Leift kann een ob keng Wo leen, an awer gett et se.

    Sie existéieren awer just duerch physesch Objet’en déi am physeschen Raum existéieren. An schlussendlech wäerten och sie näischt méi wie physesch Bits am Gehiir sinn.

    Ech kann mer weiderhin net en ‘net-physeschen’^, uh, Objet virstellen …

  11. denjclaude
    March 8, 2010 at 11:25 am

    D’Fro ass a weiweit een zum Beispill eppes ewei Scheinheet kann physesch defineieren. Sinn dat deng a meng elektresch Entluedungen aus eisen Gehierer wann mier un Scheinheet denken? An eis Gedanken iwwert d’Scheinheet sinn jo awer net d’Scheinheet un sech. Mier hun jo eigentlech just eng Iddi fun der Scheinheet a benennen eppes wat et physesch guer net gett.

    Soss wier et dach d’selwecht wei en Block aus Eisen net als Objekt mat deer Längt, Heicht a Breed, bestoend aus X Eisenatomer ze defineieren. Mee do eis elektresch Entluedungen am Gehier ze huelen dei mer produzeieren wann mer un deen Block denken. An deem Fall geifen mer eis Iddi fun deem Eisenblock jo firun den physeschen Block selwer setzen.

  12. March 8, 2010 at 11:49 am

    Mier hun jo eigentlech just eng Iddi fun der Scheinheet a benennen eppes wat et physesch guer net gett.

    Hm, physesch gët et dat dach! Mir gesinn eppes physesches, wat eiser Definitioun (oder eisem Gefill) vun schéin entsprëcht a nennen dat dann ‘schéin’.

    An ouni physesch Entitéiten, oder ausserhalb vun physeschen Entitéiten, existéieren Gedanken etc jo och net resp. kënnen net existéieren.

    Kanns du dann lo erklären wat en ‘net-physeschen’ Objet soll sinn? Falls et sou eppes ginn kann?

  13. denjclaude
    March 9, 2010 at 3:37 pm

    Nee, kann ech net.
    Wahrscheinlech geet et effektiv keen “net-physeschen” Objet.

  14. March 9, 2010 at 3:39 pm

    Dat heescht Gott muss also och physesch sinn?

  15. denjclaude
    March 9, 2010 at 3:42 pm

    Also, wann ech un Gott denken, ass en als elektresch Entluedungen a mengem Gehier. Domadder ass en physesch miessbar.

  16. March 9, 2010 at 3:50 pm

    Du schwätz also vun enger Zort pantheisteschem Gott?

  17. denjclaude
    March 9, 2010 at 3:57 pm

    Naja, wann ech un den Gott als aalen Mann mat weissem Bart ob enger Wollek denken dann ass genau deen Gott a mengen Gedanken miessbar an domadder physesch.

    En pantheisteschem Gott fannen ech onneideg, weisou brauch een do iwerhapt en Gott? Wann souwisou dei ganz Natur an Emwelt Gott ass, kann ech dat jo dobei belossen.

  18. March 9, 2010 at 4:00 pm

    Naja, wann ech un den Gott als aalen Mann mat weissem Bart ob enger Wollek denken dann ass genau deen Gott a mengen Gedanken miessbar an domadder physesch.

    Wann ech un en Einhorn denken, dann existéiert och dat Einhorn physesch?

    Deet mer leed, mee dat ass Quatsch. Weder däin Bopi nach mäin Einhorn existéieren als wierklech physesch Objet’en. Am Géigensaz zu eisen Gedanken, déi real am Gehiir existéieren.

  19. denjclaude
    March 9, 2010 at 4:16 pm

    “Wann ech un en Einhorn denken, dann existéiert och dat Einhorn physesch?”
    Falls Du dei Fro mat Neen beäntwers, hues Du dein nët physeschen Objet fonnt.

    Am Eescht, do wollt ech jo schons mat der Scheinheet hin. Scheinheet existeiert just an eisen Gedanken. An se ass als Gedanken physesch miessbar. Esou ass et och mam Einorn oder mat Gott. Wann ech dorunner denken, gin se als Gedanken miessbar. Dofier gett et se awer nach lang net physesch, et gett d’Iddi derfun a mengem Kapp a soss guer neischt.

    P.S. Ech sinn mer net secher ob mer net elo en bessen lanscht eneen geschwaat hun.

  20. March 9, 2010 at 4:20 pm

    P.S. Ech sinn mer net secher ob mer net elo en bessen lanscht eneen geschwaat hun.

    Uh, wahrscheinlech😉

    Mäi Punkt woer, dass de Fait, dass een un en physesche Objet (Gott, Einhorn, etc) denkt, dat alleng dësen Objet net physesch real mécht oder beweist, dass et deen Objet physesch gët.

  21. denjclaude
    March 9, 2010 at 4:36 pm

    Ok, dorobber hätt een sech och kennen en puer Messagen fierdrun eenegen, ass och meng Iwwwerzeegung.

  22. Pancho
    March 11, 2010 at 12:23 am

    Holà,

    “Falls en awer och béiss kéint sinn, wéi kann een dann d’Ausso ‘Gott ass Léift’ oprecht erhalen?”

    Fir déi eng “Gott”, fir déi aaner de “Jempi” oder fir erëm aanerer den Hubbard…alles ass nëmmen ee kënschtleche Konstrukt vum Mënsch, fir séng Sich/Ängschten/Muecht kënnen ze rechtfäertegen/besänftegen/duerchzesetzen…
    Mä, en supposant???, et giff eng “higher might”? ginn… dann muss ech zouginn, se ass Spezialist fir verschiddener ferm gudd schäis… ze doen…

    Hasta
    Pancho

  23. Matriarchin
    April 25, 2010 at 11:03 pm

    Et ass nach ni esou vill iwwer Gott geschriwwe ginn wéi op atheistesche Sitten.
    Also mache vill Leit sech jo awer Gedanken. Fir méch ass Gott eng Riedensart an eng Brems, datt de Ménsch net alles dierf wat e kéint.
    Gott kann och eng Wollek sinn. Jiddefalls wann de Ménsch Gott braucht, kann et ke Gott ginn ouni d’Göttin. Bieden ass naischt Schlechtes, et berouegt. Mä wat gött gebied?
    Wat de Katholizismus ubelangt an en d’Theologin Uta Ranke-Heinemann gelies huet, ass en direkt emol mam Vatikan op Kriegsfouss: Vive den Ungehorsam, a selwer denken

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: