Home > Gesellschaft > Magnetar.

Magnetar.

D’Finanzwelt behaapt jo am Kader vun der Finanzkriis ëmmer, dass keen dat hätt kéinte gesinn kommen etc. Dat ass awer sou natierlech net richteg, well Indicen vun Ufank un do woeren a verschidden Läit och ganz bewosst de System weider Richtung Chaos gedriwwen hunn (well sie doduerch Suen maachen konnten).

ProPublica (eng ‘non-profit news organization’ déi desläscht mam Pulitzer Präis ausgezeechent gouff) huet an deem Kader Recherchen gemaach an ganz interessant Detailer erausfonnt, déi an hierem Artikel ‘The Magnetar Trade: How One Hedge Fund Helped Keep the Bubble Going‘ nozeliesen sinn. Kuerz zesummengefaasst: Magnetar huet die absolut schrotteg Layeren vun engem CDO (aus sub-prime mortgagen) kaaft an sech dann, zu moderaten Präisser mee mat enger exorbitanter Ausbezuelung, géint den Echec vun dësem CDO versécheren gelooss. Sou konnten sie jo just gewannen an haten all Intérêt drun, dass déi CDOen giffen d’Baach erofgoen. Deelweis hunn sie sech och extrem riskéiert CDOen zesummenstellen gelooss, wou sie dann nees just en Deel kaaft hunn mee sech géint de ganzen Truc versécheren gelooss hunn. Sou konnten sie gemittlech waarden bis alles giff crashen. D’Banken hunn dat ridicult Spill matgemaach well sie enorm Kommissiounen op den Transactiounen kruten. Deelweis hunn sie suguer de Rescht vun dësen CDOen kaaft. Déi henno awer näischt méi wäert woeren an en Deel vun den riesegen Lächer duergestallt hunn, déi duerch den Bailout hu missen gestoppt ginn …

This American Life erwähnt déi Recherchen och an hierer aktueller, an nees exzellenter, Episode mam Numm ‘Inside Job‘.

Categories: Gesellschaft
  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: