Home > TV > SATC.

SATC.

‘Sex and the city’ (an den Hype ronderem) verkierpert fir mech villes, wat an eiser Gesellschaft schief leeft. An domadder mengen ech mol net, dass ët Läit ginn, déi behaapten, dass d’Sarah Jessica Parker an die aner gutt Schauspillerinnen wieren.

Categories: TV
  1. May 28, 2010 at 2:14 pm

    Ziels de eis och firwat, oder muss ech mer elo d’Serie ukucken?

  2. pa
    May 28, 2010 at 8:35 pm

    Ech hat en Ausschnëtt (also vum Film…) vun enger Minutt gesin, ech mengen an der Daily Show a gouf a sämtleche Virurteeler, déi ech iwwert dee Film hun, bestätegt.

    Véier Fraen reiden a klischeehaft orientalesche Gewänner op 2 Kaméilen duerch d’Wüst a verrénken séch fir gudden Handyempfang ze kréien. Dobäi rutscht ee Kaméil… pardon, eent vum Kaméil a land um Kaméilführer. Wéi et duerno weider geet, weess ech net, mee ech wetten dat huet séch lo an dee verknallt a no engem One-Night-Stand mat ëm, fënnt et eraus, datt…

    Ech haale léiwer op, dat gëtt mer ze blöd. Wéi kënnt een eigentlech op d’Iddi, ë Film deen dat Wuert “Sex” am Numm huet, an enger vun deene sexuell wuel verklemmtesten Zivilisatiounen op der Welt spillen ze loossen? Wahrscheinlech haten së just d’Wiël tëschent dem Nohen Osten an Thailand.

  3. denjclaude
    May 28, 2010 at 10:07 pm

    Wann een bedenkt wat aktuell an Amerika a Punkto Wirtschaftskrise leeft, kann een esou Filmer wuel nëmmen méi an den Spiele-Deel vun Brot und Spiele klasseieren oder et Propaganda nennen.

    Et erënnert mech och un deen heiten Artikel aus der SZ vun haut:
    http://www.sueddeutsche.de/geld/reden-wir-ueber-geld-paul-nolte-lieber-karotten-essen-als-gummibaerchen-1.950891

  4. Nic
    May 28, 2010 at 11:33 pm

    Sex and the City an der Wüst?

    Wann dei Wüst an Saudi Arabien ass gin ech den Film kucken an schreiwen eng gudd Revue driwwer, egal wei schlecht en ass, einfach an der Hoffnung dass et iergendengem Mullah sain Dag versaut.

    btw: Fir et am groussen Jeremy Clarkson sengen Wierder ze soen: “Sarah Jessica Parker. We think she must be pretty you know. She looks like a boiled horse.”

  5. lapoupeerusse
    May 29, 2010 at 11:53 pm

    Mir hunn d’Filmer net gefall. Wat ech iwwer d’Serie denken kanns de dann op mengem Blog liesen. ; )

  6. CK
    May 30, 2010 at 1:14 pm

    Ech konnt mat SATC nach nie eppes ufaenken, einfach wuel net méng Welt, mee trotzdem ass den heiten Kommentar wuel net ganz falsch:

    http://gaywest.wordpress.com/2010/05/27/manner-sex-und-mode-dafur-geht-man-gern-ins-kino/
    😉

  7. pa
    May 30, 2010 at 1:55 pm

    ‘t ass och net méng Welt, mee anscheinend soll Sex and the City 2 e ganz gudden Science-Fiction-Film sin:

    http://io9.com/5550558/why-sex-and-the-city-2-is-a-science-fiction-movie

  8. May 31, 2010 at 10:27 am

    Pa:

    Haha, deen Artikel ass grandios!

    An déi hei Foto seet jo schon alles iwwert d’Qualitéit vun dësem 2. Kinosfilm aus:

    An déi Serie soll e Trendsetter a Punkto Moud sinn (gewiescht sinn)? Serieux?

  9. June 1, 2010 at 12:32 pm

    Sex and the Sandworms.

  10. June 1, 2010 at 12:33 pm

    Jo. Op deenen missten se reiden. A mat ‘Spice’ hier Schong bezuelen.

  11. Thorben
    June 5, 2010 at 10:51 am

    Déi leschte Kéier wéi ech dir begéint sinn haass du Baggy-Pants un. E Trendsetter a Punkto Moud?

  12. June 7, 2010 at 6:31 am

    Thorben:

    Ween? Ech?

    Ech hat nach nie baggy pants und a wäert der wuel och nie hunn.

    (Baggy pants sinn dach der, déi der bis op d’Kneien hänken oder wéi?)

  13. Nic
    June 7, 2010 at 3:01 pm

    (Disclaimer: Ech wees dass ech bai waitem net deen moudeschsten Mensch op der Welt sin, also spuert iech et.)

    2 Saachen:

    1. Ech sin firgeschter anscheinend mat engem Frend op enger SATC2 Afterparty geland, wou lauter mettelaal Fraen duechten sie wieren am Film gewiecht an sech deementspriechend ugedoen hun. An daat wor zu Glasgow, an Schottland. Köstlech Unterhaltung.

    2. Grommel, dain Moud-Gout ass grad vun enger Persoun ugegraff gin, déi Fjäll Räven Boxen als akzeptabel Alldagskleedung ugesait. Daat kann keen gudd Zeechen fir dain Kleedungsstyl sin.

  14. June 7, 2010 at 3:03 pm

    Grommel, dain Moud-Gout ass grad vun enger Persoun ugegraff gin, déi Fjäll Räven Boxen als akzeptabel Alldagskleedung ugesait. Daat kann keen gudd Zeechen fir dain Kleedungsstyl sin.

    lol, also ech hu meng Jeans definitiv léiwer wéi Fjäll Raven Boxen (ausser ech ginn e Trekking man).

    A mäin Kleedungsstyl mag net dee moudeschsten sinn, mee domadder hunn ech keen Problem🙂

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: