Spueren.

Die proposéiert Lëscht mat Spuermoossnahmen vun der Regierung ass zwar méi hefteg wéi ech mer dat vun enger CSV-LSAP Regierung erwaart hat (an déi um RTL Site ass nach méi kleng wéi déi, die ech um Radio héieren hat) … Ech froen mech och, op dat wierklech alles esou néideg ass an op dat net en fermen Impakt op d’Kafkraaft an d’Konsumverhalen hätt. Wat jo och nees net super fir d’Economie wier.

Si mol op weider Erklärungen, Justificatiounen a Reaktiounen gespaant.

[Added:]

Vu, dass jo jiddereen spueren muss ausser de Banken:

  1. April 13, 2010 at 12:06 pm
  2. April 13, 2010 at 6:00 pm

    Ech fannen den Original mam Bill Nighy am Beschten.🙂

  3. Cartman
    April 13, 2010 at 7:33 pm

    Also ech si an der Eco geléiert ginn, datt de Staat an enger Kriis net soll spueren mee grad au contraire seng Dépensen erhéichen an a gudden Zäiten d’Stéieren héijen. Kloer kuerzfristeg kritt een de Budget an den Equilibre mee langfristeg Schued een der Economie méi, wéi datt dat eppes bewirkt. Et ass einfach de falschen Zäitponkt fir d’Kaafkraft vun der Populatioun ze senken. Wann et keng allocation de repas beim Staat / cheque repas an der Privatwirtschaft gëtt wärt sech d’Horesca alt nees bedanken, wann d’Leit an der Mettesstonn wech bleiwen.

  4. April 13, 2010 at 8:35 pm

    Cartman:

    Jo, genau. Super Iddi fir an der Kriis ze spueren an domadder d’Kafkraaft no ennen ze drécken … ass dach en Däiwelskrees?

    An d’Kannergeld an den Congé parentale ze kierzen passt och immens an d’Konzept fir d’Läit ze motivéieren fir méi Kanner ze kréien …

    Genau wéi den bëllegen Acte ze killen immens hëlleft fir dass méi Läit en Haus oder en Appartement kafen kënnen.

    Ech froen mech wierklech wat an se gefuer ass. An wat ass dann, wann eise Budget eng Zäitchen e bëssen am Minus ass? Opmanst konsomméieren d’Läit dann weider. Mee sou …

  5. April 13, 2010 at 8:41 pm

    Ah jo, mussen Grand Ducs dann och lo irgendwou spueren? Oder stinn déi nees iwwert allem?

  6. G,
    April 13, 2010 at 10:52 pm

    D’Fro ass och op net d’Regierung grad Selbstmord mescht…
    D’Basis vun der LSAP sin greisstendeel Gewerkschaftler vum OGBL, an dei haalen vun denen ganzen Proposen guer naischt.
    No der Tripartite well d’LSAP jo d’Mesuren op engem ausseruerdentlechen Kongress oofseenen loossen. Wat geschit wann d’LSAP Membren dei Mesuren oofleent? Brescht d’Koalitioun dann zesummen?
    D’Taktik vun der Regierung dei Mesuren soulaang wei meilech geheim ze haalen ass opjiddefall kläglech gescheitert.

  7. Pancho
    April 14, 2010 at 12:00 am

    Holà,

    @G,:
    …Ganz gudd Analiis…

    “D’Fro ass och op net d’Regierung grad Selbstmord mescht…”
    Oder (mat éngem “Generalstreik”) évent. den OGBL…?

    Méngen, daat Ganzt spillt sech op: “Wien dee längsten “Otem” huet…(ouni awer duerno an Ohnmacht ze faalen…)” aaf…

    Hasta
    Pancho

  8. April 14, 2010 at 7:32 am

    G:

    Jo, sinn gespaant, wéi d’Lasep-Memberen (oder wéi den Lux se och nennt: Militanten) op déi Proposen reagéieren wäerten …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: