Home > Wired world > HD?

HD?

Usech hunn ech jo suwuel den HD wéi meng HD Tele gären mee eppes wat mech liicht nervt ass, dass den Filmgrain irgendwéi verschwennt an dass d’Biller ze schaarf, ze plastesch an irgendwéi bëlleg ausgesinn. Eben wéi wann een eppes mat enger digitaler Videocamera filmt. Wees een op een dat irgendwéi ausschalten kann oder man déi HD Tele’en einfach alles ‘smooth’?

D’Bild vun Filmer oder Serien gefällt mer, vum Look a vum Gefill hier, op mengem Computer-Monitor vill besser wéi op der HD Tele … allerdëngs ass déi mei grouss an do sëtzt een besser.

Merci.

Categories: Wired world
  1. April 14, 2010 at 5:13 pm

    Ech konsuméieren zimlech vill HD (on demand an op BluRay) an mir ass dat do nach net opgefall… Et hänkt vläit vum Hiersteller of, oder op et en LCD oder Plasma ass?

  2. April 14, 2010 at 5:25 pm

    Et ass en LCD vun Samsung. An wann ech HD soen mengen ech an desem Fall 720p.mkv Fichieren … Et ass net, dass d’Bild usech lo schlecht wier, just schéngt irgendwéi den Grain erausgefiltert ze sinn an dat stéiert mech … Genau wéi et mech och am Kino stéiert, wann e Film gewiesen gët, deen mat digitalem Video gedréint gouff an wou duerno keen Grain dobäi gemaach gouff (Beispill: 28 days later). Dat gesäit einfach sou bëlleg, an ze realistesch, aus. D’Akteuren wierken vill méi wéi Akteuren an manner wéi Personnagen …

  3. April 14, 2010 at 6:11 pm

    Ech kennen deen Effekt just aus “Public Enemies”, wou verschidden Szenen och net no Film ausgesinn hunn. An du sees um Computerschierm géif et besser ausgesinn? Klengt lusch …

  4. April 14, 2010 at 10:31 pm

    Ben, um Computerschierm (en 24″ Widescreen) gesäit et méi natierlech aus … respektiv méi wéi een en traditionell gewinnt ass. Wéi gesot, mech stéiert am meeschten, dass de Film-Grain irgendwéi verschwënnt/rausgefiltert gët an et méi ‘bëlleg’ ausgesäit, mee bon … ass och rem net sou dramatesch.

  5. April 16, 2010 at 4:18 am

    villeicht huet deng tele eng “digital noise cancellation” an dei filtert den filngrain mat eraus. Waat och een schlechten effect mecht ass “sharpening”.

    ech hun keng tele mee een projector. an ech hun der vill ge-test an mech viir een vun panasonic entscheed well deen wor mei soft, mei kino-like.

    by the way BBC digital gefilmten serien ass esou mat deem schlechten (point de vue bild aesthetic” wat ech bis elo gesin hun.

  6. April 16, 2010 at 6:49 am

    Jo, digital gefilmten, an ontraitéiert, Filmer oder Serien gesinn einfach Sch**ss aus …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: