Home > TV > Caprica

Caprica

Hu lo den Pilot an die zweet Episode vun ‘Caprica’ gesinn. Wesentlech besser wei ech geduecht hat. D’Story zitt en mat, et ginn interessant Aspekter wei Identiteit, virtuell Realitéit an religéisen Fanatismus ugeschnidden an die retrofuturistesch Visuals gefalen mer och ganz gutt.

Wäert definitiv weiderkucken. Kuckt een vun iech se?

Categories: TV
  1. March 8, 2010 at 11:00 pm

    Kucken se zanter dem Pilot d’läscht Joer (deen besser ass, wéi d’Versioun déi se dëst Joer bruecht hunn, well onzenséiert). Mir gefällt se, zumols Virtual Caprica an d’Directrice vum Lycée intriguéiere mech. Ech sinn allerdéngs e bëssen entäuscht, dass d’Zoe bis ewell praktesch just an der Géigend ronderemstoen dierf. Mir gefällt d’Serie awer wierklech gutt. An dem McCreary seng Blogposts maachen natirlech all Episod nach eng Kéier besser, mä dat ass ee jo scho vun BSG gewinnt.

  2. March 9, 2010 at 8:31 am

    Ha, hu mer geduecht, dass du et och giffs kucken🙂

    Onzenséiert de Pilot? Dat heescht méi Sex a Gewalt an der virtueller Welt?

    Ween ass den McCreary an wou kann een säi Blog liesen?

  3. March 9, 2010 at 11:01 pm

    De Bear McCreary schreiwt d’Musek zu Battlestar Galactica an elo och Caprica. Säin Blog fënnt een hei: http://www.bearmccreary.com/blog/

    Waar jo ë bësschen skeptesch op d’Qualitéit vu Battlestar Galactica kënnt gehaal gin, mee de Pilot-Film waar effektiv nët schlecht.

  4. test
    March 10, 2010 at 7:21 am

    TEST. Weg. läschen. Hallo, därf de pa guer net méi kommentéiren? Ech hun dat lo schon 3 mol geschriwwen. Si gespaant op ët lo fonktionéiert.

  5. March 10, 2010 at 8:23 am

    Nestor:

    Merci fir de Link. Ass eng cool Saach an sécher interessant fir Läit, déi eppes vun Musek verstinn. Also net fir mech😉

    Test/Pa:

    Uh, keng Ahnung?? Du bass op alle Fall net gespaart oder sou … Krut och keng Meldung, dass Comments fräizeschlaten wieren?

  6. March 10, 2010 at 1:55 pm

    Jo. Déi Versioun koum virun engem Joer op DVD/BluRay eraus, an mir liicht et jo zwar schon an firwat se op der Telé net kënne plakeg ronderemlafen (zumols, wou se jo Mannerjähreger solle sinn), mä et huet de ganze Wahnsinn vun där Welt awer nach vill méi énnerstrach.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: