Home > TV > The end is near.

The end is near.

Fir ‘Lost’. An et gët och héich Zäit.

Ech hoffen allerdëngs ëmmer nach, dass de ‘Man in black’ de Gudden ass. Den Jacob an den Desmond gi mer nämlech ferme op de Kichelchen. Mee ech fäerten ganz et gët en ultrakitschegen Schluss …

Categories: TV
  1. pa
    May 19, 2010 at 6:52 pm

    Ech hu lo grad di 2.-läscht Episod gekuckt a kitscheg fannen ech näischt dobäi. Di Finale gëtt sou gudd, dat ka guer net aneschters sin. Bei all onerwaarte Wendung (also 35 vun den 42 Minutten pro Episod), kicheren a glucksen ech wi ë kléngt Schoulmeedchen. Di Serie ass einfach nëmme nach gudd.

    Ech hoffe just, datt se opklären, firwat d’Statue nëmme 4 Zéiwen hat. Soss si bal all méng Froen beäntwert.

  2. May 20, 2010 at 7:13 am

    Jo, bon, mee de Personnage vum Desmond ass mer nach nie gaang (‘Hey, brotha!’), zumools och net mat sengem Penny zesummen … an lo ass grad deen irgendwéi zum Haaptpersonnage ginn. Dat kekst mech bëssen.

    A wann déi 6 Seasons just doropper erauslafen, dass e neien ‘Wiechter’ fir déi ‘Quell vum Liicht’ gebraucht gët, naja, ech hat mer schon eppes méi Originelles a Cooles erwaart. An dee Schluss gesäit och irgendwéi sou opgesat aus. Déi meescht Storien virdrun hu jo usech net immens vill domadder ze dinn. An den Jacob ass en ‘douche bag’.

    Ech hoffen halt ëmmer nach dass de ‘Man in black’ et packt fir d’Insel ze zerstéieren an sou och endlech vun do nees fort kënt an doduerch, vu mir aus, och die parallel Welt dann zur ‘realer’ ginn léisst, wou just nach Friede, Freude, Eierkuchen herrscht …

    De Méinden wësse mer et jo dann😉

  3. May 20, 2010 at 8:07 am

    Ah jo, an dat Bescht un Lost dës Saison ass nach dee Blog hei: http://neverseenlost.wordpress.com
    🙂

  4. May 20, 2010 at 11:28 am

    Dat hei ass och net onwitzeg: http://www.ew.com/ew/video/0,,20313460_20313475,00.html?bcpid=75281507001&bclid=64100614001&bctid=86386095001

  5. Luc
    May 21, 2010 at 5:54 pm

    Gin Dier Recht. ET GEET ELO DUER…Brotha

    Originell waar et bis déi 4. Staffel duerno get et dach awer zimlech holpreg an et geet menger Meenung no net alles wierklech op matt der Parallelwelt.

  6. May 22, 2010 at 10:35 am

    Jo, holpreg ass e gutt Wuert. Schéngt och ëmmer méi, wéi wann se einfach lafend nei Saachen erfonnt hätten just fir d’Saach an d’Längt ze zéien …

    En plus lo die ganz kitscheg an lächerlech Tempelszenen am Ufank vun der 6. Season!?

    Mee de Méinden wëssen mer jo wéi et ausgaang ass an kënnen eis dann doriwwer opreegen, dass mer deen Kabes 6 Joër laang gekuckt hunn😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: