Home > Gesellschaft, Sex, Video > Net genuch Kanner.

Net genuch Kanner.

Et gët jo ëmmer rem festgestallt, an zu Recht, dass ‘mir’ (also déi am Westen) net méi genuch Kanner maachen. Duerchschnëttlech just tëschent 1,3 an 1,8 oder sou. Dat ass natierlech eng negative ‘croissance’ an och net wierklech gutt fir eis Gesellschaft, ënneren anerem och wéinst de Renten asw.

Gëschter gouff dës Net-Genuch-Kanner-Problematik och nees eng Kéier op der däitscher Tele ugeschwat well irgendwelch Läit op d’Iddi komm sinn fir eng ‘Mammen-Quote’ anzeféieren fir et esou den Mammen méi liicht ze maachen nees Aarbecht ausserhalb vum Haus ze fannen. Bon, iwwert den Sënn an Onsënn vun sou enger Quote kann een jo diskutéieren, mee net elo hei.

Dat Bescht awer koum um Schluss, wou se drëchen bemierkt hunn, dass am Fong den Haaptgrond firwat et manner Kanner ginn, net Aarbechtskonditiounen etc wieren, mee de Fait, dass zevill Läit net e Partner fannen mat deem se wéilten Kanner hunn … Jo, gutt! Wann dat stëmmt, dann hëllefen all déi aner Aktiounen och net vill!?

Da misst jo éischter gekuckt ginn fir Männlein und Weiblein nees zesummenzekreien an dozouzebréngen, dass se zesummen wëllen Kanner hunn?

Fréier woer dat natierlech méi einfach: wolls de Sex, da woer ëmmer de Risiko dobäi fir ‘en passant’ e Mënsch ze crééieren … a wanns de der Religioun gefollegt hues, dann hues de mat dengem Partner (wéi och ëmmer s de un deen komm bass) Kanner um lafenden Band produzéiert:

Allerdëngs sinn ech net iwwerzeecht, dass Singlen sou den Haaptproblem sinn. Well och Koppelen hunn momentan oft just 1 oder 2 Kanner. Wat der Statistik jo och net vill méi hëlleft. An déi Koppelen hunn all Zorten vun Grënn fir nët mei Kanner ze hunn (an do kënt d’Aarbechtsplaatz-Problematik awer secher nees zum Virschäin).

Categories: Gesellschaft, Sex, Video
  1. May 26, 2010 at 12:49 pm

    Ech gesinn de Problem bei där Diskussioun einfach net. Op der enger Säit gëtt permanent gejéimert d’Äerd géing ënnert der Iwwerbevölkerung leiden an eis géingen éischter fréier ewéi spéider d’Resourcen ausgoen, op der anerer Säit gëtt sech opgereegt dass an Europa net genuch Kanner op d’Welt kommen. De Rentesystem hätt souwisou scho längst reforméiert misse ginn, well se deemols extrem kuerzsichteg waren (mä dat ass jo bei europäeschen, a virun allem lëtzebuergeschen Politiker esou usus) firwat net elo d’Geleegenheet ergräifen.

  2. May 26, 2010 at 1:14 pm

    Just firwetzeg: wéi sollt de Rentesystem reforméiert ginn?

  3. denjclaude
    May 26, 2010 at 3:17 pm

    Als Pensioun kriss Du dat wats Du selwer abezuelt hues. Gëtt et jo schonns als Zousazpensioun. Ob keen Fall däerf zukünftegt (an doduerch extrem onséchert) Akommes fir Pensiounen verplangt ginn. Den aktuellen System funktionéiert nämlech nëmmen bei Bevëlkerungs- a Wirtschaftswuesstem. An déi zwou Saachen kennen och emol iwwert en Joerzéngt stagnéieren. Bescht Beispill ass Japan.

    Perséinlech sinn ech och der Meenung datt manner Kanner besser fir d’Welt sinn ewéi méi Kanner. Do, genau ewéi soss och, muss een einfach responsabel handelen an do derzou gehéiert an mengen Aen net eng hallef dozen Kanner ze kréien. Allerdéngs leit den Problem wat den Bevëlkerungswuesstum ugeet net an Europa mä an Asien.

  4. May 26, 2010 at 3:26 pm

    JC:

    Ween ass eigentlech op d’Iddi komm fir dee Rentensystem vun der enger Generatioun op die aner ze verlageren amplaz, dass jidereen fir sech selwer bezillt?

    Woer dat well wéi se de System ugefaangen hunn déi ‘aal’ dee Moment jo nach näischt abezuelt haten an een deenen awer schon eng Pensioun wollt ausbezuelen?

    Oder ass et einfach e Pyramidenspill?😉

  5. May 26, 2010 at 4:29 pm

    Ween ass eigentlech op d’Iddi komm fir dee Rentensystem vun der enger Generatioun op die aner ze verlageren amplaz, dass jidereen fir sech selwer bezillt?

    De Konrad Andenauer. 1957. Well et nom 1. Weltkrich zu enger Hyperinflatioun komm war an dat ugespuertent Geld wäertlos ginn ass hunn se missten en neien System entwécklen: de Generatiounevertrag.

  6. May 26, 2010 at 4:30 pm

    Do ass een “n” zevill. Konrad Adenauer natirlech.

  7. May 26, 2010 at 4:37 pm

    Ah sou! An déi aner Länner hunn deen däitschen System dann iwwerholl?

  8. denjclaude
    May 26, 2010 at 4:58 pm

    Pyramidenspill gefält mer richteg gutt!

    Hyperinflatioun kéinten mir och erëm kréien. An zwar dann wann weider fir een Pabeier-Euro al Scholden een Pabeier-Euro nei Scholden gemaach ginn. Oder wann dat Land wat aktuell quasi alleng den Wäert vum Euro garantéiert (Deitschland) es genuch huet an d’Mark erëm aféiert.

    Un sech ass den aktuellen System jo och, esou laang en leeft, guer net esou schlecht. Allerdéngs muss direkt reagéiert ginn wann of ze gesinn ass datt et net méi laang geet. Un deem Punkt sinn mer elo. Allerdéngs waren mer och schonns bei den Banken bei deem Punkt an do ass och net no engem Ersatz respektiv enger Léisung gesicht ginn. Déi aktuell Vogelstrauss Politik wäert eis eng interessant Zukunft bréngen.

  9. Matriarchin
    May 26, 2010 at 7:45 pm

    Déi jonk Männer fanne kégn Fra m,éi asu hirem MIlieu de beret wir sech ze bestueden. An déi jonk Fraen wöllen net nach niewt dem Beruf e ganze Stod um Bockel hunn.

    Et kann en hautdesdags sech net emol op d’Kanner kréien freén, oder d’Mamm sinn genéissen.

    D’Armut ass wetlait nach émmer weiblech an dir schwätzt hei nömme vu Pensiounen amplaz ze kucken wen de Sozialstaat aussuckelt, net schafft oder nömmen um Kannergeld liewt.

    D’Kannergeld soll limitéiert ginn op 2 Kanner wéi Tunesien dat mécht.

    Ech gouf elo gewuer, datt eng Fra an der Burka hei am Land 3 Kanner huet an elo och nach d’Zwillingen erwart.

    Denkt elo wat der wöllt, ech denke mer maint.

  10. May 27, 2010 at 6:49 am

    Ech waar virgescht bei den Erdgesprächen an den Alex Steffen sot et wier wahrscheinlech a gutt, wa mir geschwënn “peak people” géifen erreechen an dann d’Populatioun vun der Welt net méi géif wuessen. Da kéint een nämlech rechnen. D’Ressourcepolitik geet iwwregens och meeschtens dovunner aus, dat d’Populatioun den limitéierenden Faktor ass. Ech gesinn de Problem mat “manner Leit” net wierklech. Et ass jo awer net esou, wéi wann guer keng géife nokommen. Just well fiicht Dreem vum 700.000-Awunnerstaat net wouer ginn?

    Meng Mamm huet iwwregens och Zwillingen erwaart, wou si schon dräi Kanner hat. Mä sie deet och keen Burka un, villäicht däerf si dat jo dann.

  11. May 27, 2010 at 7:08 am

    5 Kanner? Pas mal. Ass jo definitiv iwwerduerchschnettlech. Ech hoffen dir hat en grousst Haus😉

  12. denjclaude
    May 27, 2010 at 8:34 am

    Sou laang Lénksextremisten sech däerfen hei am Land vermummen, däerf och eng Fra eng Burka undoen. Wat fir deen een gëllt, soll och fir deen aneren gëllen.

    A wéi vill Kanner een kritt ass Gottseidank och nach jidderengem iwwerlooss, a gëtt net och nach vum Staat geregelt.

    Den Problem mam 700000 Awunner-Staat ass, datt mer deen brauchen fir eisen aktuellen Liewensstil (Krankenkees, Pensiounen, Sozialstaat) ze finanzéieren. Anescht gesinn ech nämlech net wei mer déi 5% Wirtschaftswuesstem hir kréien sollen déi mer brauchen. Dat ass allerdéngs wahrscheinlech komplett illusoresch, ënnert anerem well eis Bankeplaz ferm Problemer huet a keng wierklech Alternativ en vue ass. Den Problem ass wahrscheinlech net déi 700000 Leit hir ze kréien mä eng Aarbechtsplaz fir se ze fannen.

  13. Nic
    May 27, 2010 at 10:18 am

    Ech wees net ganz vill zur Diskussioun ze soen, ausser dass de Problem vun “ze weineg Kanner” genau sou weineg existeiert wei de Problem vun “ze vill Leit stiewen”. De System muss sech un d’Zuel vun Menschen upassen, net emgedreit.

    Mais op alle Fall wollt ech soen dass deen Video sou lächerlech gudd ass, dass ech et kaum an Wieder faassen kann. Ech gin em heimat meng hechsten Auszeechnung: Ech klauen en an behaapten ech hätt en fonnt.😉

  14. May 27, 2010 at 10:50 am

    Éiwegen also onendlechen Wuesstem op engem Planéit vun endlechen Ressourcen ass eng geféierlech Illusioun, déi mir letztendlech net oprecht erhale kennen wäerten.

    Ech hu ni esou eng grouss Motivatioun, (séier) fäerdeg ze studéieren, wéi bei där Diskussioun hei. Dann hätt ech nämlech “Joël A., BSc in Umwelt- und Bio-Ressourcenmanagement” hannen dru geschriwwen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: