Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > Tripartite

Tripartite

Just e klengen Kommentar zum Echec vun der Tripartite: d’Gewerkschaften sinn einfach ze extrem an hierem Refus fir um Index ze ‘fréckelen’. Et MUSS jo irgendwou eppes geännert a gespuert ginn.

A wann ech de Robert Weber (den CSV Deputéierten) nees als Präsident vum LCGB d’Tripartite kommentéieren héieren, kann ech nëmmen mat Kapp rëselen … Et ass lächerlech (a net sérieux) déi zwou Funktiounen gläichzäiteg ze hunn!

  1. April 28, 2010 at 7:20 am

    Wisou muss eppes geännert ginn? Ech bezweiwelen éierlech gesot, dat s du (oder ech) den Iwwerbléck iwwert de Budget esou hues, fir dat wierklech beuerteelen ze kennen.

  2. April 28, 2010 at 7:33 am

    Ben, et muss eppes geännert ginn well et jo offensichtlech ass, dass mer net einfach sou virufueren kënnen wéi bis elo wann eis Recetten erof ginn (an dat ass jo wuel e Fait). A nach méi erofgoen wäerten, wann bis ëmmer méi vun eisen Avantagen verschwannen …

    Wéi soll dee Verloscht dann kompenséiert ginn??

  3. Pancho
    April 28, 2010 at 9:24 am

    Holà Grommel,

    …du schéngs mam Här Weber wiirklech frou ze sënn…LOL…

    D’Gewerkschaften probéieren dem Motto: “Mier wëllen nët fir äer Kriis bezuelen!…” trei ze bläiwen (obwuelste d’Gewerkschaften jo beim “Boom” esooou(!) vill héieren hues…kratz, kratz…grübel, grübel…)

    “A wann ech de Robert Weber (den LSAP Deputéierten) nees als Präsident vum LCGB d’Tripartite kommentéieren héieren,…”

    Petite note rectificative…hien ass CSV Deputéierten…

    Waat elo den “ominéisen” Index per se ubelaangt…

    Daat gespuert muss ginn steeht an dësen Zäiten äusser Fro…
    eng provisoresch(!!!) “Indexafréierung”/”Indexäennerung” net wëllen z’akzeptéieren,
    ass fir déi allgeméng Wirtschaftslogik, emsou méi, eng kloer Aafso…

    Bref, se wësse jo waatse maachen…

    Hasta
    Pancho

    P.S.: Hunn mer gescht den “Senate Hearing”…starring “GS/Tourre/Blankfein” bessi ugekuckt…louch flaach um Bueden vu laachen…

  4. April 28, 2010 at 9:30 am

    > …du schéngs mam Här Weber wiirklech frou ze sënn…LOL…

    Jo. Fannen seng Art & Weis, a seng duebel Funktioun, absolut null.

    > D’Gewerkschaften probéieren dem Motto: “Mier wëllen nët fir äer Kriis bezuelen!…” trei ze bläiwen

    Et geet jo awer net nëmmen em d’Krise. Geet jo och em strukturell Problemer, kuerz- a laangfristeg.

    > Petite note rectificative…hien ass CSV Deputéierten…

    Natierlech richteg. Ass verbessert!

    > louch flaach um Bueden vu laachen…

    Ech hunn et éischter fir ze kräischen fonnt …

  5. Pancho
    April 28, 2010 at 10:11 am

    Holà Grommel,

    “Jo. Fannen seng Art & Weis, a seng duebel Funktioun, absolut null.”

    Mais mon cher…déi Saach vun den “cumuls des cumuls…etc. etc. ad eternam des mandats”…ass eng Konscht fir sech…géif et perséinlech och esou maachen…wann ech déiselwecht Interessen géif verfolgen…

    “Et geet jo awer net nëmmen em d’Krise. Geet jo och em strukturell Problemer, kuerz- a laangfristeg.”

    Daat musste mier net soen… http://bit.ly/cA2v7B / http://bit.ly/afIi35

    “Ech hunn et éischter fir ze kräischen fonnt …”

    Hunn net vum Inhalt geschwaat…haat mech réng op d’Mimiken an d’Grimassen vun den Haaptakteuren bezunn…wiirklech eng oscarverdächteg Glanzleeschtung…zemools den “Fabulous Fab”: “Excuse me I’m french…can you repeat the question please?” Iwwersétzung…”Pitié…je ne suis qu’un petit français…travaillant pour cette grande machine à broyer américaine…” (Archi-Gröl…)

    Hasta
    Pancho

  6. April 28, 2010 at 10:17 am

    Dem Fab misst een mol wéisen, wou de Bock d’Lach huet …

  7. Pancho
    April 28, 2010 at 10:27 am

    Holà Grommel,

    …géi net esou huaart mat deem Kärel ëm…hien huet einfach…ni plus, ni moins… säin Job erleedegt…

    Hasta
    Pancho

  8. Cartman
    April 28, 2010 at 10:29 am

    Zum Weber ass alles gesoot, e Fatzbeidel.

    D’Gewerkschaften hu vun Ufank u gesoot, um Index wier net ze fréckelen. Virunallem well se 2006 vill Géigewand kruute, well se bei der Indexmanipulatioun zougestëmmt hunn an et sech heno rausgestallt huet, datt Situatioun deemols guer net sou schlëmm war, wéi Regierung a Patronat sooten.

    Datt Regierung awer no 5 Sitzungen naischt neies op den Dësch bruegt huet, wei den Index, fannen ech déi eigentlech Entäuschung. Zumools wann do fir de Staat just en Aspuernis vun 150 Mio. dran ass, wat jo net sou immens vill ass.

  9. April 28, 2010 at 10:37 am

    Pancho:

    Säin Job? An dat wier? Präsident vun enger Gewerkschaft oder Deputéierten vun der Regierungspartei?

  10. Pancho
    April 28, 2010 at 10:52 am

    Holà Grommel,

    “Säin Job? An dat wier? Präsident vun enger Gewerkschaft oder Deputéierten vun der Regierungspartei?”

    …sorry…mäi Feehler…haat vum “Faboulus Fab” geschwaat…

    …mä egaal…bei allen zwéin gëllt:
    “Wann de Systeem esou opgebaut ass, daat hien een bestëmmten “Handelsräum” zouléisst, mier soll et recht sënn…”…iwwersaat heescht et: “Et ass mer zimmlech Schnuppe…” (och wann ech och! eng kritesch Haltung vis-à-vis potentiellen Interessenkonflikter hunn…)

    Hasta
    Pancho

  11. April 28, 2010 at 10:55 am

    Ah sou, den Fab.

    Nee, den Fab huet méi gemaach wéi néideg woer. Hien huet den System ausgenotzt a manipuléiert fir sech ze beräicheren. Obwuel e wousst, dass VILL aner Läit dobäi giffen op der Streck bléiwen.

    Dat ass net ze toleréieren.

  12. Pancho
    April 28, 2010 at 11:13 am

    Holà Grommel,

    “Hien huet den System ausgenotzt a manipuléiert…”

    Hätt ech och gemeet (falls daat méng Tâche gewiercht wier)…en plus…sans rancune…

    “…fir sech ze beräicheren.”

    Fir sech, séng Boite oder séng Investisseuren ze beräicheren? (ass daat dann net iergentwéi d’Zwéck vum Spill?)

    “Obwuel e wousst, dass VILL aner Läit dobäi giffen op der Streck bléiwen.”

    Keen huet behaapt den “modernen Finanzmonopoly” wier daatselwecht ewéi “Ein sorgloser Tag am Meer”…”Caveat Emptor” sooten d’Réimer virun net alt ze laanger Zäit…se haaten recht…

    “Dat ass net ze toleréieren.”

    Net ze toléieren sinn déi, déi et toléréiert hunn…net déi, déi de Systeem äusnotzen…déi maachen…ewéi gesoot…nëmmen hieren Job…

    Hasta
    Pancho

  13. April 28, 2010 at 11:38 am

    > Hätt ech och gemeet (falls daat méng Tâche gewiercht wier)…en plus…sans rancune…

    An doduerch aner Existenzen zum Deel zerstéieren? Majo dann. Da fannen ech absolut minabel.

    > Fir sech, séng Boite oder séng Investisseuren ze beräicheren? (ass daat dann net iergentwéi d’Zwéck vum Spill?)

    Et ginn iwwerall Limitten. Opmanst moralescher.

    > Keen huet behaapt den “modernen Finanzmonopoly” wier daatselwecht ewéi “Ein sorgloser Tag am Meer”…”Caveat Emptor” sooten d’Réimer virun net alt ze laanger Zäit…se haaten recht…

    De Punkt ass, dass sie e System erfonnt hunn GEINT deen sie dunn gewett hunn. Dat heescht sie haten ALL INTERET drun, dass en zesummenbrëcht. Deenen aneren hunn se dat natierlech net gesot.

    > Net ze toléieren sinn déi, déi et toléréiert hunn…net déi, déi de Systeem äusnotzen…déi maachen…ewéi gesoot…nëmmen hieren Job…

    Dat ass eng bëlleg a schäiss Excuse.

    A mat sou enger Astellung brauchs de och guer net méi hei ze kommentéieren. Mech katzen sou Läit un.

  14. Pancho
    April 28, 2010 at 12:41 pm

    Holà Grommel,

    “An doduerch aner Existenzen zum Deel zerstéieren? Majo dann. Da fannen ech absolut minabel.”

    Soyons un peu honnêtes…de ganze Systeem ass jo zesummengetrollt well…

    1. Ganz vill Läit (“subprimers”, duerfir “subprime-Kriis) déi knapps 1500$/mount verdéngt hunn sech am Duerchschnëtt en Häus (mat Swimming Pool) vun > 500000$ geleescht hunn…ouni sech weiderhinn iwwerhaapt iergend eng Fro gestallt ze hunn…(Jeder ist seines Glückes eigener Schmied…?)

    2. Déi “aaner” daat zougelooss hunn…d.h. haaptsechlech & mMn. “Rating-Agencies” (woubäi se deenen “aaneren” den “reverse-engineering” erméigelecht hunn)…

    “Et ginn iwwerall Limitten. Opmanst moralescher.”

    Ah jo…du bass jo ee groussen héllegen Moralapostel…duerfir:
    “Bitte vergib mir meine Sünden…oh Herr…”

    “De Punkt ass, dass sie e System erfonnt hunn GEINT deen sie dunn gewett hunn.”

    Se hunn guer Näischt erfonnt…se hunn nëmmen vesrchidde “Finanzinstrumenter fir Short ze goen” perfektionnéiert…

    “Dat heescht sie haten ALL INTERET drun, dass en zesummenbrëcht.”

    Se woren net déi eenzeg déi en INTERET haaten fir daat de Systeem soll zesummenbriechen…Den Liquiditéitskrunn fir daat “Kuaartenhäus” ze ënnerstëtzen gouf och hei an Europa voll opgedréint an dobäi “gepusht”…(wéint AAA+ vun den “RA”)

    “Dat ass eng bëlleg a schäiss Excuse.”

    “Wer ohne sünde ist der solle den ersten stein werfen.”…an ech wetten…een Hellegen basst DU! och net…du hues daat nëmmen bis elo nach net gemierkt…

    “A mat sou enger Astellung brauchs de och guer net méi hei ze kommentéieren.”

    Et geet net drëms eng Astellung ze kritiséieren…et geet drëms eng Astellung porbéieren ze verstoen…an graad déi, déi mat esou “politesch onkorrekt & impulsiiv Aussoen” kommen, sinn déi déi de Systeem net wäerten verbesseren, wellse graad de Systeem net kënnen/wëllen verstoen…

    P.S.:Jo…du hues vollkommen Recht…et ass däin Blog…an ech wäert mer deen Rootschlo vum Ober-Megalomaneschen an Egozentreschen Grommel bei Häerzen léen…

    “Mech katzen sou Läit un.”
    Net graad schmackhaft Attitüd…Esou ee “franc-parler” ass leider een Zeechen vun “Klénglechkeet”…

    Zitat “Winde verweht”…:
    “Scarlett: As God is my witness, as God is my witness they’re not going to lick me. I’m going to live through this and when it’s all over, I’ll never be hungry again. No, nor any of my folk. If I have to lie, steal, cheat or kill. As God is my witness, I’ll never be hungry again.”

    Hasta
    Pancho

  15. April 28, 2010 at 1:08 pm

    Pancho:

    Ech mengen du bass wierklech besser bei ‘L for Liberty’ opgehuewen.

  16. Pancho
    April 28, 2010 at 2:46 pm

    Holà Grommel,

    “Ech mengen du bass wierklech besser bei ‘L for Liberty’ opgehuewen.”

    Sinn néierens gudd opgehuewen!…(wann…dann éischter beim kritesche an “fairly balanced” Barry Ritholz oder beim “Weissgarnix”…awer och nëmmen ganz seelen…)

    Ee “Blog” huet een hautdestdaags an 5min gemeet…(awer…dann “avec censure censurée garantie”…LOL…)
    Falls…dann éischter daat…da kann ech, wann ech et willt, “à tort et à travers” & “à ma guise” den “Despot” spillen esou vill an esou laang et mier gefällt…LOL…

    Hasta
    Pancho

  17. G.
    April 29, 2010 at 5:33 pm

    Hei ass en intressanten Kommentar vum Yves Cruchten (LSAP) iwwert den Index-Mechanismus :
    http://www.yvescruchten.net/wp/2010/04/29/e-puer-reflexiounen-zum-index/

  18. Matriarchin
    April 29, 2010 at 8:03 pm

    We soll dann d’Handwierk floréiere lossen wann d’Leit naischt verdéngen a wéi ass et mat de schwarze Kesen vun de Patron.
    Dovunner schwätzt ken.

    Nennt mer e Patron, de kéng schwarz Kes huet!

    Et gött Betriber déi 2-3 Fiduciairen hunn fir hir Beneficer ze drécken. A wat huet de klénge Mann den alles versteiert?

  19. April 29, 2010 at 8:29 pm

    M:

    Dat ass net falsch. Ech giff och wetten, dass all Patron eng schwaarz Kees huet an domadder Steieren hannerzitt. Eppes wat den einfachen Employé oder Aarbechter natierlech net sou liicht kann maachen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: