Home > Photographie, Reesen > Sou kleng!

Sou kleng!

Ech si ‘grad’ aus Liechtenstein erëm an et woer eng witzeg Experienz fir an engem Land ze sinn, dat méi kleng ass wéi Lëtzebuerg an dat een vum Bierg aus quasi ganz iwwerkucken kann! An do kann och e Lëtzebuerger soen: sou kléng! An do kënt engem Lëtzebuerg dann en effet am Verglach op eemol wierklech rieseg fir. Alleng eis Haaptstad huet jo +- duebel souvill Awunner wéi hiert Land. An sie hunn ganzer 3 Kinossäll (op zwee Kino’en verdeelt). Mee dofir awer en ländlechen Charme, deen och pas mal ass: an der Kees hung zb, nodeems d’Traileren ugefaangen haten, en Ziedel mat ‘Die Vorstellung hat schon angefangen. Tretet ruhig ein und bezahlt einfach beim Hinausgehen.’ I❤ such things.

Et ass awer wierklech e léift Land an et läit an engem immens schéinen Dall. Souwäit een dat beurteelen konnt, well leider relativ vill Wolleken do woeren … A wéi mer an hierem Schigebitt op 1600m spazéieren woeren si mer suguer an e Schnéistuerm komm. Och pas mal Mëtt Mee.

Mech huet de Bierg-Virus lo nees gepaakt! Am Summer geet et zwousch zereck an d’Alpen.

Categories: Photographie, Reesen
  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: