Home > Wired world > Is offline the new chic?

Is offline the new chic?

Wéi die meescht Läit um Feld geschafft hunn woer et chic fir eng wäiss Haut ze hunn.
Zenter die meescht Läit an Büroen schaffen ass et chic ginn fir eng ‘gebräunten’ Haut ze hunn.

Ähnleches gesäit een a Punkto Internet an sou:

Wéi die meescht Läit nach keen Internet haten woer et chic fir schon online ze sinn.
Lo wou die meescht Läit online sinn schéngt et chic ze sinn fir offline ze sinn*.

* oder opmanst deelweis, cf Läit, déi stolz drop sinn fir an der Vakanz während x Wochen keng Mailen ze checken, déi lo aus Facebook austrieden, etc.

Categories: Wired world
  1. April 10, 2010 at 12:05 pm

    Dat huet näischt mat chic sin ze din. Et as eng Fro vun Individualitéit.

  2. April 10, 2010 at 12:12 pm

    Jo, mee verschidden Läit wellen sech jo aus Prinzip vun aneren ofsetzen, duerch wat fir Mëttelen och ëmmer (an an all Richtungen).

    A wann een en Faible fir ‘Counter-Culture’ huet, dann ass aktuell méi offline ze sinn sécher e gudde Wee fir dat kloer ze maachen. En plus kann een sech jo och e bëssen elitär spieren, sou nom Motto ‘Ech brauch dat net’, dat ass jo just fir d’Mass, fir d’Schweechercher.

    Tëschent dësen Extremen ass awer wuel de gesonden Mëttelwee nees dat Bescht. Deen probéieren ech fir mech ze fannen.

  3. Nic
    April 10, 2010 at 12:38 pm

    Jo, well naicht jäitzt sou vun Individualitéit wéi sain Facebook Account zouzemaachen.

  4. April 10, 2010 at 3:28 pm

    Online sinn ass eng Nécessitéit ginn, a kee Luxus méi (zumindest an onser industrieller Welt). Muss ee stolz drop sinn, wann een eng Zäit laang net online ass? Ech weess et net. Ech ginn an der Vakanz amfong ni op den Internet, well ech einfach dat Verlaangen net spieren. Ech wëll Vakanz, a net dat maachen wat ech de Recht vum Joer och maachen.

    An dass ech Facebook évitéieren, läit ganz einfach dorun dass ech net averstanen sinn domatter wéi si mat mengen Privatdaten ëmginn. Ech géing dee Site weider notzen, wann ech hinne géing vertrauen, mä dat Vertrauen ass längst flöten.

  5. April 10, 2010 at 8:08 pm

    Lo wou die meescht Läit online sinn ass et chic mobil (online) ze sinn.

    An iwwerhaapt, Grommel: Facebook war net, ass net, a wäert ni ‘Culture’ sinn. Wat wëlls de dann do ‘counteren’ wann s de offline gees?

  6. April 11, 2010 at 12:23 am

    Nic :
    Jo, well naicht jäitzt sou vun Individualitéit wéi sain Facebook Account zouzemaachen.

    Absolut! Och wann daat do e gewessen ironeschen Ennertoun huet, ma deen ass jo hautzedaags och “chic”, gell du…

    Ech notzen Facebook net mei well: Kuck Kommentar nr.4, zweeten Abschnitt. An da fannen ech et eng Zäitverschwendung sondergläichen. Ech muss net wessen waat Mossongs Anna vu Knapphouschent mettes giés huet, an dono de Bauch wéi haat.

  7. Pancho
    April 11, 2010 at 1:50 am

    Holà,

    “Ech muss net wessen waat Mossongs Anna vu Knapphouschent mettes giés huet, an dono de Bauch wéi haat.”
    ROTFL…

    Hasta
    Pancho

  8. Nic
    April 11, 2010 at 9:13 pm

    “E gewessen ironeschen Ennertoun”? Ech froen mech ob et mer iwwerhaapt méiglech ass méi Ironie wéi daat an meng Sätz ze brengen.

    Offline sin ass net onbednegt den neien “chic” mais et ass oft den neien “cool”. Facebook ass do natierlech e gudd Beispill. Jiddereen huet et. Also ass een extra wann een et net huet. Am beschten natierlech wann een et haat an LO net méi huet. Well dann ass een net just aanescht, mais bewosst aanescht. An alles waat aanescht ass ass jo cool. Well et individuell ass. An d’Grupp vun den Individuellen ass jo bekanntlech d’Grupp vun den Coolen. Jop, anscheinend kann ech méi Ironie drabrengen.

    Just nach e Wuert zu Facebook. Ech war nie e Fan. Et huet mech genervt wei exhibitionistesch an selbstverléift den System ass. An wéi einfach et ass ze stalken (obwuel daat mettlerweil meng Lieblingsbeschäftegung ass). Mais lo hun ech et gär. Et kann een Fotoen an Statusen,… just fir seng Frenn (also richteg Frenn, net dei Leit dei sech op fb sou nennen) fraischalten an Leit dei engem egal sin einfach ignoréieren. Dann ass et ganz gudd. Ausserdem studéieren ech an déi meescht vun mengen beschten Frenn grad an dobai ass et immens. Ech muss nach een Mensch fannen deen mer seet dass, wann een wait fort vun aalen Frenn lieft, an se net oft gesait, een sech net freet heiansdo mol eng Foto oder sou vun en ze gesinn.

    P.S. Ironie ass net just hautzedaags “chic”, Bopa, daat war schon emmer sou. Weem daat net opgefall ass, deen huet se just net erkannt.

  9. April 12, 2010 at 12:36 am

    Mat Frënn bleiws de och ouni Facebook a Kontakt. An ech gesinn meng Frënn da léiwer per Webcam am Skype, ewéi dass ech op Facebook ronderem sichen op se an enger neier Foto getaggt goufen.

    Du konns iwwregens schon ëmmer Fotoen a Statusen just fir deng Frënn fräischalten. Facebook huet d’läschten Dezember ganz vill Astellungen ewech geholl, an déi aner lächerlech vereinfacht fir dass et ausgesäit wéi wann se eppes verbessert hätten.

  10. April 12, 2010 at 7:27 am

    Nic:

    Gutt gesot.

    An jo ‘cool’ wier mei treffend wéi ‘chic’ gewiescht.

  11. Nic
    April 12, 2010 at 12:35 pm

    Thierry, ech hun souwuel Skype, wei och en Telefon an ech E-Mailen an zeguer Bréifer schreiwen. Beandrockend, gell?

    An ech wees dass ech och ouni Facebook mat Frenn an Kontakt bleiwen kann, mais weisou heescht daat dass Facebook net nach en flotten Wee kann sin ze kommunizéiren? Ausserdem gesinn ech ob Facebook och Saachen vun Leit dei ech eventuell net sou oft geif uruffen wei aanerer, mais vun deenen ech trotzdem Frou sin eppes ze gesin. Facebook ass net just e schwaachen Wee mat Leit an Kontakt ze bleiwen, et as éichter en zousätzlechen Wee dozou. Et schléisst déi aaner Saachen jo net aus. Haalt dach alleguer op ze implizéieren dass Leit déi Facebook gär hun all aaner Kommunikatiounsart vernoléissegen. Et ass éichter emgedréit.

    Fotoen an Statusen konnt een schon emmer limitéiren, mais bai mir huet et e beschen gedauert bis ech raqusfonnt hun wei ech daat sennvoll kann asetzen, fir FB net ze exhibitionistesch an net ze banal ze gestalten.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: