Archive

Archive for May, 2010

Kann ee mir dat erklären?

May 31, 2010 6 comments

Ech fannen dat jo ganz ok, dass d’Lena de Grand Prix gewonnen huet mee wéi kann een mengen, dass et eng gutt Iddi wier fir hatt och nächst d’Joër dohinner ze schécken??

Usech kann et jo nëmmen verléieren. An et wäert och, falls et wierklech nees optrieden sollt. Firwat sollten d’Läit dann nach eng Kéier en effet just hatt wielen? Den Sympathie/Newcomer-Bonus ass jo da schon verspillt an den ‘ech sinn anescht wéi die aner’ Effekt ass jo dann och net méi nei.

Verstinn dat wierklech net, well soss ass de Raab jo awer e gudde Stratege. Mee villäicht ass et jo och just nach d’Euphorie déi grad schwätzt?

Advertisements
Categories: Musek

Jeje …

May 31, 2010 1 comment

An déi mengen wierklech dës Zort Reklamm hätt Succès??

Categories: Wired world

SATC.

May 28, 2010 14 comments

‘Sex and the city’ (an den Hype ronderem) verkierpert fir mech villes, wat an eiser Gesellschaft schief leeft. An domadder mengen ech mol net, dass ët Läit ginn, déi behaapten, dass d’Sarah Jessica Parker an die aner gutt Schauspillerinnen wieren.

Categories: TV

Impressionnant.

May 26, 2010 5 comments

E Video fir ze kucken, wann een sech down fillt …

Categories: Video

Net genuch Kanner.

May 26, 2010 14 comments

Et gët jo ëmmer rem festgestallt, an zu Recht, dass ‘mir’ (also déi am Westen) net méi genuch Kanner maachen. Duerchschnëttlech just tëschent 1,3 an 1,8 oder sou. Dat ass natierlech eng negative ‘croissance’ an och net wierklech gutt fir eis Gesellschaft, ënneren anerem och wéinst de Renten asw.

Gëschter gouff dës Net-Genuch-Kanner-Problematik och nees eng Kéier op der däitscher Tele ugeschwat well irgendwelch Läit op d’Iddi komm sinn fir eng ‘Mammen-Quote’ anzeféieren fir et esou den Mammen méi liicht ze maachen nees Aarbecht ausserhalb vum Haus ze fannen. Bon, iwwert den Sënn an Onsënn vun sou enger Quote kann een jo diskutéieren, mee net elo hei.

Dat Bescht awer koum um Schluss, wou se drëchen bemierkt hunn, dass am Fong den Haaptgrond firwat et manner Kanner ginn, net Aarbechtskonditiounen etc wieren, mee de Fait, dass zevill Läit net e Partner fannen mat deem se wéilten Kanner hunn … Jo, gutt! Wann dat stëmmt, dann hëllefen all déi aner Aktiounen och net vill!?

Da misst jo éischter gekuckt ginn fir Männlein und Weiblein nees zesummenzekreien an dozouzebréngen, dass se zesummen wëllen Kanner hunn?

Fréier woer dat natierlech méi einfach: wolls de Sex, da woer ëmmer de Risiko dobäi fir ‘en passant’ e Mënsch ze crééieren … a wanns de der Religioun gefollegt hues, dann hues de mat dengem Partner (wéi och ëmmer s de un deen komm bass) Kanner um lafenden Band produzéiert:

Allerdëngs sinn ech net iwwerzeecht, dass Singlen sou den Haaptproblem sinn. Well och Koppelen hunn momentan oft just 1 oder 2 Kanner. Wat der Statistik jo och net vill méi hëlleft. An déi Koppelen hunn all Zorten vun Grënn fir nët mei Kanner ze hunn (an do kënt d’Aarbechtsplaatz-Problematik awer secher nees zum Virschäin).

Categories: Gesellschaft, Sex, Video

VPN.

May 24, 2010 19 comments

Well den Torrent Download vun der läschter LOST Episode extrem lues woer, a mir jo och keng legal Alternativ zur Verfügung stung, hunn ech et dës Kéier mol iwwert eng (bezuelten) VPN Connectioun probéiert (bei BlackVPN). Fir 5 Euro kommen ech dann lo e Mount laang un de Contenu vun Siten, déi soss ëmmer just fir Amerikaner sinn. Funktionnéiert erstaunlech gutt an och d’Vitesse ass impecabel. Kann ech jiderengem recommandéieren, deen sech net vun Lännerrestriktiounen wëll ofhalen lossen.

Allerdëngs muss een awer d’Reklammen, zb via ABCPlayer, iwwert sech ergoen loossen. Mee et sinn der nach net sou vill … a vill manner wéi op hierer regulärer Tele. Ech kéint do keng Filmer oder Serien kucken!?

Wat Lost selwer ugeet: gutt, dass et endlech riwwer ass! An et wier schéin gewiescht, wann d’Story wierklech vun Ufank un geplangt gewiescht wier. Dat hei woer lo nëmmen nach Gewurschtels zum Schluss.

Categories: TV, Wired world

The end is near.

May 19, 2010 6 comments

Fir ‘Lost’. An et gët och héich Zäit.

Ech hoffen allerdëngs ëmmer nach, dass de ‘Man in black’ de Gudden ass. Den Jacob an den Desmond gi mer nämlech ferme op de Kichelchen. Mee ech fäerten ganz et gët en ultrakitschegen Schluss …

Categories: TV