Home > Gesellschaft, Video > Urzoustand.

Urzoustand.

Die meescht Männer raséieren sech jo all Dag ouni weider doriwwer nozedenken. Mee usech ‘ënnerdrëckt’ een jo sou eng normal Funktioun vu sengem Kierper (oder ‘kämpft’ géint se un): d’Produzéieren vun Hoer am Gesiicht.

D’Grënn dofir sinn jo ganz ok: Ästhetik, Hygiene, Comfort, etc. An och en ‘zivilisatoreschen’ Aspekt wäert dat Ganzt hunn (opmanst an eiser Gesellschaft, momentan an gréisstendeels): duerch eng Baartrasur grenzt een sech jo vun den ‘Wëllen’ of an et verdrängt een och eis Verwandschaft mat den Déieren e Stéck méi. Glaatraséiert ass méi chic, méi sophistikéiert, méi ‘über-animalesch’, etc. Et wëll een jo net wéi en ‘Waldschrat’ ausgesinn. Oder héichstens eng Kéier aus Jux a Virwëtz.

Natierlech ginn et vill Männer déi Drei-Tage-Bärt hunn, e Schnurres, e Geessebaart, oder wat och ëmmer. Mee alles dat ass kontrolléierten, ‘ziviliséierten’ Baartwuchs. Dat ass net de Baart einfach am Urzoustand wuesse loossen (sou wéi en Urmënsch dat wuel gemaach hätt). An deenen Fäll gët de Baart aus ästheteschen Grënn wuesse gelooss oder fir e Statement ze man (‘3-Tage-Bart’ > bad boy, bëssen onziviliséiert, géint de Stroum, méi rauh, méi männlech, etc).

Wier witzeg, wann op eemol keen Mann sech méi kéint raséieren. Mir giffen wuel all wéi Taliban ausgesinn.

Natierlech och en lounend Thema fir en Time Lapse Video:

Ech perséinlech sinn awer ganz frou, dass d’Mënschen sëch net einfach dem Wildwuchs iwwerloossen, och wann et, an engem gewëssen Sënn, ‘onnatierlech’ ass.

Categories: Gesellschaft, Video
  1. May 20, 2010 at 7:59 pm

    Dieter Nuhr soot eng keier: “Kein Deo benutzen ist natürlich! Aber dann bleibt man auch in der Natur und geht nicht ins Kino!”

  2. May 20, 2010 at 8:27 pm

    Haha! Richteg. An de Nuhr ass souwiesou oft exzellent🙂

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: