Home > Film > Sherwood Gladiator.

Sherwood Gladiator.

Dee neien ‘Robin Hood‘, oder éischter ‘Robin Hood: The Early Years’, ‘Robin Hood – The Prequel’ oder ‘The Robin Longstride Movie’, vum Ridley Scott ass zwar eng Enttäuschung. Zumools vun der Story an hierer Glaafwierdegkeet hier. Jo, ech wees, et ass Fiktioun, mee trotzdem …

An en ass mer virkomm wéi 4 Stonnen!? Gaaaaps.

Categories: Film
  1. May 16, 2010 at 5:52 pm

    Wor en läschte Mëttwoch kucken, an mir sinn all bal ageschlof am Film. Ech si sou frou, dass ech keng Entrée muss bezuelen, soss wier ech wierklech sténkeg ginn. Dee Film ass de gréisste Brach, deen ech zanter laangem gesinn hunn. A sou vill Leit hunn ech nach ni an engem Film erausgoe gesinn.

  2. May 16, 2010 at 7:29 pm

    Dann ass et jo net just mir sou gaang.

    An ‘Kingdom of Heaven’ wäert ech mer dann awer nie ausléinen.

  3. lapoupeerusse
    May 16, 2010 at 7:40 pm

    Ech hunn elo esouvill schlecht Reviews gelies, dass ech wierklech kéng Loscht méi hunn en ze gesinn.

  4. May 16, 2010 at 10:14 pm

    lapoupéerusse: En ass wierklech grausam. Et ass NET d’Geschicht vum Robin Hood. De Robin Hood kämpft an de Crusades, bréngt dann d’Kroun heem nodeems de King Richard Lion Heart stierft, hëllt d’Identitéit vun engem Ritter un, leeft dann als Sir mat giganteschem Besëtz ronderem an kämpft zesummen mam neien Kinnék, dem King John, géint d’Fransousen déi un d’Küst kommen fir England z’eroberen.
    De Sheriff of Nottingham gesäiss de zéng Sekonnen, de Sherwood Forest just an der allerleschter Szen vum Film. De Little John an déi aner dierfen e puer mol blöd an d’Kamera grinsen, ginn de Recht vun der Zäit awer konsequent vum Robin respektiv dem Dréibuch ignoréiert. E klaut keng eenzeg vun de Räichen, just eng Kéier iwwerried et den Brudder Tuck fir em e puer Säck Kären vun der Kierch ze ginn déi en iwwert säi Feld verstreet.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: