Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > fragile.lu

fragile.lu

Wéi ech gëschter no enger Liesung zu Tréier nees knapps hannert der Grenz vun eisen sëllegen Tankstellen begréisst gouff, hunn ech mech gefrot op die meescht Lëtzebuerger sech wierklech bewosst sinn, wéi fragile eis Economie, an domadder eis Gesellschaft, ass?

All déi Auslänner, déi heihinner tanken kommen, maachen dat jo net, well se gären eisen Liewensstil finanzéieren wëllen. Sie man dat, well sie domadder Suen spueren kënnen.

All déi auslännesch Firmen, déi hiere Sëtz hei hunn, maachen dat jo net, well mir sou eng pittoresk Haaptstad hunn. Sie man dat, well sie hei massiv Suen spueren kënnen.

Wann awer lo déi Steiervirdeeler verschwannen (wéinst eenheetlechen europäeschen Spillregelen zB), dann tankt den Tréier rem doheem an Amazon ass och nees séier zwousch anescht. A wéi finanzéieren mir dann eise Budget, zumools am Kader vum ‘Lëtzebuerger Modell’? Well déi Steieren, déi lo reng duerch lëtzebuergesch Intelligenz a Kreativitéit erakommen, sinn jo dann awer dach begrenzt … Mir liewen jo usech nach ëmmer vun deem cleveren Schachzug, dass mer virun x Joeren eis Steieren, am Verglach mam Ausland, ferme erofgesat hunn. Wat mir eis als klengt Land natierlech erlaaben konnten well déi national Steierverloschter verschwindend kleng am Verglach mat de giganteschen  Steiergewënner duerch auslännescht Kapital woeren.

Dat hei sinn natierlech keng nei Erkenntnisser. Mee vill Lëtzebuerger schéngen ëmmer nach ze mengen et kéint eis jo nie eppes passéieren oder et kéint sech näischt änneren.

  1. denjclaude
    April 23, 2010 at 2:12 pm

    Wann alles keen Problem ass, wisou soll dann elo gespuert ginn?

    Ech froen mech ob et net un der Zäit wier den Lëtzebuerger d’Wouerecht ze soen. Hinnen ze soen 2010 fehlen eis esou vill Milliarden, 2011 esou vill, asw. Dann ze soen wéi vill am Budget kéint fehlen no 2015, falls Amazon awer net wéinst der Infrastruktur hei bleift. Oder wei grouss d’Lach kéint ginn wann d’Banken awer lues a lues hir Saachen packen an ob London oder Dublin plënneren.

    Duerno kéint een dann driwwer schwätzen wou muss gespuert ginn. An ech mengen dat d’Leit dann och bereet wieren mat ze maachen. Esou guer wann et géif hart a schwéier ginn.

  2. April 23, 2010 at 2:18 pm

    Du hues wahrscheinlech Recht. D’Kaarten missten lo mol all op den Dësch …

  3. April 23, 2010 at 2:56 pm

    Ni am Liewen bleift Amazon an Apple zu Lëtzebuerg, soubal déi Steiervirdeeler an e puer Joer verschwannen. Wel d’Infrastruktur zu Lëtzebuerg ass net nemmen enorm ënnerentwéckelt, si ass och wahnsinneg iwwerdeiert. A wann dat Vehrältnis net méi opgeet, dass se duerch déi massiv Steiervirdeeler et sech kënne leeschten dausenden Euro fir eng mëttelméisseg Infrastruktur auszeginn, maachen déi hier Büroen direkt zou.
    Mä déi Steiervirdeeler si fort, dat huet ons d’CSV jo gutt versaut andeems se virun där allmächteger EU de klenge Schwanz bäigezunn hunn. An d’Regierung mécht dat wat se am Beschten: ignoréieren. Wat mer brauchen ass Investitioun an d’Fuerschung, eng top modern Infrastruktur a gréng Energie. Dat géing och eng hellewull Aarbéchtsplaze schafen. An amplaz dass se de Bierger bei d’Keess bieden ginn et genuch aner Plaze wou ka gespuert ginn. Mir kéinnten zum Beispill d’Militär ofschafen, déi zeng Mann an dat hallewt Krichsschëff beschützen eis och net wa mer jemols sollten ugegraff ginn.

  4. denjclaude
    April 23, 2010 at 3:56 pm

    D’Post huet déi leschten Joeren do enorm vill investéiert an d’Konditiounen déi si Amazon maachen wahrscheinlech anerer sinn ewéi hiren DSL-Clienten. Dat ännert allerdéngs näischt drun dats Du Recht hues an se plënneren wäerten. Wisou sollen déi ouni Steiervirdeeler en Deel vun hiren Servicer hei loossen, wann alles anescht am Ausland ass?

    Forschung ass schéin a gutt, bei eisem katastrofalen Schoulsystem ass dat awer net machbar well d’Basis fehlt. Ofgesinn do dervun, Fuerschung als Selbstzweck kascht just Suen. Eréischt wann d’Fuerschungsresultater ugewannt ginn schaafen se Aarbechtsplazen. Dofir brauch een awer Industrie an déi hunn mer ausser dem Mittal net wierklech.

    Beim Militär sinn ech anerer Meenung. Mir sinn dat Land an der NATO wat am mannsten fir säin Militär ausgëtt. Esou dass dat eng Platz ass wou wierklech net nach méi kann gespuert ginn ouni eis Sécherheet ob d’Spill ze setzen.

    A genau do leit och den Problem. All déi Fuerderungen ewéi Ofschafen vum Militär oder den Subsiden fir d’Kierchen ginn ganz einfach net duer. Ech ginn elo keng Garantie ob déi Zuelen déi elo kommen, ech hunn se weder nogesicht nach kontrolléiert.
    Wann meng Erënnerung richteg ass bezuelen mir 23Milliounen Euro un d’Kierchen an eist Militär kritt eppes ëm déi 350 Milliounen. Dat aktuellt Lach ass awer 500 Milliounen Euro grouss an dat ganz ouni déi 77 Milliounen fir Griechenland (déi iwreens trotzdeem wäerten faillite goen) oder wat no 2015 geschitt.

  5. Tom
    April 25, 2010 at 11:43 pm

    Eigentlech huet d’CSV (resp. de Juncker) net kléng bei ginn an der EU, mee huet déi ganz Saach verpasst gehaat resp. d’Stärkt an de Wellen vun den aaneren EU Memberen ennerschaat. Dat berühmten Zitat vum Juncker haat och an deem Fall zougetraff, an wéi d’Medien hei am Land dunn – zespéit – drop komm sinn, dunn réischt huet de Jean-Claude gemach wéi wann him dat wichteg wäer, mee dunn war et schon längst zespéit. E gouf vum System “erageluecht” deen hien dach, esou soen se, “gudd” duergestallt huet also gudd kenne misst.
    An et ass jo och esou, dass mat der néier EU Regulatioun et komplett egal ass, op et dann zu Lëtzebuerg Stéiervirdeeler ginn oder net. Wann een dann bspw. am däitschen iTunes eppes keeft, ginn déi Stéiersuen un den däitschen Staat ganz egal wou den europäeschen Sëtz vun Apple an dësem Fall ass. Nämlecht bei Amazon, eBay an all deenen aaneren Internetgeschäfter. Déi Milliounen si fort egal wéi.
    A wéi d’DP d’läscht Joër am Wahlkampf gesoot huet, dass een muss op aaner Saachen setzen, dass eis Economie a Wirtschaft zevill fragile wier, kruuten sie vun den aaneren Partei’en an hieren Unhänger virgeworf nemmen Angscht weillten zeverbreeden an dass et “eis jo awer net esou schlecht giff goen.” Deen eenzegen deen dat net esou gesinn huet/gesäit, ass de Jean-Claude Juncker, deen jo selwer behaapt dass zu Lëtzebuerg an den nächste Joër vill méi kléng Breidecher musse gebaack ginn. Problem do ass jhust, dass hien – fir säin gellend Denkmol net futti zemaachen – de Léit et net kloër genuch seet. Dat kann een op déi eng Manéier “clever” nennen, op der aanerer kann een awer och, an dat zu Recht, behaapten, dass dat den richtegen Jean-Claude Juncker, e falschen, muechtgäilen an arroganten Politiker, wéist.

  6. Tom
    April 25, 2010 at 11:52 pm

    @ Grommel
    “Mee vill Lëtzebuerger schéngen ëmmer nach ze mengen et kéint eis jo nie eppes passéieren oder et kéint sech näischt änneren.”

    Jo, well wéi 2006 d’DP gesoot huet dass sech eppes misst änneren, well soss kéinnte mer bei enger Kriis eng Kéier ferm Problemer kréien, an dunn 33 Punkten zur Verbesserung opgesaat hunn, goufen se ausgelaacht. “Eis geet et dach gudd.” An esouguer de Jean-Claude Juncker huet jo am Ufank behaapt wéi d’Immobilienkriis an den USA ugefaangen huet, dass dat “nie” [sic!] op Lëtzebuerg kéinnt kommen an hei Konsequenzen kéinnt hunn. Souguer wéi et dunn eng Finanzkriis ginn ass am September 2008, huet hien dat behaapt, waat scho komesch war/ass, well mir jo awer e vun den Bankenzentren (Steierparadis?) aus Europa sinn. An awer hunn d’Lëtzebuerger dann esou e Mann erem grouss zreckgewielt, waat soll een dann do nemmen nach vun de Lëtzebuerger denken…🙂

  7. April 28, 2010 at 12:15 am

    Den Problem ass, dass een duerch esou eng Denkweis Gefor leeft Sozialdumping ze bedreiwen. Ob engem globalen Marché, mat internationalen Konglomerater ass et praktesch onméiglech mat Belleglounlänner ze konkurréieren, wou den Liewensniveau vun de Leit vill méi déif ass oder et praktesch keng politesch reguléiert Kontrollfunktioun gëtt. Den eenzegen Wee fir ob deem Niveau matzehalen, ass dann wuel selwer zu sou engem Land ze ginn.

    Mä well et awer ganz richteg ass, wéi’s de seess, dass Konkurrenzfäegkeet och eng wichteg Rolle spillt, muss een do eben kucken eng anstänneg Balance ze fannen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: