Home > TV, Wired world > VPN.

VPN.

Well den Torrent Download vun der läschter LOST Episode extrem lues woer, a mir jo och keng legal Alternativ zur Verfügung stung, hunn ech et dës Kéier mol iwwert eng (bezuelten) VPN Connectioun probéiert (bei BlackVPN). Fir 5 Euro kommen ech dann lo e Mount laang un de Contenu vun Siten, déi soss ëmmer just fir Amerikaner sinn. Funktionnéiert erstaunlech gutt an och d’Vitesse ass impecabel. Kann ech jiderengem recommandéieren, deen sech net vun Lännerrestriktiounen wëll ofhalen lossen.

Allerdëngs muss een awer d’Reklammen, zb via ABCPlayer, iwwert sech ergoen loossen. Mee et sinn der nach net sou vill … a vill manner wéi op hierer regulärer Tele. Ech kéint do keng Filmer oder Serien kucken!?

Wat Lost selwer ugeet: gutt, dass et endlech riwwer ass! An et wier schéin gewiescht, wann d’Story wierklech vun Ufank un geplangt gewiescht wier. Dat hei woer lo nëmmen nach Gewurschtels zum Schluss.

Categories: TV, Wired world
  1. May 25, 2010 at 12:09 am

    Hues du well Google Ads op dengem Blog geschalt? Firwat gesäit een déi nëmmen op dësem Post?

  2. May 25, 2010 at 9:14 am

    Google Ads? Nee.

    A wou gesäiss du dann sou eng?

  3. May 25, 2010 at 10:20 am

    Ech hat virsiichtshalber 2 Screeshots gemaacht:


    An duerno krut ech och nach eng Ad mat WordPress Developer Link. Si probéiere jo vläicht eppes aus?

  4. May 25, 2010 at 10:21 am

    *scream* mengen natierlech ScreeNshots😉

  5. May 25, 2010 at 10:44 am

    Komesch … ech hoffen jo net, dass se lo Reklammen hei schalten … a schon guer keng sou rieseg!

    Ech hu nach keng gesinn. Mee ech benotzen och den AdBlocker um Chrome?

  6. May 25, 2010 at 10:49 am

    Et ass mer just bei dësem Post opgefall, wou nach kee Kommentar dobäi war. De Moment weist en näischt méi. Wier zwar eng Sauerei wa WordPress dat op eege Fauscht einfach dobäi setze géif ouni de User ze froen. Ech sinn och via d’Gratis-Versioun vun NetNewsWire op däi Site komm, do ginn Ads geschalt, allerdengs an der UI vun der App. Et wier jo awer komesch, wann dann och Ads op enger Websäit dobäi gesat kéinte ginn, wann een vun do aus de Browser opmécht.

  7. May 25, 2010 at 11:05 am

    Ech fäerten ganz du hues Reklamm lo definitiv drop.
    kuck hei bei egem mei aalen beitrag vun dir… 😦

  8. May 25, 2010 at 11:06 am

    Sorry, Link vergiess:

  9. May 25, 2010 at 11:58 am

    Hm, schéngt wéi wann dann WordPress amgaang fir mat Google Ads ze experimentéieren … ech hoffen do gët et en opt-out. Oder vun mir aus och eng ad-free Versioun fir 2-3 Dollar pro Mount …

  10. May 25, 2010 at 11:59 am

    Ech selwer gesinn déi Reklammen nach ëmmer net, wat wuel um Adblocker läit.

  11. May 25, 2010 at 12:12 pm

    Maach Neel mat Käpp a plënner bei en Host.
    Dann hues de de ganze Misär net.

  12. May 25, 2010 at 12:15 pm

    A wéivill giff méch dat kaschten?

  13. May 25, 2010 at 2:53 pm

    Ech sinn zënter 2006 bei bluehost.com (6.95 $ de Mount). Gesäit zwar zimlech crappy aus, mä war deemools vu WordPress.org recommandéiert ginn als fiablen Hoster an am Backend (CPanel) komme stänneg nei Features bäi, via SimpleScripts kanns de wierklech villes och automatesch installéieren, sou dass de dech eigentlech mat Updates och net ploe muss, dat geet dann mat 1-click. Hire Support war am Ufank wierklech schnell, an der Lescht hat ech awer Problemer mat enger Mailinglist, wou si mer awer net zefriddestellend geäntwert hunn. Ech hunn dunn einfach eng aner Mailinglist-Software installéiert (via SimpleScripts) déi am Fong och méi menge Besoinen entsprécht (de Problem mat där aler war dass déi och net méi weiderentwéckelt gi war). Mäi Blog hunn ech awer nach ëmmer manuell geupgraded, well ech dat vun Ufank un sou maachen an elo net ufänke wëll mat experimentéieren. Wichteg ass et awer och hei, ëmmer virdrun Backups ze maachen.

    Méi professionnell Hosteren ginn et der sécherlech genuch, mir gefält z.B. mediatemple.net gutt, mä do ass de Präis dann och deementspriechend. Pianocktail leeft jo bei dreamhost.com, déi si präislech net vill méi deier wéi bluehost.com, gesinn zwar vill méi attraktiv aus. Fro mol vläicht bei hinnen no, wéi zefridde si mat hirem Hoster sinn.🙂

  14. May 25, 2010 at 2:58 pm

    Georges:

    Merci. Mol kucken. Usech hat ech awer lo net wëlles wierklich méi wéi e minimalen Betrag ze bezuelen fir bloggen ze kënnen … ech wees jo och net, wéi laang ech dat hei nach man resp. wéi laang ech nach motivéiert sinn fir et ze man.

  15. May 25, 2010 at 3:17 pm

    Dee fir mech interessantesten (well vielseiteg an einfach wéi bonjour) Web-Service, an dobäi nach gratis bitt fir mech posterous.com. Tumblr hues du jo schonn entdeckt, dat ass (momentan nach) wat Themes ubelaangt méi upassbar, mee fir quasi egal wat fir een Typ vu Contenu just via Mail ze bloggen an och nach an engems an aner Social Networks ze posten, do ass Posterous schonn immens.

  16. May 25, 2010 at 3:45 pm

    Georges:

    Hu mer den posterous.com mol ugekuckt. Och net schlecht. Zumools en effet well en déi Posten weiderschéckt. Obwuel sech natierlech irgendwann d’Fro stellt firwat een lo souvill verschidden Siten bräicht …

  17. May 28, 2010 at 12:00 am

    Ech sin bei den Internet Freaks Luxembourg http://www.ifl.lu
    An daat schon zanter Joren. Déi sinn zwar e bëssen méi deier, ma do kann ech awer de Telefon an de Grapp huelen an de Borschten uruffen wann eppes net klappt.

    insgesamt bezuelen ech mam Domaine 106 euro d’ Joer.Dat sinn 8,83 Euro de Mount.
    ok…et gin natierlech méi bëlleg Varianten. Och a punkto Plaatz hues de just 100MB
    Ma wann s de deng Fotoen bei photobucket oder flickr ënnerbréngs, ass dat och kee Problem.

    Ech hu jo 2 bloggen bei hinnen lafen an do brauch ech net mol 50MB derfir.

  18. May 28, 2010 at 2:06 pm

    Ech sinn zanter Joeren bei All-Inkl.com an ech geréieren eng Onmass vun Domainen do (ë.a. dem Serge/Leti hiere Blog, an lesjeunesmélancoliques.org). Et ass stabil, bëlleg (ech hunn de Privat Plus Package, 7,95€ am Mount mat 3 Domainen inklusiv), vill Features, an hiere Support ass schnell an efficace.

    Ech hunn och e puer Domains bei dreamhost.com (ë.a. gedibbers.com). E Stéck méi deier wéi all-inkl, mä dofir onbegrenzt Späicherplaz an SSH Accès.

  19. June 14, 2010 at 2:51 pm

    Mol gespaant wéi laang dee Site hei online ass: http://picrap.com/

    Do kann een amerikanesch Serien och ouni VPN kucken.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: