Home > Wired world > Woohoo!

Woohoo!

Hu mäin mac mini lo un eng 40″ HD Tele gehaangen, haaptsächlech fir en als Media Center ze benotzen. Fäin, fäin!!

An suguer normal AVIen gesinn gutt drop aus.

Mee giff suguer reizen fir den Lightroom etc drop ze benotzen. Wäert mol mat Remote Desktop (op den iMac a mengem zweeten Zëmmer) experimentéieren. Da kéint ech deem seng Power iwwert den 40″ Schierm benotzen. Opmanst heiandsdo.

Categories: Wired world
  1. March 11, 2010 at 3:37 pm

    Cool, hätt net geduecht dat dem mac mini seng Graphik Kaart staark genuch wier.

  2. March 11, 2010 at 4:18 pm

    Jo, woer och positiv iwwerrascht. Bei 1080 kënt de Ventilator natierlech e bëssen un d’Dréinen, dat ass net optimal … fir de Recht awer wierklech net schlecht.

    An sou en MediaCenter (zb Boxee) ass schon eng flott a praktesch Saach🙂

  3. March 11, 2010 at 9:20 pm

    An wanns de op youtube een Video am 1080 ukucks, explodéiert der daat Deppen vrum Fernseh?

  4. March 11, 2010 at 11:45 pm

    Nee, hällt sech am Endeffekt nach besser wéi geduecht.

  5. Pancho
    March 11, 2010 at 11:49 pm

    Holà,

    …ech bläiwen bei méngem 85tonnen, 640*480 Elektronenbeschleineger momentan hänken…dénken awer och drun, fir ee “Multi-Media-Truc” ze bastelen, deen een als “Couch-Dësch” (Fernseh ass awer verstellbar càd. “schief” oder “flaach” mat Glasscheiw driwwer…) ka gebräuchen…

    P.S.: “Es ist in Dir. Lass es raus (wenn du die Lust dazu hast…)! Du hast alles, was Du für ein Projekt brauchst: Dich.”

    Hasta
    Pancho

  6. March 12, 2010 at 9:13 am

    Du benotz wierklech nach en 640×480 Schierm? Oder ass dat d’Opléisung vun engem Netbook?

  7. Pancho
    March 12, 2010 at 11:51 am

    Holà Grommel,

    …kléngen “time-out” fir d’Saachen kloer ze stellen…
    Jo, ech gebräuchen nach een 640×480 Schierm fir *Fernseh ze kucken*…(déi Kwalitéit geeht mer mol labber duer fir daat waat souwéisou drop leeft…:-) )

    P.S.:Et gëtt awer eng Saach, déi mech (dëst Lescht) wiirklech “faszinéiert” huet (obwuel et och nëmmen 5 minutten woren)… an zwuar den “ICE AGE 3” an 3D…

    “Zut!” hunn ech mier gesoot…”Esou ëppes doheem, daat wier wiirklech nët iwwel…”

    Hasta
    Pancho

  8. March 12, 2010 at 12:05 pm

    Ah, ok. Jo, et geet duer, mee wann een bis eng Kéier 1920×1080 probéiert huet, well een net méi zeréck😉

    Vun 3D sinn ech nach net esou ganz iwwerzeecht, opmanst mol am Kino. Ok, den Avatar 3D woer net schlecht, mee ech muss lo mol nach puer Filmer am 3D gesinn (an OUNI Ennertitelen!). Fir doheem huet dat fir mech perséinlech nach Zäit.

    Sou en MediaCenter usech ass jo och net just fir DVDen ze kucken. Och Youtube, Quicktime etc Filmer am 720er oder 1080er HD sinn einfach super ze kucken🙂 En plus kanns de op der grousser Tele surfen etc.

    Den Interface vum Boxee ass och genial, deen der automatesch deng Filmer a Serien erkennt an der dann die richteg Coveren an Infos dobäi ‘pächt’.

  9. Pancho
    March 12, 2010 at 11:17 pm

    Holà,

    …OT…weess nët ob een daat kennt (elo graad per Zoufall fonnt…), mä ech fannen daat “mauer-génial”…

    http://en.tackfilm.se/

    Hasta
    Pancho

  10. Pancho
    March 16, 2010 at 2:32 pm

    Holà,

    “P.S.:Et gëtt awer eng Saach, déi mech (dëst Lescht) wiirklech “faszinéiert” huet (obwuel et och nëmmen 5 minutten woren)… an zwuar den “ICE AGE 3″ an 3D…”

    Toute la presse allemande semble s’être emparée de ce sujet cette semaine…
    (Spiegel, FAZ…an…?)

    Hasta
    Pancho

  11. April 4, 2010 at 10:11 pm

    Mäin Mac mini vun der 1. Generatioun hängt och schonn eng Zäitchen u mengem 40″ LED-TV. Mat der Mobile Air Mouse App brauch ech mol net ëmmer de Bluetooth Keyboard an d’BT-Maus zur Hand ze huelen. A via d’Sharing Méiglechkeete vun OS X an iTunes kann ech dann och d’Medien vum iMac (deen am Bureau steet) op der TV genéissen, ganz einfach, ouni speziell Netzwierk-Kenntnisser ze hunn.

  12. April 8, 2010 at 8:03 am

    Georges:

    Jo, eng fäin Saach, gell?🙂

    Hues du och den Boxee installéiert? Mécht allerdëngs haaptsächlech Sënn wann een Serien an TV-Serien roflued … mee dann ass et super🙂

  13. April 8, 2010 at 8:39 pm

    Hunn de Boxee nach net kannt. Schéngt mer awer éischter fir TV-addicted people néideg ze sinn. Ech hunn de Mac mini am Fong just un d’TV ugeschloss, well ech en an der Schoul net méi brauch an déi Méiglechkeet ausprobéiere wollt. Vu que dass e keen Intel-Prozessor huet, leeft Boxee och net op em. Et ass ganz praktesch fir verschiddene Multimedia-Contenu um grousse Schierm ze visualiséieren, mä fir Filmer zéien ech dann awer de BluRay- oder DVD-Player dem Computer vir.

  14. Pancho
    April 10, 2010 at 12:32 pm

    Holà,

    …back to 3D…

    Hasta
    Pancho

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: