Home > Wired world > Flash Clash.

Flash Clash.

De Steve Jobs huet jo haut en oppenen Bréif publizéiert, wou en duerleet firwat senger Meenung no Flash Schrott ass an och net op seng mobil Devicen wäert kommen.

Den Adobe CEO huet elo geäntwert. Allerdëngs net iwwerzeegend. Hien seet zb, dass die schlecht Performance vun Flash op Macintosh (a seng Tendenz zum Crashen) dorunner läit, dass Mac OSX zou an proprietär wier an sie sou dat net ofstëmmen kéinten. Uh … firwat ginn et dann déi selwecht Performance-Problemer ënnert Linux? Ech hunn hei en (eeleren) Laptop op deem Ubuntu installéiert ass an wou ech ouni Problem kann AVIen kucken (hunn HTML5 net probéiert). Mee bei Flash-Video geet en an d’Knéien an et ass net méi ze kucken.

En interessant Argument vum Jobs woer, dass Flash net fir Touchscreens konzipéiert gouff sou dass vill aktuell Flash-Siten souwiesou net ze bedéngen wieren well et op engem Touchscreen, am Géigensaatz zu engem klasseschen Computer mat Maus, keen ‘Hoveren’ gët.

Nujee, kucke mer mol wei et weidergeet an ween deen méi laangen Otem huet. Deelweis erschéngt déi oppen ‘feud’ tëschent dësen zwee CEOs awer och e bëssen kannerech … déi Problemer missten jo och anescht geléist ginn? Mee villäicht och net.

Categories: Wired world
  1. April 30, 2010 at 7:54 pm

    Hey Grommel, ech leeën der emol dësen Artikel un d’Häerz:
    http://gizmodo.com/5461711/giz-explains-why-html5-isnt-going-to-save-the-internet

    Ech mengen ganz éierlech, do ass an absehbarer Zukunft keng wierklech befriddegend Léisung um Horizont.

  2. May 1, 2010 at 8:48 pm

    Ech sinn extreem frou, dass et Flash gëtt. Well ouni Flash kéinnt ech keng Programmer vun der BBC legal eroflueden. Well Apple radikal refuséiert, hiere FairPlay un iergendeen ze lizenséieren an Adobe dunn fir d’BBC eng eege Plattform entwéckelt huet (nodeems d’BBC vill Geld an Zäit un Apple verschwend huet, well se eng QuickTime Léisung wollten parallel zur Windows Media Versioun, déi et IWWERT EE JOER gouf ier se endlech eng Léisung fir Mac haten) déi op Flash baséiert. A wat ass? Dat leeft ouni jeglech Probleemer op mengem Mac, frësst kaum Ressourcen, leeft souguer op der PS3 an der Wii, déi e vill méi schwaache Prozessor hunn. An HD. Den Jobs sollt emol virun der eegener Dier kieren.

  3. May 3, 2010 at 11:49 am

    Hei nach en interessant Post zum Thema (an nach vill méi): http://www.antipope.org/charlie/blog-static/2010/04/why-steve-jobs-hates-flash.html

  4. May 6, 2010 at 8:01 pm

    Opera zum Thema Flash: “But flash as a video container makes very little sense for CPU, WiFi battery usage etcetera – you can cook an egg on [devices] once you start running Flash on them and there’s a reason for that.”

    Read more: http://www.techradar.com/news/internet/opera-joins-in-jobs-v-flash-argument-687597#ixzz0nB4FcqEe

  5. claude
    May 10, 2010 at 5:57 am

    Tjo, an trotzdem: User d’Méiglechkeet vu Flash weghuelen, well een selwer net zefridden ass, ass einfach déi falsch Léisung. Soulaang wéi Flash op villen Säiten genotzt gëtt, schléisst een mat engem Flash-Boykott einfach souvill User aus. Mä Apple brauch jo keng User, Apple brauch just Jünger.
    D’Argument vun Adobe ass guer net sou schlecht. An kA, wats du falsch mëss ënnert Linux, bei mir leeft Flash op all Maschinn heiheem flësseg. Souguer op mengem klengen Netbook. Hues du weider Sourcen dofir, dass Flash ënnert Linux Problemer bereet? A wegl lo keng Links vun Einsteiger am Ubuntu-Forum.😉

  6. May 10, 2010 at 8:34 am

    > User d’Méiglechkeet vu Flash weghuelen, well een selwer net zefridden ass, ass einfach déi falsch Léisung. Soulaang wéi Flash op villen Säiten genotzt gëtt, schléisst een mat engem Flash-Boykott einfach souvill User aus.

    Allerdëngs gët jo keen gezwongen en Device ze kafen oder ze benotzen, wou keen Flash drop leeft? Emmerhin kritt een dann och keng Flash-Reklammen😉

    > Mä Apple brauch jo keng User, Apple brauch just Jünger.

    Dat ass e bessen iwwerdriwwen, mee et ass sécher, dass vill Apple-Useren méi fanatesch sinn wéi Windows-Useren (Linux User allerdëngs sinn jo och ganz vun sech iwwerzeegt ;)) … ech kucken dat och e bëssen zwiespälteg, well normalerweis hunn ech Kult’en net gär …

    > D’Argument vun Adobe ass guer net sou schlecht. An kA, wats du falsch mëss ënnert Linux, bei mir leeft Flash op all Maschinn heiheem flësseg. Souguer op mengem klengen Netbook. Hues du weider Sourcen dofir, dass Flash ënnert Linux Problemer bereet? A wegl lo keng Links vun Einsteiger am Ubuntu-Forum.

    Ech hunn en bëssen eeleren Laptop mat Ubuntu an wann ech do Video(!) wëll kucken, dann ass d’CPU ratsch bei 100%. Opmanst woer dat mol virun 4 Méint sou. Zënter deem hunn ech dee Laptop net méi benotzt.

  7. claude
    May 10, 2010 at 7:05 pm

    Stëmmt, et gëtt keen gezwongen déi Devices ze kafen, an dat wäert ech och net. Dës Argumentatioun hinkt awer, wann ech mer eppes kafen, dat sou de Focus op “modern” an “trendy” sinn leet, well ech och dovun ausgoen, dass dat och funktionell ass, an dass ech notzen kann, wat ech well. De Steve Jobs kéint jo och Flash verfügbar machen, mam Hinweis, dass et net “stable” ass, an dann soen: “Et gëtt jo keen gezwongen, et ze notzen.” D’Argument “Ëmmerhin kritt en dann och keng Flash-Reklammen” ass dat lächerlechst, wat et an dëser Diskussioun gëtt, sorry.

    Leit, déi Décisiounen vun Apple net méi unzweifelen, mä se einfach sou hinhuelen, well se “vun uewen” kommen, si fir mech Jünger. D’Leit loossen sech Dogmen arieden, si bräichten keen Flash, Flash wier souwisou béis etc. Wann ech Blogs wéi benm.at liesen.. m(

    Bon, ech hunn och keng héich Meenung vun Ubuntu, ech weess net wéis du d’Installatioun gemeet hues, kann der do also net hëllefen. Ech hat amfong gemengt ob et ausser dir nach Berichter ginn, dass Flash ënnert Linux sou extrem Problemer machen soll. Dat ass näämlech net wierklech eppes, wat een oft liest.😉 Flash leeft souguer hei op OpenSolaris an enger VM problemlos. Kann deng Erfahrung also net deelen.😉

  8. May 11, 2010 at 4:51 pm

    > De Steve Jobs kéint jo och Flash verfügbar machen, mam Hinweis, dass et net “stable” ass, an dann soen: “Et gëtt jo keen gezwongen, et ze notzen.”

    Jo, dat wier en effet eng Optioun. Ech huelen awer un hien well net, dass Flash schlecht dropleeft an d’Läit dann soen, oder mengen, et wier dem iPad seng Schold. Well die mannst sinn sou technik-affin wéis du.

    > D’Argument “Ëmmerhin kritt en dann och keng Flash-Reklammen” ass dat lächerlechst, wat et an dëser Diskussioun gëtt, sorry.

    Dat hat ech jo och am Laachen gemengt. Vill vun deenen nervegsten Reklammen sinn awer, opmanst am Moment, am Flash😉

    > Bon, ech hunn och keng héich Meenung vun Ubuntu, ech weess net wéis du d’Installatioun gemeet hues, kann der do also net hëllefen.

    Standard-Installatioun. Ech sinn keen Linux-Geek a wëll och keen ginn. Wéi die meescht Läit. Die meescht Läit wëllen eppes einfaches, wat direkt funktionnéiert an onkomplizéiert ass. Eppes wéi en iPhone oder iPad eben. Conputergeeks sinn souwiesou net hiert Zielpublikum.

    > Ech hat amfong gemengt ob et ausser dir nach Berichter ginn, dass Flash ënnert Linux sou extrem Problemer machen soll. Dat ass näämlech net wierklech eppes, wat een oft liest.

    Google mol ‘flash linux high cpu’. Op rezenter Maschinnen wäert de Problem natierlech manner sinn. Mee ech kann AVI DIVX (mkv wees ech lo net) ouni Problem op dem Ubuntu Laptop kucken mee bei Flash Video stukkelt en. Mee ass och egal. Ech benotzen en jo net méi dofir.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: